TankenTrio - podcast cover

TankenTrio

TankenTriosoundcloud.com
TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

#23 Pass op wien du gär hues

Mir bleiwen nach an eisem Grujel Mount Oktober an zéien eis dat nächst Horror-Thema aus dem Ärmel. Des Kéier geet et em „Horror-Dates“. Wat sinn eis perséinlech Virstellungen vun engem Horror Date an absolut No Gos? Mais och iech hunn mir des Kéier nees mat an d‘Boot geholl an no enger Ëmfro op Instagram (tankentrio_de_podcast) koumen ganz skurril Horror Dates zum Virschäin. Lauschtert bis eran an vläicht kennt är verdrängten Horror Date Story och rëm op.

Oct 24, 20211 hr 4 min

#22 Awerglawen

Mir sinn am Grujel-Mount Oktober ukomm an passend dozou hunn mir eng Episode iwwer Awerglawen, Horoskoper an Geeschter Geschichten opgeholl. Wat ass Awerglawen iwwerhaapt an ass dat wierklech eppes wat eis am Liewen beaflosst? Och iwwer verstuerwen Séilen, komesch Gestalten an Schicksal-Geschichten hunn mir 3 des Kéier diskutéiert. Et ass nees eng Folge wou mir eisem Gebraddels keng Grenzen setzen an wënschen iech domat vill Spaass beim Lauschteren!

Oct 10, 20211 hr 6 min

#21 Surprise 3.0

Wei soen mir dach ëmmer sou gär beim Tankentrio: Aller Guten Dinge sind 3! An esou sinn ma lo bei eiser Folge Surprise 3.0 ukomm. Och eist drëtt Mitglied war dann elo un der Rei an huet den Rescht vum Trio mam Thema Feminismus iwwerrascht! Zesummen mam CID huet eist Lea eng spannend Diskussioun zu dësem Thema gehat an déi mat deenen aneren 2 wärend der Folge gedeelt an iwwert verschidden Aussoen diskutéiert! Et ass eng immens lehrreich Ronn ginn, an allen dréi hunn mir gemierkt wei eisen Horizon...

Sep 26, 20211 hr 34 min

#20 Kierperbetount Part II

Eis 20. Episode ass online an domat feieren mir schonn eis 2. Jubiläum! Mir 3 fueren mam Thema vun der Folge 19 virun: Bodyshaming. Dësen Part II geet vill em Body Positivity. Wat ass dat genau? Ass dat wierklech eng gutt Bewegung? Wat ass mat Body Neutrality? Vill Spaass gewënscht an loosst de Schampes mat eis knuppen zur Feier des Tages!

Sep 12, 202154 min

#19 Kierperbetount

An dëser Folge hunn mir eis mam Thema Bodyshaming auserneen gesat. All Mënsch op dëser Welt ass schonn mat dësem Thema konfrontéiert ginn an wei mir festgestallt hunn droen Social Medias haut zu daags ganz vill dozou bei. Wat ass den perfekten Kierper? Ween definéiert wéini een ze deck, ze dënn, ze grouss, ze kleng oder wat och emmer ass? Wat sinn eis perséinlech Erfarungen domadder an wei sinn mir bis elo domadder emgaangen? Och deskéier hunn mir eis puer Gedanken zu dësem Thema gemaach an wei ...

Aug 29, 20211 hr 10 min

#18 Eng Mutz fir de Wutz

An dëser Episode schwätzen mir 3 iwwer Verhütungsmittel an stellen eis vill Froen dozou. Wisou verschreiwen Gynekologen esou schnell d‘Anti-Baby-Pëll? Wat fir verschidden Kategorien vun Verhütungsmittel gin et? Wat fir Mëttel gin et fir d‘Männer? No puer Recherchen an mat Hëllef vun Eegenerfahrung diskutéieren mir iwwert dëst wichtegt Thema wat sécherlech vill Leit beschäftegt, och wann do jiddereen individuell fir sech d‘Entscheedung treffen muss wéi an op en verhüten well. Des Instagram Accoun...

Aug 15, 20211 hr 18 min

#17 Fro du, so du

Welcome zu der TankenTrio Froeronn! Mir hunn eis Community opgefuerdert eis e puer Froen ze stellen iwwert déi mir dann ausführlech diskutéiert hunn. Wat waren eis peinlechst Momenter? Leiwer Vergaangenheet oder Zukunft? Hong oder Ee? An nach villes méi! Wann dir méi iwwert eis wëllt gewuer ginn, dann ass dat hei den perfekten Moment dofir.

Jul 18, 20211 hr 12 min

#16 Erwaardungs-Shot

Nëmmen keng ze héich Erwaardungen un des Episode (do you get the joke? hehe). An eiser Folge 16 schwätzen mir iwwer Erwaardungen déi mir un eis selwer hunn, un eis Matmënschen an wei mir mat den gesellschaftlechen Erwaardungen emgin. Schnell stellt sech raus dass dat e breet gefächerten Term ass, den jiddereen individuell definéiert an soumat hunn mir hei déi eng oder aner Diskussioun. Opgepasst: fir déi ganz king kann een aus dëser Folge souguer een Drénkspill machen. Fir méi doriwwer rauszefan...

Jul 04, 20211 hr 3 min

#15 Schlappentourist

Viva Vakanz! An eiser Episode 15 schwätzen mir drei iwwer eis lieblings Vakanzen Destinatiounen, Länner an Stied déi eist Häerz erobert hunn mee och vun deenen Vakanzen déi mir kengem recommandéieren géingen. Lauschtert eran wann da eis Weltenbummler Geschichten an e puer witzeg Anekdoten héieren wëllt. Déi nächst Vakanz steet schliisslech bal virun der Dier.

Jun 20, 20211 hr 18 min

#14 Surprise 2.0

!Triggerwarning! Mir sinn bei eiser Folge 14 ukomm! Wat heescht dat genau? Ganz einfach: et ass an der 7er Rei an domat nees eng Surprise Folge! Des Kéier iwwerrascht d‘Claire déi aner zwee mat engem Thema vun dem si réischt wärend der Episode gewuer gi. Virun wat hues du Angscht? Domat fänkt eng wichteg Folge un befiert mir riwwer op d‘Panik an Panikattacken gi. Mat engem Avis vun zwee Psychologinnen an zwee Temoignagen schwätzen mir dréi doriwwer wei sech eng Panikattack ufillt, wei een als Au...

Jun 06, 20211 hr 26 min

#13 Gesangsstonn mam Trio

Welcome to eiser musikalescher Episode! Des Kéier schwätzen mir dréi iwwer Musek. Wat bedeit Musek fir eis? Weieng Lidder kennen mir am Dauer Loop lauschteren an weieng gin einfach guer net? Hei fann dir Song Tipps fir Breakups, Hype ze gin an och déi eng oder aner Gesangseinlage. An och eis letzeboier Musikszene hunn mir mat dobai. Macht iech op vill Throwbacks an Onstëmmegkeeten bereet. Listen and enjoy!

May 23, 20211 hr 11 min

#12 Corinna

Corinna lässt Grüßen! An eiser heuteger Episode hunn mir eis mol eng kéier richteg iwwert Corinna ausgekatzt. Wei geet et eis momentan? Wou ass eis Motivatioun sou drun? An ganz wichteg: Wei fill dir iech eigentlech? Duerch verschidden Temoignagen hunn mir och en Abléck doriwwer kritt, wei et verschiddenen vun eisen Zuhörer*innen esou geet. Vun keng Motivatioun méi hunn, iwwert „stay positive vibes“ bis hin zu nostalgeschen Pré-Corona-Zäiten Momenter ass och rëm an dëser Folge alles dobäi. Katzt...

May 09, 20211 hr 10 min

#11 Wous du den Summer verbréngs, verbréngs du och den Wanter

An eiser 11. Folge schwätzen mir dréi iwwert Frëndschaft. Wat bedeit Frëndschaft fir eis mëttlerweil? Léiwer vill Frënn hunn oder geet eis eng Hand voll duer? Frëndschaft zwëschen Mann an Fra, jo oder nee? Wat ass toxesch an wat pusht eis an enger Frëndschaft? En Thema wat nees jiddereen betrëfft an wou jiddereen matschwätzen kann.

Apr 25, 20211 hr 5 min

#10 verflixt und zugenetzt

Jubiläumsfolge! An eiser 10. Episode schwätzen mir 3 iwwert dat grousst Thema „Social Media“. Seng Pros, seng Cons an weien Impakt dat alles op eis huet. Ps: Genéisst déi bis elo beschten Qualitéit vun eisem Podcast! Enjoy.

Apr 25, 20211 hr

#9 Back to the Future

Laang huet sech mindestens eent vun eis virun dëser Episode gedréckt. Et geet nämlech em d’Thema Zukunft, wat net ëmmer angeneem kann sinn. Vill oppen Froen kommen op: Wou stinn mir grad? Wéi geet et virun no der Uni? Musse mir lo schonn en konkrete Plang hunn fir déi nächst 40 Joer? Kennen mir nach eis Dreem verwierklechen? Dëst, eis Suergen, eis Visiounen an nach villes méi thematiséieren mir an eiser Laaberfolge. Have fun!

Apr 11, 202155 min

#8 Katz und Maus Spiel

An dëser Folge hunn mir eis mam Thema "Gewalt" beschäftegt, wat aktuell méi denn je an den Medien ass. En Katz und Maus Spiel wou et leider ëmmer eng Persoun gëtt déi jot an eng déi gejot gëtt. Gewalt un Fraen, an allgemeng un all Mënsch, ass fir eis drei extrem wichteg thematiséiert ze gi. An eiser Gesellschaft leeft nach ëmmer vill schief an et ass un der Zäit Tabuthemen opzegräifen an doriwwer ze schwätzen. Mat theoreteschen Aspekter an perséinlechen Erfarungen, huelen mir iech mat an eis Dis...

Mar 28, 20211 hr 12 min

#7 Surprise 1.0

An dëser Folge huet d‘Vero eis mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Zu dréi diskutéieren mir iwwert „Stereotypen“, een Sujet den eis alleguer betrëfft an wouriwwer jiddereen sech mol Gedanken kann maachen. Duerch verschidden Point de Vuen goufen eis d‘Aan zur Realitéit opgemaach. An genau dat wëllen mir mat dëser Folge och bei iech bezwecken, et gëtt Zäit sech mat eiser Gesellschaft, eis selwer an der Realitéit auserneen ze setzen.

Mar 14, 20211 hr 15 min

#6 Fifty Shades of Grey

D'Welt ass net nëmmen schwaarz an wäiss. Et ginn vill verschidden Gro-Téin an deenen een denken an handelen kann. Sou wéi och wat d'Ëmwelt ugeet. An eiser "grünen Folge" schwätzen mir iwwer Nohaltegkeet, wisou dat grad eis Generatioun beschäftegt an wat mir dofir maachen kennen. Wéi ëmmer gëllt och hei : eis Tipps sollen nëmmen als Denkustéiss gëllen an keen virun de Kapp stoussen. Vill Spaass beim Lauschteren.

Feb 28, 20211 hr 3 min

#5 Fouss an den Aasch

Wéi den Titel des Kéier net verréit geet et an dëser Episode em: Selbstliebe. En grousst an wichtegt Thema dat eis dräi den Kapp zum Dämpen bruecht huet. Wat genau ass dat an wéi kennen ma se stäerken? Dëst an wat et mam Titel op sech huet, gëss Du hei gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren an vläicht ass jo den een oder aner Tipp dobäi deens de mat op däin eegenen Wee huelen kanns.

Feb 14, 202157 min

#4 Léiftwéi & Häerzblutt

An dëser Folge diskutéieren mir iwwert en Thema dat jiddereen scho emol beschäftegt huet : Bezéiungskroom an Singleliewen. Wat erwaart een sech an sengen 20er vun engem Partner? Wat heescht et an Corona Zäiten Single ze sinn? Ass dësen Altersoofschnett vläicht den wou mir eis am meeschten Froen stellen? All des Froen hunn mir eis gestallt an sinn eis sécher dass mir net eleng domat sinn. Wei ëmmer mat e bëssen Humor an Eegenerfarung stellen mir eis dësem Thema!

Jan 31, 20211 hr 9 min

#3 2020: Ma bonne année!

Endlech ass 2020 eriwwer. Schnell op Holz klappen fir 2021! Mais befiert ma eis an dat neit Joer lancéieren, loossen ma eis déi läscht 12 Méint duerch de Kapp goen. Mat engem laachenden an kräischenden Aan diskutéieren mir dräi iwwert dat onvergiesslecht Joer.

Jan 10, 20211 hr 1 min

#2 Vun der Bombe bleue bis zum Spritzer

Nei gewonnen Selbststännegkeet an Fails dank der Uni. Tipps und Tricks fir een gelongent Studenteliewen. Wat sinn d'Insider zu Bréissel? Wat ass een TD? Muss een dohin? No wat schmaacht eng Bombe bleue? Wéi sprangen ech Vollgas iwwert mäin Schiet? All déi Froen an Infoe zu aner Studentestied hunn mir fir iech ënnert d'Lupp geholl.

Dec 26, 20201 hr

#1 Aller guten Dinge sind drei

Strukturlos an mat techneschen Problemer, stellen mir iech eis mat vill Gelaachs, engem Pättchen Wäin, souwéi enger Taass Kaffi, fir

Dec 17, 202038 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android