Poterkëscht vum INLL - podcast cover

Poterkëscht vum INLL

Poterkëschtwww.inll.lu
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Aussprooch "ch" (A1-A2)

Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht! Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ? - Transkript: A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus? B: Buch. A: An dat? B: Bicher. A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”? B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”. An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen. Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ]. ach, och, uch So eng Kéier: ach, och, uch A: ach, och, uch B: Gutt. Hei s...

Dec 05, 20245 min

Kleeserchersdag (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus! - Transkript: Kleeserchersdag Wat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? Dëse Freideg ass et endlech esou wäit an d’Kanner sange scho fläisseg "Léiwe Kleeschen" an der Schoul. Wann der scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnt, hutt der dëst Lidd vläicht schonn héieren. Kleeschen oder Zinniklos ass de lëtzebuergeschen Numm fi...

Dec 03, 20244 min

Fester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Fester am Dezember A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent. B: Lo ass scho rëm Dezember. D’Joer vergeet esou séier! Nee, ech hunn nach net dekoréiert a mir hunn och nach kee Beemchen, mee ech hunn awer schonn en Adventskranz. A: Wiem sees de et! Ech hu k...

Nov 28, 20244 min

Um Chrëschtmaart (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen. - Transkript: A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher! B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen. A: Stëmmt! Solle mer e klengen Tour driwwer maac...

Nov 26, 20244 min

Rezept: Boxemännercher (A2-B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass Niklosdag, an domat och Zäit, fir déi éischt Boxemännercher z'iessen! Am Episod vun haut deele mir e Rezept mat iech, fir är eege Boxemännercher doheem ze baken. Vill Spaass! - Transkript: Rezept fir Boxemännercher Sou... Ech mengen, mir hunn elo alles prett fir eis Boxemännercher ze baken. Ech kontrolléieren nach eng Kéier d'Rezept um Internet... Fir 8 Boxemännercher brauche mir: 620 Gramm Miel 100 Gramm Zocker 250 Milliliter Vollmëllech, am besc...

Nov 21, 20244 min

Kaddoe vum Kleeschen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An e puer Wochen ass de 6. Dezember, also Kleeserchersdag oder Nikoosdag zu Lëtzebuerg. Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Kaddoe vum Kleeschen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Geschwënn ass schonn erëm de 6. Dezember. Wat wënscht meng Giedelche sech da fir Kleeserchersdag? B: Meng Elteren a Schwéierelteren hunn och scho gefrot, duerfir hunn d’Nora an ech eng Lëscht gemaach. Vu mengen Eltere kritt hatt e klenge Buttek. Si kafen och alles fir...

Nov 19, 20242 min

Noriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Simulatioun vun den Neiegkeeten um Radio. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: Gudde Moien! Et ass aacht Auer. Mir héieren elo fir d’éischt d’Meteo an da komme mir bei déi lokal Noriichten aus dem Land. Wéi gëtt d’Wieder haut? Dës Fro stelle sech eng Rei vun eisen Nolauschterer. Meteo: Haut bleift et zimmlech bedeckt. D’Temperature leien tëschent zéng a fofzéng Grad. Am Nomëtteg kann et op e puer Plazen zu e puer Schauere kommen. De...

Nov 14, 20243 min

Reservatioun am Restaurant a beim Traiteur bestellen (A2)

Transkript: Reservatioun am Restaurant Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen? Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren. Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift? Client: Fir muer den Owend um 19 Auer. Restaurant: An der Rei. Fir wéi vill Persounen? Client: Fir véier Persounen, wannechgelift. Restaurant: Sëtzt dir léiwer dobannen oder op der Terrass? Client: Léiwer dobannen. Kéinte mir en Dësch bei der Fënster kréien, wannechg...

Nov 12, 20245 min

Am Fitnessstudio (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, wou sech eng Persoun gär am Fitnesstudio umelle wëllt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Fitnessstudio Rezeptionist: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen? Cliente: Moien! Ech géif mech gär an Ärem Fitnessstudio umellen. Kënnt Dir mir e puer Informatiounen zu de verschiddenen Abonnementer ginn? Rezeptionist: Natierlech! Dir hutt e puer Optiounen. E Basiskontrakt kascht 40 Euro pro Mount. Dir kënnt awer och e Kontrakt ...

Nov 07, 20244 min

Op enger Halloweenparty & Rezept Kürbiszopp (B1)

Transkipt: Halloweenparty A: Hallo Jessie, mir hunn eis jo scho laang net méi gesinn! Waars du fort an der Allerhellegevakanz? B: Nee, ech war net fort, mee ech war leider déi ganz Vakanz erkaalt. Ech louch véier Deeg am Bett, dofir hunn ech och dem Max seng Halloweenparty verpasst. A: O, nee, wierklech? Ech hu mech scho gewonnert, firwat s du net do waars, ech weess wéi gär s du op esou Theemepartye gees. B: Genau! Ech hat de perfekte Kostüm. Dann halen ech dee wuel fir d’nächst Joer. Dann erzi...

Nov 05, 20246 min

Halloween Special: Um Hingerhaff (B1-B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! 🎃 Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Sidd gespaant ... 👻 Vill Spaass beim Nolauschteren, a loosst eis gär e Kommentar, wéi iech dësen Episod gefall huet! Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

Oct 30, 202412 min

Allerhellegen an Trauliicht (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen iwwer Allerhellegen (den 1. November) an Trauliicht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Mir waren e Sonndeg bei mengem Frënd sengen Elteren a seng Bomi sot, datt si elo onbedéngt d’Couppe fir op d’Griewer maache muss. Ech hu mech net getraut ze froen, wat dat bedeit, a wéi mer gëschter doheem waren, hunn ech vergiess de Mathis ze froen. Wat mengt si domat? B: Si schwätzt bestëmmt vun de Couppe ma...

Oct 24, 20243 min

Am Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Am Supermarché A: Ups, ech hunn d’Akafslëscht doheem vergiess! B: O! Weess de dann nach ongeféier, wat drop steet? A: Jo, mee ech hoffen, datt ech näischt vergiessen. B: A lass! Solle mer Blumme kafen? A: Hmm, déi gefale mer elo net immens, an dir? B: Nee, ech waarden op ...

Oct 22, 20244 min

Nëssmaart, Nuits des Musées a Kiermes am Duerf (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: Nëssmaart an Nuits des Musées Michelle: Salut Tony, wéi geet et dir? Tony: Jo, et geet, de Weekend hätt kënnen e bësse méi laang sinn. Michelle: A sou? Firwat dann dat? Bass de midd? Tony: Jo, ech hat de Weekend e volle Programm. Du weess jo, dass mäi Frënd an ech eng Fernbezéiung hunn a wa mir eis gesinn, da wëlle mir esou vill wéi méiglech ënnerhuelen. Michelle: U, jo! Dat ass bestëmmt net einfach. Wat hutt dir dann alles de Weekend gemaach? Ton...

Oct 17, 20245 min

Zwou Weebeschreiwungen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Am éischten Dialog erkläert eng Persoun de Wee fir bei si heem mam ëffentlechen Transport, an am zweeten Dialog huet eng Persoun sech am INLL am Sall geiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Weebeschreiwung 1: Mam ëffentlechen Transport A: Moie Marie! Ech wunnen elo zu Märel. Kënns du mech eng Kéier besichen? B: Gär! Wéini hues du Zäit? A: E Samschden am Nomëtteg? Meng Wunneng ass zu Märel an d...

Oct 15, 20243 min

D'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt eppes iwwer d'Ëffnungszäiten, an duerno erkläre mir iech den Ënnerscheed tëschent duzen an dierzen, also der informeller an der formeller Form. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript D'Ëffnungszäiten an der Stad Iwwer Ëffnungszäite schwätzen (A2) Luc: Salut Melanie, hues du de Weekend schonn eppes vir? Melanie: Hey ! Nee, nach net wierklech. Ech muss e puer Kommissioune maachen, mee ech weess net genee, wéini d...

Oct 10, 20245 min

Tiny House a Kleederschaf ausraumen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen. --- Transkript Tiny House A: Hallo Lara! Deng Mamm seet, dass du geschwënn an en Tiny House plënners! Wéi flott! B: Jo, ech wëll elo net méi bei menger Mamm wunnen an de Moment fannen ech zu Lëtzebuerg keng aner Wunneng. A: Jo...a wéini plënners de? B: Ech plënneren d’nächst Woch, mee d’Miwwele...

Oct 07, 20246 min

Den Hierscht a Pappendag (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer den Hierscht a Pappendag zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Den Hierscht Mir wollten elo iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Hierscht maache ka schwätzen. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren. Am Hierscht ass et mëttlerweil net méi esou kal wéi fréier an et sinn ëm déi 10 Grad. Mee et reent awer vill am Hierscht. Grad well ...

Oct 03, 20245 min

Ukommen zu Lëtzebuerg (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mam Manon a mam Elif, déi eis e bëssen iwwer hir éischt Zäit zu Lëtzebuerg erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwou Persoune bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwert hiert Liewen hei zu Lëtzebuerg erzielen. Manon, firwat bass du op Lëtzebuerg komm? Manon: Moien! Ech kommen aus der Belsch, vu Bréissel, an ech war op der Sich no enger neier Aarbecht. Ech schaffen ...

Oct 01, 20244 min

D'Alphabet (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt. --- Transkript D'Alphabet op Lëtzebuergesch D’Alphabet op Lëtzebuergesch A wéi Adress B wéi Bus C wéi Computer D wéi Dokter E wéi Elteren F wéi Famill G wéi Gebuertsdag H wéi Handysnummer I wéi Informatiker J wéi Joreszäit K wéi Kaffi L wéi Lëtzebuerg M wéi Meedchen N wéi Noper O wéi Owend P wéi Proff Q wéi Quetsch R wéi Restaurant S wéi Samschdeg T w...

Sep 26, 20244 min

Alldag mat Kanner (B1) a Message um Repondeur (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog tëschent Elteren iwwer hir Kanner. Duerno lauschtere mir, wéi eng Mamm e Message op de Repondeur vum Dokter schwätzt. --- Transkript Alldag mat Kanner Paul: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus? Maria: O, fro net.. Paul: Wéi dann? Wat ass lass? Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir dann net esou? Paul: Ech gleewen dir! Mir goung et och esou, wéi meng Kanner nach kleng waren, mee ...

Sep 24, 20245 min

Sech kenneléieren (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! --- Transkript: Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen? Daniela: Jo, natierlech. Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.? Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer? Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer. Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes! Wat hues du dann den Owend geplangt? Sally: Den Owend ginn ech gemittlech eppes mat mengem Mann ie...

Sep 18, 20246 min

Sech am INLL umellen (A2-B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An dësem Episod erkläre mir iech, wéi dir iech an engem Cours am INLL umelle kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fir déi Persounen, déi d’lescht Semester schonn e Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen schonn den 10. September un. Dës Persounen hunn also schonn e MyINL Konto a kënne sech via hire Konto aschreiwen. Fir déi Persounen, déi nach kee Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen den 11. September un. Dir musst Iec...

Sep 04, 20243 min

D'Schueberfouer (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Schueberfouer. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lynn : So, Pit, ech hu gelies, datt d’Schueberfouer dës Woch ufänkt. Wat ass dat eigentlech ? Pit : Jo, dat ass richteg ! D’Schueberfouer fänkt dëst Joer den 23. August un. Se ass all Summer vun Enn August bis Ufank September. Et ass eng riseg Kiermes hei an der Stad um Glacis, mat allerlee flotten Attraktiounen, Spiller an Iess- a Gedrénksstänn. Lynn: Dat kléngt spannend! ...

Aug 21, 20243 min

Seng Liewensgeschicht erzielen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Selma am Studio. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht (Niveau B1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator: Moie Selma a wëllkomm an der Poterkëscht. Mir soen dir Merci, dass du bereet waars mat eis deng Liewensgeschicht ze deelen. Erziel eis emol fir d’éischt, wéi s du iwwerhaapt op Lëtzebuerg komm bass. Selma: Ech soen Iech Merci, dass dir mech invitéiert hutt. Ech si viru 27 Joer op Lëtzebuerg komm. Meng Eltere sinn an ...

Aug 07, 20244 min

Eng Entspanungsübung (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Mir maachen zesummen eng kleng Entspanungsübung. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Haut maache mir eng Entspanungsübung zesummen. Fir dësen Exercice braucht dir 5 Minutten Zäit an eng roueg Plaz. Setzt Iech op e Stull oder leet Iech op de Kannapee, Äert Bett oder op de Buedem oder eventuell op d’Plage an de Sand. Setzt oder leet Iech esou, datt et confortabel fir Iech ass. Maacht Är Aen zou a probéiert un ...

Jul 24, 20246 min

En Ausfluch an e Grillfest plangen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut ass de leschten Episod virun der Summervakanz. De Summer publizéiere mir just all zwou Wochen en neien Episod, an dat mëttwochs. Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi en Ausfluch plangen, an duerno zwou Persounen, déi e Grillfest organiséiere wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: En Ausfluch plangen A : Moie Pit ! Hues de Loscht, de Weekend en Ausfluch ze maachen ? B : Jo, dat kléngt flott ! Wuer wëlls de da fuere...

Jul 11, 20245 min

Vakanzepläng an eng Postkaart (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir e puer Frënn, déi zesummen eng Vakanz fir de Summer plangen. Duerno lauschtere mir d'Postkaart, déi si aus der Vakanz geschéckt hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Anna: So, hutt dir scho Pläng fir de Summer? Tom: Also ech nach net. Ech géif awer gär an eng Stad goen. Wat denkt dir? Lara: Dat kléngt super ! Wuer solle mer da goen ? Anna : Wéi wier et mat Berlin ? Do gëtt et vill ze kucken. Lara : Hmm, ech war schonn e pu...

Jul 09, 20244 min

D'Lola aus Spuenien (A2) a Porte ouverte am INLL (B2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d'éischt e klengen Interview mam Lola aus Spuenien. Duerno héiere mir e puer Andréck vun der Porte ouverte am INLL, déi den 29. Juni 2024 war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Fir dësen Episod ass keng Transkriptioun verfügbar.

Jul 04, 20246 min

Aussprooch: éi - äi (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Tranksript: A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”? B: Dat ass eng gutt Fro! D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey” oder “Ey”. So eng Kéier: [ɜɪ]. A: [ɜɪ] B: Tipptopp! So eng Kéier “Äddi”. A: Äddi B: Beim “ä” maache mir de Mond grouss op: Äddi Beim “é, i” ass de Mond méi zou wéi beim “ä, i” : [ɜɪ] Beim “ä, i” ass de Mond méi ...

Jul 02, 20243 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android