Poterkëscht vum INLL - podcast cover

Poterkëscht vum INLL

Poterkëschtwww.inll.lu
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Imperativ: Op der Aarbecht & Am Stot (A2)

Dësen Episod konzentréiert sech op d'Praktizéieren vum Imperativ a realistësche Kontexten. Als éischt héiert Dir zwee Kollegen, déi zesummen eng Presentatioun virbereeden an dobäi Uweisungen a Rotschléi austauschen. Duerno kritt eng nei Botzhëllef eng Rei vun detailléierte Instruktioune fir verschidden Aufgaben am ganze Stot, vun der Kichen iwwer d'Schlofkummer bis zum Buedzëmmer an d'Wäsch. Dëst bitt eng exzellent Geleeënheet, den Imperativ a berufflechen an privaten Astellungen ze verstoen an ze üben.

Jan 06, 20266 min

Sylvester zu London (A2)

An dëser Episod begleede mir zwou Persounen, déi hiren Dag a London um Silvester plangen. Si diskutéieren iwwer Moiesaktivitéiten wéi Kaffi an Touristenattraktiounen, an dono Owendpläng wéi d'Freedefeier laanscht d'Themse an typesch Silvestertraditiounen. Et ass e Gespréich iwwer hir Virfreed an d'Organisatioun vun hirem speziellen Dag.

Dec 31, 20254 min

Hellegowend doheem feieren (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Akafen op Hellegowend A: O mei. Ech hätt net geduecht, datt haut op Hellegowend nach esou vill lass an de Butteker wier. Ech hat geduecht, haut géifen net méi esou vill Leit akafe goen. B: Jo, ech och. Mee mir brauchen nach e puer Saache fir d’Chrëschtdagsiessen. A fir d’Anna brauche mir och nach eppes V...

Dec 24, 20256 min

Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp

An dëser Episod vun der Poterkëscht gëtt als éischt eng Diäticienne interviewt, déi iwwer d'Wichtegkeet vun enger equilibréierter Ernärung an hir Aarbecht schwätzt. Si erkläert, wat "gesond" bedeit an wéi een Proteinen an d'Ernärung integréiert. Duerno gëtt e ganz einfach a leckert Rezept fir eng Geméiszopp mat all den néidegen Zutaten an detailléierte Schrëtt fir d'Virbereedung an d'Kachen presentéiert. D'Episod schléisst mat Tipps fir d'Zoop ze servéieren an enger Auswiel u Gedrénks.

Dec 18, 20256 min

Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping (A2)

De Samy luewt de Komfort, déi grouss Auswiel an déi niddreg Präisser vum Online-Shopping, a nennt eng bëlleg Smartwatch als Beispill. D'Lena awer dréckt déif Bedenken aus iwwer d'ethësch Implikatioune vu bëllege Wueren, wéi Aarbechterausbeutung a Kannerarbecht, den Ëmweltoffall vun zréckgeschéckte Saachen, an déi manipulativ Natur vun Online-Bewäertungen a Social Media Afloss. D'Diskussioun schléisst mat der Lena, déi eng equilibréiert Approche virschléit, fir de Samy ze iwwerzeegen, lokal Akeef ze maachen, obwuel de Samy oniwwerzeegt bleift.

Dec 16, 20255 min

Silvester am Ausland (A2)

Dës Episod vun der Poterkëscht thematiséiert d'Sich no alternativen Silvesterpläng ewech vu Lëtzebuerg. D'Diskussioun féiert duerch verschidde Stied wéi Berlin, London an New York fir grouss Feierlechkeeten, awer och méi roueg an kulturell Optioune wéi Wien a waarm Plazen wéi Barcelona. D'Gespréich endet mat enger Nolauschtung op London oder Wien an der Iddi, Silvester zesummen ze verbréngen.

Dec 11, 20254 min

Onzefridden am Restaurant & Kaffi drénken (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen am Restaurant iessen, awer net ganz zefridde sinn. Duerno héiere mir, wat dräi Persoune gär moies iessen. Vill Spaass! - D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Dec 09, 20257 min

Dagesoflaf & Glatäis (A1-A2)

Lauschtert, wéi dräi Persounen hiren Alldag an d'Woch diskutéieren, vun Opstoenzäiten bis Kaffispause. Duerno gëtt iwwer eng Persoun geschwat, déi um Glatäis ausgerutscht ass, d'Geforen an d'Präventiounsmethoden wéi d'Salzen. D'Episod hëlleft d'Lëtzebuergesch Praxis duerch alldeeglech Szenarie.

Dec 04, 20255 min

En Trëppeltour duerch d'Stad & Um Floumaart (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen en Trëppeltour duerch d'Stad plangen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun e puer Saachen op engem Floumaart kafe wëll. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op "Access as guest".

Dec 02, 20256 min

Kaddoe vum Kleeschen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeserchersdag (de 6. Dezember). Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Moien! Mir si vum Podcast Poterkëscht. Hutt Dir e Moment Zäit, fir op e puer Froen ze äntweren? B: Jo...? A: Hutt Dir Kanner? B: Jo, ech hunn dräi Kanner. A: De 6. Dezember ass jo Kleeserchersdag an d’Kanner stelle jo schonn e puer Owenter virdrun, de Schong. Maachen Är Kanner dat och.? B: Jo, natierlech. Si sinn ëmmer immens frou fir dat maachen ze kënnen...

Nov 27, 20257 min

Eng Léier als Coiffeuse (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Léier als Coiffeuse erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Eng Léier als Coiffeuse maachen Marco: Moie Lucia! Ech hunn héieren, datt s du eng Léier als Coiffeuse méchs, stëmmt dat? Lucia: Jo genau, ech sinn am zweete Joer vu menger Léier. Et ass wierklech eng flott Aarbecht, och wa se heiansdo ustrengend ass. Marco: Interessant! Ech hu mech ëmmer gefrot, wat ee genee an där Léier léiert. Meng Schwëster ...

Nov 25, 20254 min

Walfer Bicherdeeg a Bazar International (A2-B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Weekend op de Walfer Bicherdeeg erzielt. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen e Rendez-vous fir op de Bazar International ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.

Nov 20, 20255 min

Eng nei Spillplaz am Quartier an e Rendez-vous ofsoen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng nei Spillplaz an hirem Quartier schwätzen. Duerno lauschtere mir eng Sproochnoriicht, an där eng Persoun enger anerer e Rendez-vous op der Spillplaz ofseet. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Nov 18, 20256 min

Noriichten a Contrôle Technique mam Auto (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir d'Noriichte vum Radio "Poterkëscht", an duerno lauschtere mir e Gespréich tëschent zwou Persounen, déi iwwer de Contrôle Technique mam Auto schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( ⁠klick⁠ ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Nov 13, 20256 min

Lëscht fir e Bëbee a Babyshower (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger, an deenen et ëm Bëbeeën, also Puppelcher, geet. Am éischten Dialog héiere mir vun enger Persoun, déi erwaart, an am zweeten Dialog geet et ëm e Babyshower. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Nov 11, 20258 min

Allerhellegen zu Lëtzebuerg (A2-B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun Allerhellegen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolasuchteren! - Transkript: Iwwer Allerhellege schwätzen A: Salut Anne-Marie! An, wéi war Allerhellege fir dech ? Ech hunn héieren, deng Bom ass dëse Summer gestuerwen. Mäi Bäileed. B: Merci. Jo, et war net einfach, mee mir haten awer e schéinen Dag mat der Famill. A: E schéinen Dag? (verwonnert) B: Jo, dat kléngt vläicht komesch... Mee looss mech dir erklären:...

Nov 05, 20253 min

Halloween-Special: Grujeleg Geschichten (B2-C1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Fir Halloween schwätze mir haut iwwer e puer grujeleg Geschichten a Soen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Oct 30, 20257 min

Fräizäitpark & Jonggesell.inn.enabschid (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir fir d'éischt iwwer Pläng, de Weekend an e Fräizäitpark ze goen. Duerno héiere mir, wéi eng Koppel iwwer hire Jonggesellen- respektiv Jonggesellinnenabschid schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Oct 28, 20256 min

Iwwer Benevolat schwätzen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer eng (fiktiv) Benevolat-Associatioun. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Oct 23, 20256 min

Klischeeën (B1) an Transportmëttel (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Klischeeën an Transportmëttel zu Lëtzebuerg. Vill Spaass! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ''access as guest''.

Oct 21, 20256 min

Beruffskrankheet (B1) a Gespréich an der Kantin (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun enger anerer vun hirer Beruffskrankheet erzielt. Duerno héiere mir, wéi dräi Aarbechtskolleegen an der Kantin iwwer hiren Alldag schwätzen. - Dir fannt d'Transkripter fir déi zwee Texter hei ( klick! ). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

Oct 16, 20256 min

En Aarbechtsaccident (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident op der Aarbecht erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Aarbechtsaccident (B1) Lena: O mei Alex. Geet et? Du gesäis awer bleech aus. Alex: Salut Lena. Jo, mir geet et net esou gutt. Ech hat gëschter e klengen Accident op der Aarbecht. Lena: Wierklech? Wat ass da geschitt? Alex: Majo, gëschter Mëtteg kuerz virun zwielef ass nach eng grouss Këscht mat neiem Material bei eis am Magaséng ukomm. E...

Oct 14, 20254 min

Hobbyen an Dagesoflaf Pensioun (A1)

Dës Episod exploréiert zwou Haaptthemen: perséinlech Hobbyen an den Alldag an der Pensioun. Mir héieren eng Diskussioun iwwer d'Freed vum Klammen a Brietspiller, inklusiv Recommandatioune wéi "Catan". Duerno gëtt e Pensionär säi gereegelten Dagesoflaf presentéiert, mat Aktivitéite wéi Spadséieren, Kachen, Kaartespillen mat engem Noper, a Familljebesich um Weekend.

Oct 09, 20255 min

Äppel plécken a Rezept fir eng Äppeltaart (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir vun enger Famill, déi de Weekend zu Steesel an de Bongerten Äppel plécke war. Duerno héiere mir och nach e Rezept fir eng Äppeltaart. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Äppel plécken & Rezept Äppeltaart A: An, wéi war däi Weekend? B: Ganz flott! Mir si mat de Kanner op Steesel an d’Bongerten Äppel plécke gaangen. A: O, cool! Hutt dir da vill Äppel gepléckt? B: Jo, nawell. Mir haten zwou grouss Tute voll. Ech wousst guer net, wéi v...

Oct 07, 20253 min

Den Trounwiessel (B1-B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwer den Trounwiessel, deen dëse Weekend zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt. - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ''access as guest''.

Oct 02, 20257 min

Eng Dramrees (B1-B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: eng kleng Entspaanungsübung fir ze relaxen. Maacht är Aen zou an entspaant!

Sep 30, 20258 min

Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch

D'Episod behandelt den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch a gëtt en Iwwerbléck iwwer déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg, duerch seng geografesch Lag a Geschicht bedéngt. Et gëtt erkläert wéi Lëtzebuergesch vun engem Dialekt zur Nationalsprooch gouf, nieft Däitsch a Franséisch als administrativ Sproochen. Zousätzlech ginn d'Wichtegkeet vun anere Sproochen a perséinlech Erfarunge vu Léierpersonal an Enseignantë presentéiert, déi d'Diversitéit an d'Entwécklung vun der Sprooch illustréieren.

Sep 26, 20257 min

Op der Aarbecht: Agenda a Mataarbechter (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Aarbecht. Fir d'éischt héiere mir den Agenda vun enger Persoun. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer zwee Mataarbechter schwätzen. Vill Spaass! - Transkript Aarbechtsagenda Sekretärin: Gudde Moien, Här Müller. Wéi geet et Iech haut? Chef: Gudde Moien, Monique. Et geet mir gutt, merci. An Iech? Sekretärin: Ganz gutt, merci. Wëllt Dir vläicht de Programm fir haut kucken? Chef: Jo, gär. Wat steet um Agenda? Sekretärin: Um néng Auer...

Sep 23, 20256 min

Um Policebüro (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger um Policebüro. Vill Spaass beim Nolauschteren! Transkript: Declaration de perte Polizist: Gudde Moien, Madamm. Wéi kann ech Iech hëllefen? Madame Goedert: Gudde Moien. Ech wollt eng Déclaration de Perte maachen. Ech hu mäi Portmonni verluer. Polizist: Ok. Wéini hutt Dir gemierkt, datt Dir Äre Portemonni net méi hutt? Madame Goedert: Gëschter, wéi ech heem komm sinn. Ech wollt mäi Portmonni aus der Posch huelen, mee e war net méi do...

Sep 17, 20255 min

De Sproochentest

An dëser Episod vun der Poterkëscht geet et ëm de Sproochentest fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit. D'Nolauschterer kréien detailléiert Informatiounen iwwer d'Umeldung, d'Struktur vum Test op den Niveauen A2 a B1, an d'Reegele fir den Examen-Dag. Duerno gëtt e konkrete Beispill vum mëndlechen Deel gewisen, wou eng Kandidatin en Gespréich iwwer Tourismus féiert, an d'Resultat vun hirer Leeschtung gëtt mat enger Analyse presentéiert.

Sep 10, 202510 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android