Méi wéi Sex - podcast cover

Méi wéi Sex

Méi wéi Sexsexpodcast.ara.lu
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

#112 Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?

Schlussmaache per SMS? Oder léiwer ee laangt Gespréich an nach eng leschte Kéier Sex mateneen hunn? Wéi sech eng Koppel trennt, hänkt ganz vun den Ëmstänn of. Et ginn awer genuch Grënn, sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi dee schwierege Moment gestalt sollt ginn. Nodeems Kelly an de Joël schonn driwwer geschwat hunn, wéini een*t sech trenne sollt, geet et dës Kéier doriwwer, wéi dat geet. Si schwätzen doriwwer, wéi een*t eng gutt Plaz dofir fënnt, wat an engem Trennungsgespréich alles sollt ge...

Feb 03, 202342 minSeason 5Ep. 112

#111: Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen

Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn? De Joël, d'Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?

Jan 20, 202344 minSeason 5Ep. 111

#110 Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt - an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi. Liesetipps - “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen) - “Attached” (Bindungstheorie, Bindungtypen, Bindungsmusteren) - “In the dream house” vum Carmen Maria Machado (Roman iwwert eng absuiv Bezéiung) Ulafplatzen ...

Jan 06, 202354 minSeason 5Ep. 110

#109: Wann et einfach net geet – Vaginismus

Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng. Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn huet Vaginismus, a schwätzt an dëser Episod mam Robin doriwwer, wat fir en Afloss dës Konditioun op seng Be...

Dec 16, 202239 minSeason 5Ep. 109

#108: Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom

Bottom, top, up, down, charm oder strange? Wat huet Quantephysik mat Sex ze dinn? A wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Top/Switch/Bottom an Dom/Switch/Sub? Haut geet et ëm genau dës Kategoriséierungen a wat een t amfong mat deenen ufänke kann. De Joël an d e Robin schwätzen ausserdeem iwwer typesch Virurteeler a laachen iwwer Autoswäschen. An der Rubrik kläert den Elie iwwer gender affirming care op.

Dec 02, 202233 minSeason 5Ep. 108

#107: Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik

Wat hu Superhelden mat Verléiftheet ze dinn? Dëst a nach vill méi verzielt eis d Beatà aus eiser Community. Hat ass aromantesch an asexuell a gëtt eis en Abléck a säi Liewen. Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer nëtzlech Life Hacks an Selfcare Strategien ronderëm Menstruatioun

Nov 18, 202246 minSeason 5Ep. 107

#106: Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex

Just go with the flow – oder awer besser virbeschwätzen, wat geschéie soll? Doriwwer diskutéieren de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An deene nächsten 48 Minutten gëss du gewuer, wat si gäre virum Sex ofklären, firwat Sex och philosophesch si kann an dass nom Sex virum Sex ass. Rubrik vum Kelly: How To: Kommunikatioun mat Sexpartner*innen

Nov 04, 202246 minSeason 5Ep. 106

#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren

Raséiert, eng witzeg Form, getrimmt oder einfach wëll wuesse gelooss? Et gi vill Méiglechkeeten, fir mat intimen Hoer ëmzegoen. Mä wat fir Hoer sinn eigentlech intim, a wisou friséiere mir se? Och beim Oralsex mécht dat alles een Ënnerscheed. Kelly an de Joël schwätzen haut doriwwer – an iwwert d'Vir- a Nodeeler vun de verschiddene Méiglechkeeten. Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer 5 ënnerschiddlech Aart a Weise fir mat Sexpartner:innen (non-verbal) iwwer Sexualitéit ze kommunizéieren: Weisen, S...

Oct 21, 202246 minSeason 5Ep. 105

#104: Sex verschäissen – Sex an der Jugend

Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op dat spéidert Liewen auswierke kënnen, wéi et iergendwann besser gi kann an ginn op d Roll vun der Sc...

Oct 07, 202259 minSeason 5Ep. 104

#103: Verschidde Vibes a Vibratoren – Sexshops

Déi fënneft Staffel ass do! A mat hir eng nei Persoun an eisem Team: no 4 Staffelen mamm Mila hu mir lo eng néi Illustratorin: d'Lynn! Zu fënnef schwätze mir iwwer eis Erfarunge mat an a Sexshops, wat fir eis e gudde Sexshop ausmëscht a wat mir do am léifste kafen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Mythen zum Thema "Fiicht ginn". Hei ass eis Selectioun vu queerfeministesche Sexshops am däitschsproochege Raum: DÄITSCHLAND Berlin: other nature Berlin: sexclusivitäten Hamburg: Fuck Yeah Leipzig: J...

Sep 23, 202252 minSeason 5Ep. 103

#102 Community – mam Publikum um sexpositiven Event

Fir d'Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer 💫 Community 💫 geschwat. Mir froen eis (an iech): Wei kann een t zu Lëtzebuerg sexpositiv, feministesch a queer Communities opbauen? Wei kritt ee nt Léit zesummen? Wéi kann een t z.B. Events organiséieren (wou ee nt kann zesumme léieren, entdeck...

Jul 18, 202250 minSeason 4Ep. 102

#101: Mai Kierper seet jo, mai Kapp seet nee – vu Sexualiteit an mentaler Gesondheet

Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d' Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d' Kommunikatioun duebel erschwéiert. Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d'Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann - an ëmgedréint. An der Rubrik "Sexmythos" schwätzt Kelly iwwer d'Geschicht(en) vun de Vibratoren. Content Note: An dëser Episod ginn Depressiounen,...

Jul 01, 202250 minSeason 4Ep. 101

#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen

Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach oder manner einfach ass, iwwer Sexualitéit a Gefiller ze schwätzen. Mir kucken eis awer och un, wéi eis Gesellschaft iwwert Sex schwätzt, ginn Tipps wéi ee méi einfach mat Frënd*innen e...

Jun 17, 202243 minSeason 4Ep. 100

#99 Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen

Beréierungen am Alldag si wichteg. Dat hunn déi meescht vun eis spéitstens am éischte Lockdown geléiert, wou ob de Phänomen vum "Skin Hunger" fir vill vun eis spierbar ginn ass. Mä net nëmme Beréierungen, och Kuschelen, Kraulen oder Heemele si wichteg fir eist Wuelbefannen. An dëser Episod schwätzt de Joël mam Elisa doriwwer. D'Elisa kuschelt net nëmme gären, hat ass och professionell Kuschlerin. Nieft der Fro, wat Pandabieren a Bonoboe mat Kuschelen ze dinn hunn, erkläert d'Elisa eis och, wéi h...

Jun 03, 202239 minSeason 4Ep. 99

#98 Méi wéi Léift a Partnerschaft – Opklärung am Radio fréier an haut

Et gouf zu Lëtzebuerg schonn ee Sexpodcast, do gouf et nach guer keng Podcasts. Riets ass vun de Radiossendunge vun der Marie-Paule Molitor-Peffer. Si huet op RTL Opklärung bedriwwen, an dat op eng Manéier, déi méi progressiv war, wéi een*t sech dat mol direkt géif virstellen. Fir eis ze zielen, wéi Opklärung am Radio an den 1980er Jore geklongen huet, ass eis Liblingshistorikerin a fréier Moderatorin Anne als Special Guest zeréck. Hat huet nämlech seng Masteraarbecht iwwert déi spannend Gynekol...

May 20, 202236 minSeason 4Ep. 98

#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex

Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d'Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst Traps, den Drang an de Bauch eranzezéien an awer och doriwwer, wat een*t ka maachen, fir sech beim Sex méi sexy a flott ze fillen. Shownotes: Bee Secure Episod iwwer Ënnerwäsch Episod iwwer Geroch Episod iww...

May 10, 202251 minSeason 4Ep. 97

#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht

Wéi geet een am beschte mat senger eegener Jalousie ëm? An wat ass, wann d*e Partner*in jalous gëtt? De Joël an d*e Robin beschwätzen an dëser Episod, wéi sech e gesonden Ëmgang mat deem Gefill fanne léisst. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dem Rihanna seng Schwangerschaft an dee politesche Statement, deen hat mat sengem Ëmgang domat setzt. An der Episod erwähnen de Joël an d*e Robin verschidde Bicher, déi sech mamm Thema Jalousie ausenaanersetzen: - Fern, Jessica : Polysecure: Attachment, ...

Apr 22, 202239 minSeason 4Ep. 96

#95: Nohaltegkeet – Bezéiungen kultivéieren

Wat sinn „nohalteg Bezéiungen“? Kann een sech nohalteg Trennen? Wat ass den Ënnerscheed (oder och net) tëscht green dating, mindful dating an slow dating? Dëst beschwätzen Kelly an d’Selma an dëser Episode - lauschtert eran fir vill flott gardening Metapheren a fun facts. Dei läscht 10 Minutte gëtt et eng klengen Exkurs iwwert d’ökosexuellt Manifest an iwwer fairen/etheschen Porno. An der Rubrik schwätz Robin iwwer TERFs. Dat heiten ass en Joint Venture (Zesummenaarbecht) mat Podcast „Büro für N...

Apr 08, 20221 hr 2 minSeason 4Ep. 95

#94 E Lauter Steng am Wee – Trans* sinn zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg geseit sech selwer gäer als ganz fortschrëttlech a punkto queer rights. Tatsächlech ass déi lëtzeboiesch Legislatioun net schlecht, an och laut ILGA ass Lëtzebuerg ganz gutt mat dabei. Dobäi ginn et och hei am Land vill Probleemer fir queer Mënschen, an trans* Leit gehéieren zu deene vulnerabelsten. D*e Robin huet mat senge Gäscht Miles an Tony iwwer hir Perspektiv an Erliefnisser als jonk trans* Männer zu Lëtzebuerg geschwat. Uspriechsplazen fir trans* Mënschen: Centre LGBTIQ+ Cigale...

Mar 25, 202257 minSeason 4Ep. 94

#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen

Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz ginn, datt hinnen Virhaut feelt. Ausserdem ginn si der Fro no, wat mam Jesus senger Virhaut passéiert ass a wéi een sech am beschten (net) selwer beschneit. Passend zum Thema ...

Mar 11, 202238 minEp. 93

#92 Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg

Den 10.07.2020 huet an de Rotondes d'Ofschlossevent vun der zweeter Staffel vum Podcast stattfonnt. Do konnt ee net nëmmen seng perséinlech Définitioun vu Sex mat de Leit deelen, mee och e Froebou zur eegener Sexualerzéiung an der Schoul ausfëllen a souguer en Orgasmus molen. D'Anne an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer deen Event a ginn en Iwwerbléck iwwer d'Resultater. Och kommen d'Enji, d'Rachel an d'Jessie zu Wuert, déi den Event als Deel vun engem groussen Team matorganiséiert hunn. ...

Feb 25, 202245 minSeason 4Ep. 92

#91 Gender ass e Spektrum – Non-binary

"Non-binary" - en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus? Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert d'Kelly, wat Binding ass a wéi een*t een Binder richteg benotzt. Berodungsstellen fir queer Mënschen: Centre LGBTIQ+ Cig...

Feb 11, 202245 minSeason 4Ep. 91

#90 GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enke Bezéiunge schwätzen

Inhalt vun der Episode 90: Ängschten, Roserei, Trauregkeet, Enttäuschung, Jalousie oder och eng onbestëmmt Zopp aus ënnerschiddleche Gefiller: Mir hunn se all. De Joël a Kelly diskutéieren doriwwer, wei ee mat Bezéiungspersoune kann iwwer schwiereg Gefiller schwätzen. Mir froen eis: Wat ass de richtege Moment, fir e Gespréich anzeleeden? Wéi kann ech iwwer meng eege Gefiller nodenken an se uschwätzen? Wei ginn ech gutt domat ëm, wann aner Persounen iwwer schwiereg Gefiller schwätzen? An wat fir ...

Jan 28, 202243 minSeason 4Ep. 90

#89 Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng

Mir sinn erëm do, an et ass ganz vill nei bei eis: Een neit Joer, eng nei Staffel, eng nei Stëmm! Passend dozou schwätze mir iwwer Neiufäng. Wat heescht et, eng nei Bezéiung, sief se frëndschaftlech, sexuell oder romantesch, anzegoen? De Joël, d'Kelly an d*e Robin diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwer déi magesch New Relationship Energy an denken doriwwer no, op een neit Kachbuch een klengen oder groussen Neiufank ass. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Tipps zu Sex mat enger neier Persoun – vi...

Jan 14, 202236 minSeason 4Ep. 89

#88 Ouergasmus live – Staffelfinal

Et ass souwäit. D’Staffelfinal, déi mir live mat Publikum op eisem Event de 26. Juni opgeholl hunn, ass elo online. Et gëtt e Bilan vum vergaangene Joer gezunn, vill gelaacht a bal gekrasch. Mir hätte gär och iwwer d’Zukunft geschwat, mä déi kenne mir leider selwer nach net. Soubal mir méi wëssen, soe mer iech Bescheed. An Tëschenzäit wënsche mir iech vill Spaass mat dëser extended version, an där net just d’Moderatiounsteam ze héieren ass, mä och eis wonnerbaart Michèle. Op senger éischter Illu...

Jul 18, 20211 hr 2 minSeason 3Ep. 88

#87 Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner

An der 87. Folleg schwätzen de Joël an d‘Anne iwwer Schlussstrécher an aaner Enner. Wéi schléisst een:t säin Dag sënnvoll of? Firwat ass et gesond, heiansdo mat sech selwer respektiv bestëmmte Verhalensweise Schluss ze maachen? An wéi kann een:t Sex schéin ofronne? Dorobber sichen déi zwee Äntwerten.

Jul 10, 202143 minSeason 3Ep. 87

#86 Ech kann dech gutt riche – Wéi Geroch eis Sexualitéit a Gefiller beaflosst

Schweess, Duschgel, Intimberäich, Hoer, d‘Bomi – alles huet säin eegenen, spezielle Geroch. Dëse Sënn ass immens staark mat Gefiller an Erënnerunge verknäppt. Dat mierkt een*t spéitstens dann, dann et no der Trennung iwwerall nom Wäschmëttel vun der Ex richt oder een*t sech beim Aschmiere mat Sonnecrème un d‘Vakanz erënnert. D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert Schweess, iwwert Deo, den Geroch vun Intimorganer an iwwert d‘Fro, wat et eigentlech mat deem Sex-Geroch, deen een*t ëmme...

Jun 18, 202141 minSeason 3Ep. 86

#85 Klassismus – de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig

Wat huet Klassismus mat Sproochen, Stereotyppen an Sexy-ness ze sinn? Wéi beaflossen Klassenverhältnisser eis Kierperen, Bezéiungen an Dating? Kelly an Gabi schwätzen iwwer Definitiounen vu Klassismus, dem Mythos vum sougenannten sozialen Opstig, hier eegen Positiounen a Strategien géint klassistesch Diskriminéierungen an Strukturen. Quellen (op Däitsch) - bell hooks. Die Bedeutung von Klasse: Warum die Verhältnisse nicht auf Rassismus und Sexismus zu reduzieren sind (2020) - Betina Aumair &...

Jun 04, 202153 minSeason 3Ep. 85

#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien

An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt "Fraenzäitschrëft" am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer Sex(ualitéit) geschwat? Doriwwer diskutéieren déi zwee an der 84. Episod. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sexaarbecht.

May 21, 202147 minEp. 84

#83 Méi wéi Solosex?!

Firwat, mat wat a wéi kann ee Sex mat sech selwer hunn (also Solosex, Selbstbefriddegung, Masturbatioun)? Wat huet Solosex mat Stress ze dinn? An déi wichtegst (oder villäicht och nëmmen déi witzegst) Fro: Wat ass ee “Pandemiewichser”? Dëst a villes Weideres gëss du an dësem Gespréich vum Joel a Kelly gewuer. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Testosterone.

May 07, 202141 minSeason 3Ep. 83
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android