PISA de Wëssensmagazin - podcast cover

PISA de Wëssensmagazin

RTL Télé Lëtzebuergtele.rtl.lu
Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Ouni Buedem, kee Liewen, 29/05/2022

Déi faszinant Welt ënnert eise Féiss Eng Ekipp vun der Akerbauverwaltung ass op der Sich no deene gudde landwirtschaftleche Biedem hei am Land. Grouss a kleng Organismen maachen de Buedem lieweg. A kënnen esouguer e Kalzong zersetzen. Firwat ass e liewege Buedem esou wäertvoll. E Bauer weist eis säin Trakter, dee d’Bäikraider kameragesteiert eraus kappt. An et gi Planzen déi kënnen Närstoffer aus de Loft an de Buedem bréngen.

May 29, 202228 min

Esou laang et geet am Krees dréinen, 24/04/2022

Wat ass Kreeslafwirtschaft a wéi funktionéiert se Schong déi ee kann auserneen huelen a reparéieren. En urale Parquet dee gefléckt gëtt an en zweet Liewe kritt. An e Parkhaus dat ee kann of- an nees opbauen. Dat ass Kreeslafwirtschaft. Am Pisa erkläre mir wéi deen neie Wirtschaftsmodell genee funktionéiert a firwat en ëmmer méi wichteg gëtt

Apr 24, 202227 min

Gas, Stroum a Sprit, 20/03/2022

Wéi d’Energie an d’Land kënnt a wat mer selwer produzéieren D’Pompelspäicherkraaftwierk zu Veinen ass eent vun de gréissten an Europa. Am Pisa weise mir wéi se hei Spëtzestroum produzéieren a kucken zréck op de leschte groussen Ausbau vun dëser Anlag. Mir gesinn wéi de Stroum an eis Steckdous kënnt. Wéi de Sprit dee mer aktuell esou deier musse bezuelen, produzéiert gëtt. A wéi déi al Gaswierker funktionéiert hunn, mat deene mer fréier de Stadgas hei am Land selwer produzéiert hunn.

Mar 20, 202225 min

Op de Spuere vun eisem Offall, 27/02/2022

Wat geschitt mat de Saache déi mir ewech geheien Wou gëtt den Offall deponéiert. Wat gëtt verbrannt. A wéi vill bleift nom Feier iwwereg. Mir gesinn wat beim Recylcling vu Verpakungen, Pabeier, Glas oder Holz geschitt. A begleede Fuerscher déi eng wäertvoll Substanz aus dem Biooffall Kaffisaz wëllen eraushuelen. Rescht-Offall, Bio-Offall a Recycling. De Wee vun eisem Offall.

Feb 27, 202227 min

Wäisst Gold, 30/01/2022

Eng riseg Streesalzmine a Frankräich, Spuere dovun zu Munneref an wat Kachsalz besonnesch mécht. 160 Meter ënnert dem Buedem. Am Pisa huele mer Iech mat an déi leschte Streesalzmine a ganz Frankräich. 300 Kilometer Galerien a se gi mat all Dag méi déif an de Buedem eran. Mir weise wéi si d’Salz mat risege Maschinnen aus dem Buedem huelen. A firwat een dat Streesalz och bei eis am Land gesicht huet. Am Labo vu Ponts-et-Chaussées zu Bartreng kontrolléiere se d’Qualitéit vum Streesalz. An de Mister...

Jan 30, 202229 min

Déi léif Keelt, 14/11/2021

Wéi mir ënner Keelt leiden an si eis och gutt doe kann. Am Short an T-Shirt op der Äispist. Mir testen wéi séier eise Kierper ofkillt a mat wéi engen Tricken en sech géint d’Keelt schützt. De Mister Science geet all Dag äiskal duschen, well dat säin Immunsystem stäerke soll. A mir waren am waarme Summer op d’Kockelscheier kucken wéi si d’Äispiste opbauen. Wéi d’Linnen an d’Äis kommen a firwat d’Äis wäiss an net duerchsiichteg ass.

Nov 14, 202126 min

Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg, 17/10/2021

Am neie Pisa Challenge entdecke mir déi vill verschidde Facette vun der Uelzecht Mir fuere mam Stand Up Paddle iwwer d’Uelzecht a weisen Iech dëse Floss wéi der en nach net gesinn hutt. Vun der glasklorer Quell a Frankräich, duerch verwuessenNaturschutzgebidder an däischter Tunnellen ënner Esch erduerch. Mir entdecken d’Alstad. Gesinn d‘Iwwerreschter vun enger aler mëttelalterlecher Schleis. Weise wéi duerch d’Kraaft vum Uelzecht-Waasser de Gronn a Pafendall entstane sinn. Wéi an der Stad Lëtzeb...

Oct 17, 202150 min

Eis eenzegaarteg DNA, 04/07/2021

Wéi d’Genen eis zu deene Mënsche maachen déi mer sinn De Chris Romitelli huet eng extrem rare genetesch Krankheet. Duerch en DNA Test weess d’Famill zanter kuerzem a wéi engem Gen de Feeler ass. Wéi siche se an der DNA no Krankheeten a kéint dat och nei Therapie méiglech maachen? Mir testen och op ee seng Genen duerch Sport oder Meditatioun verännere kann. A weisen wéi se am forensesche Labo mat DNA Analyse e Verbrieche kënne opklären.

Jul 04, 202129 min

Faszinatioun Bësch, 06/06/2021

Firwat mir e brauchen a wéi een e schütze kann. De Bësch ass souvill méi wéi just Beem. Mee firwat huet de Bësch esou eng magesch Wierkung op eis. Mir gesinn wéi eng Renaturéierung e Bësch nei beliewe kann. A begleede puer Fierschter bei enger digitaler Duerchforstung. Mat ëmmer méi moderne Methoden kann een d’Bëscher och analyséieren. A mir wëllen erausfannen wéi d’Beem d’Waasser aus dem Buedem bis héich erop an hir Kroune suckelen.

Jun 06, 202128 min

D’Kraaft am Bauch vun eiser Äerd, 28/03/2021

Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett. Mir maachen eng Rees an de Bauch vun eiser Äerd. Hei entsteet e Gas dat d’Sauer bei Rouspert un d’Spruddele bréngt. Dee selwechte Gas léist an der Äifel dee gréisste Kalwaasser-Geysir ausbriechen. De Mister Science wëll dee gréisste kënschtleche Geysir bauen. Mir kucken wat e Vulkanausbroch an der Äifel géif fir Lëtzebuerg bedeiten. Op och bei eis e Vulkan kéint ausbriechen. A wéi se zu Diddeleng...

Mar 28, 202128 min

Zaldoten am Blutt, 31/01/2021

Wéi d’Immunsystem eis um Liewen hält. Mir erklären mat engem Futtballmatch wéi eist Immunsystem funktionéiert. Wéi eng verschidde wäiss Bluttkierpercher hu mer a wéi eng mécht wat. De Mister Science sicht säin Impfpass. E wëll erausfannen géint wéi eng Krankheeten en immun ass. A mat engem klenge Kachcours weisen mer wat bei der RNA-Impfung géint de Coronavirus genee an eisen Zelle geschitt.

Jan 31, 202126 min

Wiederextremer a Klimawandel, 29/11/2020

Wéi eist Wieder sech verännert a wat de Klimawandel domat ze dinn huet Iwwerschwemmungen, Tornado an ee Rekordsummer nom aneren. Am Pisa froe mir no wéi eng vun dëse Wiederextremer mam Klimawandel zesummen hänken. De Mister Science erkläert d’Roll vum CO2 an der Klimadiskussioun. A mir léieren en Ingenieur kennen, dee d’Wieder mat Internet-Satellitte viraussoe wëll.

Nov 29, 202026 min

Stress fir Strooss a Chauffer, 25/10/2020

Iwwer belaaschte Stroossen a generften Automobilisten Ëmmer just rout, oder? Mir erkläre wéi d’Verkéiersluuchte geschalt ginn. An et mat der Grénger Well net esou einfach ass. Mir klammen an d’Kanalisatioun vun den Autobunne erof. Fir erauszefannen wou d’Waasser hileeft wann et reent. A kucken op se an de wäisse Strécher laanscht d’Fuerbunn wierklech Glaspäerele verschaffen. De Mister Science erkläert firwat net all Strooss dee selwechte Belag huet a weist mat engem Experimenter wéi déi sougenan...

Oct 25, 202027 min

Expeditioun am Fiels, 27/09/2020

Op Entdeckungsrees an där spektakuläersten Hiel vu Lëtzebuerg Den Olivier Catani a Mister Science seelen sech an d’Ste Barbe erof. Wéi opwenneg ass de Wee duerch déi grouss Hiel? Wéi ass dës ënnerierdesch Welt entstanen? Wéi eng Déieren iwwerliewe hei am Däischteren? A wat mécht des ënnerierdesch Welt esou besonnesch?

Sep 27, 202027 min

Alles op de Grill, 05/07/2020

Wat ee wësse soll wann d’Grillparty net zum Flop soll ginn Fleesch, Fësch, Geméiss. Um Grill schmaacht dat alles besser. Oder? Mir vergläiche Gaz- a Kuelegrill a weisen op wat ee beim Grillen oppasse muss. Mat dësem Kuelemeiler erkläre mer wéi een Holz a Kuele verwandelt. A mir teste fënnef verschidde Methoden fir erauszefannnen wéi een déi Kuelen am beschten ufänke soll. Mir maache puer Lager-Feier Experimenter a weisen déi faszinant Säit vun de Flamen.

Jul 05, 202028 min

Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren, 14/06/2020

Wéi Viren eist Liewen negativ a positiv beaflossen. De Coronavirus bestëmmt weider eist Liewen. Am Pisa erkläre mir wéi Viren sech an eisen Zelle breet maachen. Firwat net all Virus eis krank mécht. Wéi d’Immunsystem géint Infektioune kämpft. A wat geschéie muss dass ee rëm op e richtege Festival ka goen. Déi geheimnisvoll Welt vun de Viren.

Jun 14, 202029 min

Schwéier Maschinnen op de Schinnen, 08/03/2020

Hannert de Kulissen vun der Eisebunn, wat een als Voyageur net gesäit. Op wat muss de Mécanicien vir an der Lokomotiv alles oppassen. Firwat ginn et Retarden. Wat geschitt am Stellwierk. A wéi laang brauch en Zuch bei maximaler Vitesse fir un d’Stoen ze kommen. Mir maachen eng Noutbremsung.

Mar 08, 202027 min

Den Auto vun der Zukunft – Nohalteg a sécher?, 09/02/2020

Wéi d’Technologien vu Moteur a Sécherheet sech ëmmer weider entwéckelen. Et ka sou séier goen. Am Pisa teste mir wéi séier ee mam Auto d‘Kontroll verléiert. Gesi wéini ABS an Airbag erfonnt goufen a wéi clever d’Autoen an Zukunft wäerte sinn. Vläit fuere mer jo och iergendwann mat Waasserstoff. E Fuerscher zu Lëtzebuerg wëll ee Wee fannen wéi een dee Sprit och kann emweltfrëndlech produzéieren. Mat enger neier App kann een erausfannen wat méi ëmweltfrëndlech ass, Sprit oder Elektro. A mir testen...

Feb 09, 202026 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android