Wenn man lange genug in einer Großstadt gelebt hat, verspürt man den Drang nach Wildniss, nach einfachem Dorfleben, nach einem Ausflug. Und was könnte sich für einen frischgebackenen Wiener Gonzojournalisten da besser eignen als einen Ausflug in das Weinviertel?
Dec 07, 2009•5 min0
Et gouf anscheinend irgendwann emol eng Zait, zu der et fuerchtbar revolutionär waar, greng ze sinn, Bio-Geméis ze iessen an sech Solarzellen ob den Daach ze installéiren.
Sep 26, 2009•6 min0
Wann een eppes keeft, dann huet daat oft nach irgendeppes, daat engem net passt. De Geroch vun „néi“ ass net onbedengt emmer den Beschten. Och wann een sech mat dem chemeschen Damp, deen aus fresch gedreckten Bicher secher poppersarteg berausche kann, wann een d'Nues just déif genuch dra stecht, esou probéiert een dach meeschtens, den Geroch vun „néi“ lass ze ginn. Bicher kann een zum Beispill einfach ennert den Arm huelen, daat helleft meeschtens ...
Sep 26, 2009•7 min0
Amsterdam. Déi enzeg Haaptstadt an Europa, déi net zouglaich Regierungssetz ass. Kaum eng Staadt ged esou mat Drogen, Sex an Exzesser verbonnen. Ged et eng aaner europäesch Staadt, déi sech esou fir en gonzojournalisteschen Trip offréiert, wéi Amsterdam? A waat fir e besseren Daach, fir op Amsterdam ze fueren, wéi 40 Joer no Woodstock?
Aug 27, 2009•8 min0
Fir vill Leit stellt den eischten Weekend am August eng grous Herausfuederung un hier Fähegkeet, Entscheedungen ze treffen. Wéi gudd Manager sech mussen Entscheedungen fir hier Firma treffen, esou mussen se sech zweschen engem Festival um Ierchternacher Séi an engem Waifest op der Mousel entscheeden.
Aug 11, 2009•6 min0
Wéi déi meescht vun mengen Nolauschtrer wahrscheinlech wessen, sinn ech relativ oft an vill am Internet ennerwee. Eischtens ged et do fuerchtbar vill Angscht a Schrecken ze erliewen (cf. Episod 57) an zweetens gefällt mir daat relativ gudd. Et ass net immens ustrengend an et leiert een immens vill interessantes a wichteges an nach vill méi onëtztes, daat engem fir eiweg am Gedierchniss stierche bleiwe wärt. Daat sinn dann esou Saachen wéi et zu Manchester den sougenannten Nico Ditch ged, den aus...
Aug 11, 2009•7 min0
Dat leiten ass déi 100st Episod vun der Serie „Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg“.
Jul 23, 2009•6 min0
Et ass scho komesch. Wann een mir virun e puer Wochen gesoot hätt: „De Michael Jackson ass doud“, dann hätt ech wahrscheinlech gesoot: „Ah, ma du bass séier. Den ass dach schon zenter Joeren just nach en Zombie.“ Net immens fain, mä wouer. An elo, wou de Mann dann wierklech doud ass, schengt et, wéi wann en erem géif liewen. Also wierklech bessi wéi en Zombie, wann och nëmmen en Medien-Zombie.
Jul 15, 2009•7 min0
Verschidden Titelen vun derser Serie klengen esou, wéi wann ech oft daat selwescht géif erliewen. Mä am Fong kréien ech net all gudden Daag en Prais an enger Bank iwerecht. Et ass just en Zoufall, daat et elo esou kuerz hannertneen zwee mol geschidd ass. Des Kéier hunn ech ee Prais vun verschiddenen Botschaftler kritt, „in Anerkennung besonderer Leistungen“. Wat daat heesche soll, kann sech jo jiddereen denken.
Jul 08, 2009•7 min0
Wann een mat enger Premiere oder 13e färdeg ass, wat mescht een dann als gudde Letzebuerger? Et fiert een op Lorä. Eigentlech heescht déi Stadt am Nordosten vu Spunien jo Lloret de Mar, mä mir soe jo och „Parais“ a net „Paris“. An engem letzebuergeschen Wiederbuch géif Lorä wahrscheinlech EL OH ER ÄH geschriwen ginn. Wat den US-Amerikaner hire Springbreak, dat as dem Europäer sain Lorä. An well mir Letzebuerger jo all Virbildeuropäer sinn, fuere mir besonnesch gären op Lorä an saufen a fecken do...
Jun 29, 2009•9 min0
Wéi déi meescht vu mengen Nolauschterer wahrscheinlech wëssen, haassen ech Optragsarbeschten. Wat natierlech awer kaum een dovunner ofhällt, trotzdem no Episoden zu engem bestëmmten Thema ze froen. Déi meescht Nolauschterer hunn wahrscheinlech och bemierkt, dat et elo iwwer eng länger Zäit keng nei Episode vun hirem/hirer Lieblings- gonzojournalistesche Podcast respektiv Radioserie ginn ass. Wat ganz einfach dorunner geleeën huet, dat ech Examen hat. Wat zwar en formidabele Lieferant fir Angscht...
Jun 23, 2009•8 min0
Angscht a Schrecke beim Versuch, an de Kino ze goen
Apr 13, 2009•7 min0
Den Summer kennt emmer eischter. An et ass mir elo egal, ob et dest Joer mol erem eng Kéier esou kaal waar, daat e bessen Schnéi gefall ass. Et ass mir elo esouguer egal, daat dest Joer esou vill Schnéi gefall ass, daat ech ausgerutscht an gefall sinn. D'Fréijoer – an domadder och den Summer - kennt emmer eischter. Ob verschiddenen Plaatzen esouguer em zwou Wochen méi fréih wéi soss. An eisen Breedegraaden sinn arttypesch saisonofhängeg Verhaalensweisen vun Déiren em 4,4 Deeg no vir verreckelt.
Apr 07, 2009•7 min0
Et ass schon eng Plo mat denen Henn. Se schlofen den ganzen Daag, baissen déier Schlappen oder Miweln futti an wellen dann zur Belounung och nach eppes friessen. An wéi wann daat alles net géif duer goen, schaissen se dann och nach, am leifsten an den Gaart, an dem se och hir Plastikspillsaachen an 3 Meter deift verbuddelen, sou daat een Angscht muss hunn, mat der Emweltpolizei an Konflikt ze kommen, well se PVC am Grondwaasser fonnt hunn ...
Mar 16, 2009•7 min0
Ech haat daat dringend Bedürfniss no Schokola ass soss Seissegkeeten. Ech hunn zwar en Faible fir Seissegkeeten, mee seelen ass den Drang durno esou staark, daat ech effektiv direkt an den Buttek laafen fir mer es ze kaafen ...
Mar 09, 2009•8 min0
Ein Wochenende, also eher zwei Tage, mit Freunden in Münster zu verbringen klingt eigentlich ganz gemütlich. Wären da nicht gewisse Faktoren, das ganze ein wenig verrückter machten, als es eigentlich so schon war.
Feb 15, 2009•10 min0
Och als Gonzojournalist muss een sech alt heinsdo méi gehuewener Kultur widmen. Dofir hunn ech entschloss, mir mat e puer Kollegen en Théatersteck vum Moliere unzekucken ...
Feb 08, 2009•9 min0
Wann een bei Gewennspiller matmescht, sou muss en och domadder rechnen, se ze gewannen.
Feb 01, 2009•11 min0
D'Anne S. An Angscht a Schrecken hun eng inneg Bezéihung. An daat nët nemmen, well seng Intialien A an S sinn, mee och, well hat meng zwee aal Bekannter wéi magesch unzidd oder oft esouguer matbrengt.
Jan 30, 2009•3 min0
Angst und Schrecken auf dem Weihnachtsmarkt
Dec 20, 2008•4 min0
Eigentlech hunn ech jo schon vill ze vill iwert daat Thema geschwaat. All Joer am Dezember ass et daat selwescht. Kaum hunn sech d’Leit domadder ginn, sech opzereegen, daat „all Joer méi fréih!“ Chrëschtartikelen am Supermarché stéingen, ass och schon Advent an meng ganz perséinlech Hell deet sech op. Net nemmen an Form vun Chrëschtdaagsdekoratioun an Grande-Surfacen, ganz schrecklechen Chrëschtdaagslidder oder op Chrëschtféiren, déi schon am November sinn – nee, all Joer am Dezember hunn ech d’...
Dec 08, 2008•6 min0
Mat der Rockhal kann en seng Problemer hunn. Daat därf en einfach, well et bezillt een jo schließlech Stéiren dofir. D’Rockhal ass quasi esou eppes wéi den ADR oder ZDF vun den Konzertshaalen. Ech wees net, ob een doweinst lo onbedengt déi ganzen Zait meckeren muss, mee ob manst e bessen kritiséiren wärt en jo secher dirfen.
Nov 24, 2008•6 min0
Et ged Evenementer, op déi muss en goen. Well d’Famill daat gären esou hätt, well d’Kollegen soss alleguerten rosen sinn, well een vun der Arbescht aus gezwongen ged, well een sech sozial verpflicht fillt, dohinner ze goen. An et ged Evenementer, op déi muss en goen, well een soss eppes gigantesches verpasst.
Nov 17, 2008•9 min0
Wann een un d’Uni Lëtzebuerg denkt, denkt een kaum un Partyen. Ech denken eischter un leit, déi sech op der Uni unmellen fir kennen Kannergeld ofzesahnen oder déi alt een Semester héi am Land maachen, well se soss néirens ugeholl ginn.
Nov 11, 2008•8 min0
Angst und Schrecken in… ja, in Luxemburg
Nov 05, 2008•17 min0
Oft froen mech Leit, op ech Angscht a Schrecken net och kéint politesch maachen. Ech kucken dann emmer e bessi komesch. Ech sinn der Meenung, daat des Serie, desen Podcast, nennt et wéi der wellt, per se politesch ass. Wann daat lo engem net anliicht: einfach wéider driwer nodenken. Politik huet net emmer mat Parteien ze dinn. Heinsdo huet Politik esouguer mat dem Croissant um Kaffisdesch oder den Drogenverreckter am Zuch ze dinn.
Oct 19, 2008•5 min0
Wann irgendwou en néien Café opgeht, dann ass daat aus gonzojournalistescher Siicht emmer eng Interessant Geschicht. Net nëmmen eng néi Plaatz, ob der een Angscht a Schrecken kann erliewen, mee och eng néi Plaatz, ob der een sech virun Angscht a Schrecken verstoppen kann. Ausserdem kann een an engem Café oft probéiren, meng zwee aal Bekannter mat Alkohol ze erdrenken.
Oct 12, 2008•7 min0
En Joer ass definéiert doduerch, daat déi Kurrel op der mir setzen (d’Erd) eng Kéier rondrem eng aaner Kurrel (d’Sonn) dréint. Aus irgendwelchen mytholgeschen Grenn ass den Datum fir daat ze féiren op genee eng Woch nom Gebuertsdaag vun irgendengem Drogenverreckten geluecht ginn. Och schon deemols wollten d’Leit hier Feierdeeg hunn.
Sep 16, 2008•5 min0
En gescheiten Mann, op daitsch géif een en „weise“ nennen, soot eng Kéier zu mir, fir d’Braderie an fir d’Fouer géifen déi dommsten an ellensten Leit an d’Stadt kommen.
Sep 09, 2008•8 min0
Wenn man aus Polen nach Leipzig fährt, erwartet man nicht unbedingt, dass sich sehr viel ändert. Bestenfalls würden die Leute eine Sprache sprechen, die einen vage an Deutsch erinnerte. Den Ostblockkitsch und die monumental hässlichen Betonbauten würden die Gleichen bleiben.
Aug 25, 2008•10 min0