ERIC 'DJ NOSI' NOSBUSCH SETZT MAT SENGER KRIIBSDIAGNOSE ALLES AN PERSPEKTIV - GËLLE FRO EP. 15 - podcast episode cover

ERIC 'DJ NOSI' NOSBUSCH SETZT MAT SENGER KRIIBSDIAGNOSE ALLES AN PERSPEKTIV - GËLLE FRO EP. 15

Mar 08, 20211 hrSeason 1Ep. 15
--:--
--:--
Listen in podcast apps:
Metacast
Spotify
Youtube
RSS

Episode description

Hunn den Tom an den Philippe an dëser Episod endlech d'Léisung fir den Schoulsystem zu Lëtzebuerg fonnt? Den Eric Nosbuch erzielt hinnen wei hien am Lycée Ermesinde, déi éischt Beréierung mam DJ'en hat. Aus enger schoulescher Aktivitéit ass eng Leidenschaft ginn, déi den DJ Nosi eng Kéier wëll zum Beruff maachen. Mat sengem éischten Lidd 'Schëdden' an sengen Optrëtter am M, huet hien den éischten Schrëtt an dës Richtung gemaach. An engem interessanten Gespréich, schwätzen déi dréi iwwert den Beruff vum DJ an doriwwer firwat lëtzebuerger Lidder sollen um Radio gespillt sollen ginn. Mee och méi serieux Téin ginn an dëser Episode ugeschloe. Virun knapp engem Joer krut den Eric seng Kriibsdiagnose. Seng Mentalitéit an säin Wëllen fir säin Liewen ze kämpfen, hunn him schlussendlech gehollef, géint de Kriibs ze gewannen. Mat sengen emotionalen an inspiréierenden Wierder packt hien et, eis aktuell Situatioun an Perspektiv ze sëtzen. Gesondheet ass alles, an mat senger nei gewonnener Gesondheet, huet den Eric erkannt, wat him wierklech wichteg ass am Liewen.

For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android
Open in Metacast
ERIC 'DJ NOSI' NOSBUSCH SETZT MAT SENGER KRIIBSDIAGNOSE ALLES AN PERSPEKTIV - GËLLE FRO EP. 15 | Gëlle Fro podcast - Listen or read transcript on Metacast