TankenTrio - podcast cover

TankenTrio

TankenTriosoundcloud.com
TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

#52 END OF AN ERA

Allerléiwsten an träisten Trankentrio Zuhörer*innen Mat schwéiren Häerzen muss ären lieblings Trio sech vun sengem Häerzensprojet trennen. Mir soen zwar “auf Wiederhören“ mee lo gett eis Tankentrio Dier zou gemach. An dëser Folge machen mir mat iech zesummen een Réckbléck iwwert eis Podcast Joeren, wéi mir gestart hunn, wou mir elo stinn an wou mir eis an 5 Joer gesinn. Mir soen net, dat mir nie mei remkommen, eventuell an engem neien Kapitel an eisem Liewen machen mir eis Dier nees op. Mat enge...

Oct 13, 20241 hr 22 min

#51 Nennen ma se mol: Antwerpen

Den Tankentrio huet no 2 Méint erëm zesummefonnt, fir iech mol nees eng geschmackvoll Plauderrunde opzedëschen. Wéi ëmmer gëtt et rëm ee klengen Update vun eis all a ganz extra des Kéier souguer funny Stories iwwert een fail Citytrip. Donieft hu mir awer och mol missen Thema „Weltschmerz“ uschwätzen, well den eiser Meenung no zimmlech vill präsent ass, du bass also net eleng mat dem Gefill. Allerdéngs wiere mir jo net mir, wa mir net mat engem lëschtege Schluss géifen ophalen. Also lauschtert ra...

Jun 03, 20241 hr 17 min

#50 Let's raise a final toast

Huelt eis et net beis, mee ären lieblings Trio huet iech puer News matzedeelen. Wann dir wessen wëllt wat lo mam Tankentrio leeft, dann schallt an, mir geifen eis driwwer freeën!

Apr 07, 20241 hr 23 min

#49 Dry January

Yuuhuuuu, eis Wanterpaus ass erëm riwwer, d‘Examen si geschriwwen an den Dry January ass och geschwënngepackt. Lauschtert ra fir d‘Fortsetzung vum Lea senger Handy-Story ze héieren eppes kenne mir verspriechen, déi ass nach net färdesch! Och ee ganz spannenden „Wousst du schonn“ hu mir rëm mat dobäi an d‘Kategorie Buh-Mënsch ass erweidert ginn. Ofschléissend war Thema Dry January um Dësch, wei war et bei iech, hutt der ärerLiewer 31 Deeg Paus ginn oder ass dat iwwerbewäert?

Jan 28, 20241 hr 22 min

#48 Merry Crisis

Merry Crisis everyone! Pünktlech fir d'himmlische Zeit kennt eng nei Folge vun eis raus, falls da vun de Familieniessen kuerz flüchte wëllt. Vum Vero sengem zukünftegen Mann, zum Waxing bis hin zu Christmas ass alles dobäi. Iwwregens, wat hält dir vun der traditioneller Bûche? Mir héiren eis am nächste Joer, Kussi.

Dec 24, 20231 hr 11 min

#47 Bumerang

Moin Moin, mir erzielen iwwert eis 11.11 Erliefnes a wat haut nach um Programm steet, ausser wat a bei eis an de leschte Woche lass war: rëm zur Ofwiesslung eng Buh-Fra an hire Karma, wisou Piloten eigentlech net dierfen dat selwecht iessen an ee klengen Abléck an d’Truecrime-Welt. Mee domat end eis Folge net, mee dir kritt och nach ee klengen Abléck op d’Crème de la crème: déi nei Regierung. Leent iech zerreck a genéisst et.

Nov 26, 20231 hr 13 min

#46 Pizza Wurstel

Moin, Servus, Buon Dia! Haut um Menü steet eng séiss Entrée nämlech Pizza Hawaii. Hutt der iech scho mol gefrot wisou déi sou heescht? D'Vero kläert op. Als Haaptgang steet eng gutt Portioun Opreegung iwwert de Buh-Mensch de gemengt huet dem Lea säin Handy ze klauen. Eisen Dessert huet leider ee bëssi méi batteren Nogoût. Et geet em de Verloscht vun enger Comedy Ikone, ganz genau de Matthew Perry alias Chandler Bing. Wei ëmmer dat ganzt mat enger extra Prise vun eisem Humor, also net verpassen!

Nov 05, 20231 hr 12 min

#45 Vun der Long op d'Zong

Wei den Titel et scho seet, huele mir an dëser Folge absolut kee Blat virun de Mond. Ganz judgy urteele mir iwwert eis Lëtzebuerger Gesellschaft, sief et eise Buh-Mënsch oder dat aktuellt Thema: d‘Walen. Sidd also prett fir eng ganz subjektiv an emotional geluede Folge, mir verspriechen iech, langweileg gëtt et iech op alle Fall net!

Oct 15, 20231 hr 11 min

#44 Lea alleine auf Sri Lanka

No 2 Méint, hu mir et rëm fäerdeg bruecht eis un Table Ronde ze setzen. Wéi ëmmer gitt dir vun eiser aktueller Liewenssituatioun geupdated. Sidd dir prett fir ee ganz onerwaarten Bumensch, dem Pippa säin Cadeau un d'Claire an dem Lea seng Solo Travel Exeprience?

Sep 24, 20231 hr 24 min

#43 Wohnzimmeratmosphäre

Mir fänken net laang un mat: We‘re back, well mir hunn et opginn,reegelméisseg rëm do ze sinn, d‘Liewen mëscht eis ëmmer rëm een Strëch duerch d'Rechnung! Dofir welcome an eiser neier Wohnzimmeratmosphäre, lost iech vun eisem Gebabbels verzauberen. Mir huelen iech mat op den Harry Styles Concert, op eisen Danzgala bis hin zur Eurovision. Zousätzlech kritt der nach e puer richteg gutt aner Podcast Tipps. Also net verpassen!

Jul 16, 20231 hr 14 min

#42 Mammendag ass net Thema vun der Folge

First things first: Happy Mama Dag! Och wann se op Mammendag rauskënnt geet et an dëser Folge em ganz aner Saachen. Hues du schonn eemol Butterbier gedronk? Wat ass mam Vero sengem lieblings T-Shirt? Wisou vergiessen d‘Leit hautdesdaags Manéieren ze hunn an Héiflechkeet ze weisen? Wanns du Äntwerten ob déi Froen wëlls, dann muss de des Folge lauschteren. Zousätzlech feieren mir eng ganz spannend Diskussioun, déi mat der neier Verfilmung vum Arielle ze dinn huet. Diskutéiert mat, mir freeën eis i...

Jun 11, 20231 hr 19 min

#41 Syphilis Oder Physalis?

Eis 41. Folge fänkt natierlech rëm mat techneschen Problemer un, wat sidd da och soss vun ärem Trio gewinnt. Nodeems ma eis rëm gesammelt hunn zielen mir iech des Kéier iwwer eise Breissel Revival, en Ausflug an d‘Champagne an wei et ass plakeg an engem Pool e Cocktail ze drénken. Lauschtert bis eran wann dir dat an eis méi serieuxt Thema iwwer Geschlechtskrankheeten héieren wëllt. Enjoy!

May 21, 20231 hr 28 min

#40 Vun London iwwer Hamburg, direkt an d'Pensioun

Sidd dir och sou prett wéi mir fir an d’Pensioun? Schéin wier et, do mussen och mir nach e puer Joer op d’Zänn bäissen. Wisou stellen mir déi Fro? Ma ganz einfach an eiser neier Folge diskutéieren mir iwwert déi aktuell Situatioun an Frankräich. Niewent dësem méi serieuxen Thema, poteren mir awer och iwwert eis Erliefnisser an natierlech iwwert den Buh-Mënsch vun der Woch. Leent iech zréck an vill Spaass mat äiser neier Folge.

Apr 23, 20231 hr 6 min

#39 The New TankenTrio

Hallo hallo halloooooo! Ären lieblings Chaos-Trio ass endlech rëm do. Keng Suerg, dir kennt eis gleewen, deskeier ass et definitiv, zu 100%, Eescht gemengt. Dir gleeft eis net? Verständlech! Mee dofir beweisen mir iech dat. Wat mir lo an dëser Zäit sou gedriwwen hunn an weien Verännerungen lo am Podcast ustinn,gitt dir an dëser Folge gewuer. Also lauschtert eran fir um neisten Stand ze sinn!

Apr 02, 20231 hr 2 min

#38 Woman Life Freedom (ژن، ژیان، ئازادی)

Mir sinn erëm zeréck mat enger méi seriöer Folge. Wei den Titel schonn verréit, hunn mir déi aktuell Situatioun aus dem Iran opgegraff. Och wann déi ganz Protester schonn säit e puer Méint amgaangen sinn, war et eis ëmsou méi wichteg et elo awer nach ze thematiséieren, well genau dat een wichtegen Wee vun Ënnerstëtzung fir déi Leit do ass. Lauschtert also eran, mir diskutéieren zesummen iwwert den Ufank vun dem Ganzen, iwwert den momentanen Stand an wat mir perséinlech dovunner denken!

Dec 04, 202249 min

#37 Claire alleine auf Bali

MIR SINN NEES DOOOOO! Mir wëssen, mir hunn iech lang am Stach gelooss an kruten mat, dass mir vermësst ginn sinn. Mee keng Suerg, är dräi lieblings Girls sinn erëm zréck an suergen endlech rëm fir Entertainment. Dir frot iech awer lo sécher wisou et sou lang roueg war an wat mir iwwerhaapt sou gedriwwen hunn an der Zäit. Genau doriwwer klären mir iech op, bei jidderengem war vill lass an et goufen puer Verännerungen. Wann der wëssen wëllt wat also lass war, dann duerf der iech des Folge net entg...

Nov 06, 20221 hr 35 min

#36 Summer Edition

Du bass scho rëm aus denger Vakanz oder konnts dëst Joer Lëtzebuerg net verloossen? Du hues keng Ahnung weis de dësen Summer solls Zäit emkréien oder hues nach näischt geplangt déi nächst Weekender? Dann ass des Folge deng Rettung! Mir hunn eis mol ugekuckt wat am Summer 2022 zu Lëtzebuerg lass ass. Ganz vill verschidden Eventer wäerten stattfannen, vun Concerts, Festivals bis Duerffester ass alles dobäi!

Aug 07, 202251 min

#35 Surprise 2.1

Mir sinn rëm an eiser 7ter Reih ukomm an dir wësst wat dat heescht: Nei Surprise Folge! Des Kéier war et rëm un eisem Claire. Hat huet sech een klengt Spillchen fir eis iwerluescht, an dem et drëms geet e puer spannend Froen ze beäntweren. Also net verpassen!

Jul 24, 20221 hr 22 min

#34 WE ARE BACK

No ganzer 3 Méint sinn är lieblings Labertaschen erëm zréck. Aus deenen verschiddensten Grënn hunn mir eis déi Auszäit geholl an sinn dofir elo erëm méi fresh vir iech do. Wat mir déi ganz Zäit gedriwwen hunn an wat bei eis lass war fro der iech? Ma dat alles gitt dir an dëser Folge gewuer. Een klengen Hint: Thema Stress ass ganz stäerk present an den een oder aneren Tipp kennen mir iech och mat op den Wee ginn. Vill Spaass beim Lauschteren!

Jul 10, 20221 hr 6 min

#33 Däin secheren Hafen Part II

Kommen mir zu Part II vun verschidden Bezéiungsmodeller. Mir perséinlech kennen éischter dei monogam Bezéiungen mee wat gëtt et eigentlech nach esou? Wei funktionéieren z.B. polygam Bezéiungen? Kennen mir Leit déi esou liewen? An kennen mir eis virstellen och irgentwann net mei nëmmen monogam ze liewen? Lauschtert ran an entdeckt mat eis wat den Mënsch nach alles vun Liebesbezeihungen ze bidden huet!

Apr 17, 202255 min

#32 Däin secheren Hafen Part I

Sidd der prett vir ären Horizont ze erweideren? Dann sidd der elo hei genau richteg! An dëser Folge schwätzen mir iwwert een ganzt spannend Thema an zwar: Oppen Bezéiungen. Wat genau ass dat? An huet dat iwwerhaapt iergend een Sënn? Wei stinn mir eigentlech dozou? Mir hunn eis mat dem vir eis friemen Thema befaasst an ganz vill nei an spannend Erkenntnisser gewonnen. Also lauschtert ran.

Apr 03, 202250 min

#31 Okaaay let's go

Mol rëm eng Kéier hunn mir eis geduecht iech mat enger vun eisen berüümten Laberfolgen, vun deenen ellenen Noriichten vun eiser Welt ofzelenken. Vorweg mussen mir iech awer virwarnen, dass mir an dëser Folge iwwert Inhalter laberen, déi iech warscheinlech wéineg interesséieren MEE si ass dowéinst ëmsou méi witzeg! Also loosst iech net entgoen wei mir eng gutt an lëschteg Stëmmung verbreeden andeems mir einfach banal iwwert eis Hobbys diskutéieren Vill Spaass gewënscht

Mar 20, 202248 min

Special Episode : Russland-Ukrain Krich

Dir sidd villäicht verwonnert, dass mir net op engem Sonnden des Folge rausbréngen. Dat leit ganz einfach dorun, dass mir et als wichteg empfonnt hunn iwwert dat aktuellt Thema, den Russland-Ukrain Krich, ze schwätzen. Einfach erklärt wëllen mir iech puer wichteg historesch Andréck zu dem ganzen Konflikt ginn. Natierlech hunn mir och eis perséinlech Meenungen rabruecht souwéi eis momentan Gefillslag geschwat. Et ass momentan eng schweier an bedréckend Zäit, an et ass ok den Weltschmäerz ze fille...

Mar 01, 20221 hr 10 min

#30 Couch Potato

Ready vir mat eis an d‘Welt vun den beschten Filmer, lieblings Serien an spannendstem Trash Tv anzetauchen? Genau doriwwer laberen mir dréi nämlech an dëser Folge. Ween vun eis ass wuel den gréissten Filmekenner? An ween ass den totalen Géigendeel? Wei stinn mir zu Trash Tv an wat sinn eis guilty pleasure? Alles dat gitt der hei gewuer!

Feb 06, 20221 hr 30 min

#29 Vogelperspektive

Dës Folge beschäftegt sech mat engem Thema oder besser gesot mat engem Begrëff den jidderengem méi wéi bekannt an den och méi wei mënschlech ass, nämlech: Feeler. Och wann verschidden Leit mengen, si wieren fehlerlos, verstoppt sech dach ëmmer den een oder aneren Feeler iergendwou. Mir hunn eis mol selwer gefrot wéi mir mat eisen Feeler emgin bzw. op mir eis déi selwer agestoen kennen. Natierlech hunn mir eis och Gedanken driwwer gemaach, wéi een domat ëmgeet, wann een selwer oder een aneren een...

Jan 23, 202255 min

#28 Surprise 1.1

Eis 7er Rei geet virun, an wéi dir jo mëttlerweil wësst heescht dat, dass et eng néi Surprise Folge gedd! Des Kéier huet d‘Vero eis rëm mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Mat Hëllef vun puer Gäscht hunn mir eis mam Thema Flüchtlingen sou wei hier Integratioun an Inclusioun zu Lëtzebuerg auserneen gesat.

Jan 09, 20221 hr 41 min

#27 Happy 1st Birthday

Happy Birthday TankenTrio! Andëser Folge stoussen mir zesummen op eist 1-järegt Jubiläum un. Dobäi hunn mir eis geduecht, dass et passend wier een klengen Joeresreckbleck, mat all den groussen Ereegnisser déi dëst Joer op dëser Welt geschitt sinn, ze maachen. Leent iech zréck,gënnt iech een Drink an loosst 2021 mat eis zesummen auskléngen.

Dec 26, 20211 hr 10 min

#26 Meenungsfräiheet: Wou sinn d'Grenzen?

No enger kuerzer Paus, sinn mir zréck mat engem méi eeschten an ganz aktuellen Thema: Meenungsfräiheet. Mir hunn eis d’Fro gestallt: Wat ass Meenungsfräiheet? Wei wäit geet se an ginn et do iwwerhaapt Grenzen? Vun privater Meenungsfräiheet, iwwer Kënschtlerfräiheet bis hin zu ganz hëtzegen Diskussiounen iwwert déi aktuell Corona Situatioun hunn mir dëst Thema auserneen geholl. Schlussfolgernd kennen ma behaapten, dass Meenungsfräiheet un deenen eegenen Wäerter orientéiert ass soudass et een ganz...

Dec 12, 20211 hr 27 min

#25 Jealous

Des Folge geet et em dat Thema wat jiddereen vun eis kennt, wat jiddereen sécher schonn erlieft huet an suguer bal ganz sécher och jiddereen an sech dréit: Jalousie. Hues du dech well gefrot op weiengem Jalousies Level du bass? Wann net dann ass elo den Moment dat mam Tankentrio ze maachen! Ob an enger Bezéiung, Frëndschaft, Famill oder Beruff, et kann een et bal iwwerall erliewen. Lauschtert eran,vir e puer nei spicy Infos ze kréien

Nov 21, 20211 hr 7 min

#24 Mir vs. eis Elteren

Generatioun X, Y oder Z,wéi eng ass déi besser? Den éiwegen Generatiouns Konflikt hunn mir des Kéier zu eisem Thema gemaach an eis gefrot wat mir an Zukunft änneren wëllen an wéi eng Wäerter mir gären weider mat op eisen Wee wëllen huelen. Wat kruten mir vun klengem un an d‘Weih geluecht wourunner mir eis haut na halen an bei wéi engen Themen stoussen mir op Géigewand, wann mir Doheem diskutéieren? All déi Froen diskutéieren mir an kucken nostalgesch zréck op eis Vergaangenheet.

Nov 07, 20211 hr 8 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android