Poterkëscht vum INLL - podcast cover

Poterkëscht vum INLL

Poterkëschtwww.inll.lu
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

INLL: Fir en Niveau orientéiert ginn (A1)

An dëser Episod vum Poterkëscht presentéiert den INLL seng Orientéierungsgespréicher, déi hëllefen, de richtege Lëtzebuergeschcoursniveau ze bestëmmen. Mir verfollegen e Beispillgespréich mat der Lucía, déi sech virstellt, iwwer hir Hobbyen an hiren Alldag erzielt, an duerno op Basis vun hirem Niveau op A2.1 orientéiert gëtt. Dëst gëtt eng gutt Abléck wéi d'Evaluatioun duerchgefouert gëtt.

Aug 27, 20256 min

Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Vun enger Vakanz erzielen João: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir? Sofia: Mir geet et gutt, merci. Wéi geet et dir? Wéi war deng Vakanz? João: Super! Mir waren, wéi geplangt, a Portugal bei meng Famill. D’Kanner hu sech esou gefreet hir Grousseltere rëmzegesinn. A bei dir? Wéi war Thailand? Sofia: Fantastesch! Et war eng richte...

Aug 13, 20254 min

Um Flughafen 1: An d'Vakanz fléien (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwee Frënn sech um Flughafen treffen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun säi Gepäck ancheckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Um Flughafen João: Hallo! Wat méchs du dann hei? Gees du och an d’Vakanz oder ass et eng Geschäftsrees? Sofia: O Mamm, nee, ech fléien endlech Vakanz! An du? João: Jo, mir och. Ech fléien déi éischt Kéier mat mengen zwee Kanner. Si si scho ganz opgereegt. So...

Jul 30, 20255 min

Vëlosummer a Berodung mat engem Personal Trainer (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog iwwer de Vëlosummer, an duerno héiere mir, wéi eng Persoun mat engem Personal Trainer schwätzt. - Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.

Jul 16, 20257 min

Aktivitéite fir Jugendlecher an der Vakanz (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Mammen doriwwer schwätzen, wat fir hir Kanner an der Vakanz maachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Studentenjob A: So, wat maachen deng Kanner an der Grousser Vakanz? B: De Jonah schafft ee Mount an engem Supermarché an d’Eva schafft dräi Wochen an enger Maison Relais. A: Wow! Immens! B: Dat war net ëmmer sou! Virun zwee Joer hate se fräi an hu vill doheem gelatzt. D’Wieder war net gutt an hir Frënn waren an der Vakan...

Jul 10, 20254 min

Freed um Schreiwen am INLL

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Sophie Gitzinger an d'Aude Forestier bei eis am Studio. D'Sophie ass Lëtzebuergeschproff am INLL an hält de Cours ,,Freed um Schreiwen''. Hatt erzielt eis e bëssen iwwer de Cours. D'Aude ass eng vun den Apprenanten aus dem Cours. Hatt liest eis ee vu sengen Texter vir. Den Text gouf vum Aude Forestier am Kader vum Cours "Freed um Schreiwen" verfaasst. ©️ 2025 all Rechter virbehal.

Jul 08, 20257 min

Tenue fir eng Hochzäit an op eng Mottoparty goen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer d'Tenue fir op eng Hochzäit schwätzen. Am zweeten Deel schwätzen zwou Persounen doriwwer, wat si op eng Mottoparty undoe sollen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Jul 03, 20256 min

Vegan sinn & traditionell an alternativ Medezin (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer iwwer hir vegan Ernärung erzielt. Duerno schwätzen zwee Kolleegen iwwer traditionell an alternativ Medezin. - D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Jul 01, 20256 min

Renovatioun an e Miwwel opbauen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatiounsaarbecht schwätzen. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen zesummen e Bett opbauen. - Transkript: Eng Wunneng renovéieren A: Moie Jenny, wéi ass et? Ech hunn héieren, du an de Marc, dir plënnert geschwënn? B: Jo, mir hunn endlech eppes fonnt, wat an eise Budget gepasst huet. Et ass en zimmlech grousst Appartement mat zwee Schlofzëmmeren zu Märel. A: Flott! Kënnt dir direkt eraplënneren? B: Nee, leider...

Jun 26, 20255 min

Réckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: Réckbléck - Nationalfeierdag Emma: Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag? Alma: Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend! Emma: Cool, wat hues du da gemaach? Alma: Ech si géint aacht Auer mat enger Frëndin an d'Stad gefuer. Et ware scho vill Leit do an d'Stëmmung war richteg flott. Mir sinn duerch d’Stad getrëppelt a ware bei déi verschidde Bünen. Et gouf Live-Musek an DJ-en. Mir wollten och onbedéngt d’Freedefeier kucken, dofir si m...

Jun 24, 20256 min

En Hond adoptéieren an Déiererubrik (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Hausdéieren. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persounen doriwwer schwätzen, en Hond z'adoptéieren. Duerno héiere mir eng Annonce um Radio, an där zwee Déiere vermësst ginn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Hond adoptéieren A: So, ech iwwerleeë schonn eng Zäit, fir en Hond z’adoptéieren. Elo hunn ech endlech genuch Zäit a Plaz, mee ech weess net, ob ech léiwer en Hond aus dem Déierenasyl oder aus engem Déiereschutz am Aus...

Jun 19, 20255 min

Gutt Noriichten (B1)

Moien an häerzlech wëllkomm an der Poterkëscht. Wa mir d’Noriichten um Radio lauschteren, dann héiere mir meeschtens schlecht Noriichten: Krisen, Accidenter, Sträit – a just heiansdo positiv Noriichten. Haut maache mir dat anescht. An dësem Episod erziele mir iech just gutt Noriichte vun de leschte Méint bis haut. Mir hoffen, datt mir iech den Dag esou e bësse méi schéi maache kënnen: Gesondheet Eng nei Kënschtlech Intelligenz kann unhand vun engem Elektrokardiogramm potenziell déidlech Häerzpro...

Jun 17, 20254 min

An de Supermarché goen (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin en Audio-Message mat enger Akafslëscht schéckt. Duerno héiere mir, wéi d'Frëndin am Supermarché ass an d'Produkter keeft. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Akafslëscht (Audio-Message) D: Hallo Martine, ech si schonn am Auto a kann elo net méi schreiwen. Ech schécken dir e klengen Audiomessage mat der Akafslëscht fir haut den Owend. Du gees jo an deen neie Supermarché am Quartier. Ech hoffen du fënns all...

Jun 12, 20254 min

Kleng Accidenter (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer kleng Accidenter. Fir d'éischt héiere mir, wéi eng Persoun sech an de Fanger geschnidden huet. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin erzielt, datt si de Réck wéi huet. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E klengen Accident A: Au! B: Wat ass? A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden! B: Hal en ënner kaalt Waasser! A: Dat maachen ech grad! B: Gutt! A: An elo? B: Wéckel Kichepabeier ronderëm an dréck fest o...

Jun 10, 20254 min

Aktivitéiten op der Aarbecht & Eleng an der Vakanz (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun hirem Patron vun hiren Aktivitéiten op der Aarbecht erzielt. Am zweeten Deel erzielt eng Persoun hirer Frëndin, wat si an hirer leschter Vakanz gemaach huet. Transkript: Aktivitéiten op der Aarbecht Patronne: Moien Här Welter! Wéi geet et Iech haut? Aarbechter: Bonjour! Et geet mir gutt, merci. An Iech? Patronne: Och ganz gutt, merci. Kënnt Dir mir soen, wéi Är Aarbechtszäite muer sinn? Ech muss dat an de System androen. Aarbech...

Jun 05, 20254 min

En Ausfluch buchen & Aktivitéiten am Alter (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Ausfluch buchem A: Hänks de rëm um Handy? B: Jo, pardon, ech buche grad eng Rees fir meng Mamm a mech. ‘t ass mäi Gebuertsdagskaddo fir meng Mamm. A: Kee Problem. Schéin! Wouhi geet et? B: Majo, dës Agence organiséiert Dagesreesen. Den 23. Juni fuere se op Stroossbue...

Jun 03, 20254 min

De Marathon zu Lëtzebuerg (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: De Marathon zu Lëtzebuerg A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ? B : Nee, nach net. Firwat ? A : Ech lafe mat e puer Frënn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe Marathon. B: Wow, seriö? Dee war ech nach ni kucken. A: Da gëtt et Zäit! Et ass e risegt Lafevenement he...

May 28, 20254 min

Iwwer Upcycling schwätzen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Upcycling A: So, d’Kanner léieren de Moment, wéi ee richteg recycléiert, mee ech wëll hinnen och gär weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder? B: Genee! Dat war fir mäi Stage an der Spillschoul. A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee ...

May 22, 20254 min

Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Aktivitéite fir d’Kanner Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut? Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira? Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mäi Bouf gekëmmert...

May 20, 20254 min

Ukommen zu Lëtzebuerg: Administrativ Prozeduren (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Zu Lëtzebuerg ukommen Elena: Moie Stéphanie! Ech si lo zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gëtt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufänke soll. Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gären. Hues de dech...

May 15, 20253 min

Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Iwwer Fräizäitaktivitéite schwätzen (A1) B: Myriam, wat méchs du gär an denger Fräizäit? M: Ech liese gär Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gär an denger Fräizäit? B: Ech spille gär Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gär. M: Schued! An du, Liz, wat ass däi...

May 13, 20254 min

Interview mam Bruno de Pinho (B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Auteur Bruno de Pinho am Studio. Hie schwätzt mat eis iwwer säi Buch ,,Vergréisser deng Taass... an hal op, dech ze beschwéieren''. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

May 08, 202519 min

E Life-Update a vun engem Auslandsemester erzielen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eng aner op de Flughafe siche kënnt an iwwer hiert Liewen erzielt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer vun hirem Auslandsemester a Spuenien erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ).

May 06, 20256 min

Iwwer Recycling schwätzen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Recycling zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Recycling A: Wou leien déi giel Tuten? B: Wéi eng giel Tuten? A: Ma déi fir de Plastik! B: Du mengs déi blo Tuten! A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An Däitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht. Kanns du mer wannechgelift erklären, wéi dat mam Recycling zu Lëtzebuerg fonctionéiert? B: Natierlech! Mir hu véier verschidden Dreckskëschten. An déi ...

May 01, 20256 min

En Abonnement annuléieren (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Abonnement annuléieren Automatesch Stëmm: Moien a wëllkomm beim Clientservice vu LëtzTel. Fir d’Qualitéit vun eisem Service ze verbesseren, gëtt dëst Gespréich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat. Mataarbechter: Moien, Clientservice vu LëtzTel, Marie um Apparat. Wéi kann ech Iech hëllefen? Cliente: Moi...

Apr 29, 20253 min

Meteo a Vëlo fueren (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune Pläng fir de Weekend maachen- Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Eng Wiederprevisioun Da Komme mer elo zu der Meteo fir de Weekend: Den Abrëll weist sech dëse Weekend vu senger beschter Säit! E Samschdeg erwaart eis e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature klamme bis op 18 Grad am Norden an 21 Grad am Süde vum Land – perfekt Wieder also fir en Trëppel...

Apr 24, 20254 min

Iwwer Blutt spende schwätzen (B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut erzielt eis eng Persoun iwwer hir Erfarung mat Blutt spenden. Wann dir och Bluttspender wëllt ginn, fannt dir méi Informatiounen op www.dondusang.lu. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Moodle-Account, klickt einfach op "Access as guest".

Apr 22, 20257 min

Pläng fir Ouschteren an eng Wanderung (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir Pläng fir den Ouschterweekend schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Pläng fir Ouschteren A: An, hues de schonn eppes vir fir den Ouschterweekend? B: Jo, natierlech! Mir maachen de vollen Ouschterprogramm mat eiesem Klengen. E Samschdeg fierwe mir doheem Ouschtereeër, dorops freet hie sech s...

Apr 16, 20255 min

Am Buchclub (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen zesummen am Buchclub iwwer e Buch schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Buchclub A: Ok, mir kënnen ufänken: Wéi huet iech de Roman gefall? Ech si gespaant! B: Ech hunn d’Buch gëschter Owend nach séier fäerdeggelies. Ech war net esou motivéiert. Leider huet et mir net esou gutt gefall. A: Dat ass schued! Wëlls de eis soen, firwat? Gefält dir der Schrëftstellerin hire Schreifstil net? B: Nee, ech mengen de...

Apr 09, 20255 min

E Rendez-vous ofsoen & de Schlëssel verluer (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen telefonéieren an e Rendez-vous ofsoen. Duerno lauschtere mir, wéi eng Persoun doheem no hirem Schlëssel sicht. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Acess as guest''.

Apr 03, 20255 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android