Poterkëscht vum INLL - podcast cover

Poterkëscht vum INLL

Poterkëschtwww.inll.lu
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am A1-Sproochecours P : Gudde Moien, alleguer! Wéi geet et iech ? A & B: Ganz gutt ! P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kënns ? Formuléier duerno eng Fro fir däin Noper. C : Moien, ech sinn d’Eva. Ech kommen aus Ungarn, vu Budapest. An du, wéi heeschs du, a vu wou k...

Apr 01, 20257 min

Bretzelsonndeg & beim Bäcker (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger Bäckerei. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Bretzelsonndeg A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf? B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren. A: Seriö? Dat ass eng ganz flott Traditioun hei zu Lëtzebuerg. De véierte Sonndeg an der Faaschtenzäit ass Bretzelsonndeg. Dës...

Mar 27, 20254 min

Rendez-vous an de Kino & d'Auer gëtt geréckelt (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous fir an de Kino ausmaachen. Duerno schwätze mir nach iwwer d'Summerzäit an d'Auer, déi dëse Weekend geréckelt gëtt. - D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

Mar 25, 20256 min

An der Crèche: Mat den Elteren iwwer e Problem schwätzen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Op Nofro vum Ministère hu mir haut erëm en Episod zum Theema Crèche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert. Vill Spaass! - Transkript Educatrice: Madamm Horváth, hutt Dir nach ee Moment Zäit, fir iwwer de Máté ze schwätzen? Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok? Educatrice: Et ass näischt Schlëmmes, mee mir hu gemierkt, datt de Máté déi lescht Deeg dräi Mol wärend der Mëttesrascht an d’Bett gemaach huet an hie...

Mar 20, 20252 min

Dialog op der Post & an der Urgence (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun wéinst engem Pak op der Post reclaméiert. Duerno héiere mir en Dialog vun enger Urgence am Spidol. Vill Spaass! ---- D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir brauch kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

Mar 18, 20256 min

An enger Crèche schaffen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am éischten Dialog vun haut héiere mir, wéi eng Persoun sech bei enger Frëndin informéiert, wat fir en Diplom ee brauch, fir an enger Crèche ze schaffen. Duerno héiere mir, wéi eng Stagiaire mat hirem Tuteur schwätzt an Aktivitéite proposéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - D'Transkript vun dësem Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''....

Mar 13, 20256 min

Interview mam Luc Spada (B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut hu mir de Museker, Schrëftsteller a Schauspiller Luc Spada bei eis am Studio. Mir schwätzen e bësse mat him iwwer seng kreativ Aarbecht a seng nei EP, ,,Alles nur Poetry''. Méi Informatiounen iwwer de Luc a seng Musek fannt dir op sengem Site . Wann dir seng Musek gär live héiere wëllt, kënnt dir dat den 18. Mäerz 2025 an der Abtei Neimënster an den 23. Mäerz 2025 Beim Krukert zu Garnech....

Mar 11, 20258 min

Säin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun hiert Dramhaus beschreift. Duerno schwätzt eng Persoun iwwer d'Géigend, an där si elo wunnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Säin Dramhaus beschreiwen Ben: Du gesäis awer frou aus. Wéi war d’Visitt? Joulie: Hei Ben, se war fantastesch. Dat Haus ass en absolutten Dram. Gi mir et d’nächst Woch zesumme kucken? Ben: Dann ziel mol fir d‘éischt. Wat huet der da sou gutt gefall? Joulie: Et ass en aalt renovéiert Bauerenha...

Mar 06, 20254 min

Gespréicher mat Elteren iwwer d'Kanner (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger iwwer Kanner. Am éischten Dialog rifft eng Educatrice aus der Crèche der Mamm un, well hiert Kand krank ass. Am zweeten Dialog geet et ëm e Kand, wat an der Spillschoul Sträit mat engem anere Kand hat. Vill Spaass beim Nolauschteren! - D'Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''....

Mar 04, 20255 min

Special: 1 Joer Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. D’Poterkëscht existéiert elo genee ee Joer. Den éischten Episod ass den 22. Februar 2024 erauskomm. Hei e puer Zuelen a Fakten zum Podcast. D’Poterkëscht sinn... Stand haut: 85 Episoden, an dat sinn alles an allem ongeféier 6 Stonnen Audiomaterial a mir hunn et fäerdegbruecht, fir iwwer 1300 Follower ze kréien. Et lauschteren ongeféier grad esou vill Frae wéi Männer eise Podcast, et si just 3% méi Fraen. D’Poterkëscht ...

Feb 27, 20255 min

En Dag an der Crèche (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi e Papp säi Meedchen an d'Crèche siche geet, a vun der Educatrice den Dagesoflaf erzielt kritt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript vun dësem Episod kënnt dir ënnert dësem Link noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

Feb 25, 20256 min

Fuesent zu Lëtzebuerg (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer! B: Waars de op engem Fuesbal? A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden! B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet? A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkleet, a fir op d’Kavalkaden hunn ech en Äisbierekostüm ugedoen, well et esou kal war. B: Witzeg! A: Waars...

Feb 19, 20255 min

Op eng Hochzäit goen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript Aluedung op eng Hochzäit A: O, kuck emol! Ech sinn op eng Hochzäit invitéiert ginn! B: Ou?! Vu wiem dann? A: Vum Marie a vum Bruno. B: Da lies emol vir, wat op der Invitatioun steet ! A: Ok, ee Moment … Léift Lucie, du bass heimat häerzlech invitéiert, dee schéinsten Dag vun eisem Liewe mat eis ze feieren. B: Wéi romantesch! A: De 15. Juni um 15 Auer bestuede mir eis an der Kierch zu Réimech. B: O, op der Musel! Wéi flott! A: Jo. Ech liese weider: ...

Feb 13, 20255 min

Vältesdag (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! E Freideg ass de 14. Februar, also Vältesdag. Haut lauschtere mir en Dialog, wou eng Koppel iwwer dëst Theema diskutéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Vältesdag A: So, du weess jo, geschwënn ass Vältesdag. B: Wat ass geschwënn? A: Ma, Vältesdag. B: Hei, nee, fänk net erëm un! Ech hunn dir dach d’lescht Joer schonn erkläert, datt ech dee blöden Dag net feieren. A: Ech verstinn dat einfach net. Jidderee mécht eppes Romantesches deen Dag oder sche...

Feb 11, 20253 min

Vum Wantersport erzielen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, wéi d'Schivakanz vun de Frënn aus dem leschten Episod war a wat si alles gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Iwwert eng Schivakanz schwätzen A: Hallo! An wéi war är Schivakanz? Schued, datt mir eis do net iwwert de Wee gelaf sinn. Ech war och do mat de Kanner B: Jo, den Tony sot mir, dass dir och do waart, mee vläicht ass et och besser, datt mir eis net iwwert de Wee gelaf sinn. A: Firwat dann dat? B: O, we...

Feb 06, 20254 min

An de Wantersport fueren (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Personen hir Walliss fir an de Wantersport paken. Duerno héiere mir e Gespréich am Auto. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt wgl. einfach op ,,Access as guest''.

Feb 04, 20256 min

Liichtmëssdag (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass? B: Natierlech! Liichtmëssdag gëtt zu Lëtzebuerg all Joer den 2. Februar gefeiert. Dat ass de Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, an do ginn d’Kanner liichten....

Jan 30, 20253 min

En Jobinterview (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Jobinterview Accueil: Gudde Moie Monsieur. B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien. A: Wéi ass Ären Numm wgl.? B: Ech heesche Bertrand Lafontaine. A: Kënnt Dir Ären Numm buschtawéieren, wannechgelift? B: Jo, natierlech. Mäi Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. Mäi Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E. A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der...

Jan 28, 20254 min

Hobby: Badminton (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, Badminton spillen, a säin Engagement an engem Veräin zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie President vun engem Veräin ginn ass. Moien, Emmanuel! Kanns du dech kuerz virstellen? B: Moien! Ech hee...

Jan 23, 20253 min

Am Reesbüro (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am Reesbüro iwwer hir Vakanz beschwéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Reesbüro A: Gudde Moien, Madamm Müller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwätzen. Mir si wierklech enttäuscht! C: Gudde Moien, Här a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt? B: Éierlech gesot goung sou zimmlech alles schif, wat hätt kënne schifgoen! Fir d’éischt war d’Hotelszëmme...

Jan 21, 20254 min

Am Sproochecafé (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Sproochecafé Organisatrice: Moien an häerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwätzen an trainéieren. Op der rietser Säit, hei vir, ass den Dësch fir Däitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir E...

Jan 16, 20255 min

Interview mam Maisy Gorza (B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Maisy Gorza, d'Directrice vum INLL bei eis am Studio. Mir schwätze mat him zesummen iwwer den INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren! -- Fir dësen Episod ass keen Transkript disponibel.

Jan 14, 202511 min

Hobby: Trail Lafen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Güneş iwwer säin Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A : Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir erëm eng Kéier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de Güneş. Wëllkomm am Studio! B: Moien! A: Güneş, du léiers de Moment Lëtzebuergesch. Zanter wéini? B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch. Et ass net einfach! A: Dat ass wouer, mee du schwätz scho...

Jan 09, 20253 min

Virsätz fir dat neit Joer (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir e bëssen iwwer Virsätz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Virsätz fir d’neit Joer A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Virsätz fir d’neit Joer. Dat passt, oder? B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gär e puer gutt Virsätz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn. C: Max, du bass net eleng! Ech denken, vill vun eis fänken d’Joer voller Energie un, mee due...

Jan 07, 20254 min

Vun enger Sylvesterfeier erzielen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: A: Prost a vill Gléck am neie Joer! B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend. A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen? B: O Mamm, vill ze laang. A: Firwat sees de dat? B: Ma de Christian huet net opgehalen eis ëmmer rëm Wäin nozeschëdden an iergendwann hate mir all eng hänken. A: O nee, ...

Jan 02, 20253 min

E chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: B: Hallo! Wéi geet et dir? A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ? B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar! A: Wéi? Wat ass da geschitt? B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung n...

Dec 26, 20244 min

De Wanter a Wanterpneuen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwätzen. - Transkript: De Wanter Am Wanter ass et zu Lëtzebuerg kal, net grad esou kal wéi an den nërdleche Länner, mee et kënnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn d’Temperaturen ëm déi 5 Grad an et reent och vill. Zu Lëtzebuerg schneit et leider net méi vill, mee wann ee mol Chance huet an et schneit, da sollt een definitiv mam Schlit...

Dec 19, 20246 min

De Stot an d'Hausregelen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Koppel iwwer déi verschidden Aufgaben am Stot schwätzt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun en Zëmmer an enger WG kucke geet. - Den Transkript fir dësen Episod kënnt méi spéit no. Merci fir Är Gedold!

Dec 17, 20246 min

D'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg (B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Gilles iwwer d'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Klickt wgl. uewe riets op ,,Access as guest''.

Dec 12, 20249 min

E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach eppes fräi … Ech ruffen emol un a froen. C : Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnapp’’, wéi kann ech Iech...

Dec 10, 20244 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android