E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag? Am Gespréich ass de François Engels, Koordinator vum OSAPS
Jul 01, 2025•40 min
E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0. D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere. Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matschaffen, an am Oktober un de Workshoppe bedeelegt sinn, mellt Iech bis den 31.07.2025 mat enger mail op...
Jun 27, 2025•28 min
D’SightCity 2025 ass eriwwer – mat spannenden Entdeckungen an Entwécklungen, déi Zukunft hunn oder vläicht och net. Mir schwätzen mam Christian Stahlberg, Messe- an Hëllefsmëttel-Expert a Produzent vum däitsche Podcast Sightviews, iwwer seng Andréck a wat him opgefall ass.
Jun 05, 2025
D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert. Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir? En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
Jun 03, 2025•37 min
Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur. Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëmgesat. Déi éischt lëtzebuergesch Audiodeskriptioun gouf vun de Volontairen Antonia Bruch an Daniel S...
May 23, 2025•26 min
Aus de Woche gouf viru langem Méint, mat ville flotten Highlights. An dësem Episod stelle mir Iech de Programm vir, an mir léieren déi nei Responsabel vum Service Intégration et besoins spécifiques, Caris Dias Delgado, kennen. Fir d'Gala kann ee sech op integration@vdl.lu umellen.
Apr 24, 2025•33 min
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit. Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt.
Apr 18, 2025•23 min
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg. Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vun dësem Thema ervirzehiewen. Umelle kann ee sech iwwert "secretariat@waertvollt-liewen.lu"....
Mar 05, 2025•29 min
Den 1.1.1999 gouf zu Letzebouerg d’Assuracen Dépendance agefouert Wéi wichteg si ass, a firwat si eng Plaz am IGEL Podcast verdéngt huet, verroden d'Pascale Kolb an d'Sandrine Henriquet. Helpline: Allgemeng Froen:24786060 Technesch Hellefsmettel: 24786040
Jan 03, 2025•42 min
Botschafterin fir d’Inclusioun, Paraliichtathletin, schafft um 1. Aarbechtsmaart an ass am Gemengerot zu Dikrech An der 83. Episod vum IGEL Podcast wollte mir méi wëssen iwwert hiren Engagement an hir Motivatioun. An och wéi et sportlech weidergeet.
Dec 20, 2024•32 min
Selbstbestëmmt Liewen ass duerch d’ UNBRK (UN-Behindertenrechtskonvention) an de Fokus komm Wéi ee kann selbstbestëmmt liewen? Dat ass eng vun de ville Missioune vum éischten an eenzegen Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Lëtzebuerg Den Zentrum gouf virun engem Joer zu Esch gegrënnt. Mam Tessy Oth an Angie Reuter geet Riets iwwer d'Aufgaben vum ZSL an hir Wichtegkeet.
Dec 04, 2024•26 min
Knapps zwee Méint nom Enn vun de Paralympics zu Paräis invitéiert d'Lëtzebuerger Paralympesch Comité (LPC) op de Paralympics Days am Rehazenter. Dësen Dag bitt eng exzellent Geleeënheet, fir d'Inklusioun am Sport ze feieren an sech iwwer d'Wichtegkeet vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg z'informéieren. An virun allem vir matzemaachen! Am Gespréich mam Mathis Finke vum Paralympesch Comité Lëtzebuerg hiert Dir wat d'Visiteuren op dësem speziellen Dag erwaart. Et gëtt eng Villfalt vun Aktivitéite...
Oct 25, 2024•23 min
Dësen Episod beliicht déi emotional Aspekter vun dëser Decisioun D'Suergen an Ängschten, déi d'Tatiana Kerg en Vue vun der Zukunft vun hirem Bouf hat, déi néideg Upassungen am Alldag an déi schwiereg Iwwerleeungen, déi si huet musse maachen. Et gëtt och thematiséiert, wéi den Dave selwer dësen Iwwergank erlieft huet, a mat wéi enge Schwieregkeeten, awer och positiven Entwécklungen, hien dobäi konfrontéiert gouf.
Oct 10, 2024•29 min
De Cybathlon 2024 gëtt vum 25. bis den 27. Oktober an der Swiss Arena zu Kloten bei Zürich organiséiert, mat 80 Teams aus 26 Natiounen. An dësem internationale Concours gi Pilot:innen mat Behënnerungen duerch nei Assistenztechnologien ënnerstëtzt. Nei Disziplinne sinn d'Intelligent Sehassistenz an d'Assistenzroboter, déi d'Inclusioun weider fërderen. D'ETH Zürich vernetzt Betraffener mat Fuerscher, fir Barrièren ofzebauen. Zousätzlech gëtt den Cybathlon gläichzäiteg op 8 anere Plazen weltwäit du...
Oct 08, 2024•36 min
De Collectif Dadofonic ass een Atelier Protégé, dee spezialiséiert ass op Art Visuel an Art sur Scène. Zanter ville Jore sinn si Gaascht op villen Bünen hei am Land, an loosse Leit mat Behënnerung och den Dram vun enger Artistekarriär dreemen. Et ass méi wie just een Atelier Protégé. Dat erzielt de Gary Wirth, Encadrant bei Dadofonic vun der Ligue HMC.
Oct 01, 2024•17 min
Quinzaine vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung D'Quinzaine "Colors of Blindness" ass eng Initiativ vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. Dës Aktioun soll d'Ëffentlechkeet fir d'Thema Blann- a Séibehënnerung sensibiliséieren. Nieft der Verdeelung vum traditionelle Kalenner gi wärend dësen 2 Woche Spenden gesammelt an Evenementer wéi "Unsichtbare Welten" am Mierscher Theater organiséiert. Mam Thierry Luthgen, Direkter vun der Fondatioun, geet riets iwwer d'Aarbecht an d'A...
Sep 16, 2024•30 min
E Schub fir de Parasport zu Lëtzebuerg? Ass et elo de Moment, wou méi Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet gefuerdert muss ginn? Mam Marc Schreiner (dem President vum Luxembourg Paralympic Committee) a Marc Kieffer (dem Sportdirekter vum LPC) schwätze mir iwwer hir Emotiounen a Gefiller, déi et zu Paräis goufen. Mir stellen och d’Fro no de Fuerderungen un d’Politik, Verbänn, Veräiner an d’Gesellschaft fir mat deem Schwong elo méi an den Parasport ze investéieren, an dëse Sportberäich méi eescht ze hu...
Sep 13, 2024•54 min
De Rigobert Rink, deen zanter méi wéi 20 Joer Tetraplegiker ass, deelt seng inspiréierend Geschicht mat Iech. Trotz senger Behënnerung ass hien ëmmer aktiv bliwwen, a säi Motto "Ëmmer erëm opstoen" huet him gehollef, déi gréissten Erausfuerderungen ze meeschteren. Et geet ëm seng Motivatioun, wéi hien Hürden am Liewen iwwerwonnen huet, a seng Rotschléi fir aner Leit mat Behënnerungen. En Episod voller Inspiratioun an Kraaft!
Sep 10, 2024•56 min
An dësem Episod ass d'Sarah Bergdoll zu Gaascht. D'Coordinatrice Générale vun der Stëftung erzielt iwwert hire Projet an iwwert 15 Joer Fondation EME.
Jul 02, 2024
An dësem Episod beschäftege mir eis mat dësem groussen Event, den 12. an 13. Juli 2024 am Forum Geesseknäppchen De Familljeminister Max Hahn, d'Christine Zimmer (Chargé de direction Info-Handicap), d'Michèle Stein (vum Ministère de la Famille), de Professor Traue (Uni.lu) an de Mathis Finke (LPC) sinn d’Gäscht an dësem Episod. Mir gi méi genee op de Programm an, an héiere firwat et sech lount de Weekend an de Forum Geesseknäppchen ze kommen.
Jun 28, 2024•45 min
Och hei am Land fueren all Joer vill Leit op Frankfurt op d’Sightcity Dat ass weltwäit déi gréisste Foire fir Blann an séibehënnert Leit. D'Dagmer Krutzki vun der Sightcity huet wieder Informatiounen.
Apr 29, 2024
D'Christine Zimmer ass zanter dem 01. Januer 2024 déi nei Chargée de Direction bei Info Handicap. Fir ons ee gudde Moment Sie am IGEL Podcast virzestellen an nozefroen, wéi d'Zukunft bei Info Handicap ausgesäit.
Apr 15, 2024
D’Netzwierk këmmert sech ëm de Thema Inklusion, fir Spektateuren, Kulturschaffend, Acteuren awer och fir d’Kulturhaiser. Am Gespréich mam Sascha Lang presentéieren d'Peggy Kind (Mierscher Kulturhaus), d'Elvira Mittheis (Cooperation Wolz) an Tom Leick (Staater Theater) dëst Netzwierk, seng Erausfuerderungen an Zukunftsperspektiven.
Mar 29, 2024•59 min
Een Interview mam Shirley Feider am Kader vum Weltfraendag Sie war bis 2023 d'Präsidentin vun ALAN, ass Member an der Inclusiounkommissioun zu Mamer, an steet hir Fra an enger nach net ganz inklusiver Welt. Mir werfen an eisem Interview och ee kuerze Bléck op de Bilan vum Plan d’Action vun de Maladies Rares, deen de 6. Mäerz 2024 presentéiert gouf.
Mar 07, 2024•26 min
Zanter enger Zäit gëtt et d’Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv. Initiator dovu war d'Mierscher Kulturhaus. Bei dësem Netzwierk geet et net just nëmmen drëm Veranstaltungen accessibel ze gestalten, mä och Kënschtler mat Behënnerung zu fërderen. An dësem Episod schwätze mir iwwert dëst Netzwierk, a beschäftegen eis haaptsächlech mam Ensemble Blancontact. Invitéiert sinn: Annick Puetz, Giovanni Zazzera, Ensemble BlanContact an Peggy Kind, Kulturhaus Miersch an Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv....
Feb 01, 2024•32 min
Wéi geet et der Brailleschrëft? Dat freet ee sech 199 Joer no hirer Entwécklung duerch de Louis Braille. De Reiner Delgado an d'Sonja Schmidt schaffe beim Däitschen Blannen- a Sehbehënnerteverband op nationalem an Europäeschem Niveau, fir d’Promotioun an d’Weiderentwécklung vun der Brailleschrëft.
Jan 03, 2024•59 min
SAMT – sou heescht den neien Projet vun Info-Handicap op Initiativ vum Familje Ministere. Dëse Projet déngt dozou Leit mat Behënnerung ze ënnerstëtzen an der Notzung vum ëffentlechen Transport. Méi Detailer, a wéi ee ka matmaachen, ginn et am Interview mam Valentino Nardella vun Info-Handicap.
Dec 27, 2023•25 min
Een Interview mam Raul Krauthausen Zu Lëtzebuerg lafe Preparatioune fir perséinlech Assistenz anzeféieren. Dat wäert nach daueren an trotzdeem ass et spannend iwwert den Tellerrand ze kucken an nozefroen wéi dat am Ausland ëmgesat gëtt, a wat fir eng Wichtegkeet dës Form vun der Ënnerstëtzung fir Persounen mat Behënnerung an der Inclusioun spillt. De Raul Krauthausen ass Aktivist an Däitschland an hien erzielt am Podcast firwat hien dovunner iwwerzeegt ass, dass déi perséinlech Assistenz de Schl...
Dec 22, 2023•51 min
Den 03. Dezember weise vill Associatiounen an Institutiounen op d'Besoine vu Mënsche mat Behënnerung hin. Viru knapps 14 Deeg gouf den Max Hahn als neien/ale Familljeminister bestätegt. Am Koalitiounsvertrag steet op ville Plazen eppes iwwert Inclusioun, mä virun allem vun der Säit 77 bis 83 ginn ambitiéis Projeten ugestouss. Wie interpretéiert de Minister dësen Koalitiounsoptrag? Wat sinn d’Erausfuerderungen a wéi wichteg ass dem Minister den Dialog mat den Leit um Terrain?
Dec 02, 2023•34 min
D’Maladies Rares ginn zu Letzebouerg vertrueden duerch d’Associatioun ALAN. Wie wichteg dës rar Krankheete sinn gesäit een dorun, dass et en eegene Plan d’Action zu dësem Thema gëtt. Maladies Rares hunn awer och eng staark Auswierkung op d’Thema Inclusioun, well si féieren dax zu Behënnerung, meeschtens där, déi een net gesäit. Mam Daniel Theisen, Direkter vun ALAN feiere mir 25 Joer Associatiounsjubiläum an schwätzen iwwer d’Erausfuerderunge bei de Maladies Rares.
Nov 30, 2023