PISA de Wëssensmagazin - podcast cover

PISA de Wëssensmagazin

RTL Télé Lëtzebuergtele.rtl.lu
Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Öko-Logesch, 23/10/2016

Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn. Ëmmer méi grouss Wandrieder produzéieren ëmmer méi Stroum. De Marché vun den Elektrovëloen boomt. Bei automatesche Lüftungsanlagen ass séier eppes falsch ugeschloss. A geschwënn wäerte mer eis Wäschmaschinn net méi kafen mee nach just léinen. An dësem Pisa weise mir wéi eisen Alldag méi ökologesch ka ginn. Kucken wéini en Elektrovëlo eng seriös Alternative fir den Auto ass. Op wat ee bei der Installatioun an dem Gebrauch vu...

Oct 23, 201629 min

Kläranlag Mënsch, 03/07/2016

Jidderee huet eng, mee kee schwätzt immens gär driwwer: d’Verdauung. Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem D...

Jul 03, 201628 min

PISA - SUPER-SCHLAU DÉIEREN!, 19/06/2016

Vill Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt. Déieren fille keng Emotiounen a kënne keng Problemer léisen. Déi Erkenntnis ass scho laang widderluecht. Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt. E Reiher zum Beispill benotzt Brout als Köder fir e Fësch ze fänken! Papageien léisen eng Aufgab un där souguer kleng Kanner sech d’Zänn ausbäissen. An et gëtt ee Schimpans dee kann eppes dat fir eis onméiglech ass.

Jun 19, 201629 min

Faszinatioun Schrëft, 05/06/2016

Kee schreift wéi deen aneren a mir schreiwen ëmmer manner. Egal op schéin oder gekrozelt. Jiddereen huet eng aner Schrëft. An de Schrëft-Expert erkennt all klengen Detail an de Buschtawen. Am Pisa weist hien eis wéi e Fälschungen enttarnt. A wéi ee seng Ënnerschrëft maache soll, datt keen aneren se nomaache kann. An ëmmer méi Lycéeën am Land schreiwen d’Schüler ëmmer méi um Tablet. Mécht dat iwwerhaapt Sënn a wéi verhält ee d’Saache besser. Mat Schreiwen oder Tippen? An de Grafiker weist eis wéi...

Jun 05, 201628 min

D'Wourecht iwwert Fett, 01/05/2016

Fett mécht fett! Mee stëmmt dat wierklech? D’Nathalie Meier huet seng Ernährung vu Kuelenhydrater op Fett ëmgestallt. An esou bal 30 Kilo ofgeholl. Wéi huet et dat fäerdeg bruecht? Wéi eng Fetter si gesond? A wéi eng ongesond? De Mister Science erkläert firwat ee verschidden Uelecher net erhëtzen däerf. A mir wéi ee Sport ee maache soll wann ee méiglechst vill Fett verbrenne wëll.

May 01, 201627 min

PISA - RITTER-EXPERIMENT!, 03/04/2016

Reiden! Kämpfen! Iwwerliewen! Den Olivier Catani a Mister Science op enger spannender Aventure duerch d'Mëttelalter. Mir weise mat nogestallten Szenen wéi d’Leit deemools gelieft hunn. Erzielen d’Geschicht vum mysteriéise Yolanda vu Veinen, déi eis verréit wéi eng Sprooch déi Zäit bei eis geschwat gouf. An de Mister Science an den Olivier Catani musse puer Ritter-Prüfunge packen: vum Duell um Reit-Turnéier iwwer eng spirituell Nuecht an der Kapell bis bei de brutale Schwäertkampf am Ritter-Train...

Apr 03, 201650 min

Eng Welt a Beweegung, 06/03/2016

Ëmmer, alles, iwwerall – déi perfekt Logistik mécht et méiglech. Et ass aktuell dee gréissten Eenzel-Chantier am Land. Um Eurohub Sud zu Beetebuerg entsteet en neie groussen Logistik-Park? Wéi eng Wueren ginn haut schonn iwwer Lëtzebuerg transportéiert? Iwwert wéi eng Weeër ginn d’Saachen vun A op B bruecht? A wéi eng Leit schaffen an der Logistik-Branche? Mat engem speziellen Dësch kann ee Weeër fannen wéi een eis Stadskären vum villen Camionsverkéier entlaaschte kann! Mir kucken hanner d’Kulis...

Mar 06, 201628 min

Mysterium Vitaminnen, 31/01/2016

Firwat kéinte mir ouni Vitaminnen net iwwerliewen a si Vitamin-Pëllen wierklech néideg? http://www.rtl.lu/lifestyle/people/992396.html Wann et kal dobaussen ass an d’Sonn net dacks um Himmel steet. Da fille vill Leit sech schwaach a boosten hir Gesondheet mat Vitaminnen. Am Pisa weise mer firwat eise Kierper Vitaminne brauch, op Vitamin-Pëllen wierklech eppes bréngen an op lo am Wanter wierklech jidderee muss Vitamin D huelen. Den Dante mécht fir eis de grousse Vitamin-Check. Wat muss een iessen...

Jan 31, 201628 min

Big Data, Fluch oder Segen?, 29/11/2015

Mir produzéieren ëmmer méi Daten! Wéi kënne mer dovu profitéieren a wou sinn d'Geforen? Kréie mer an Zukunft automatesch Puben op den Handy geschéckt well de Buttek laanscht dee mer grad ginn, weess wat mer wëllen. Wéi kann een duerch Daten-Analyse Parkinson méi fréi erkennen a besser behandelen? Décidéiert sech an Zukunft op Basis vun eisem digital-gespäicherte Fitness-Level op mer vill oder wéineg an d’Gesondheetskeess mussen abezuelen. A wéi einfach oder schwéier kann een an e privat Netzwier...

Nov 29, 201529 min

Cannabis-Comeback, 25/10/2015

Eng laang vergiesse Planz mat groussem Potential. Hanf ass eng vun de villsäitegste Planzen op der Welt. Et kann ee bal alles doraus maachen. Kleeder, Seeler, Medikamenter, Uelech, Faarwen a Pabeier. Viru knapp 100 Joer gouf den Industrie-Hanf awer verbueden a ka sech haut nëmme ganz schwéier rëm breet maachen. Am Pisa erkläre mir wéi mat der Prohibitioun vum Kanabis an den USA och den Industriehanf verschwonnen ass. Weisen wat d’Virdeeler sinn wann ee seng Fassade mat Hanf isoléiert. Léieren en...

Oct 25, 201527 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android