Allerhellegen an Trauliicht (B1) - podcast episode cover

Allerhellegen an Trauliicht (B1)

Oct 24, 20243 min
--:--
--:--
Download Metacast podcast app
Listen to this episode in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episode description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen iwwer Allerhellegen (den 1. November) an Trauliicht schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

A: Mir waren e Sonndeg bei mengem Frënd sengen Elteren a seng Bomi sot, datt si elo onbedéngt d’Couppe fir op d’Griewer maache muss. Ech hu mech net getraut ze froen, wat dat bedeit, a wéi mer gëschter doheem waren, hunn ech vergiess de Mathis ze froen. Wat mengt si domat?

B: Si schwätzt bestëmmt vun de Couppe mat Blumme fir Allerhellegen. Den 1. November ass zu Lëtzebuerg Allerhellegen, dat ass e chrëschtleche Feierdag. Deen Dag an heiansdo och den 2. November, op Allerséilen, versammele sech d’Leit op de Kierfechter, fir d’Griewer ze seenen a fir un déi Verstuerwen ze denken. Et ass och Traditioun, Blummen a Käerzen op d’Griewer ze stellen.

A: A ok, dat huet si also gemengt.

B: Hues de scho vun Trauliicht oder Rauliicht héieren?

A: Nee, wat ass dat?

B: Dat ass eng Traditioun, déi am Norde vu Lëtzebuerg, am Éislek, gefeiert gëtt. Fir dëse Brauch gëtt eng Rommel ausgehielegt an Aen, eng Nues an e Mond drageschnëtzt. Duerno gëtt eng Käerz dragesat, fir an der Nuecht vum 31. Oktober op den 1. November d’Séile vun de Verstuerwenen ewechzehalen. Zënter 2023 gehéiert d’Trauliicht zu den immaterielle Kulturierwen.

A: Dat kléngt jo wéi Halloween, mee amplaz vun engem Kürbis gëtt hei eng Rommel benotzt. Wéi witzeg!

B: Genee. Zu Munzen ass fir d’Trauliichtbrenne souguer nach e Fakelzuch. Häss de Loscht dat dëst Joer kucken ze goen?

A: Wat eng schéin Iddi, mee ech fléien Enn des Mounts bei meng Famill a Mexiko, fir mat menger Famill den Día de los Muertos ze feieren.

B: Wéi schéin! Ech hu schonn a Filmer gesinn, datt dat ganz anescht gefeiert gëtt wéi Allerhellegen. Ziel mer méi dovun!

For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android