Wärend de Koalitiounsverhandlunge kommen Associatiounen aus der Behënnerten Zeen zu Wuert. Mat dobäi: Joel Delvaux: Nëmme Mat Eis an ZeFi Patrick Hurst : CSPH, Nëmme Mat Eis an CET Martine Kirsch: ZeFi Nadine Medinger: Conseil National Infohandicap Jean-Marc Scheer: Wäertvollt Liewen Marie-Marthe Müller: Aktivistin an Nëmme Mat Eis Martine Eischen : Trisomie 21 Moderatioun : Sascha Lang
Oct 24, 2023•1 hr 31 min
D'Paralympics 2024 zu Paräis werfen hir Schied viraus. Virdru sinn den 28. an 29. Oktober 2023 Paralympic Days am Reha Zenter. Mam Mathis Finke a Marc Kiefer kucke mir op déi zwee Evenementer, déi fir de Paralympesche Sport wichteg sinn.
Oct 16, 2023•39 min
Wie eng Behënnertepolitik erwaart ons an deenen nächste Joren? An dësem Episod si Kandidaten an Kandidatinnen mat an ouni Behënnerung invitéiert. Zesumme gëtt ee Réck- an Ausbléck gemaach. Mat dobei sinn: Anne Winter – Fokus Joel Delvaux – Déi Lénk Gaby Damjanovic – Déi Gréng Stéphanie Weydert – CSV Susanna Van Tonder – LSAP Raymond Remakel – Piraten Tom Weidig – ADR
Sep 29, 2023•1 hr 43 min
Audiodeskriptioun beim weltwäit erfolgräichste Musical zu Hamburg Bei der Audiodeskriptioun kréie blann a séibehënnert Leit beschriwwe wat an deene Momenter passéiert, wou op der Bün net geschwat gëtt, oder och am Film keen Dialog ze héieren ass. Fir dat dauerhaft live ëm ze setze war bis elo quasi onméiglech, well et nach keng Technik dofir gouf. Elo ass se do: "Earcatch" heescht eng App déi dat méiglech mécht. Beim "König der Löwen" gëtt déi APP zanter dem 13. September bei alle Virstellungen ...
Sep 18, 2023•53 min
Méi ewéi just Barrièrefräiheet fir Leit mat Behënnerung Den Design fir jiddereen ass ëmmer ganz enk mam Thema Accessibilitéit verbonnen. No dem Akraafttriede vum neien Accessibilitéitsgesetz, den 1. Juli 2023, zu Lëtzebuerg, ass d'Thema Design fir all méi aktuell wéi jee. Dat ass och d'Zil vun der Associatioun, där hire President de fréieren Direkter vum Info Handicap Silvio Sagramola ass. Hien ass net nëmmen de President vun dëser Associatioun, hie gouf och vun der Europäescher Kommissioun als ...
Aug 22, 2023
Net just eng Chance fir Persoune mat Behënnerung Zanter dem 01.07.2023 ass et a Kraaft. Dës Kéier ass net just den ëffentelche Secteur viséiert, net just d’Neibauten, mee och den Private Secteur an den Bestand! E Gesetz wat ee Meilesteen an der Accessibilitéit wäert duerstellen. „Ee grousse Schrëtt a Richtung Barrièrefräiheet net just fir Persounen mat Behënnerung“, esou gesäit et och dee Familljeminister Max Hahn an dësem Episod. Nieft dem Minister Hahn ginn et och vill Informatiounen vum Archi...
Jul 25, 2023
Den DTH huet am Mee seng 20 Joer gefeiert Vun Ufank un ass de Joël Delvaux, selwer betraff, staark engagéiert an och mëttlerweil Responsabel fir dësen Departement. Mat him gëtt et an dësem Episod ee Bléck op déi lescht 20 Joer, mir sträifen den Historique vum DTH a gi gefuer, wat een an Zukunft misst besser maachen.
Jun 22, 2023•32 min
Eng Bréck op den éischten Aarbechtsmaart ATVA steet fir Agence pour la transition vers une vie autonome. Si bitt eng Ënnerstëtzung vun der Schoul op den Aarbechtsmaart. Recht op Aarbecht fir jiddereen, Iwwergang: Schoul – Ausbildung – Aarbecht, mee wat ass hier Missioun genee? Wien ass hier Zilgrupp? Wien dierf ënnerstëtzt ginn, a firwat ass den Assistant à l’inclusion bis elo ee gescheiterte Modell? Ënnert anerem déi Froe versiche mer mam Direkter Paul Feitler ze beäntwerten. An da schwätze mer...
May 30, 2023•54 min
Therapie, Rehabilitatioun an Inclusioun op enger Plaz D'REHAB zielt zu deene gréissten Foire fir de Beräich Inclusioun a Rehabilitatioun an Däitschland. Vum 15. bis de 17. Juni ass déi Foire fir déi 22. Kéier. Mam Annika Gehrmeyer (Projektleiterin) a mam Volker Neumann (Editeur vum Ratgeber MOBITIPP) schwätze mir iwwert dës Editioun.
May 17, 2023•35 min
Sensibiliséirungswochen vun der Stad Letzebouerg – dee Feste Rendez-Vous all Joer Ufank Mee organiséiert d’Stad nees wéi all Joer d'Sensibiliséierungswochen. Gutt De Programm ass gutt gefëllt, vun Iessen am Däischteren iwwert d'Inclusiounsgala bis hin zum Aktiounsdag, de 6. Mee op der Plëss. Mam Schäffen Patrick Goldschmidt an der Responsabel vum Service Integratioun an Inclusioun vun der Stad gi mer op dës Sensibiliséierungswochen an, a kucken och, wéi an der Stater Gemeng dat neit Accessibilit...
Apr 28, 2023•37 min
20. Editioun vun der SightCity – Déi gréisst Foire weltwäit fir Hëllefsmëttel fir Blann an Sehbehënnert Leit Wat kleng ugefaangen huet, ass mëttlerweil ee feste Rendez-vous, an den Treffpunkt vun der Blannen- a Sehbehënnertenzeen weltwäit. Iwwert 100 Aussteller aus aller Welt op enger neier Plaz. En Interview mam Dagmar Krutzki, Geschäftsführerin vu SightCity Frankfurt.
Apr 13, 2023
Zanter méi wéi 15 Joer zielt de Raul Krauthausen zu den Aktivisten a punkto Inclusioun an Däitschland Als Grënner vun de Sozialhelden, Initiateur vu der Wheelmap, huet hie vill Saachen initiéiert. Säin zweet Buch ass elo do. "Déi, déi Inclusioun wëllen, fannen e Wee - déi, déi se net wëllen, fannen Excusen" Wéi vill Gesellschaft brauch et fir Inclusioun ze kreéieren? Wou sinn d'Barrièren wierklech? Wéi eng Auswierkung kënnt vun der Politik? De Raul Krauthausen beäntwert dës a vill aner Froen am ...
Mar 27, 2023•38 min
Wéi liewe Leit mat enger Behënnerung 2023 zu Lëtzebuerg? Wat sinn d'Bedierfnesser a punkto Accessibilitéit, Selbstbestëmmung an Inclusioun? Wat brauche Leit mat enger Behënnerung fir mat Dignitéit zu Lëtzebuerg ze liewen? Eng Ëmfro vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mam LISER behandelt dës Froen. Et war net genuch aus de Statistiken ze liesen, well de Familljeministère net op all Daten zougräifen dierf. Mir hunn an der 50. Episod mat der Familljeministesch Corinne Cahen geschwat iwwer d'W...
Feb 27, 2023•29 min
Een Interview mam Jessica Goedert Ass eng Krankheet eng Behënnerung, oder gëtt een duerch eng Krankheet behënnert? Déi Fro gëtt sech ganz dacks gestallt bei Behënnerungen déi een net gesäit oder Krankheeten déi als seele Krankheet gëllen. D'Jessica Goedert huet EDS, 1-2% vun der Bevëlkerung hunn dës Krankheet. Eng Krankheet déi méi Siichtbarkeet brauch, an déi definitiv behënnert, esou d’Jessica Goedert an dësem Episod.
Feb 24, 2023•30 min
E Meilesteen zu Lëtzebuerg Am Juni 2023 trëtt dat neit Accessibilitéitsgesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft. Alles am ëffentleche Raum a Privatwunnengen muss da barrièrefräi gebaut oder barrièrefräi ugepasst ginn. Eng aner nei Funktioun vun dësem Gesetz ass, datt privat Immobilien-Bauträger verflicht sinn barrièrefräi Wunnengen ze schafen, wann se Residenze bauen. D‘Adapth ass zënter iwwer 25 Joer amgaang fir ee barrièrefräit Bauen ze sensibiliséieren. Dëst Gesetz hieft d'Aarbecht vum Adapth op en neie...
Jan 30, 2023
Et war virgesinn, dass eng extern Etude gemaach gëtt, wou den Actionsplang an der Emsetzung drun ass. Zesummen mat den 14 Ministèren, den 8 Aarbechtsgruppen, dem Steering Group an dem CSPH gouf dës Evaluatioun, déi vu KPMG duerchgefouert gouf, opgebaut. Den 21.12.2022 gouf se offiziell presentéiert.
Dec 21, 2022•27 min
Vum Breede- bis zum Leeschtungssport Wa mir iwwer Inklusioun schwätzen, da sinn Fräizäit a Sport grad esou en Deel dovun, wéi d’sozial a schoulesch Inclusioun. Wéi aas et mat der Inklusioun am Sport zu Lëtzebuerg? Wou ass de Paralympesche Sport am Joer 1 no de Paralympics an no der Ära Tom Habscheid? Wat sinn d'Erausfuerderunge fir den LPC, besonnesch well de Comité momentan fir Kompetitioun a populäre Sport verantwortlech ass? D'Martine Kirsch vun ZEFI (zesumme fir Inklusioun) beschreift als Pr...
Nov 10, 2022
Eent vun de wichtegsten Instrumenter fir Selbstbestëmmung aus der UNO-Konventioun iwwer d'Rechter vu Persoune mat enger Behënnerung Sie erlaabt Leit mat enger Behënnerung Verantwortung fir hiert Liewen ze huelen. Esou Méiglechkeete ginn et schonn an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg deet sech offiziell schwéier, mä huet zanter méi ewéi 10 Joer e Modell vun der ASBL "Wäertvollt Liewen" toleréiert. Mam Jean-Marc Scheer vun därr ASBL kläre mir firwat Lëtzebuerg mat dem Thema kämpft, wéi d'Associatiou...
Oct 31, 2022•37 min
Et gëtt dacks Neiegkeeten iwwer Weeër wéi blann Leit erëm kéinte gesinn. Kënschtlech Intelligenz mécht et méiglech. Medezinesch ass eng Aen-Transplantatioun néideg, mä déi geet nach net. De Sascha Lang ass zanter sengem 3. Liewensjoer blann. Eng vun den heefegste Froen, déi hie gestallt kritt ass: Géifs du gär gesinn? Firwat seng Äntwert iwwerrascht, an wat hien doriwwer denkt, héiert Dir an dësem Episod.
Oct 26, 2022•9 min
De Post Group ass ee vun de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg. Mat de Beräicher Finanzen, Telekom a Courier ass et och e grousse Player an der Gesellschaft Am Fréijoer stellt de Post Group ëmmer säi Bilan vir. Ee vun den Aspekter ass och ëmmer déi sozial Verantwortung vun enger Firma. D'Inclusioun spillt net nëmmen eng Roll an der Entreprise intern, wat d'Beschäftegung vu Leit mat enger Behënnerung ugeet, mee och par rapport zu den Servicer, déi ugebuede ginn. De Generaldirekter Claude Strasser, d...
Oct 04, 2022•44 min
D'Fondatioun Blannevereenegung profitéiert vun der Publikatioun vum Joreskalenner fir op hir Aktivitéiten opmierksam ze maachen. An der Quinzaine "Colors Of Blindness" gëtt et een ofwiesslungsräiche Programm fir déi betraffe wéi och fir Familljen oder Interesséierter. De Generaldirekter Thierry Lutgen an den Damien Talbo, Chargé de Direction vum Beräich Betreiung, Berodung a Fräizäit, presentéieren dem Sascha Lang de Projet.
Sep 13, 2022•40 min
Akzeptéieren a lassloosse: Eng degenerativ Aekrankheet ass fir vill op den éischte Bléck net ze erdroen Dir fillt dacks datt Är Siicht manner gëtt, mä Dir wësst net wéini dee Moment kënnt, wou Dir ganz blann sidd. Dat gëllt och fir aner Behënnerungen a Krankheeten. An Zesummenaarbecht mat Pro Retina Däitschland, dem Thomas Reichelt an Heidrun Köllner hu mir dësen Thema verdéift a probéiert erauszefannen, wéi esou ee Prozess fir déi Betraffen, awer och fir hiert Ëmfeld méi einfach a méi agreabel ...
Sep 01, 2022•1 hr 33 min
Zënter dëser Legislaturperiod vertrëtt d'Monica Semedo Lëtzebuerg am Europaparlament Virdru war si jorelaang Presentatrice bei RTL. D’Monica Semedo stoung ëmmer am Mëttelpunkt. Virun e puer Méint krut si e Message deen säin Liewen direkt verännert huet. Wéi si domat ëmgeet, firwat si et mat där Diagnos an den IGEL Podcast gepackt huet a wéi et wieder geet, dat héiert Dir an dësem Episod.
Jul 14, 2022•44 min
Céci-Tennis, Rollstull Tennis an Tennis fir Persoune mat mentaler Beanträchtegung – dat alles ass Reha Tennis Wei een Blannen Tennis spille kann ass fir deen een oder aneren onvirstellbar, mä et geet. An deem 39. Episod ënnerhält sech de Sascha Lang, dee selwer Tennis spillt, mam Charlotte Rodier (Trainerin a Spillerin op der Spora) an dem Gilles Müller, Sportsdirekter a fréier Nummer 1 am Lëtzebuerger Tennis iwwert de Reha Tennis hei am Land.
Jun 27, 2022
Endlech nees eng Foire fir Rehabilitatioun an onser Géigend Et gi verschidde Messe-Highlights am Joer, virun allem wann et ëm d'Thema Rehabilitatioun, Therapie an Inclusioun geet. D’Rehab zu Karlsruhe ass eng Traditiounsfoire, déi dëst Joer fir déi 21. Kéier vum 23. - 25. Juni ass. Zanter méi ewéi 30 Joer zielt si zu den Rendez-vousen a Süddäitschland, knapp 2 Stonne vun hei ewech. De Sascha Lang ënnerhält sech mat der Projektmanagerin Annika Gehrmeyer iwwer dës Foire, d'Wichtegkeet an d’Erausfu...
Jun 17, 2022
Den 30. Mee as Welt MS-Dag. Fir dësen Dag huet de Sascha Lang d'Susanna van Tonder an den IGEL-Podcast invitéiert. Mam Susanna geet et ënner anerem ëm de Stand vun der MS-Erkrankung, ëm d’Akzeptanz vun der Behënnerung an ëm den Engagement an der Selbstvertreter-Bewegung. D'Susanna ass och mat an der "Wat ass normal?" Campagne vum Minister de la Famille.
May 30, 2022
Siichtbarkeet vun Persoune mat Behënnerung huet als Konsequenz, dass och ëmmer méi Leit gär u Fräizäitaktivitéiten Deel huele wëllen. Och wann an der UN Behënnerterechtkonventioun dëst Recht verankert gouf, esou gesäit et um Terrain nach anescht aus. ZEFI – Zesummen fir Inclusioun organiséiert heiriwwer den 30. Mee eng Table Ronde mat gudde Beispiller, mä och mam Zil op d’Probleemer hinzeweisen. An dësem Episod weist de Sascha Lang am Gespréich mam Martine Kirsch vun ZEFI op d'Konferenz hin, an ...
May 19, 2022
Zanter 30 Joer gëtt um 5. Mee an Europa protestéiert fir d’Rechter vun de Persoune mat Behënnerung. Eng Beweegung déi aus Amerika koum. Matbruecht huet se den Ottmar Miles-Paul, Aktivist a Journalist aus Däitschland. Och zu Lëtzebuerg hat "Nëmme mat Eis" 2-3 Joer matgemaach. Zanter laangem ass et hei awer Roueg ëm de 5. Mee. Iwwert d’Geschicht vum Protestdag, Motivatioun vun Aktivisten, an d'Wichtegkeet vun esou engem Dag geet et an dësem Episod.
Apr 29, 2022
Den 23. Abrëll starten d’Sensibiliséierungswoche vun der Stad Lëtzebuerg Sensibiliséierung ass wichteg, well domat gi Barrièren ofgebaut an Mënschen mat an ouni Behënnerung gi méi no bruecht. Och dëst Joer ass de Programm trotz 2 Joer Paus nees extrem villsäiteg. De Sascha Lang ënnerhält sech an dësem Episod mam Madeleine Kayser vun der Stad Lëtzebuerg.
Apr 22, 2022•25 min
Stellt Iech fir Är Ärm an Är Been kënne keng Funktioune mei ausféihren, domat och Ären eegene Rollstull net méi bewegen Daat stellt fir vill Leid eng echt Barriere duer, fir een inklusivt Lierwen ze féiren. Innovatioun aus hei gefroot. An dësem Episod hu mer ons mat der Firma Munevo ënnerhal, déi aus engem Fuerschungsprojet op der Uni een Hëllefsmettel geschaf huet, mat deem Mënsche mat esou enger staarker Aschränkung awer selbstänneg liewe kënnen. De Claudio Lewerens erkläert Munevo Home, Drive...
Apr 01, 2022•26 min