RTL - Commentaire - podcast cover

RTL - Commentaire

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
De kritesche Bléck op d'Aktualitéit vun der RTL Redaktioun
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Michèle Sinner: Tragik-Komedie am Mudam, 01/04/2025

Mëssstänn am Mudam - wann et bis elo där Schlagzeilen ëm d'Direktioun vum Konschtmusée gouf, dann ass et meeschtens drëms gaangen, wat de Musée soll oder net soll weisen. Dat ass awer bei der Kontrovers ëm déi aktuell Directrice Bettina Steinbrügge net de Fall, och wa si et no bausse gären esou duerstellt. Ëmsou méi lächerlech ass et, datt de Ministère an den neie President vum Verwaltungsrot hiren Argumentaire iwwerhuelen. E Commentaire vum Michèle Sinner.

Apr 01, 20253 min

Roy Grotz: We didn't start the fire, 25/03/2025

D'Diskussiounen iwwert d'Defense-Ausgaben, déi musse massiv eropgeschrauft ginn, d'Debatten iwwert d'Reform vum Pensiounssystem an d'A-Fro-Stelle vun demokratesche Strukturen a Valeuren - dës 3 Sujeten hu vill méi mateneen ze dinn, wéi een et géif mengen - a wäerten déi Jonk nach virun akut Defie stellen - seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.

Mar 25, 20254 min

François Aulner: D'Oprëschtungskris, 13/03/2025

D’EU wëll oprëschten a Lëtzebuerg wëll och säin Effort fir d’Defense an d’Luucht setzen. Dat et esouwäit komm ass, ass extrem bedauerlech, esou de Fränz Aulner. Hie mengt awer, datt et wéinst der neier US-Politik a wéinst Russland leider schwéier ass, sech aktuell eng Alternativ virzestellen. Wann da soll opgerëscht ginn, stellt de Fränz Aulner sech awer vill Froen doriwwer, wien et finanzéiert a wéi d’Suen um Terrain agesat ginn.

Mar 13, 2025

Maxime Gillen: Milliarde fir d'Defense: Lëtzebuerg muss schwiereg Decisioune beim Budget anstänneg kommunizéieren, 06/03/2025

En Donneschdeg ass zu Bréissel e Spezial-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, fir iwwert déi aktuell Entwécklunge ronderëm d'Ukrain a virun allem fir iwwert déi europäesch Defense ze schwätzen. Rieds geet vun Honnerte Milliarden Euro, déi sollen zesumme mobiliséiert ginn. Dat bedeit natierlech och substanziell Contributioune vun de Memberlänner. Wat Lëtzebuerg an deem Kontext bereet ass op den Dësch ze leeën, ass aktuell awer nach vill ze vill onkloer, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Co...

Mar 06, 2025

Claude Zeimetz: Fënnef Joer no Corona gëtt et déck Zäit, d'Pandemie endlech opzeschaffen, 27/02/2025

Viru bal genee fënnef Joer, den 29. Februar 2020 fir genee ze sinn, gouf et deen alleréischte Covid-Fall hei zu Lëtzebuerg. Wat duerno koum, wësse mer nach all, mä et wierkt mam Recul vun haut deels onreal: Lockdown, Ausgangsspär an Ausnamezoustand, Leit déi eleng hu misse stierwen, zoue Grenzen, 3G, 2G, A-B-Wochen an der Schoul... En demokrateschen Ausnamezoustand, dee vill Länner bis haut nach net opgeschafft hunn, mä all Interêt hätten, et ze maachen. Och Lëtzebuerg, fënnt d'Claude Zeimetz a ...

Feb 27, 20253 min

François Aulner: EU muss op gemeinsam Nenner kommen, soss ass et "Game over", 20/02/2025

D'USA ënnert dem Trump kéieren der Ukrain an der EU de Réck a stelle sech hannert Russland. Déi nei US-Regierung hëlleft dann och nach dem Kreml an der ideologescher Offensiv, fir eise Kontinent weider ze deelen. An da bedreift de Businessman am Wäissen Haus nach gär Handelskrich mat senge Partner. De Fränz Aulner fënnt, datt d'Situatioun an de leschte Joerzéngten nach ni esou eescht war ewéi elo. An hie fäert a sengem Commentaire, datt et fir d'Ukrain an d'EU bal "Game over" ass.

Feb 20, 2025

Marlène Clement: Overshoot Day? Ah jo, do war dach eppes, 18/02/2025

E Méindeg war et also nees esou wäit: Lëtzebuerg hat säin Overshoot Day – an dat dëst Joer nach dräi Deeg méi fréi wéi zejoert. De Grand-Duché ass domat nees dat zweet Land op der Welt, nom Katar, an éischt Land an Europa, dat all seng natierlech Ressourcen fir dëst Joer schonn opgebraucht huet. An der Theorie op d'mannst. Well den Overshoot Day ass virun allem ee symboleschen Datum an net wierklech gräifbar. A genee dat ass de Problem, mengt d’Marlène Clement a sengem Commentaire.

Feb 18, 20253 min

Michèle Sinner: Affär Weidig: Faarf bekennen, 13/02/2025

En Dënschdeg stoungen d’Fraktiouns- respektiv Sensibilitéitscheffe vun CSV, DP, LSAP, déi Gréng, déi Lénk a Pirate geschlosse beim Riednerpult an der Chamber, fir eng Resolutioun géint all Zort vun Attacken op d’Mënscherechter ze deposéieren.

Feb 13, 2025

Pit Everling: D'Gauche muss u sech schaffen, 11/02/2025

Italien, Holland, Belsch, Éisträich, Frankräich oder Däitschland. A ville westeuropäesche Länner si vill Wieler no riets geréckelt an dat plazeweis stramm. Déi entspriechend Parteie fänken un, salonsfäeg ze ginn a plazeweis Regierungen ze forméieren, wat erféieren deet. D'Ursaachen dofir si ganz verschidden. D'politesch Gauche muss op ville Plazen nokucken, se muss awer och u sech selwer schaffen, mengt de Pit Everling.

Feb 11, 20252 min

Annick Goerens (Radio): Wëllkomm am neien CSV-Staat, 29/01/2025

An der CSV-Fraktioun huet et an de leschte Woche méi wéi eng Kéier gerabbelt. Et gëtt deck Loft bei de Chrëscht-Sozialen. Et ass e Kampf tëscht zwou verschiddene Stréimungen. Chrëschtlech-sozial géint wirtschaftsliberal. E Commentaire vum Annick Goerens.

Jan 29, 20253 min

Carine Lemmer: "Make America unwoke again", 23/01/2025

Den Donald Trump wëll just nach zwee Geschlechter unerkennen: Mann a Fra. Staatlech Diversitéitsprogrammer sollen ofgeschaaft ginn. D’Beamten, déi do schaffen, ginn an den Zwangscongé geschéckt. Hëllefe fir queer Mënschen, Schwaarzer, Mënsche mat enger Behënnerung a fir Frae ginn also gekierzt, wäiss Männer gi gefërdert. Dozou e Commentaire vum Carine Lemmer.

Jan 23, 2025

Vum Maxime Gillen: Trump 2.0 ass nach méi geféierlech ginn, 21/01/2025

Dem alen an neien US-President seng Aussoe schéngen op den éischte Bléck dacks absurd, seng Iddie komplett abstrus an a ville Fäll sinn se och direkt esou net ëmsetzbar. Ma se dowéinst net eescht ze huelen a sech net doriwwer opzereegen ass geféierlech, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.

Jan 21, 20253 min

Roy Grotz: De soziale Bam brennt geschwënn zerguttst, 15/01/2025

D'Neijoerschwënsch, déi um Dënschdeg am Staatsministère tëscht dem Premier an de Syndikaliste Back an Dury ausgetosch goufen, ware sécher pragmatesch a betount kill, well all Säit weess, datt dëst neit Joer determinant gëtt. Determinant, wéi d'sozial Ambiance am Land wäert ausgesinn - de Roy Grotz kommentéiert.

Jan 15, 20253 min

Vum Claudia Kollwelter: Iwwerstierzt Debatten iwwert eng oniwwersiichtlech Zukunft vu Syrien, 07/01/2025

Virun engem Mount ass de syreschen Diktator Baschar al-Assad gestierzt ginn. D'Diskussiounen iwwert den Ëmgang mat syresche Flüchtlingen huet net laang op sech waarde gelooss. Och d'Lëtzebuerger Regierung huet séier decidéiert, d'Decisiounen iwwert de Statut fir syresch Migrante bis op Weideres op Äis ze leeën. Ënnert anerem de Flüchtlingsrot, Passerell an d'Asti ruffen zur Virsiicht op an dat zu Recht fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire:

Jan 07, 2025
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android