Den sympatheschsten Proffen-Sänger zu Lëtzebuerg ass haut net op der Stage an och net am Klassesall, mais bei der Gelle Fro um Podcast. An wat haten se Spaass d'Jongen! Mais niewent Laachen an Béier, hunn se awer och serieux Themen beschwat, z.B. wéi et ass ADHS ze hunn, oder wéi een Rapper an Proff sinn ënnert een Hutt bréngt. Lauschtert eran :)
Feb 26, 2022•1 hr 16 min•Season 2Ep. 39
Veganismus, Bodybuilding, Body Positivity, Sport als Therapie, Fraen mat Muskelen, an nach vill méi beschwätzen den Philippe an Tom mam Claire Asselborn, enger veganer Bodybuilderin.
Feb 05, 2022•1 hr•Season 2Ep. 38
Mam Serge hunn den Tom an de Philippe en vun deenen gréissten (wann net souguer DEN gréissten) lëtzebuerger Museker bei sech am Gruppetto. Zesummen schwätzen si iwwert dem Serge säin Werdegang zum selbststännegen Museker, quasi vum Egotrip zu Legotrip. Dass dobäi dei lëtzebuerger Sprooch hien an senger Entwécklung ni gestoppt huet, leit op der Hand - dat wëssen se an der Chamber sou gutt wei op der Belscher Plage. Wat hien vum Tun a vum Bruce hält gi der an dëser Episode gewuer, awer och wat hie...
Jan 15, 2022•1 hr 4 min•Season 2Ep. 37
Entrepreneurin, Philanthropin, Influencerin, Podcasterin, Mamma, an nach vill méi verkierpert Tessy Antony de Nassau an enger Persoun. An dëser Episode leieren den Tom an de Philippe déi eemoleg Prinzessin kennen, seng Héichten an seng Déiften, seng zuelräich Projeten, seng Astellung zum Liewen an och säin super léiwen Bebe. Ganz oppen schwätzt hat iwwer seng Vergaangenheet beim Militär, de Grand-Duc, dei schwéiersten Zäit a sengem Liewen an doriwwer an firwat en sech als Fra ëmmer extra gutt mu...
Jan 08, 2022•1 hr 12 min•Season 2Ep. 36
An dëser Episode hunn de Philippe an den Tom d‘Konkurrenz um Podcaststull setzen. Konkurrenz? Dei dréi eenegen sech drop, dass et éischter e mateneen ass, fir lëtzebuergesch Kultur ze pushen. Zesumme schwätzen si iwwer Rassismus, de Xavier Bettel an wat hien mam Cëss sengen Nëss ze dinn huet, de Berghain an doriwwer, wat fir si Lëtzebuerg ass. Si probéieren och ze klären, als wat si sech als Podcaster gesinn, Journalisten oder Entertainer - oder awer Idealisten? Schalt an, wann dei dräi d’Korken...
Jan 03, 2022•1 hr 12 min•Season 2Ep. 35
Et ass häerzzerbriechend... Den Zuercher Bal 2021 däerf net stattfannen. Mir hunn eis mat den Organisateuren am Grupetto getraff, fir sie ze froen, wéi et hinnen dowéinst geet, an wat dat fir den Studenteveräin an d'Zukunft vum Bal bedeit...
Dec 25, 2021•33 min•Season 2Ep. 34
De Philippe an den Tom sinn nees do, an mat kengem anere Gaascht wei dem Bazooka Brooze, quasi e full circle moment! Vill huet sech geännert bei Gëlle Fro, awer och beim Brooze, zum Beispill säin Ëmgang mat Drogen. An dëser Episode geet et em d‘Legaliseieren vu Cannabis, dorems wat Amerika mat Lëtzebuerg ze dinn huet, de Brooze kritt e klengen 1x1 vum Tom, wat Kommunikatioun ugeet - an villäicht klappt et dann och gläich tëscht dem Brooze an Eldo Radio. Zesummen schwätzen si iwwer dem Brooze sen...
Dec 19, 2021•1 hr 23 min•Season 2Ep. 33
Modelen oder Danzen? Dat ass eng schwéier Fro fir d'Claire. Amfong wollt hat Dänzerin ginn – dunn koum Corona, dofir bléiht awer lo seng Karriäre als Commercial Model op. An dëser Episode erkläert d'Claire Theisen eis den Ënnerscheed tëscht engem Commercial Model an engem Instagram Model an weist, wéi sech de Modelbusiness duerch Social Media verännert huet. An enger franséischer Agence gouf hat als Curvy Model ënner Vertrag geholl – do stellt sech d'Fro, op déi albekannt 'Modelmaßen' nach eng R...
Jul 23, 2021•54 min•Season 2Ep. 32
Be safe, drink with a nurse! Dat hunn de Philippe an den Tom sech och geduecht, wei se d'Anne-Marie Hanff – Präsidentin vun der ANIL – bei sech an de Gruppetto invitéiert hunn. An dëser Episode stellen déi dréi eis de Beruff vun dem/der Infirmièr(e) fir,– mee wisou grad dëse Beruff? Jidderee kennt de Klischee, nëmme Frae ginn Infirmière, et ass eng ondankbar Aarbecht, an Weekender schaffen? Klengt net attraktiv! Mee d'Anne-Marie beliicht de Beruff an dëser Episode vun enger anerer, méi schéiner ...
Jul 15, 2021•54 min•Season 2Ep. 31
Kim Heart, Zoe Muse, Kimberly Muse? Dat ass déi grouss Fro, déi muss gekläert ginn! Sech selbststänneg maachen, war schonn ëmmer den Dram vum Kimberly, an huet domat schonn eppes gemeinsam mam Philippe an mam Tom. Ugefaangen huet hat mat Schmuck, ass dunn awer op Kleeder gewiesselt. Seng Visioun mat Zoe Muse war et, eng nohalteg Kleedermark ze erschaffen, déi méiglechst minimalistesch ass. An dëser Episode zielt hat, wei hat zur Moud komm ass, wei Success Story him gehollef huet, an firwat hat w...
Jul 07, 2021•1 hr 21 min•Season 2Ep. 30
Heiansdo ass d'Liewen bëssen gerëffelt! Dat fënnt op alle Fall mol den Isaiah Wilson – Dänzer, Choreo- an Videograph. Als Kand huet den Isaiah sech fir Danzen entscheet, an domadder géint de Basket – géint den Trend vu senger Famill. Sou erkläert hien dem Tom an dem Philippe am Podcast, dass hien ni opgehalen huet mat danzen, an dass doran schlussendlech den Ënnerscheed léit. Am Gruppetto zielt hien de Jongen, wéi hien sech vun Jugementer léisst, iwwert seng vergaangen an zukünfteg Projeten, iww...
Jun 29, 2021•58 min•Season 2Ep. 29
"Nicole du bass wei eng Fläsch Rosport Spruddel." – Wat et sech domadder op sech huet, gi der an dëser Episode vu Gëlle Fro gewuer. Mam Nicool sëtzt déi éischt lëtzebuergesch Rapperin um Podcaststull am Grupetto. Mat de Jongen schwätzt hat doriwwer, wéi hat sech als Fra an der Lëtzebuerger Rapindustrie afüügt, dass hat déi grouss Chance huet vill Concerten kënnen ze spillen an wéi sech heiansdo grad dowéinst den 'Impostor Syndrome' ageschlach huet. Nicool freet sech no 8 Méint rëm kënnen op der ...
Jun 22, 2021•59 min•Season 2Ep. 28
Wat gëtt et Besseres fir zwee Podcasthosts, wéi e Podcast mat engem Podcasthost? Dofir hunn den Tom an de Philippe mam Yaya Schuhmacher des Woch eng Hallschent vum 'Paus Podcast' invitéiert. Fir dass awer déi besser Hallschent vum Yaya net vergiess gëtt, ruffen déi zwee och dem Jill un,– an schonn ass eng Kooperatioun tëscht deenen zwee Podcasts gebongt. An dëser Episode vu Gëlle Fro schwätzt de Yaya, den Art Director an Grafiker beim Tageblatt ass, iwwert seng Erfarung mat Mobbing, Homophobie a...
Jun 16, 2021•1 hr 13 min•Season 2Ep. 27
Wéini ass d’Corona Pandemie endlech eriwwer? Wat kann een géint Verschwierungstheoretiker maachen? Ass d’Impfung geféierlech? Dat sinn Froen di den Philippe an Tom hirem Gaascht des Woch stellen. Dëse ass nämlech hiren eichen richtegen Dokter op Gelle Fro, an keen gerengeren wéi den prominentsten Virologe zu Lëtzebuerg: Den Dr. Gérard Schockmel. Dësen erzielt eis, dass et eigentlech eng vill méi bëlleg, an genau sou sécher Methode gëtt fir eis géint Corona ze impfen, mais well d’Pharma-Industrie...
Jun 14, 2021•1 hr 4 min•Season 2Ep. 26
Haut als Gaascht op der Gelle Fro hunn den Philippe an den Tom den Joé Dennenwald. Déi eng kennen en als Joé Mores aus Capitani, déi aner als Pit Pol Witzeg vun Duck Féiss – egal vun wou een en kennt eppes ass kloer: Den Joé verkierpert lëtzebuergeschen Entertainment. Als Co-Host vum Podcast Erklär & Laach war hien an den Nummer 1 Podcast-Beef zu Lëtzebuerg verwéckelt, an ass haut op der Gelle Fro zu Gaascht, fir Ried an Äntwert ze stoen an déi offiziell Nummer 1 ze verkënnegen. Mais op Yout...
Jun 01, 2021•1 hr 1 min•Season 2Ep. 25
Dës Woch ass den Alain Welter, de Moler vu Koler, am Gruppetto zu Besuch. Am Podcast mëscht hien Reklamm fir säin néit Buch, wat en duerch Crowd-Funding konnt realiséieren. Den Alain huet zu Hollerech ugefaangen ze sprayen an ass mëttlerweil zum Mural Artist an Illustrator ginn. T'Mëschung aus Graffiti an klassescher Typographie mëscht de Kënschtler eenzegaarteg an seng Konschtwierker kréien doduerch och hiren 'Erëmerkennungswäert', egal ob zu Koler, Freiburg, Hamburg oder am Cap Verd. Bekannt g...
May 25, 2021•1 hr 4 min•Season 2Ep. 24
An dëser Episode hunn den Tom an de Philippe de Jeff Schreiner an den Gruppetto invitéiert, – hien ass awer net eleng komm. Mam Barti an enger léiwer Schlaang am Schlepptau schwätzen déi dräi iwwert dem Jeff säin Studium a Werdegang zum Déierendokter. Den Reptilien-Liibhaber huet am Moment e Bestand vun 30 exoteschen Déieren doheem an huet sech quasi en 'Terrariumzëmmer mat Bett' erschaf. Op dem wuel exoteschsten Set dat Gëlle Fro bis elo hat, zielt hien vu senge Reesen, wéi eng Déieren hien sch...
May 19, 2021•1 hr 3 min•Season 2Ep. 23
An dëser Episode vu Gëlle Fro hunn de Philippe an den Tom d'Marie vu Mokuchsdag bei sech an de Gruppetto invitéiert. Mat Mokuchsdag huet d'Marie eng Plattform gegrënnt, op der en sech kann op lëtzebuergesch iwwert psychesch Gesondheetsproblemer informéieren an austauschen. Mat enger mentaler Krankheet fillt en sech oft eleng an iwwerwältegt – genau dem well hat entgéint wierken an den Diskurs iwwert mental Krankheeten an eiser Gesellschaft normaliséieren an den Tabu briechen. Hat selwer hat eng ...
May 11, 2021•1 hr 9 min•Season 2Ep. 22
Dess Woch um Podcast: den Flavio Ginotte mat deem fousten Equipement wat den Philippe an Tom bis elo um Set haten. Den 5-fachen Landesmeeschter erkläert wisou Fechten eng Randsportart ass, mais och wisou et sou eng spannend Sportaart ass. No den Basics vum Fechten an wéi d‘Sportart funktionéiert, zielt den Flavio wéi hien et als beschten am Land fäerdeg bréngt sech ëmmer nees selwer ze motivéieren an weiderzemaachen. Dass hien Top 70 op der Weltranglëscht ass, geet dem Flavio nach laang net duer...
May 03, 2021•55 min•Season 2Ep. 21
Debbie Kirsch steet fir Women Empowerment an Sustainable Fashion an stellt an dëser Episode seng Kleedermark Devï vir. Mat der Intentioun nohalteg Projeten ze plangen an ze ënnerstëtzen ass hat 2018 an Indien gereest fir mat Saheli Women zesummenzeschaffen. Saheli Women gëtt indesche Fraen, déi rejetéiert goufen aus hirer Societéit oder an enger niddreger Kast gebuer goufen, d'Méiglechkeet ze schafen. Debbie huet mat hinnen zesummen seng eege Kleedermark gegrënnt, déi op Sustainability baséiert ...
Apr 26, 2021•1 hr
Dës Woch hunn de Philippe an den Tom de lëtzebuerger James Charles bei sech op Besuch. Den Luca de Michele ass leidenschaftleche Make-up-Artist an huet och seng eege Make-up-Linn. Wéi et dozou komm ass, an wéi hien et bis op Berliner Fashion Week gepackt huet, zielt hien deenen zwee an dëser Episode. Als Mann ass hien an senger Jugend ni mat Make-up an Verbindung komm, réischt bei senger Ausbildung zum Coiffeur, gouf hien an dat kaalt Waasser gehäit an huet seng éischt Pinselstrëcher missen maac...
Apr 18, 2021•1 hr 15 min•Season 2Ep. 19
No zwou Wochen Paus, starten den Philippe an den Tom mam Turnup Tun an déi néi Season. An dëser Episode steet net nëmmen den Tun selwer am Fokus mee och aner lëtzebuerger Rapper, ënner aneren den Bazooka Brooze. Do huet wuel en an e Beiennascht gepickt - No hirer Zesummenaarbecht huet den Brooze den Tun lenks léien gelooss, obwuel en zesummen méi erreechen kéint. Nodeems den Tun den neisten Tea gespilled huet, kënnen mer eis hoffentlech op en Disstrack freeën. Mee net nëmmen Beef steet am Fokus ...
Apr 12, 2021•1 hr 6 min•Season 2Ep. 1
Et ass esou wäit: Den zweeten Deel mam Skobe ass do! No enger längerer Fëmmpaus ass den Jeremy zeréck fir domat weider ze maachen, woumat en opgehalen huet: Engem philosopheschen Gespréich iwwert Fashion an villes méi. Mat senger angeneemer Aart a Weis ze erzielen an sengen extraen Denkustéiss huet hien den Philippe an Tom an säin Bann gezunn, sou dass si no enger Stonn Podcast spontan decidéiert hunn en zweeten Deel opzehuelen. Hei schwätzen déi dräi driwwer wéini Konscht als Konscht ugesinn gë...
Mar 23, 2021•59 min•Season 1Ep. 17
Mam Carlos Salomon hunn den Philippe an Tom den éischten Stand-Up Comedian um Podcast. Dësen erkläert hinnen wei en zum Stand-Up komm ass, wien seng Inspiratiounen sinn an wei hien eegen Shows organiséiert. Des Weideren erzielt hien den Jongen wat Stand-Up Comedy him bäibruecht huet - z.B soll een generell d'Liewen méi mat Selbsthumor liewen, well dëst extrem "empowering" ass. Vue dass den Carlos sech mat Witzer auskennt, hunn den Philippe an Tom him dunn allen 2 een Witz erzielt fir rauszefanne...
Mar 15, 2021•1 hr 1 min•Season 1Ep. 16
Hunn den Tom an den Philippe an dëser Episod endlech d'Léisung fir den Schoulsystem zu Lëtzebuerg fonnt? Den Eric Nosbuch erzielt hinnen wei hien am Lycée Ermesinde, déi éischt Beréierung mam DJ'en hat. Aus enger schoulescher Aktivitéit ass eng Leidenschaft ginn, déi den DJ Nosi eng Kéier wëll zum Beruff maachen. Mat sengem éischten Lidd 'Schëdden' an sengen Optrëtter am M, huet hien den éischten Schrëtt an dës Richtung gemaach. An engem interessanten Gespréich, schwätzen déi dréi iwwert den Ber...
Mar 08, 2021•1 hr•Season 1Ep. 15
"Baue wie ein Architekt, trainiere wie ein Champion, kleide und verhalte dich wie ein Gentleman." Sou dem Pascal Zimmer seng Wieder, déi wuel bei den bäschtgekleedsten Gaascht, den déi zwee Jongen vun 'Gëlle Fro' bei sech am Gruppetto setzen hunn, passen, wéi d'Fauscht op d'Aen. Säit iwwer 30 Joer ass den Pascal Entrepreneur an huet domadder seng Passioun zum Beruff gemaach. No senger éischter klenger Indépendance bei engem Opel-Händler, ass hien am Bau-Secteur gelant, huet eegen Kleedergeschäft...
Mar 01, 2021•1 hr 2 min•Season 1Ep. 14
Wéi kann en an engem räichen Land wéi Lëtzebuerg Aarmut bekämpfen? Dat ass net nëmmen dem Alexandra Oxacelay seng 'Gëlle Fro' mee och eng, déi den Philippe an den Tom sech gestallt hunn. D'Stëmm vun der Strooss gouf am Joer 1996 gegrënnt, 1998 huet d'Alexandra ugefaangen do ze schaffen, fir d'éischt als Journalistin, fir d'Zeitung erauszebréngen, dann als Directrice – an ass säit dem bliwwen. Mat Leidenschaft an groussem Häerz sëtzt hat sech fir d'Sans Abrisen hei zu Lëtzebuerg an, eng Thematik ...
Feb 23, 2021•1 hr•Season 1Ep. 13
Ween rappt am schnellsten am Land? Dat hunn den Philippe an den Tom sech och gefrot an den Maz an den Gruppetto invitéiert an en direkt mol seng Rap-Skills ënner Beweis stellen gelooss. Nodeems hien Godzilla Challenge gemeeschtert huet, schwätzen déi dräi iwwert déi lëtzebuerger Musekszeen an generell iwwert d'Rapindustrie. Well hien gelangweilt ass vum Mainstream Rap - dësen ass him ze monoton an vermëttelt keng Emotiounen - well hien sech dovun ofhiewen an säin eegenen Stil etabléieren. Seng L...
Feb 15, 2021•1 hr 7 min•Season 1Ep. 12
Mat 10 Joer krut den Philippe Ernzer seng éischt Wiederstatioun vun sengen Elteren geschenkt, doraus ass Météo Boulaide ginn - an domadder wuel déi genausten Wiederprognosen fir Lëtzebuerg entstaanen. D'Wieder ass dem Philippe seng gréissten Leidenschaft an den stereotyppen Smalltalk iwwert Wieder, gehéiert wuel zu sengem Alldag. Säin Duerchbroch hat hien den 6. Juli 2014, wei hien als eenzegen virun engem schlëmmen Donnerwieder iwwer Ettelbréck gewarnt huet. Dëst koum - an domadder och ëmmer mé...
Feb 09, 2021•1 hr 21 min•Season 1Ep. 11
Dëse Samschden hunn den Philippe an den Tom den Jeremy Palluce, den och nach ënnert sengem Kënschtlernumm 'Skobe' bekannt ass, an den Gruppetto invitéiert. Wärend sengem Bachelorstudium an Freier Konscht huet hien sech dozou decidéiert seng eegen Kleedermark 'Palazzoparano' rausbréngen. An der Konscht an an der Moud huet den Skobe seng Passioun fonnt an ass rausgebrach aus der 'Comfort-Zone' Lëtzebuerg. An senger Konscht soll et net em Suen goen, och net em den Hype, mee se soll e Spigel vun him...
Feb 01, 2021•1 hr 5 min•Season 1Ep. 10