Firwat mir sou vill wäert op eis Hoer leeën a wat se iwwert eise Liewensstil kënne verroden. Mir weisen wéi d’Frisuren sech am Laf vum leschte Joerhonnert verännert hunn. Firwat just Männer eng Glatz kënne kréien. A wat een dogéint maache kann? Hoer mat Deeg wäschen! Dat geet wierklech. Mir erkläre firwat. Wéi fënnt ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer. A sinn Hoer wierklech esou staark, dass ee sech wéi beim Rabonzel kann dorun en Tuerm erop zéien.
Jan 19, 2020•29 min
10 Joer staunen an entdecken. De Pisa feiert ronne Gebuertsdag. Mat engem Réckbléck op déi beschte Momenter aus engem Joerzéngt Wëssensmagazin. Ee Joerzéngt Aventuren, Adrenalin a Staunen. De Pisa feiert 10 Joer. Dat sinn iwwer 130 Sendungen. Mir feieren de ronne Gebuertsdag an teste mat engem Quiz, wat hänke bliwwen ass.
Dec 08, 2019•30 min
Obwuel een déi meescht net iesse soll. Vill Leit net frou si mat deenen déi iesse kann, Champignone spillen eng ganz wichteg Roll an eisem Liewen. Ouni Champignone géifen eis Bëscher am doudegen Holz a Blieder erstécken. Am Pisa weise mer wéi d’Pilzer alles zersetzen. Gi gewuer wourunner een erkenne kann wéi eng gëfteg sinn. Waren an enger grousser ënnerierdescher Champignon s Ziichterei. Gesinn firwat mer ouni Schimmelpilzer verschidde Liewensmëttel guer net hätten. An de Mister Science wëll Bé...
Nov 10, 2019•28 min
Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d’Liewe virun 8.000 Joer. Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D’Liewe viru dausende vu Joren. An der Steenzäit. Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen, déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit. Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Liewen erwächen. Si joen, kachen a kleede sech wéi virun 8.000 Joer. A maache sech op d’Spuere vum Los...
Oct 06, 2019•28 min
Weltall-Missiounen aus de leschte 50 Joer a wéi eng Roll Lëtzebuerg bei neien Expeditioune spillt
Jun 30, 2019•30 min
Et ass e reegelrechte Schatz op deem mir liewen Op der Musel baggere se ee vun de leschte Buedemschätz vum Land of. Mir weise firwat dee sou wichteg fir eis ass a wéi se de Muselsand vum Kisel trennen. Fuerscher wëllen de Buedem fruchtbar maachen. Ouni kënschtlechen Dünger. Si verwandelen duerfir d’Reschter vun Drauwen a Kompost. An de Mister Science wullt sech an eent vun de leschte Mouere vu Lëtzebuerg. Op der Sich nom wäertvollen Torfbuedem.
Jun 02, 2019•28 min
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
May 05, 2019•31 min
Vun Onsem Däitsch bei Eist Lëtzebuergescht
Mar 24, 2019•28 min
Firwat den Naturproduit an ëmmer méi Beräicher staark gefrot ass
Feb 10, 2019•28 min
No engem Joer a Betrib huele mer Iech mat an d’Kulisse vum Tram a Funiculaire Wéi funktionéiert eng vu de kierzte Standseelbunnen op der Welt? Wee schafft alles do? Wéi gëtt d’Seel kontrolléiert? A wat hu se wann et awer giff räissen? Beim Tram gesi mer firwat dee regelméisseg Sand op d’Schinne street. Op puer Plaze kleng fetteg Lächer an de Schinne sinn. A firwat d’Uewerleitung am Zick Zack verleeft. De Mister Science erklärt firwat den Tram och ouni säi Biggel viru kënnt a wéi e seng Batterien...
Dec 16, 2018•30 min
D’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg a wéi Ofgasen eis schuede kënnen. Et gesäit een se net. Mee se ass ëmmer do. Am Pisa kucke mir wéi propper oder knaschteg eis Loft ass. Wéi d’Schuedstoffer an d’Loft kommen. Op et schiedlech ass wann een an den Ofgase Sport mécht. An op een erausfënnt wou een ass wann een d’Plaz just um Geroch erkenne muss.
Nov 11, 2018•28 min
Queesch duerch Lëtzebuerg trëppelen. An dat just duerch Bëscher, iwwer Felder a Wisen. Geet dat? Wéi zersidelt ass eist Land? A kann een déi 70 Kilomter an zwee Deeg packen? Wéi di wëll duerch Lëtzebuerg. Am grousse Pisa-Summer-Challenge kommen den Olivier Catani a Mister Science rëm un hir Grenzen.
Sep 30, 2018•31 min
Firwat an der Lescht sou dacks Staarkreen gefall ass a wéi Land a Leit sech dogéint schütze kënnen.
Jul 08, 2018•28 min
Roboter um Feld, Soja-Comeback an zu Lëtzebuerg an e Rise-Gras aus Asien. De Bauer fiert mat sengem Trakter iwwer d’Feld. Peekt d’Steierrad awer net un. Den Trakter fiert vum selwen. Bal op den Zantimeter genee seng Reien of. Am Pisa iwwer Zukunft vun der Landwirtschaft. Fuerscher wëllen de Soja op Lëtzebuerg bréngen, ouni Dünger. Si mussen d’Wuerzelen duerfir mat enger Bakterie impfen. De Mister Science zielt Reewierm a Kéi. E wëll erausfannen op am Buedem méi Fleeschmass lieft wéi op der Wiss....
Jun 10, 2018•29 min
Wéi d’Digitaliséierung och eis Liewenserwaardung verlängere soll.
May 06, 2018•29 min
Mir huelen Iech mat op Plazen déi een als Passagéier net gesäit.
Apr 08, 2018•28 min
Wou kënnt eist Krunnewaasser hir, wéi gëtt et behandelt a wéi kann ee säi Goût veränneren? Mir klammen an ee vun de gréissten Drénkwaasser-Bassengen zu Lëtzebuerg. A weisen wéi a firwat se dee regelméisseg musse botzen. Kucke wéi opwenneg et ass wann een eng Quell unzape wëll. Testen op Krunnewaasser iwwerall selwecht schmaacht. Weise puer Tricker wéi ee säi Goût verbessere kann. An de Mister Science demonstréiert wat den Drock vum Waasser alles bewierke kann.
Mar 04, 2018•28 min
Eng Rees duerch bal 200 Joer Geschicht vun der Fotografie Nach ni hu mir esou vill Fotoen gemaach wéi haut. Déi éischt Foto gouf viru knapp 200 Joer “geknipst”. Am Pisa huele mer Iech mat duerch d’Geschicht vun der Fotografie. Weisen wéi opwenneg et fréier wor, wann ee eng Foto maachen wollt. Erklären wéi ee seng Fotoen stockéiere muss, datt ee se méiglechst laang hale kann. A weisen, datt et beim Verschaffe vun, an Trixe mat Fotoen quasi keng Grenze gëtt.
Feb 11, 2018•27 min
Luucht-Experimenter déi een un d’Staune bréngen a wéi d’Liicht eise Kierper positiv an negativ beaflosse kann. Ouni Luucht, kee Liewen. Grad elo an der däischterer Zäit vum Joer brénge mir am Pisa e bësse Liicht an den Alldag. Weise wéi verschidde Raim ganz anescht wierken, jee nodeem wéi se beliicht sinn. A wéi eng Beliichtungsfeeler een net maache soll. Ze vill Luucht ass och net gutt. Duerch Liichtverschmotzung gëtt den Himmel Nuets ëmmer méi hell. Mir kucken wéi dorënner net just Planzen an ...
Jan 21, 2018•28 min
Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert. Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d’Attachen wou d’Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer déi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger ...
Nov 26, 2017•27 min
Wéi eng Schong fir eis am beschte sinn a wat eis Féiss sou besonnesch mécht. Eist ganzt Gewiicht an alles wat mir droen, laascht op eise Féiss a Schong. Am Pisa weise mir wéi mer duerch e perfekt Zesummespillt vun eise Schanken am Fouss stoe bleiwen, wéi d’Féiss sech am Laf vun der Zäit aus Platt- an Huelféiss verwandelen. De Mister Science wëll erausfannen op ee wierklech mat plakege Féiss iwwer Kuele goe kann. Mir maachen e Buerféiss-Trëppeltour duerch de Bësch, froe beim Orthopäd op et de per...
Oct 22, 2017•27 min
Mam selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel! Wéi all Summer stellen sech den Olivier Catani a Mister Science och dëst Joer erëm engem Challenge. Dëst Joer wëlle si mat engem selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel fueren. 36 Kilometer. An engem Dag. Mat zwou Schleisen. A ganz no laanscht déi grouss Frachtschëffer. Si moossen och wéi propper oder knaschteg d’Musel ass. Wat alles muss gemaach ginn, datt d’Waasser fir d’Schëffer ëmmer déif genuch ass. Wéini d’Musel fir d’lescht ganz zougefruer war. A wéi e...
Sep 24, 2017•27 min
Geschicht, Mechanik an d’Grenzerfahrung Tour de France. Den Tour de France ass eent vun de gréisste Sportsevenementer op der Welt. Dëst Joer kënnt den Tour och erëm op Lëtzebuerg. Am Pisa kucken mir hannert déi sportlech Kulissen. Vergläichen d’Leeschtung vum Profi mam Amateur. Kucken wéi vill a wat d’Cyclisten op sou ustrengenden Deeg iesse mussen. A wéi d’Technik vun de Vëloen sech iwwer d’Jorzéngten verbessert huet. Am Musée du Cycle zu Weyler bei Arel reese mer duerch déi 200 Joer al Geschic...
Jul 02, 2017•29 min
Wéi d’Beien Hunneg maachen a wat se zu Lëtzebuerg géint d’Varrao-Milb ënnerhuelen. Et si mat déi faszinant s Liewewiesen déi et ginn. D’Beie produzéieren awer net just Hunneg. Si bestäuben och d’Planzen. A vill vun deem wat mir iessen géif et ouni d’Bestäubung vun de Beien net ginn. Am Pisa gi mer méi gewuer iwwert des faszinant Déieren. Wéi se liewen, firwat se fir d’Mënschen sou wichteg sinn a wéi Beie geziicht ginn, déi resistent sinn géint déi fir d’Beien sou geféierlech Varroa-Milb....
Jun 11, 2017•29 min
Emol queesch duerch d’Land. Mam Kajak iwwer d’Sauer. Vu Maartel eriwwer op Rouspert. Dem Olivier Catani an de Mister Science wëllen déi 108 Kilometer an dräi Deeg packen. Am éischte Pisa vun der neier Saison huelen si Iech mat op eng eemoleg Expeditioun. Et geet ënner ëmgefale Beem erduerch. Ganz no laanscht pickegen Drot. An eng Dose geféierlech Waasserfäll erof. Dobäi erliewe si de Floss aus enger ganzer neier Perspektiv. Kucken wéi propper oder knaschteg eis Gewässer sinn. A fueren duerch dee...
May 14, 2017•52 min
Komplizéiert Saachen einfach a witzeg erkläert. Et ass e risege Labo. Eng Plaz wou een d’Wëssenschaft upake kann. Am neie Science Center zu Déifferdeng weise mer puer Experimenter. En Zuch deen iwwer d’Schinne schwieft. Eng iwwerraschend optesch Illusioun. An de faradaysche Käfeg, an deem ee viru Blëtzer sécher ass. Da léiere puer Leit kennen déi vum Blëtz getraff goufen a bis haut net wëssen firwat se iwwerlieft hunn. An de Mister Science wëll mat engem Looping am Fliger beweisen datt d’Waasser...
Apr 30, 2017•28 min
Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn! Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto typesch Jong oder typesch Meedchen erzéien.
Apr 02, 2017•28 min
Wéi ee Stress mat Meditéieren a Selbsthypnose an de Grëff ka kréien. Mat Hypnose kann ee säi Kierper a Geescht berouegen. Am Pisa weise mer, wéi ee sech mat Selbsthypnose berouege kann. Kucken op ee säi Stress duerch regelméissegt Meditéieren an de Grëff ka kréien. An de Mister Science versetzt puer Schüler an eng stresseg Situatioun. Hie wëll kucken wat dat bei hinnen ausléist a firwat chronesche Stress schiedlech ass.
Mar 05, 2017•31 min
Tricken vun der Liewensmëttelindustrie. Brout baken ass kannerliicht. Am Fong brauch ee just Miel, Salz, Hief a Waasser. Oder? Mir maachen den Test beim Bäcker a froen no mat wéi engen Zousätz ee beim Broutbake fuddelen kann. De Mister Science pecht aus puer Stécker einfachem Fleesch en zaarte Steak zesummen. Mir fannen Eisestëbs an de Kornflakes. An de Paräiser Chemiker Hervé This demonstréiert eis seng Cuisine Note à Note.
Jan 08, 2017•31 min
Vum ale Kofferschatz zu Stolzebuerg iwwer vergiesse Dolomit-Galerien op der Musel bis bei de moderne Space Mining. Space Mining ass zanter puer Méint dat Thema an der lëtzebuerger Économie. Wéi eng Space Mining Entreprisen komme bei eis an d’Land? Wat maachen si hei? A wéi realistesch ass Space Mining iwwerhaapt? Se si bal 8 Meter héich a gi wäit iwwer 100 Meter déif an de Bierg eran. Déi verloossen Dolomit-Minière op der Musel. Wéi laang gouf heinidde geschafft a wéi einfach kann ee sech haut n...
Nov 27, 2016•29 min