RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen - podcast cover

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Episod 32 - Bewegung trotz Prothees: Movao – Move as one

Otto Bock zielt zu deene gréissten Firmen am Beräich Protheesen op der Welt. Leit déi eng Amputatioun hannert oder viru sech hunn, brauchen Informatioun an wëlle sech och mat Gläichgesënnten austauschen. Sécherlech gëtt et Facebook an Instagram, mä dat ass dacks kee geschützte Raum. Otto Bock huet doraus eng Iddi entwéckelt an eng international Plattform/Community gegrënnt, mam Numm „Movao“ – Move As one. Mir schwätzen an dësem Episode iwwert déi Plattform, déi viru kuerzem an Däitschland hire S...

Mar 14, 2022

Épisod 31 - Cooperatioun Wiltz

2023 feiert d’Cooperatioun Wiltz hire 40. Anniversaire. D’Asbl an d’Société Coopérative sinn aus Woltz net mei ewech ze denken. D’Société Coopérative ass méi ewéi just een Atelier d’Inclusion. 90% vun den Mataarbechter hunn een Inclusiounshannergrond. Wat d’Asbl, déi ënnert anerem de Wëlzer Festival organiséiert an d’Société Coopérative gemeinsam hunn a wéi staark d’Inclusioun zu Wolz ass, dat verroden d’Elvira Mittheis (Directrice vun der Asbl) an de Philipp Schockweiler (Marketing a Kommunikat...

Feb 28, 2022

Episod 30 - Behënnertebeobtraagten op Regierungsniveau

Schonn zanter Jore beschäftegt sech d'Behënnertewelt mat der Fro: Brauche mir zu Lëtzebuerg ee Behënnertebeobtraagten op Regierungsniveau? Vum Marie-Josée Jacobs bis Corinne Cahen waren all d’Familljeministerinnen der Meenung: Nee! Mir héieren an dësem Episod de Jürgen Dusel, hien ass fir d'zweet a sengem Amt als Bundesbehindertenbeauftragter bestätegt ginn. Wat seng Aufgaben sinn, firwat et wichteg ass ee Bindeglied tëscht de Betraffenen an der Politik zu hunn, an ob hien der Lëtzebuerger Regie...

Feb 21, 2022

Episod 29 - Centre de Logopédie

8 Competenzzentren ginn et zanter 2018 hei am Land. 2 an engem ass definitiv deen zu Stroossen. Hei geet et em d'Sprooch an och ëm Schwerhöregkeet. Wie déi 2 Voletë enk mateneen verknäppt sinn, a wat fir eng Aarbecht de Centre och a Punkto Inclusioun mécht, dovun erzielt den Direkter Marc Schmidt an dësem Episod.

Jan 31, 202235 min

Episod 28 - Wat as Peer Counseling?

Mënsche mat Behënnerung musse gestäerkt ginn, fir dass si hir Rechter a Flichte kennen an duerchsetzen. Aus Amerika kënnt den Begrëff Peer Counseling, deen net just an der Behënnerte-Beweegung gelieft gëtt. De Sascha Lang schwätzt mam Birgit Schopmans aus Däitschland iwwer Peer Counseling. Zanter méi ewéi 30 Joer ass si an der Berodung aktiv. Zu Lëtzebuerg gëtt de Peer Counseling nach weider net behäerzegt.

Jan 19, 202231 min

Episod 27 - De Louis Braille an d'Brailleschrëft

De 4. Januar 1809 gouf den Louis Braille zu Präis gebuer. Duerch een Accident ass hie blann ginn. Verzweiwlung war awer net Senges. Hien huet ugefaangen eng Schrëft ze entwéckelen, fir déi Millioune vun Blanne Leit him ëmmer Dankbar wäerte sinn. D’Brailleschrëft gouf gebuer. An dësem Episod schwätze mir mam Anja Lehmann vum Deutschen Zentrum für Barrierefreies Lesen iwwert de Personnage Louis Braille.

Jan 04, 202230 min

Episod 26 - Table Ronde iwwert d'Inclusioun zu Lëtzebuerg 2

Bei Thema Aarbecht muss nach vill geschéien. A brauche mir een Behënnertebeoptraagten? Een Thema wat ëmmer nees Kappzerbrieches mécht ass d'Thema Aarbecht. Vill ze wéineg Leit mat Behënnerung sinn um éischten Aarbechtsmaart vertrueden. Brauch Lëtzebuerg ee Behënnertenbeoptraagten, also eng Persoun déi tëscht deene Betraffenen an dem Stat, der Politik, ka vermëtteln? A wat sinn d'Wënsch vun onse Gäscht fir 2022? Bei dëser Table Ronde sinn dobäi: Corinne Cahen - Ministerin fir Famill Olivier Grüne...

Dec 17, 2021

Episod 25 - Eng Table Ronde iwwert Inclusioun zu Lëtzebuerg

Am Kader vum 3. Dezember, dem Internationale Dag vun de Mënsche mat Behënnerung maache mir de Bilan D'Pandemie huet d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang 2.0 extreem perturbéiert, an dach sinn vill Dossieren weiderkomm. Mee ob se gutt oder manner gutt weiderkomm sinn, hänkt vum Bléckwénkel of. Op onser éischter digitaler Table Ronde hu mer den Bols gefillt. Deel 1 mat dëse Gäscht: Corinne Cahen - Ministerin fir Famill Olivier Grüneisen - Direkter Infohandicap Gilbert Pregno - Commission Consultative des...

Dec 01, 2021

Episod 24 - Internationalen Dag fir Menschen mat Behënnerung

Den 3. Dezember ass den Internationalen Dag fir Leit mat enger Behënnerung. Aktiounen, Medien a soss Eventer machen dann op d’Erausfuerderungen opmierksam. An deem 24. Episod froe mir ons : Brauche mir esou een Dag eigentlech? Den Sascha Lang léisst folgend Persounen zu Wuert kommen: Sylvie Bonn – Klaro (Zentrum fir déi Liichtsprooch) Olivier Grüneisen – Directer Info-Handicap Sherley Feider – Präsidentin ALAN (Maladies Rares) Patrick de Rond – Präsident Conseil National Info-Handicap Joel Delva...

Nov 26, 2021

Episod 23 - Déi klengste weiblech Zwillinge vun der Welt

1,23 an 1,32 Meter sinn se grouss, mä hiere Message ass riseg Klengwüchsegkeet zielt als Behënnerung. Mä wéi scho méi dacks an dësem Podcast gesot gouf: Tëscht behënnert sinn an sech behënnert fille gëtt et een Ënnerscheed. D’Katharina an Elisabeth Lindinger sinn dem Guiness World Records Buch no, déi klengste weiblech Zwillinge vun der Welt. De Sascha Lang interviewt déi zwou Fraen a schwätzt mat hinnen iwwert Motivatioun, Erausfuerderungen an Inclusioun.

Nov 11, 202124 min

Episod 22 - Wat as Sexualassistenz

Persoune mat schweierer Behënnerung hu genee wéo jiddwereen och de Besoin no Sexualitéit. Dax ass et hinnen awer net méiglech dës ze liewen, sief et well et kierperlech net geet, oder och geeschteg. De Sascha Lang huet sech an der neister Episode mam Nina De Vries ënnerhalen. Sie praktizéiert Sexualassistenz an Däitschland, an si gëtt ons een Abléck wat dat bedeit, wien dat mécht a fir wien dës Zort vun Assistenz wichteg ass. Mam Vera Bintener vum Info Handicap kucke mer dann och wéi dëst Thema ...

Oct 27, 2021

Episod 21 - De Wäisse Bengel als Hëllefsmettel

Vum 8. bis de 15. Oktober 2021 ass d'Semaine de la Vue De 14. Oktober ass d'Journée de la Vue an de 15.10.2021 ass den Dag vum Wäisse Bengel. An am Oktober huet de Centre pour le développement des compétences relatives à la vue eng Campagne mam Titel : Gesäis de mech lancéiert. Dat si gutt Grënn fir ons mam Thema Wäisse Bengel an Mobilitéitstraining ze beschäftegen. Mam Tobias Stuntebeck schwätze mer iwwert d’Entwéckelung an d’Geschicht vum Wäisse Bengel, mam Annouck Preusche an dem Thierry Metz...

Oct 14, 20211 hr 8 min

Episod 20 - Ouni Gehéier a blann

Näischt héieren a Blann sinn, eng Kombinatioun déi ee sech schwéier virstelle kann. Déi 2 Sënner, déi u sech extreem hëllefe kënnen, sinn an deem Fall net do. Zu Lëtzebuerg gëtt et ganz wéineg Persounen déi dovu betraff sinn, an dach sollte mer ons mat deem Thema beschäftegen, well d’Liewe fir dëse Persounekrees extrem an der Isolatioun ka stattfannen. An Däitschland gräifen dës Persounen op Assistenz zeréck, léieren d’Lormen an kréien aner zousätzlech Ënnerstetzung. Hei am Land ginn et wéineg I...

Sep 30, 2021

Episod 19 - Schoulesch Inclusioun ass nach ëmmer een Drama

Interview mam Martine Kirsch vun der ASBL ZEFI An dem 19. Episod schwätzt d'Martine Kirsch^, Präsidentin vun Zefi (Zesummen fir Inclusioun) vun besuergenden Zoustänn wat déi schoulesch Inclusioun betrëfft. Et klappt trotz neiem Gesetz an UN Behënnerte Rechtskonventioun nach ëmmer net. An um Educatiounsministère stéisst een op daf Oueren. Am leschten Deel vum Podcast erzielt den Moderator Sascha Lang Iech, wéi hien an den 80zeger Joren Inclusioun selwer erliewt huet, ouni dass een deemools driwwe...

Sep 13, 202136 min

Episod 18 - Mat Behënnerung an anere Kulturen liewen

Flüchtlings-Thematik as nees an aller Mond Mir hunn 2 Temoignagen vu Persounen, déi erlieft hunn, wéi Behënnerung an aneren Kulturen ugesi gëtt. Den Meddhin Saho ass Flüchtling an kënnt aus Syrien. 2014 ass hien iwwer d'Tierkei, Spuenien an Däitschland komm, an konnt seng Abschiebung verhënneren. D’Jessica Schroeder huet International Kulturmanagement studéiert an war an Indien, Myanmar, Thailand an Uganda, an huet do selwer erliewt, wat fir ee Stellewäert Persoune mat Behënnerung hunn....

Aug 26, 2021

Episod 17 - „Ech wënsche mer Näischt, ech maachen einfach“

Et sinn dem Tom Habscheid seng 2. Paralympics Spiller 2021 zu Tokio. De jonke Sportler erzielt am Interview net just iwwert säi Sport, mä och iwwert seng Behënnerung a wéi hien domat ëmgeet. Desweideren erlaabt den Tom Habscheid och een Abléck an säin Alldag, mä och wie hien Inklusioun gesäit. An zum Schluss verréid hien och och, wat hien dovunner hält, dass an Zukunft solle Sportler mat an ouni Behënnerung zesummen un de Start vun Kompetitiounen goen.

Aug 13, 202154 min

Episod 16 - Bicher liese wann ee blann oder sehbehindert ass

Aus onsem Alldag sinn Bicher net méi ewech ze denken. Mä wat maachen, wann ee Bicher opgrond vun enger Erkrankung un den Aen net méi liese kann? Dräi Méiglechkeete sti Blann an Seebehënnerte Leit zur Verfügung: Brailleschreft, Groussdrock an natierlech d’Hörbuch. Mam Frank Groben Direkter vum Centre de Compétence de la Vue „CDV“, a mam Paulo Lopes Bibliothécaire vun der Audiobibliothéik vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung huet de Sascha Lang sech ënnerhaal an erausfonnt, wie eng Me...

Jul 31, 202131 min

Episod 15 - Hörberatung Lëtzebuerg

Am Joer 2050 sollen, enger neister Etüd no, 25% vun den Leit op dëser Welt Schued um Gehéier hunn. Domat kënnt op d’Hörberatung Lëtzebuerg nach vill Aarbescht duer. Dofir notze mir elo schonns d'Geleeënheet si virzestellen. De Romain Heinz war am Interview beim Sascha Lang. A méi Informatiounen iwwert d'Hörberatung fënnt een op: http://www.hoergeschaedigt.lu

Jul 20, 202143 min

Episod 14 - Luxembourg Paralympics Comitee

Mënsche mat Behënnerung brauchen de Sport genee wie jiddwereen. Schonn an den 70zeger Joren huet sech eng ASBL gegrënnt fir dëse Sport ze fërderen. Haut ass et den Luxembourg Paralympics Comitee. De Sascha Lang schwätz mam Sportdirekter Marc Kieffer iwwert den Stand vum Behënnertesport, ons Athleten, Spiller zu Tokyo, an wat Klassifikatioune sinn.

Jul 01, 2021

Episod 13 - Den Thema Inclusioun anescht upaken

Inclusioun ass zu Mamer méi grouss an geet wäit iwwert d'Thema Behënnerung eraus. Fir dës ëmzesetzen ass d'Nadine Reinesch aktiv als Präsidentin vun der Commission Consultative "Sozial Inclusioun", an de Bled BEKTESHI ass Responsabel vun der Maison des Citoyens. An onser 13. Episode gëtt dëst Konzept méi genee virgestallt. Mei Informatiounen fannt Dir op https://www.mamer.lu.

Jun 25, 202131 min

Episod 12 - Infohandicap an de Conseil National

1993 gouf d’Contactstell Infohandicap zu Lëtzebuerg gegrënnt. Sie regruppéiert Informatioun, Sensibiliséierung an Aktioun zum Thema Handicap an Inclusioun. Zanter 2017 ass den Olivier Grüneisen Direkter. Hie geet op d’Missiounen vum IHA an, an den Sekretär vun Conseil National erkläert d'Missioune vun dësem wichtege Gremium.

May 31, 202124 min

Episod 11 - Wat ass ALAN?

Ronn 7000 seele Krankheete ginn et, an déi meescht féieren zu enger Behënnerung. Dofir ass d’Shirley Feider-Hohen am Interview fir ons ALAN virzestellen an ons opzeklären, wat een ënnert enger Maladie Rare versteet. Mei Infos zu ALAN op https://www.alan.lu

May 17, 202140 min

Episod 10 - Mir mussen ons ëmmer nees beweisen

Een Interview mam Aktivist, Politiker an Rollstuhlfuerer Joel Delvaux. „Et huet een dacks d'Gefill, grad an der Behënnertenzeen, et misst een ëmmer nees beweisen, dass ee weess wat fir ee Betraffene selwer richteg ass“, sou de Joël Delvaux, den am Alldag den Departement des Travailleurs Handicapés vum OGBL leed.

May 11, 202156 min

Episod 8 - Autismus

De Sascha Lang wollt wësse wat Autismus genee ass. Hu Mënsche mat Autismus keng Gefiller? Sinn si héichbegaabt?

Apr 12, 202120 min

Episod 7 - Trisomie 21

Den 21.03.2021 war de Weltdownsyndromdag, Grond genuch fir mol méi genee ze froen: Wat ass Downsyndrom oder och Trisomie 21?

Mar 29, 202149 min

Episod 5 - Gebäerdesprooch

Mënschen déi Gehörlos an Stomm sinn, notzen d'Gebäerdesprooch fir ze kommunizéieren. D'Claire Bergem studéiert dës Sprooch.

Mar 03, 2021

Episod 4 - Showdown

Zanter knapp 5 Joer gëtt zu Lëtzebuerg och Showdown gespillt. Eng inklusiv Sportaart fir Blanner, Sehender an Seebehennerter.

Jan 29, 202115 min

Episod 3 - Luciano Fratini

Matt 22 Joer hat den Luciano Fratini een schwéiert Autosaccident a sëtzt zanterhier am Rollstull. Opginn war keng Optioun fir den Aktivist an Sportler.

Jan 18, 202141 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android