Do ware mir also. Dir erënnert iech wahrscheinlech un d'Episod Nummer 135, wou e gewësse Gonzojournalist an e gewëssen Zuch geklommen ass, fir aus Hendaye ze flüchten. Iert e esou een TGV fortfiert, muss en op mannst zwou Minutte virum offizielle Startzäitpunkt am Zuch sinn. Well da ginn d'Dieren automatesch zou an net méi op. Wisou dat esou ass, hunn ech nach net ganz verstanen, mä et huet sécher iergendeppes mat Terrorismus oder mutéierten Rieseläis ze dinn …
Mar 05, 2012•5 min0
Ech sinn also moies zu Hendaye, op der spuenesch-franséischer Grenz aus dem Zuch getrollt an wollt an een TGV ëmklammen. Vir deen, esou ass mir erklärt ginn, géif et awer keng Tickete méi ginn. Den nächste sollt an véier Stonne fueren …
Feb 27, 2012•5 min0
Et klengt ëmmer alles esou einfach. Do ass déi Party, do ass eng aner, mir kucken dann emol, wou mir higinn. Mir mécht dat schon Angscht, wann ech et nëmmen héieren. Well esou einfach ass meeschtens dach net …
Feb 06, 2012•7 min0
Silvester ass déi gréisste Party vum Joer. Dat gesinn op mannst vill Leit esou. Als Gonzojournalist kann ech doriwwer natierlech just laachen. Mëttlerweil sinn ech esou gutt, dat einfach esou Freides owes ass, wann ech dat behaapten. Och wann deen aneren Daach da Mëttwochs ass, den Owend ass Freides Owes an ech behuele mech och deementspriechend.
Jan 15, 2012•6 min0
Et gi Situatiounen, an déi versetzt een sech als Gonzojournalist absichtlech. Et geet een op en Plaatz, fir herno kennen ze berichten, wéi et war an wat sech do alles sou gedoen huet. An da ginn et aner Situatiounen, do gereit een duerch Zoufall eran, ouni et ze wëllen. Dat si meeschtens déi interessanteste Geschichten. Mä och déi, déi am meeschten Angscht a Schrecke biergen.
Sep 12, 2011•5 min0
Schon an der Episod 63 vun Angscht a Schrecken hunn ech mech iwwert de MUDAM an déi ëmmer méi a Vergiessenheet gerodend Bezeechnung „Péimusée“ mokéiert. De Mudam féiert elo 5 Joer an imitéiert den Gildo Horn: Mudam loves you. An dem Kontext, oder och guer net, well dat ass bei moderner Konscht ni esou ganz kloer, gouf et eng Danzveranstaltung am Mudam. Oder soe mer et esou: Talentéiert Leit hu Musek a Visuals gemaach, zu deenen en hätt kéinten danzen.
Aug 01, 2011•5 min0
Et ass net ëmmer einfach, zu Lëtzebuerg ze wunnen. Virun allem, wann Tour de France ass an zoufälleg Leit mam lëtzebuergesche Pass matfueren. Dat wier jo net esou schlëmm, wann da net de Nationalstolz op mannst Doubel esou grouss wéi soss de Mannerwärtegkeetskomplex géif ginn.
Jul 25, 2011•4 min0
Et ass net einfach. Wann een länger am Ausland bleift, gëtt et ëmmer méi schwéier, zeréck an de Grand-Duché ze kommen. Ech probéiere mäi Retour ëmmer duerch ausgibeg Präisvergläichen vu Reesméiglechkeeten ze verzögeren. Heiansdo denken ech mir och nei Weeër aus a kucken dann, wéi deier déi wieren. Mä et hëlleft alles näischt. Iergendwann fällt och dem kreatiivsten Gonzojournalist keng Method méi an, fir méiglechst komplizéiert op Lëtzebuerg ze fueren an dann muss een eben den Ticket huelen an se...
Jul 18, 2011•4 min0
Bregenz. Strömender Nieselregen. Hätte ich eine Frisur, ich bin mir sicher, sie täte alle andere als sitzen. Der Bodensee ist farblich kaum vom Himmel zu unterscheiden. Oder eher: Der Bodensee wäre farblich kaum vom Himmel zu unterscheiden, würde man ihn denn sehen. Nebel so dicht, dass er auf dem Jahrmarkt als „Zuckerwatte light“ verkauft wird, verhindert den Farbvergleich.
Jun 04, 2011•5 min0
Ech sinn jo bekannterlecherweis e grousse Frënd vum ëffentlechen Transport. Dat läit engersäits u mengem net-existenten Führerschäin a menger Onloscht, an enger dach zimlech hiwweleger Stad wéi Wien mam Vëlo ze fueren. Anerersäits awer u mengem Öko-Hellegeschäin, dee kräfteg an hell blénke soll. Dat spuert d'Täscheluucht am Däischteren …
May 16, 2011•6 min0
Et gëtt Platzen, op déi geet een net esou oft. Och als Gonzojournalist net. Dat läit net dorunner, dat en grondsätzlech desinteresséiert wier, mä éischter dorunner, dat ee meeschtens aner Preferenzen huet. Als Jugendleche sinn ech gären op Metal-Konzerten gaangen. Dat huet ënnert anerem och doru geleeën, dat et bei mir an der Geigend soss kaum Konzerten gouf. Ech hat Kollegen deenen déi Musek och gefall huet an mir goufen all puer Woche vun eisen Eltren op esou „Festivals“ gefouert, déi meeschte...
May 02, 2011•8 min0
Ech sinn am Fong jo e grousse Fan vun Deeg fir iergendeppes. Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht, den 19. November ass Welttoilettendag, den 17. Mee ass internationalen Dag géint Homophobie, den 21. Mäerz ass Weltdag vun der Poesie, an esou weider an esou fort. Mä den 14. Februar geet mir iwwerhaapt net.
May 01, 2011•5 min0
Et huet jo missen esou wäit kommen. Fir mech waren d'Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d'Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d' Eisleck ass dach een sougenannt „Mitte...
Mar 03, 2011•7 min0
Angscht und Schrecken auf der Rückfahrt vom Radiocamp
Mar 02, 2011•17 min0
Heiansdo muss een och als Gonzojournalist Saache maachen, déi een normalerweis net géif maachen. Saachen, wou een sech dreckeg mécht an vun deenen een kierperlech midd gëtt. An domadder mengen ech net all méiglech an onméiglech Droge konsuméieren an da lallend duerch d'Landschaft ze lafen. Nee, ech mengen haart kierperlech Aarbecht …
Dec 13, 2010•6 min0
"Haut", 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.
Dec 06, 2010•6 min0
Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt. An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D'Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d'Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.
Aug 31, 2010•8 min0
Et ginn Deeg, do fillt een sech richteg gutt, an dach leeft alles schif. Oder et fillt een sech gutt, obwuel lauter komesch Saachen passéieren an et huet een iergendwéi awer een schlecht Gewëssen. Esou een Daach hat ech deslescht, an net wéineg vun dem Ongléck steet an Verbindung mat enger Pizzakëscht …
Aug 09, 2010•6 min0
Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d'Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d'Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann d...
Aug 06, 2010•6 min0
Wann een als Gonzojournalist ëmmer ënnerwee ass, ass et wichteg, seng sozial Kontakter ze fleegen, wann een erëm do ass. Dat mëscht een dann am Beschten wéi eng Dampwalz mat engem Formel1-Motor: séier an ouni Gnod. Ech souz zu dem Zweck mat genannten Kontakter op enger Terasse vun engem Café onwäit vum Helleg-Geescht Plateau. Mir hunn op eist Zesummentreffen no esou laanger Zäit geprost an allerlee Geschichten erzielt. Esou, wéi een dat eben esou mëscht.
Jul 27, 2010•4 min0
Et ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort. Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ass, heem ze kommen, ze friessen an ze saufen an durno op engem iwwerfellten, eklegen Baal frieme Leit op d'Schong ze katzen.
Jul 24, 2010•7 min0
Et ass alt erëm eng Kéier esou wäit. De Fussball ass eriwwer, an wann d'lëtzebuerger Vëlosfuerer net grad gedoppt vum Vëlo falen, da gëtt et näischt ze berichen. Et ass Summerlach. An iwwert dem grousse Lach schéngt ouni Erbaarmen d'Sonn.
Jul 12, 2010•7 min0
Ufank Juli zu Wien. D'Enn vum Summersemester. No deene leschte Prüfunge sinn déi meeschte Leit och schon an der Vakanz. Et schéngt, wéi wann Wien esou schrecklech wär, dat all Mënsch direkt flüchte muss. Ech verstinn net wierklech, wisou dem esou ass. Wien ass och am Summer kulturell absolut ze recommandéieren, et gi vill Parke mat Schied, an deenen een deeglaang sëtze kann, ouni all ze vill ënnert der Hëtzt ze leiden …
Jul 05, 2010•8 min0
Ich schlage meine Augen auf. An mir vorbei ziehen steile Berghänge. Leichte Klaustrophobie macht sich breit. Ich liege in einem Nachtzug, der durch die modelleisenbahnlandschaftähnlichen Gebirge Tirols fährt. Ich, der noch nie so hohe Berge von so nahem gesehen hat, erstarre vor Erfurcht vor diesen felsigen Riesen. Ich errinnere mich an eine Vorlesung, in der mir Menschen von den Bergen vorschwärmten. Mütterlich und behaglich sei die Alm. Bei mir wecken so hohe, bedrohliche felsige Monster nur m...
May 17, 2010•7 min0
Während doheem am Grand-Duché nom Versoe vun der Tripartite de komplette Chaos entstanen ass an nach ëmmer keen doriwwer geschwat huet, dat sech d'Lëtzebuerger_innen am Krich befannen, hunn ech mech fir d'Flucht och aus Wien entscheet. Wann den JCJ national zu Bréissel mat extrem komesche Cravattemustern Griichenland an den Euro rette kann, kann ech mir och eng Auszäit gënne. Wéi an all gudder urbaner Persoun huet sech bei mir de Wonsch no Idyll, Rou a Natur bemierkbar gemaach. Dat heescht, ech ...
May 03, 2010•10 min0
Wann een länger wéinst wichtege gonzojournalisteschen Affairen am Ausland ass, vergësst een heiansdo séier, dat am Grand-Duché och nach Saache passéieren. Virun allem dann, wann engem dee leschten Openthalt wéi Vakanz am Disneyland virkommen ass.
Apr 26, 2010•7 min0
Samschdes moies. Ech erwächen deshydratéiert an zimlech futti an engem friemen Bett. Ech kucken op d'Auer. Et ass vill ze fréi. Ech kann trotzdem net méi schlofen a beschléissen, den Zuch méi fréi ze huelen, wéi ech geplangt hat.
Mar 29, 2010•8 min0
Wann een esou driwer nodenkt, misst ech des ganz Serie am Fong embennen an „Angscht a Schrecken zu Wien“, well et gesait jo irgendwéi net esou aus, wéi wann et an nächster Zait vill Episoden aus Lëtzebuerg géif ginn. Egal, den Titel bleiwt. Wann daat léiten eng Fernsehserie wier, géif ech einfach behaapten, déi nächst puer „Seasons“ géifen eben zu Wien spillen an daat wier alles Deel vum Storyarc ...
Mar 22, 2010•9 min0
Zu Wien ass alles e bessi anescht, wéi et daat géif mengen. Wann een studéire well, muss een an de Kino goen an wann een féieren well goen, muss een op d'Uni goen. Esou ass et engem op desem Sender net onbekannte Gonzojournalist op alle Fall gaangen ...
Feb 22, 2010•6 min0
Fir Chreschtdaag waar ech zu Lëtzebuerg. Well och als aarme Student an Gonzojournalist soll een sou Fester mat der Famill féiren. Oder sech ob manst do de Bauch vollschloen. Durno kann een jo irgendwousch anescht féiren an de Leit do op d'Schong katzen, wann et onbedengt muss sinn ...
Jan 11, 2010•8 min0