Net all Kierper huet déi selwecht Form – an dat ass och gutt esou! Haut geet et ëm mockeleg sinn. D‘Anne an de Joël erzielen, wéi si an hir Kierperen erlieft hunn, wat frustréiert huet a wéi si geléiert hunn, hire Speck ze appreciéieren. Ee Gespréich iwwert Iessen, Danzen, Nudes, Kleedung a Prominenter, déi eng Virbildfunktioun kënnen hunn.
Feb 07, 2020•41 min•Season 2Ep. 10
D’Kelly an Tessie vun der eischter Staffel, schwätzen iwwer toxesch Relatiounen a Frëndschafts-Schlussmaachen. Wéi ënnerscheet een toxesch Bezéiunge vun net-toxeschen? Wéi geet een domat em, wann een sech an enger Bezéiung oder Frëndschaft net méi wuel fillt? An der Rubrik geet et em Herpes, en Virus deen onberechtegterweis en Tabu Thema ass.
Jan 24, 2020•34 min•Season 1Ep. 9
Bei BDSM denken déi meescht un Leit a Lack a Lieder, déi sech an däischtere Kelleren auspeitschen. Mä BDSM ass vill méi. Vill vun eis si vill méi kinky, wéi se vläicht denken. D‘Kelly an de Joël schwätzen doriwwer, wat fir verschidde Forme BDSM kann hunn a wisou et enorm sexy ka sinn, sech ze ënnerwerfen oder eng Persoun ze dominéieren. An der Rubrik froe mer eis: Wat sinn d'Grënn fir ongewollt physesch Péng beim Sex? Hei nach ee Video iwwert d'Ampelsystem, wat an der Episod erwähnt gëtt : https...
Jan 10, 2020•47 min•Season 2Ep. 8
Vum Schenkelklopfer bis bei d’Laachkris. Den Effekt vun engem eenzege Witz ka villfälteg sinn. E kann encouragéieren oder op en aktuelle Problem an der Gesellschaft hiweisen. Oder einfach just blesséieren. D’Anne a de Mateiu hunn sech duerch d’Internet geklickt an dobäi Héichten an Déiften a Punkto sexuellen Humor entdeckt, déi Si an der neier Folleg ausernee plécken. Biller, iwwert déi an der Sendung geschwat gëtt: An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sexualitéit, Kriibs, a wéi dës Krankheet d...
Dec 27, 2019•30 min•Season 2Ep. 7
Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D'Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner Sprooch schwätzt wéi seng Sexualpartner*innen? Ausserdeem Breaking News: Brëscht hunn och en Zyklus - lauschter dozou d’Rubrik! Quell Rubrik: https://www.facebook.com/pg/givingthetalk/...
Dec 13, 2019•31 min•Season 2Ep. 6
Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché gesäit. Donieft ass d‘Homofeindlechkeet, déi nach ëmmer mam Thema HIV verbonnen ass, genee esou een The...
Nov 29, 2019•30 min•Season 2Ep. 5
Stöhnen, quiitschend Better, Flutsche … Sex ass meeschtens net immens lues. De Joël, d'Anne an d'Kelly ënnerhalen sech an dëser Episod zu dräi iwwer all méiglech Geräischer beim Sex. Dës Kéier gëtt et keng Rubrik, mä dowéinst awer 29 Minutte laang een auditiven Dräier zu Audioporn, Faken, Verstäerken an Ënnerdrécke vu Geräischer, déi d'Loscht verstäerken oder verklengeren. En plus kläre mir endlech de Mystère, wat et mat Risotto a Sex op sech huet.
Nov 15, 2019•29 min•Season 2Ep. 4
An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwer "Petting". Wat heescht dat? Ass dat scho Sex? oder ass dat einfach en anert Wuert fir Virspill? An zum Schluss an der Rubrik en „How to: Wat well ech?”, wou d'Kelly Iech Tipps gëtt wéi een zesummen oder eleng seng Virléiften an seng Grenzen erausfannen kann. Dozou och hei ee klenge Link: http://queertopia.blogsport.de/images/JaNeinVielleichtListe.pdf
Nov 01, 2019•28 min•Season 2Ep. 3
An da zweeter Folleg vun der 2ter Staffel diskutéiere Kelly an Anne iwwert wéi, firwat a wou Sex op ëffentleche Plazen interessant, spannend a munchmol awer och komesch oder komplizéiert ka sinn. An wei gewinnt gëtt et zum Schluss eng Rubrik. Hei erzielt eis den Elie alles wat een iwwert dat speziellt Organ "Prostate" wësse soll.
Oct 18, 2019•29 min•Season 2Ep. 2
Wëllkomm an der 2ter Staffel vun „Méi wéi Sex“! Dat neit Team stellt sech vir: Kelly, Joël, Anne, Mirka, Elie, Mateiu. Ween mécht wat, wat sinn hier Virléiften a wat gëtt et wärend der 2ter Staffel alles ze héieren? Dat gitt dir an dëser éischter Episod gewuer. An zum Schluss gëtt et eng „How To“ - Rubrik iwwert „Gruppesex“! Lauschtert eran!
Oct 04, 2019•30 min•Season 2Ep. 1
D'Kelly an d'Tessie kucken zeréck op déi éischt Staffel, ginn op Feedback an, schwätzen iwwer hier Liiblingsfolgen, wéi eng Themen nach net dru komme sinn a kucken an d'Zukunft.
Jul 30, 2019•25 min•Season 1Ep. 42
D’Kelly a säi Gaascht d’Ruth schwätzen iwwer Pickelen, cool sinn, déi éischt Masturbatiounserfahrungen, Geschlechtsufuerderungen an nach vill méi.
Jul 08, 2019•34 min•Season 1Ep. 41
An dëser Folleg dréit sech alles ëm Musek: Musek beim Sex, beim Masturbéieren an an der Bezéiung. D'Tessie an de Joël schwätzen iwwer schéin wéi och manner schéin Erfahrungen.
Jun 28, 2019•25 min•Season 1Ep. 40
Wat gehéiert alles zu Intim-Hygiène? Ass et schlëmm, wann een de Genitalgeroch vu sengem Partner oder senger Partnerin net gär huet? D'Kelly huet mat eisem Gaascht dem Ruth iwwert eegen Erfahrunge, Intimseefen, Oralsex, Sextoys an nach vill méi geschwat.
Jun 24, 2019•32 min•Season 1Ep. 39
Kënne Männer a Fraen enk Frëndschafte mateneen hunn, ouni dass et komplizéiert gëtt? D'Kelly an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik dréit sech alles ëm Squirten.
Jun 07, 2019•27 min•Season 1Ep. 38
Wat ass d’Definitioun vun engem Date? A wéi ënnerscheed sech monogamt vun net-monogamen Daten? Äntwerten op dës Froen ze fannen, ass net sou einfach wéi ee menge kéint...
Jun 03, 2019•31 min•Season 1Ep. 37
Wa Leit vu sech behaapten, knaschtege Sex ze hunn, wat menge se domat? Séieren, onperséinlechen Sex? Ongewéinlech Stellungen? Rollespiller? Dirty Talk? Wat ass den Ennerscheed zu sougenanntem "Blümchensex"? D'Kelly an d'Tessie hu probéiert et rauszefannen.
May 27, 2019•29 min•Season 1Ep. 36
Fir säin Alldag kierperlech a psychesch gutt ze iwwerstoen, ass et wichteg, Self-Care ze maachen. Mä wat ass dat iwwerhaapt a muss een dofir ëmmer Suen ausginn? D’Kelly an d’Tessie hunn iwwer hier Erfahrunge geschwat. An der uschléissender Rubrik dréit sech alles ëm déi éischte Kéier.
May 20, 2019•29 min•Season 1Ep. 35
Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D'Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat. An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.
May 13, 2019•28 min•Season 34Ep. 34
Egal ob a Frëndschaften, an der Famill an enger Bezéiung, beim Sex oder mat Friemen - d'Grenzzéiunge vun anere respektéieren ass ëmmer wichtg. D'Kelly an d'Tessie hunn doriwwer geschwat, wéieng Zorte vu Grenzen et ginn, wourun ee se erkennt a wéi ee se kommunizéiere kann. D'Aarbechtsbuch fir beim Grenzesetzen ze hëllefen: Les Migras (2018)
May 09, 2019•30 min•Season 1Ep. 33
Ass et eng gutt Idee, vun enger Bezéiung op eng Frëndschaft iwwerzegoen? Wat ass, wann déi eng Persoun dat wëll an déi aner net? A wéieng Schwieregkeete kënnen dobäikommen, wann d’Ex-Persoun eng nei Bezéiung huet? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.
Apr 30, 2019•30 min•Season 1Ep. 32
Wat ass queere Sex? Hu queer Persounen ëmmer queere Sex an hetero Leit nie? Deene Froen sinn d'Tessie an d'Kelly nogaangen. An der Rubrik geet et ëm psychesche Mëssbrauch a romantesche Bezéiungen. Literatur: Körper, Sexualität und Beziehung für Junge Trans*menschen (Trans*Rech e.V. 2017)
Apr 23, 2019•25 min•Season 1Ep. 31
D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.
Apr 15, 2019•35 min•Season 1Ep. 30
Wéini schwätzt ee vu Liebeskummer a wéi kann een domat ëmgoen? D'Kelly an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.
Apr 11, 2019•37 min•Season 1Ep. 29
Niewt Raséieren an Hoerwechmaachcrèmen, ginn et Methoden, déi d'Hoer méi laangfristeg ewechmaachen. Déi sinn awer deier an dinn dacks wéih. D'Anne an d'Tessie tauschen hier Erfahrungen aus. Duerno kommen e puer Tipps vum Kelly zu Handjobs.
Mar 29, 2019•23 min•Season 1Ep. 28
Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.
Mar 22, 2019•31 min•Season 27Ep. 27
Wouduerch verléiert ee seng Jongfralechkeet? Ass dat iwwerhaapt wichteg a wat huet d'Jungfernhäutchen domat ze dinn? D'Kelly an d'Tessie hunn doriwwer diskutéiert. An der Rubrik geet et ëm d'Sexualpraktik "Fingering".
Mar 15, 2019•24 min•Season 1Ep. 26
Wann et drëm geet, sexuell Belästegung ze bekämpfen, läit d'Verantwortung haaptsächlech bei den Täter. Mä wat mécht een, wann ee sou enger Situatioun ausgesat ass? Wéi kann ee sech schützen? A wéi kann een aneren hëllefen? D'Anne an d'Tessie stellen e puer Methode fir. An der Rubrik ass d'Enrica vum Cigale bei Kelly am Studio, fir iwwer seng Aarbescht ze schwätzen.
Mar 08, 2019•28 min•Season 1Ep. 25
Wouhier wees ech, wéieng sexuell Orientéirung ech hunn a wéi ech se bezeechne soll? Ass et ok, sech kee Label wëllen ze ginn, also net ze soen, dass een hetero, schwul, bi, asexuell oder wat och ëmmer ass? D’Kelly an d’Tessie soen hier Meenung dozou ass. An der Rubrik geet et em Fellatio, och nach bekannt als: Blosen.
Mar 04, 2019•28 min•Season 1Ep. 24
Hoer um Kënn, op de Baken, um Hals oder iwwer der Lëps... Déi eng hunn et méi, déi aner manner gär, wann aner Leit vun deenen Hoer wëssen. D'Anne an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik mam Kelly geet et ëm Cunnilingus, och nach bekannt als: Lecken.
Feb 22, 2019•22 min•Season 1Ep. 23