Vum Claudia Kollwelter: Applaus trotz Urteel?, 03/07/2025
De Fall vum Fussballprofi Gerson Rodrigues huet an de leschte Wochen a Méint héich Welle geschloen.

De Fall vum Fussballprofi Gerson Rodrigues huet an de leschte Wochen a Méint héich Welle geschloen.
D'Summervakanz steet virun der Dier, dat heescht net just Vakanz fir d’Schoulen, mee och grouss Chantieren op wichtegen Transport-Achsen. Tëscht dem 11. Juli an dem 15. September fueren zum Beispill keng Zich tëscht Beetebuerg an der Stad wéinst Aarbecht um Netz. Et sinn Aarbechten, déi batter néideg sinn, fënnt den Tim Morizet a sengem Commentaire... well Zuch fueren déi lescht Méint war keen einfach Exercice.
De Message vun der Strooss e Samschdeg war däitlech. De Premier Luc Frieden reagéiert séier a mécht de Gewerkschaften d'Dier op fir Verhandlungen. E Feeler gëtt hien awer net zou a verpasst et virun allem, seng Manéier ze regéieren an ze kommunizéieren a Fro ze stellen, bedauert d’Marlène Clement an sengem Commentaire.
D‘NATO follegt dem US-President Trump. D‘Memberstaaten hunn um Sommet zu Den Haag formell festgehalen, dass fënnef Prozent vun hirer Wirtschaftsleeschtung a Verdeedegung a Sécherheet investéiert ginn.
Déi eng zitt et e Samschdeg op d'hëtzeg Stroossen, déi aner kommen net séier genuch an de kille Bësch. Iwwerdeem d'Gewerkschaften all eenzele Member op hir Maniff e Samschdeg ruffen, invitéiert d'Patronat fir de Weekend Doheem oder soss enzwousch ze genéissen - d'Haaptsaach, net op der Strooss. De Roy Grotz iwwert eng toxesch Situatioun, an där lo e radikaalt Ëmdenke gefrot ass.
Nationalfeierdag läit hannert eis. An de Grand-Duc Henri ass zanter 25 Joer um Troun. An nach ëmmer stinn d‘Lëtzebuerger eigentlech hannert der groussherzoglecher Famill. Ganzer 69 Prozent vun de Befrote soten am neiste Politmonitor, dass d‘parlamentaresch Monarchie déi beschte Staatsform fir Lëtzebuerg wär. Iwwer d‘Hallschent fënnt awer och, dass mol eng Kéier an engem Referendum iwwer d‘Monarchie ofgestëmmt kéint ginn. Dem Pierre Jans no kann dat just eppes heeschen.
Et ass dat éischt richtegt blot Aen fir Schwaarz-Blo an de Grond dofir sinn d‘Pensiounen.
Den aktuelle Politmonitor schwätzt eng kloer Sprooch an et ginn keng 100 Fassongen fir d'Resultater ze deiten.
Israel an den Iran schéisse mat Rakéiten openeen. A sengem Commentaire ass de Fränz Aulner der Meenung, datt Israel tatsächlech vill Feinden huet an existenziell menacéiert ass. Awer net just duerch de Regime vun Teheran an d'Hamas, mee och duerch seng eege riets-extrem Regierung.
Eng rezent Affär vu Pedokriminialitéit huet fir vill Opreegung gesuergt. Afferschutzorganisatioune sinn entsat iwwer Delaien an Decisioune vum Scas, dem Service central d'assistance sociale. Ma warscheinlech ass de Probleem kee schlechte Wëlle fir d'Täter ze pëtzen an Affer ze schützen. Mee éischter eng Verkettung vun onglécklechen Ëmstänn an d'Penurie u spezialiséiertem Personal op méi ewéi enger Plaz, mengt d'Michèle Sinner a sengem Commentaire.
D’NATO-Verdeedegungsministeren hu sech d’lescht Woch op dee gréissten Oprëschtungsplang zanter dem Kale Krich gëeenegt. Mat 5% vum PIB, déi jidderee fir d’Sécherheet soll ausginn. Wéi séier, doriwwer gëtt nach bis de Sommet an dräi Woche verhandelt. Mä et ass absolut kloer. All d’NATO-Länner, also och Lëtzebuerg, wäerten an Zukunft Rekordzomme fir d’Arméi mussen ausginn. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
E Freideg spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Frëndschaftslännermatch géint Slowenien. Mat derbäi ass de Gerson Rodrigues, de Rekordbuteur vun der Nationalekipp, deen an zweeter Instanz wéinst Gewalt a Kierperverletzung an 3 Fäll zu 18 Méint Prisong – mat Sursis – verurteelt gouf.
Ufank vun der leschter Woch war de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser fir e puer Deeg op politescher Visitt zu Moskau. Den ADR-Politiker hat eng Invitatioun vum russesche Parlament ugeholl a sech nieft Deputéierten och mat engem vun de Vize-Ausseministere getraff. D'Opmierksamkeet war him domadder gewëss, awer och d'Kritik. Déi koum net just vum politesche Géigner, mee och aus den eegene Reien. D'EKR-Fraktioun, an där hien am EU-Parlament Member ass, wëllt hien ausschléissen. E Mëttw...
Bei de Parlamentswalen a Portugal huet déi rietspopulistesch Partei "Chega” sech schonn esou gutt wéi als zweet Muecht etabléiert. Ee Riets-Ruck kann een et net méi nennen, wuel éischter eng Invasioun, mengt d'Rosa Clemente.
Et ass du Jamais-vu, wat d’Lëtzebuerger Wort an de leschten zwee Deeg publizéiert huet. Rieds ass vun engem nach lafende Geriichtsprozess, wou ee Mann wéinst Pedo-Kriminalitéit ugeklot ass, deen an der Theaterwelt an am ëffentleche Liewen hei zu Lëtzebuerg keen Onbekannten ass. De Mann huet en plus seng eegen Duechter mëssbraucht a kritt elo am Wort e ganzen Artikel, wou hie sech als Affer duerstellen däerf. Een absolutten No-Go fënnt d'Annick Goerens am Tëscheruff.
Am Walkampf war d’Thema Pensioune quasi inexistent. 18 Méint, nodeems den neie Luc sech op de Stull vum Premier gesat huet, ass kloer: Mir gi méi laang schaffen, ob mer wëllen oder net. "Hätt een dat nëmmen éischter gewosst", kommentéiert d’Dany Rasqué mat emol méi, emol manner Ironie.
Zanter en Dënschdeg weess d'Land da lo endlech a graffen Zich, wou et bei der Pensiounsreform soll higoen. Um Ofschloss vum laangen Consultatiounsprozess, dee Schwaarz-Blo déi lescht Méint zelebréiert huet, läit d'Verantwortung da lo virun allem bei de jonke Generatiounen, fir de System an der Riicht ze halen. D'Claude Zeimetz sicht zanter där Annonce nach ëmmer de Kompromëss, dee jo u sech sollt bei deem ganze Geschwätz erauskommen.
An de Grondschoulen a Maison Relaisen am Grand-Duché ass de Gebrauch vum Handy zanter dräi Wochen tabu.
Mat deem klenge Saz hat de Premier haut u sech alles gesot. Jo, d'Regierung schwätzt mat de Sozialpartner, mee gehandelt gëtt vum Ministerrot an decidéiert gëtt an der Chamber.
D'LUGA ass zanter leschter Woch offiziell op. Déi grouss urban Gaardenausstellung soll nohalteg an ekologesch sinn, sou gouf d'Expo ënner fräiem Himmel op d'mannst vun Ufank u vermaart a verkaf. Ma wéi nohalteg kann en temporäert Evenement iwwerhaapt sinn, freet sech d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
An Däitschland an allgemeng uechter Europa gouf e Mëttwoch vill iwwer d'Wal vum Friedrich Merz debattéiert, dee jo eréischt beim zweeten Ulaf als neie Bundeskanzler confirméiert gouf. Vu Staatskrisen, Blamage an Apokalyps war rieds uechter d'Medien, mee fir eis Journalistin Annick Goerens war dat keen Drama, mee just gelieften Demokratie. Keen Grond deemno ze Hyperventiléieren
Dee mat senger Meenung an d'Press geet, muss riskéieren, eng kleng Lëftchen oder awer e Stuerm vu Reaktiounen ze provozéieren. Sou ass dat - sou war et nach ëmmer an et ass och net anescht, wann een "en public", vu Chambertribünen erof, um Comptoir, bis hin op Theaterbüne seng Meenung haart an däitlech deklaméiert. Schwiereg gëtt et, wann de Kapp an de Sand gestach gëtt a sech Protagoniste vun Neiegkeete verstoppen - de Roy Grotz weess, vu wat hie schwätzt...
De Parking um Héienhaff um Sennengerbierg ass elo op, mat bal 500 Parkplazen. Am Commentaire fënnt de Fränz Aulner dat "schéin a gutt". Hie fäert awer, datt et an Zukunft nach méi Blechlawine ronderëm an an der Stad wäerte ginn. Als Léisunge gëtt et a sengen A just: net méi wuessen, oder méi Wunnengen an Infrastruktur bauen. Dorënner e ganze Ring mat 3 Spuere ronderëm d’Stad.
D'Trauer zu Roum ass grouss. De Poopst François ass op Ouschterméindeg gestuerwen a gëtt e Samschdeg begruewen. De Jorge Mario Bergoglio huet d'Kierch positiv verännert, trotzdeem ass de Bilan net just positiv. De Pit Everling huet sech Gedanke gemaach.
Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
Viru 40 Joer konnte guer net sou vill Bomme geluecht ginn, fir déi Moyenen ze kréien, wéi d'Police an d'Arméi se haut kréien.
Wéi stabel ass eng Demokratie, wann déi Gewielte selwer um Fundament rëselen? E Kommentar vum Diana Hoffmann iwwer d'Grenze vum demokratesche Wëllen.
D’EU a China haten op dat amerikanescht Freedefeier vu Stroftaxe reagéiert, China däitlech méi kräfteg wéi d’Europäesch Unioun. Wéi eng Approche ass besser? Eng Verhandlungsbasis muss bleiwen, mengt d’Carine Lemmer a sengem Commentaire.
Ukrain, Gaza, Klimawandel an Naturkatastrophen an all Dag nei Trump-Hysterien. Dobäi komme Smartphones, Sozial Medien an déi lues Erosioun vun eisen Demokratien. Wéi soll ee mat dem Wansinn vun haut ëmgoen? Déi Fro stellt sech d’Annick Goerens a sengem Commentaire.
Marine Le Pen gëtt a Frankräich verurteelt an dierf net u Walen deelhuelen. An der Tierkei gëtt den Ekrem İmamoğlu wéinst méiglecher Korruptioun verhaft. Déi zwee Fäll sinn net gläichzesetzen, ma d'Reaktioune lafen awer no engem änleche Muster of, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.