Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1) - podcast episode cover

Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1)

Apr 01, 20257 min
--:--
--:--
Download Metacast podcast app
Listen to this episode in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episode description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Am A1-Sproochecours 

P : Gudde Moien, alleguer! Wéi geet et iech ? 

A & B: Ganz gutt ! 

P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kënns ? Formuléier duerno eng Fro fir däin Noper. 

C : Moien, ech sinn d’Eva. Ech kommen aus Ungarn, vu Budapest. An du, wéi heeschs du, a vu wou kënns du ? 

B : Ech heesche Marco an ech kommen aus Italien, vun Napoli. 

P: Oppassen: Op Lëtzebuergesch soe mir “Neapel”. Marco, kanns du dat widderhuelen, wannechgelift? 

B: Jo, Ech kommen aus Italien, vun Neapel. 

P: Tipptopp! Sou, mir widderhuelen elo all zesummen an der Klass! Eva, kanns du d’Instruktioune vum Exercice liesen? 

C: Jo. Kommt an d’Mëtt a schwätzt mat minimum dräi Persounen. Notéiert den Numm, d’Heemechtsland, de Wunnuert an d’Sprooche vun ärem Partner an den Tableau. Dir hutt 15 Minutten Zäit. 

P: Super! Hutt dir nach eng Fro? Nee? Da fänkt elo un! 

 

A : Moien ! Ech heeschen Anna. An du ? 

B : Salut, Anna ! Ech sinn de Marco. 

A : Vu wou kënns du ? 

B : Ech kommen aus Italien, vun Neapel. An du ? 

A : Ech kommen aus Schweden, vu Göteborg. 

B: Wéi schreift een dat, wannechgelift? 

A: Ech buschtawéieren: G-Ö (O mat Umlaut) – T – E – B – O -R -G. 

B: Merci! 

A: Ok, déi nächst Fro. Wunns du zu Lëtzebuerg ? 

B : Jo, ech wunnen zu Lëtzebuerg, zu Stroossen. An du? 

A: Ech wunnen och zu Lëtzebuerg, an der Stad, um Lamptersbierg. Wat fir Sprooche schwätz du? 

B: Ech schwätzen Italieenesch, Englesch, e bësse Franséisch, an elo léieren ech Lëtzebuergesch. An du? 

A: Ech schwätze Schweedesch, Englesch, e bëssen Däitsch, an elo léieren ech och Lëtzebuergesch. 

B: Flott! Et freet mech, dech kennenzeléieren! 

A: Mech och! 

For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android