DEBBIE KIRSCH PRODUZÉIERT ETHESCH KLEEDUNG AN INDIEN - GËLLE FRO EP. 20 - podcast episode cover

DEBBIE KIRSCH PRODUZÉIERT ETHESCH KLEEDUNG AN INDIEN - GËLLE FRO EP. 20

Apr 26, 20211 hr
--:--
--:--
Listen in podcast apps:
Metacast
Spotify
Youtube
RSS

Episode description

Debbie Kirsch steet fir Women Empowerment an Sustainable Fashion an stellt an dëser Episode seng Kleedermark Devï vir. Mat der Intentioun nohalteg Projeten ze plangen an ze ënnerstëtzen ass hat 2018 an Indien gereest fir mat Saheli Women zesummenzeschaffen. Saheli Women gëtt indesche Fraen, déi rejetéiert goufen aus hirer Societéit oder an enger niddreger Kast gebuer goufen, d'Méiglechkeet ze schafen. Debbie huet mat hinnen zesummen seng eege Kleedermark gegrënnt, déi op Sustainability baséiert an de Fraen d'Chance gëtt d'Kleedungsstécker och matzedesignen. Dem Debbie seng deeglech Motivatioun ass et ze wëssen, dass hat mat senger Brand op eng Aart a Weis déi indesch Kultur opbrëscht an de Fraen d'Méiglechkeet gëtt, an enger patriarchalescher Gesellschaft opzebléien. Déi dréi schwätzen awer net nëmmen iwwert dem Debbie säin Pop-Up Store (den iwwregens 6 Méint ophuet) mee och iwwer female entrepreneurship, fast fashion, den Afloss vu Sociale Media op eist Konsumverhaalen an villes méi! Debbie betount, wéi wichteg et ass, bewosst ze konsomméieren, am Moment ze liewen an sech op essentiell Saachen am Liewen zreckzegesënnen an och dass Räichtum net ëmmer de Montant um Kontestand bedeit. An dëser Episode ginn mer och e bëssen méi vum Tom a vum Philippe gewuer an hier Gedanken zu der Schnelllierwegkeet vun eiser Gesellschaft. Wéi oft en an enger Episode 'gäil' soen kann, stellt den Tom haut ënner Beweis – villäicht huet jo ee matgezielt.

For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android
Open in Metacast
DEBBIE KIRSCH PRODUZÉIERT ETHESCH KLEEDUNG AN INDIEN - GËLLE FRO EP. 20 | Gëlle Fro podcast - Listen or read transcript on Metacast