Méi wéi Sex - podcast cover

Méi wéi Sex

Méi wéi Sexsexpodcast.ara.lu
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

#142: Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wa...

May 03, 202454 minSeason 6Ep. 142

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral

D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhën...

Apr 19, 202453 minSeason 6Ep. 141

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?

De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie. Shownotes: Podcast ...

Apr 05, 202457 minSeason 6Ep. 140

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity

Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Ima...

Mar 22, 202440 minSeason 6Ep. 139

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg

Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land. Shownotes: Megaphone.lu (Website an op Instagram) Fraendag.lu Buch: Mit den Haien Streiten...

Mar 08, 202449 minSeason 6Ep. 138

#137: It’s fucking political – Sex a Politik

Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen. Shownotes: Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex Controversy Kriminaiséierung vu queere Mënschen Beispiller vun ...

Feb 23, 202447 minSeason 6Ep. 137

#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex

Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff soen, wat een*t drun hënnere, kann et auszeprobéieren, wat fir wichteg Methoden et fir safer sex bei Analsex ginn an doriwwer, wéi gesond et ass, heiansdo am Aasch ze sinn. An...

Feb 09, 202451 minSeason 6Ep. 136

#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere

Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“. Links: - Guardian Artikel - 1001 Fesses Project...

Jan 26, 202451 minSeason 6Ep. 135

#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care

D'Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.

Jan 12, 202445 minSeason 6Ep. 134

#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?

Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een * t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d'Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier. E puer Tipps fir gutt Locations an Aktivitéite fir äre nächsten Date gi mir iech och! An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert de My...

Dec 29, 202356 minSeason 6Ep. 133

#132: Daily Bodyhorrors – Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen

Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch - den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen - a wouhier kommen Ekel a Schummt?

Dec 15, 202357 minSeason 6Ep. 132

#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage

HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht. An der Rubrik erklärt d Kelly, wat Arousal Non Concordance...

Dec 01, 202345 minSeason 6Ep. 131

#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette

Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat ass mat Leit, déi sech réicht méi spéit am Liewe geout hunn? An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Annette: si ass eng trans Fra, déi sech an hire 50er geout an hir Transitioun ugef...

Nov 17, 202339 minSeason 6Ep. 130

#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit

An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d'Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen déi zwee, wisou esou een Outing bei den Elteren heiansdo guer net esou dramatesch ass, wéi een*t vläicht gemengt hat. An wat et mat dem Legolas (sengem Hënner) op sech huet...

Nov 03, 202350 minSeason 6Ep. 129

#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg

Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul's Drag Race - eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag ... Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul's Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst. Als Lëtzeboier gëtt den Charlie och Abléck an déi lëtzeboiesch Drag Szen. Lauschter dës Episod fir...

Oct 20, 202340 minSeason 6Ep. 128

#127: Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten

Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d'Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn de Joël a Kelly dann awer och der Fro no, wat Frisure mat Sex(appeal) ze dinn hunn. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert Homologie. Shownotes zu der Rubrik Eng Grafik, déi Homologie g...

Oct 06, 202350 minSeason 6Ep. 127

#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit

Demisexualitéit - e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d'Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, Gas a Bremsen, a si ginn eng Äntwert op d Fro "Demi - Heiansdo Sex, guer kee Sex, vill Sex?" (Spoiler: it depends!). An de...

Sep 22, 202356 minSeason 6Ep. 126

#125 Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen

An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙 Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass. An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och vun der Bremse erofklammen.

Sep 15, 202358 minSeason 6Ep. 125

#124: Outtakes!

Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.

Aug 18, 202318 minSeason 5Ep. 124

#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster

Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d'Fro, ob et eng Berechtegung huet, seng Positioun ënnert de Geschwëster als Ersatz-Stärenzeechen ze benotzen a ...

Jul 21, 202347 minSeason 5Ep. 123

#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive

Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive. An der Rubrik gëtt Kelly eng Introductioun zu Rimming.

Jul 07, 202347 minSeason 5Ep. 122

#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?

Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engem*enger Partner*in, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op Bezéiungen an Léift vläicht méi produktiv ass. Et geet ëm Rolltrapen, Gewässer, déi grouss gesellsc...

Jun 23, 202346 minSeason 5Ep. 121

#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys

Si si mëttlerweil iwwerall - an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys - Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang? De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft a firwat munch Leit keng Sex Toys gebrauche (wëllen). An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sex an n...

Jun 09, 202347 minSeason 5Ep. 120

#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride

Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi d...

May 26, 202345 minSeason 5Ep. 119

#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun

Sex – fir vill Leit ass dat e Penis, deen an e Genital andréngt, sief et eng Vagina oder en Anus. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer Sex ouni Penetratioun. Si probéieren, endlech déi grouss Fro "Wat ass amfong Sex?" ze beäntweren an zerstéieren dobäi net nëmmen niewebäi d Virspill, mee diskutéieren och méiglech Grënn fir verschidde Perspektive vun de Grenze vu Sex. An der Rubrik thematiséiert den Elie d Thema "Sex a Cannabis".

Apr 28, 202345 minSeason 5Ep. 118

#117: Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer

Wéi geseit een*t amfong queer aus? D'Lynn an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer queer Schéinheetsidealer: dës ënnerscheede sech vu Szene zu Szene. Sinn dës Schéinheetsidealer reng probleematesch? Wou kommen déi ganz Codes iwwerhaapt hir a firwat si se entstaan? Dëst a vill méi gëss du haut gewuer! An der Rubrik gëtt Kelly en How To zum Thema Aftercare.

Apr 14, 202337 minSeason 5Ep. 117

#116 Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller

Wann alles kribbelt a s du Päiperleken am Bauch hues a just nach un eng Persoun denke kanns, bass du warscheinlech verléift. Mä wat ass den Ënnerscheed tëscht Verléift-sinn a Léift? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*en Robin doriwwer, wéi sech béid Gefiller bei hinne bemierkbar maachen. Ausserdeem dréint d'Diskussioun ëm déi mysteriéis New Relationsship Energy, déi souwuel fir vill flott Momenter, mä och fir Problemer suerge kann.

Mar 31, 202334 minSeason 5Ep. 116

#115 Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen

Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – Matfreeën – ass méiglech. D*e Robin, den Elie an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi dat mam Dating geet, wourobber een*t sollt oppassen a wéi een*t sech Reegelen mat senge Partn...

Mar 17, 202353 minSeason 5Ep. 115

#114: Méi wéi Gebärmutterhalskriibs – HPV Témoignage

HPV – huet dat net eppes mat Gebärmutterhalskriibs ze dinn a geet dofir nëmme Mënsche mat Uterus eppes un? D'Äntwert ass ganz kloer nee! De Human Papilloma Virus ass e sexuell iwwerdrobare Virus, deen, onofhängeg vum Geschlecht, immens wäit verbreet ass. Dobäi si sech wéineg Leit bewosst, wéi eng Risiken eng HPV Infektioun mat sech bréngt, wéi e sech iwwerdréit a wéi een*t sech schütze kann. An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Kim aus eiser Community: hat huet eng HPV Infektioun hannert sech...

Mar 03, 202347 minSeason 5Ep. 114

#113: Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung

Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf - wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene Bléck op sech selwer vum Bléck vun aneren ofwäiche kann. An der Rubrik erkläert Kelly wéi een*t am ...

Feb 17, 202345 minSeason 5Ep. 113
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android