Angscht a Schrecken an de Bierger - podcast episode cover

Angscht a Schrecken an de Bierger

Mar 03, 20117 min0
--:--
--:--
Download Metacast podcast app
Listen to this episode in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episode description

Et huet jo missen esou wäit kommen. Fir mech waren d'Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d'Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d' Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“. Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen d'Leit iech aus an dir musst hinnen e Patt bezuelen, dat se ophale mat laachen. An da gitt dir aarm an traureg heem an frot iech, wéi héich da richteg Bierger si mussen, wann d'Eislécker Koppen net dozou zielen.
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android