Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg - podcast cover

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

eng Rees an d'Häerz vum lëtzebuergeschen Alpdram
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Angscht a Schrecken mam beschten Frend vum Mënsch

Wann een mir d’Wiel geif lossen, wier ech wahrscheinlech eischter een Katzenmensch. Och wann main geeschtege Papp an perséinlechen Held mech eischter zu engem Pohunn géif verpflichten, esou fannen ech Kaatzen dach meeschtens ziemlech angenehm Déiren. Et muss en sech net vill em se kemmeren, et huet een eng schnurrend Wärmefläsch fir kaal Deeg an et kritt en heinsdo nach eng doudeg Maus oder soss Déiren virun d’Kichendir geluecht. Eng Saach, déi extrem praktesch ass, wann een Zeugen Jehovas oder ...

Aug 11, 20087 min0

Angscht a Schrecken an engem Fraizaitpark no bei Freiburg

Wann een als Gonzojournalist iwert een Fraizaitpark schwätzt, muss een virdeischt mol klären, waat esou een Fraizaitpark iwerhaat ass. Also, mir wessen jo am Fong alleguerten, daat et heibai em eng Zort stationär Fouer geht, dh. En Fläch mat allerlee Spiller wéi Achterbunnen, Karuseller, asw. An natirlech eng net kleng Zuehl vun Friess- an Gedrenksbuden.

Aug 05, 20087 min0

Angscht a Schrecken an der Calanque de Sugiton bei Marseille

Wann en an enger Stadt um Mëttelmier ass, huet een eigentlech keen Choix. Et kann een guer net anschecht, wéi un d’Mier ze goen, e bessi ze schwammen an herno jidderengem ze zielen, daat en den ganzen Daag op der Plage louch an sech en flott Liewen gemaach huet. Wann dorunner besser ass wéi en Daag um Stau, kann ech net genee soen. De Stau huet de Virdeel, daat et keen Sand do ged.

Jul 28, 20088 min0

Angscht a Schrecken am botaneschen Gaart vu Marseille

Een botanescher Gaart ass wuehl net onbedengt eng typesch Touristenattraktioun, net zu Marseille an och net enzwouschanescht. Et sief dann, et ass soss naischt do, waat d’Touristen beandrocken kann – mee daat ass jo eischter seelen den Fall.

Jul 14, 200810 min0

Angscht a Schrecken op enger Insel virun Marseille

Wann een als Gonzojournalist an enger grousser Stadt wéi Marseille ass, kennt en net laanscht eng gewess Reih vun Manifestatiounen, un denen een muss deelhuelen. Dann ginn et nach aaner Manifestatiounnen, un denen een déi grous Chance huet, fir deelzehuelen. An genee esou een Event waat d’Besichtegung vun enger Insel virun Marseille, wou en Projet fir eng néi Konschtplaatz sollt virgestallt ginn.

Jul 07, 20087 min0

Angscht a Schrecken zu Marseille

Fënnef Wochen zu Marseille verbréngen, dat klengt op den éischten Bléck guer net emol esou schlecht, virun allem am Summer. Wéi jiddereen, den vun engem atlanteschen Klima geprägt ass, dreemt den Lëtzebuerger un sech oft genuch vun Summer, Sonn an Mier.

Jun 29, 20088 min0

Angscht a Schrecken op der Fréijoersfoire

Ech sin normalerweis net de Frend vun Groussveranstaltungen mat villen Leit. Just dann, wann en Féier an/oder Chaos ausbrecht an een eppes ze kucken huet. Mee daat ass jo net esou oft de Fall, esou daat een sech meeschtens duerch eng Onmass vun Leit, déi alleguerten vill méi lues gin wéi en selwer ginn, drecken muss.

Jun 02, 200812 min0

Angscht und Schrecken am Bodensee (für Fortgeschrittene)

Wie allgemein bekannt fahre ich jedes Jahr mit Graffiti, den Jugendsendungen von Radio ARA aufs Radiocamp bei Markelfingen und am Bodensee. Der See war wie immer sehr schön anzusehen, die Leute noch immer und wieder oder noch nicht radioaktiv, und es gab mal wieder Workshops. Und einen davon habe ich gehalten. Das Output ist die erste Folge dieser Serie mit meheren Sprecherinnen, einer Tsunamiwarnung und Luxusproblemen an dem Eisbuffet:

May 19, 200810 min0

Angscht a Schrecken op enger Kommunioun

Et ged Deeg, do ass et Sonndes an domadd huet et sech. Et bleiwt en laang am Bett léien, mescht e bessen Arbescht, déi en d’Woch iwer net ronn kritt huet, leisst sech et an der Bidden gudd goen, - je, et mescht en net extrem vill an et ass en zefridden domadder.

Apr 14, 20088 min0

Angscht a Schrecken um Gebuerstsdaag vun engem Matarbeschter vum Radio ARA, den net eisen London-Korespondent ass, mee zu Cardiff an Wales setzt

Ed ged Deeg, do bleiwt en einfach gären méi laang leien. Zum Beispill, wann en graad dobai ass, sain souwiesou schon komplizéirten Biorhytmus op Nuetsliewen emzestellen. Ech perseinlech sin jo der Meenung, daat ech an der Nuecht vill méi produktiv wier, wann ech net emmer schon esou midd wier, well ech den gaanzen Daag schon op waar. An et gin Deeg, do geif en gären leien bleiwen, mee kann et net, well den Handy schellt. Oder eben esou haard vibréiert, daat en dovunner erwäscht.

Mar 31, 20089 min0

Angscht a Schrecken op der Präsenatioun vum néien Logo vum Radio ARA

Et ged Saachen, iwert déi wellt en herno net méi schwätzen. Bei Politiker sin daat Ofstemmungen, déi en trotz quasi-Diktatur an 50 Joer un der Muecht verlueren huet. Bei amerikaneschen Staren sin daat d’Privat-Pornovideoen, déi en mat sengem zweeten Exmann gedreint huet an déi elo am Internet ze fannen sin. Beim Adel sin daat eventuell oftrenneg Bridder an virun allem verlueren Schong. (cf. Episode 58). An bei mir ass den néien Logo vum Radio ARA.

Mar 03, 20088 min0

Angscht a Schrecken an der Fuesend

Et gin Deeg, do ass d'Welt op Drogen. An et gin Deeg, do ass d'Welt net nemmen op Drogen, mee huet nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt. Des Zait nemmen mir Fuesend.

Feb 19, 20088 min0

Angscht a Schrecken um Enn vum Joer

Et ass un sech all Joer daat selwescht. Et feiert en gudd. An net nemmen während den méi mythologeschen Deeg em Chreschtdaag, mee och nach eng Keier um Enn vum Joer. Oder um Ufank vum néien Joer. Un sech geht alles gemaach, fir genausou virun ze maachen, wéi een opgehaalen huet: mat Saufen an Friessen.

Jan 01, 20087 min0

Angscht a Schrecken op enger Chreschtdaagsfeier, déi schon am November waar

Wéi mir alleguerten wessen, fänkt d’Chreschtzait schon Enn September un, - speitstens awer no Halloween, dem Fest also, daat fréier mol Allerhellegen/Allerseilen geheescht huet. Dann sin d’Buttiker net nemmen voller Liewkuch an Lametta, mee et fänkt och déi wonnerbar Zait vun den Chreschtdaagsiessen, Chreschtdaagsfeieren an Enn-des-Joeresfeieren un.

Dec 17, 20079 min0

Angscht a Schrecken an denen leschten 49 Episoden (Best Of)

Wéi der secher all wesst, haaten mir Vote gemaach, waat dir dann elo weilt als 50 Episode. En Kand vun mir, eng Best-Of Episode oder eng ganz normal Episode. Natirlech wollten déi meescht Leit en Kand vun mir, mee déi zweemeschtgewiehlte Äntwert waar eng Best-Of Episode, an déi heiert dir elo och …

Dec 01, 20079 min0

Angscht a Schrecken mat computergestetzen Präsentatiounen

Et ass oft schwéier, virun Public eppes virzedroen an eppes virzestellen. Zum Beispill, wann en net wees, wéi en schwätzen soll. Oder wann en abstrakt Ideen muss konkret erklären. Wann dann och nach déi eventuell beruflech Zukunft oder engem sain Liewen dovunner ofhängt, wéi gudd en daat mescht, dann deet en besser drun, sech hellefen ze lossen.

Nov 26, 20077 min0
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android