E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2) - podcast episode cover

E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2)

Dec 10, 20244 min
--:--
--:--
Download Metacast podcast app
Listen to this episode in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episode description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach eppes fräi … Ech ruffen emol un a froen. 

C : Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnapp’’, wéi kann ech Iech hëllefen? 

N : Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech géif gär e Rendez-vous beim Jackie huelen, wannechgelift. 

C : Natierlech ! Ass et just fir ze schneiden oder och fir ze fierwen? 

N : Ech muss den Nowuess fierwen an d’Spëtzen e bësse schneiden. 

C : An der Rei, wéini geet et Iech? 

N : Am beschte muer de Moien. 

C : Muer de Moien … Hmm, ech kucken … Nee, do ass schonn alles voll beim Jackie. Ech hätt just nach eppes fräi beim Nadine, um 11 :45. 

N : Hmm, nee, dat ass e bësse spéit, an ech géif léiwer wéi ëmmer bei d’Jackie goen. Wéi wier et dann en Donneschdeg? 

C : En Donneschdeg ass nach direkt um 8 :30 eppes fräi beim Jackie. 

N : Hmm, dat ass fréi ! Mee OK, dann huelen ech dee Rendez-vous. 

C : Tipptopp, Madamm Silva. Da bis en Donneschdeg um 8 :30. 

N : Jo, Merci ! Bis en Donneschdeg. 

Nathalie : Sou, den éischte Rendez-vous ass geholl. Uff ! An elo ruffen ech och direkt beim Kiné un, fir mäi Rendez-vous en Donneschdeg ze verréckelen. Dat gëtt soss e bëssen enk… 

P : Praxis Kiné Miersch, gudde Moien. 

N : Gudde Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech ruffen u wéinst engem Rendez-vous, deen ech leider verréckele muss. 

P : Wéini ass Äre Rendez-vous ? 

N : En Donneschdeg de Moien um 9 :30. 

P : Ok, ech kucken … wéini géift dir da gär amplaz kommen ? 

N : Eventuell en Donneschdeg Nomëtteg ? Wier do eppes fräi ? 

P : Nee, en Donneschdeg ass leider schonn alles voll. E Freideg hätt ech nach eppes. 

N : Hmm, e Freideg ass schwiereg, do schaffen ech de ganzen Dag. Soss d’nächst Woch, direkt e Méindeg ? 

P : E Méindeg hätt ech nach e Rendez-vous um 14 Auer an um 16 Auer. 

N : 14 Auer, dat passt. 

P : An der Rei, dann änneren ech de Rendez-vous. 

N : Villmools Merci ! Nach e schéinen Dag. 

P : Merci gläichfalls. 

Nathalie : Uff, dat war jo guer net esou einfach. Mee elo ass alles organiséiert : De Coiffer en Donneschdeg de Moien, an dofir de Kiné e Méindeg Nomëtteg. 

For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android