Gëlle Fro - podcast cover

Gëlle Fro

Lëtzebuerg huet an der Kulturszen, wei och am Sozialen, Sport a Business vill ze bidden – dat fannen den Tom an de Philippe och. Wisou also net mat deenen Leit schwätzen fir se besser kennenzeléieren? All zweet Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Café Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro. D’Folgen ginn all Samschden op Youtube Spotify an Apple Podcasts gesat.

Episodes

SCOTT KIRSCH ERKLÄERT EIS BITCOIN - GËLLE FRO EP. 9

Cryptocurrency? Säit der Coronakris huet sech de Wäert vu Bitcoin vervéierfacht. Keng aner Anlag huet sech sou attraktiv entwéckelt wéi de Bitcoin an doduerch wiisst och den Interessi un der Digitalwärung. Mee lount et sech dran ze investéieren an wat ass iwwerhaapt e Bitcoin? De Scott Kirsch – selwer ernannten Trading Lord – erkläert dem Tom an dem Philippe, wéi t’Welt vu Cryptocurrencies ausgesäit, wéini hien déi éischte Kéier dovun héieren huet, wéi hien sech alles selwer bäibruecht huet, wat...

Jan 25, 20211 hr 9 min

PIERRE BECK KONNT NET OP DE BÉIER VERZICHTEN - GËLLE FRO EP. 8

Ween sech un eng Low Carb Diät well halen, soll natierlech och op Béier verzichten – en Virsaz un den sech de Pierre Beck net halen wollt. Dofir huet hien säin eegene Béier kreéiert, den net nëmmen manner Zocker mee och manner Kalorien huet. Mat senger Fra huet hien t’Start Up ‚Fox Beer‘ gegrënnt, déi entretemps zu ‚Fox Drinks‘ ginn ass. An dëser Episode vu ‚Gëlle Fro‘ erzielt de Pierre, wéi seng Iddi zum fäerdege Produit ginn ass, wéi eng Hürden hien huet missen iwwerwannen an wéi et ass, mat s...

Jan 18, 202153 minSeason 1Ep. 8

CHAILD GËTT DEN NÄCHSTEN LËTZEBUERGER WELTSTAR? - GËLLE FRO EP. 7

An dëser Folge vu 'Gëlle Fro' hunn de Philippe an den Tom den Chaild invitéiert. An engem lockere Gespréich erzielt hien deenen zwee Hosts, wei aus dem 'Adrian' den Chaild ginn ass, iwwert seng Musek an de Business hannendrun. Wéi gutt hien seng eege Lyrics kennt, stellt hien och ënner Beweis, natierlech net ouni en Ständche vu sengem néie Bebe 'Raindrops' ze ginn. No dësem Sneakpeak vum Chaild sengem gesanglechen Talent, fuerderen den Philippe an den Tom hien raus, Tiktok 'Snowman-Challenge' ze...

Jan 11, 20211 hr 8 minSeason 1Ep. 7

BEN HAMES HUET MAT 15 JOER SENG ÉISCHT FIRMA GEGRËNNT - GËLLE FRO EP. 6

Am Alter vun nëmmen 15 Joer, hunn den Ben an säin Associé den Maurice hier eegen Kleedermark gegrënnt – en Alter an dem déi meescht Jugendlecher sech iwwer Entrepreneurship nach keng Gedanken maachen. 70 Stonnen d’Woch hunn si niewent der Schoul un hirer Firma geschafft. Obgebaut hunn sie dunn den Drockmeeschter, eng Firma, déi sech em d’Bedrécken an Brodéieren vu Kleeder këmmert. Mëttlerweil ass den Drockmeeschter déi éischt Ulafstell hei am Land fir vill Lycéen, jonk Kleederbrands, Firmen an V...

Jan 04, 20211 hr 7 minSeason 1Ep. 6

EISEN KARDINOL AN ÄERZBËSCHOF JEAN-CLAUDE HOLLERICH IWERT GOTT AN D'WELT - GËLLE FRO EP. 5

Wéi eng Persoun stécht eigentlech hannert dem Titel vum ‚Äerzbëschof‘? Genau dat hunn sech den Tom an de Philippe an der neier Episode vun ‚Gëlle Fro‘ gefrot. Den Äerzbëschof an Kardinol Jean-Claude Hollerich erzielt, wéi hien sech di éischte Kéier verléift huet, wéi en mat de Jesuiten duerch Frankräich gezunn ass an wéi hien de Wee op Tokio fonnt huet – wat mëttlerweil zu sengem Doheem ginn ass. Angscht virum Stierwen huet den Äerzbëschof net, sou erkläert hien dem Philippe an dem Tom wat nom D...

Dec 28, 202057 minSeason 1Ep. 5

NIIA GËTT VUN GYMSHARK GESPONSERT - GËLLE FRO EP. 4

An der néier Folge vu ‘Gëlle Fro‘ erzielt de Philippe vu sengem Erliefnis beim Zänndokter, d’Niia toppt déi Story awer mat sengem Gymsharksponsorship. Schonn 6 Joer mëscht hat Youtube an erreecht mëttlerweil mat senge Videoen iwwer 60 000 AbonnentInnen. Privates an Youtube ze trennen, ass dem Niia immens wichteg, sou dass seng Viewers weder säi Frënd zu Gesiicht kréien, an seng Elteren eng Zäitchen och näischt vu sengem Channel woussten. Wéi d’Niia mat Hate ëmgeet, wei hat seng Roll als Influenc...

Dec 21, 202053 minSeason 1Ep. 4

MARIANNE DONVEN HUET 4 FLÜCHTLINGEN DOHEEM OPGEHOLL - GËLLE FRO EP. 3

„Chiche!“ – Keng Challenge ass dem Marianne ze schwéier! Nodems d’Marianne selwer jonk Flüchtlingen en Doheem geschenkt huet, huet et sech dofir agesat, dass och aner Famille kennen auslännesch Mineuren bei sech ophuelen. Matt wéi enge Virurteeler an Challengen hat bei sengem Asaz konfrontéiert ass, erzielt hat dem Philippean dem Tom an der neier Episode vu ‚Gëlle Fro‘. Matt senge mëttlerweil dräi Filièren vum ‚Chiche!‘ bitt hat net nëmmen den Asylsichenden eng Arbeschtsplaaz, mee och eis lecker...

Dec 14, 20201 hr 7 minSeason 1Ep. 3

ERIC ROLGEN KONTROVERSTEN YOUTUBER AUS LËTZEBUERG - GËLLE FRO EP. 2

‚I just want a Rollie, Rollie, Rollie,…’ De Wonsch huet den Eric sech selwer erfëllt, an domadder awer och fir eng vun deene gréisste Social Media Outbursts 2020 gesuergt. – Ween huet dem Eric seng Rollie geklaut an vill méi wichteg – wou!? Dobäi sollt et awer net bleiwen, eng kontrovers Ausso vum Eric huet net nëmmen d’RTL-Topfans mee och Déifferdeng aus dem Déifschlof erwächt. Mee lo mol zum wesentlechen! Wéi kann en als Youtuber anContent Creator säin Geld verdéngen? Lount et sech a Bitcoins ...

Dec 14, 20201 hr 15 minSeason 1Ep. 2

BAZOOKA BROOZE STEET 'IWERT DEM GESETZ' - GËLLE FRO EP. 1

An der éischter Episode vu ‚Gëlle Fro‘ duerfen den Tom an de Philippe de Bazooka Brooze begréissen. Nodeems en säin neien Album ‚Iwert dem Gesetz‘ ugekennëscht huet, stëllt sech natierlech d’Fro, op dem erfollëgräichste lëtzebuerger Rapper seng Lidder um RTL oder um Eldo wäerte gespillt gi mee virun allem, wien huet dem Brooze säin Insta gehackt? Wei et viru geet mam Brooze senger musikalescher Karriäre, an och wou hien d’Zukunft vum lëtzebuerger Rap a senger Konkurrenz gesäit, gitt der am dëser...

Dec 13, 20201 hr 28 minSeason 1Ep. 1
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android
Open in Metacast