Passt e Reebou an eng Sportshal? Wéi kann ee Schoulsport méi inklusiv gestalten a wat geschitt, wa Léierpersonal d’Schüler:innen no hirer Meenung freet? Dës Froen huet d’Anne mat de wibbelegen an engagéierte Proffe Sybille a Mandy ( iron sparks crossfit ) diskutéiert.
Apr 23, 2021•43 min•Season 3Ep. 82
Aner Gewunnechten, friem Astellunge – an trotzdeem eng Bezéiung? Mir schwätzen dës Kéier iwwer interkulturell Bezéiungen. No engem klengem Exkurs iwwert de Kultur-Begrëff schwätzen d‘Anne an de Joël iwwert verschidde Kulturen am Bezuch op Iessen, Schaffen, Léieren an Diskutéieren. Ausserdeem beäntwerten si déi brennend Fro, wéi wichteg et ass, de selwechten Humor wéi seng Sexpartner*innen ze hunn.
Apr 09, 2021•40 min•Season 3Ep. 81
Hien ass net nëmmen en danzende Sänger a e sangenden Dänzer. Den Edsun ass e kreative Mënsch, deen seng Gedanken op eng spannend Aart a Weis a senger ganz eegener Konscht ëmsetzt a sengem Public doduerch vill Kraaft weidervermëttelt. Mir hu mat him iwwer Kultur am Zesummenhang mat sexuellen Identitéiten, Empowerment a Kritikfäegkeet geschwat. An der Rubrik geet den Elie op sexuell Fantasien an.
Mar 26, 2021•55 min•Season 3Ep. 80
Wat ass Casual Sex? Ass et nach “casual” wann (mindestens) een sech verléift? Mat wiem huet een casual sex - an wéi léiert een sech kennen? Wéi fillt sech de Sex un? An wéi kann een gutt op sech oppassen? Dat beschwätzen Kelly an de Joël.
Mar 12, 2021•32 min•Season 3Ep. 79
Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der Partner*in si kann. Nieft der Fro, ob een iergendwann just nach eng Persoun ass, schwätze mir natierlech och doriwwer, wéi sech d’Sexliewen verännert – a wéi et ...
Feb 26, 2021•48 min•Ep. 78
Wat heescht "Weiblechkeet"? An wien bestëmmt dat? D’Anne an d’Kelly schwätzen iwwer (eegen) Virbiller, widderspréchlech Weiblechkeetsufuerderungen, sexuell Unzéiung an iwwer Homarden. Jo, richteg, déi kleng rout Déieren mat der haarder Schuel. Wat et domat op sech huet, lauschtert der hei. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert déi sougenannten "relationship anarchy". Hei an hei fannt dir d’Gender Unicorns an d’Gender Schwéngecher vun deenen d’Kelly an der Folleg schwätzt....
Feb 12, 2021•1 hr 5 min•Season 3Ep. 77
Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegene Wee dierf goen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer eng ganz bestëmmte Form vu sexualiséierter Gewa...
Jan 29, 2021•1 hr 7 min•Season 3Ep. 76
Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.
Jan 15, 2021•47 min•Season 3Ep. 75
D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a wéi kann ech mech sou virbereeden, dass ech eng Balance tëscht dem Rausch a Risiko ka fannen? Vum 7. ...
Jan 01, 2021•54 min•Season 3Ep. 74
Proximitéit tëscht Koppelen oder bei Dates war 2020 just ënnert erschwéierte Konditioune méiglech. Mä am digitalen Zäitalter gëtt et jo glécklecherweis nach aner Méiglechkeeten, enger Persoun seng Loscht ze weisen, se mat hir ze deelen an zesummen ze genéissen. D’Kelly an de Joël hunn sech offline doriwwer ënnerhalen, wéi een online Spaass kann hunn ouni dobäi de Schutz ze vergiessen. D’Rubrik hält eng Rees an d’Welt vun de Fetischer bereet. Hei sinn nach Siten, op denen dir weider Informatioune...
Dec 17, 2020•48 min•Season 3Ep. 73
Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer "Skin hunger".
Dec 04, 2020•40 min•Season 3Ep. 72
„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaascht, dem Amsel. An der Rubrik geet et ëm d’Pëll dono. (Dës Folleg ass op Däitsch.)
Nov 20, 2020•38 min•Ep. 71
Fänkt Friemgoe schonn am Kapp oder réischt am Bett un? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Reegelen an Ofmaachungen? An lauschtert d‘Méi wéi Sex-Team och heiansdo friem? An der Folleg Nr.70 liwweren d’Kelly an den Elie Äntwerten dorobber. An der Rubrik erkläert den Elie, wéi een den eegene Schnurres mat sozialem Engagement verbannen kann.
Nov 06, 2020•38 min•Season 3Ep. 70
Firwat behëlt den Dr. House sech heiansdo einfach nëmme wéi en Aasch? Hunn Asexueller automatesch weder Sex nach Bezéiungen? An wat huet dës Orientéierung mat Kuch ze dinn? Doriwwer huet d’Anne mam Julia Maria diskutéiert. An der Rubrik geet d’Kelly op den Gender-Begrëff an.
Oct 23, 2020•53 min•Season 3Ep. 69
Op elo en gerassene Kondom, eng Analfissur oder en Ausschlag am Intimberäich. All dëst si Saachen, déi een definitiv net mat aplangt, mä déi awer mol geschéien kënnen, wann een sech eleng oder mateneen ameséiert. Net ze panikéieren a sech selwer hëllefen ze kënnen, ass wichteg. Awer et ass genee sou legitim, och Professioneller em Rot ze bieden. Wéi een Akzidenter méiglechst vermeiden an wou een am Fall vun de Fäll uruffen kann, doriwwer schwätzen d’Kelly an d’Anne an där neier Folleg.
Oct 09, 2020•37 min
Zitt ee mat engem klenge Penis automatesch de Kierzeren? Wéi vill verschidde lëtzebuergesch Wierder gëtt et fir dat Organ, dat an der Chatfënster scho mol a Form vun enger Aubergine opdauche kann? An ass ee mat Erektiounsstéierungen en Eenzelfall? All dës Froen diskutéieren den Elie an de Joël an där neier Folleg vu Méi wéi Sex. D’Kelly vergläicht an der aktueller Rubrik Kondomer mat Sombreroen a Kleeserchersmutzen. Wann der wësse wëllt, firwat den Ënnerscheed tëscht béidem wichteg ass, da lausc...
Sep 25, 2020•39 min•Season 3Ep. 67
Firwat huet de Winnie Puuh keng Ënneschtbox un? Gëtt et Ënnerwäsch mat Spëtzt fir Mënsche mat Penis? Sinn Tennisstrëmp an der Kombi mat Birkenstock sexy? A wien ass deen ominéisen de Marcel? De Joël an d’Anne maachen et an der 66. Episod vu Méi wéi Sex gewëssermoosse wéi d’Superheld:innen a ginn der Ënnerwäsch méi Visibilitéit wéi soss.
Sep 11, 2020•48 min•Season 3Ep. 66
Mir sinn um Enn vun der zweeter Staffel ukomm an zéie Bilan. Hu mir iwwer méi wéi Sex geschwat? Nieft ärem Feedback schwätze mir doriwwer, wat eis schéinsten a witzegst wéi och schwieregst Momenter waren, wat gefeelt huet a wat fir Themen op iech an der drëtter Staffel duerchkommen. Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit zu 2 verbrénge kann, a wei een sech am beschten uleet vir ee Summer Fling ze fannen. Stay hydrated, kids. ...
Aug 07, 2020•41 min•Season 2Ep. 23
Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn. An der Rubrik äntwert d'Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°4 : “Ass dat normal … keen Orgasmus kennen ze hunn?”
Jul 24, 2020•43 min•Season 2Ep. 22
Wat mëcht Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi.An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 - Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer Froen déi een sech stelle soll sinn: Kann ech eng Erektioun halen, wann ech eleng masturbéieren? Gesc...
Jul 10, 2020•43 min•Season 2Ep. 21
Hunn Iessstéierungen ëmmer eppes mam Ausgesinn ze dinn? Gëtt et sou eppes wéi "rëm Iessen léieren"? A wéi nennt een Leit, déi hir Krankheet iwwerlieft an de Wee zréck zu engem agreabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fonnt hunn? All dëst diskutéieren d´Anne an d´Nora an dëser Folleg. Links: - Eating recovery center: https://www.eatingrecoverycenter.com/myrecoveryletter?fbclid=IwAR0lOYeOQaaVIYdBFvzQR1GvMpr1mZz-snKlQ9zmtnOOIa0a1IlxWt5AgRo - Terapienetz - Essstörung: https://www.facebook.com/Therapienet...
Jun 26, 2020•48 min•Season 2Ep. 20
Wann een*t wäit fort vun där Persoun wunnt, déi een*t gären huet, kann dat zimmlech ustrengend sinn. D‘Anne an de Joël schwätzen iwwert Fernbezéiungen um aneren Enn vum Planéit an zu Lëtzebuerg, iwwert Sex op Distanz, Kommunikatioun an temporär gemeinsam Welten. Wat dat ganzt mam Klimawandel ze dinn huet, gitt dir och gewuer. An der Rubrik dës kéier: Eng gutt Fro – Wat ass de Sex Drive? Männer wëllen ëmmer a Fraen hunn ni Loscht? Wat dreift eis, a wat bremst eis? Wat dréit alles zu eisem sexuell...
Jun 12, 2020•33 min•Season 2Ep. 19
Festivals kënne mat Musek lauschteren, vill Kultur an Danze bis een emfällt ze dinn hunn. Mee net seele gehéiert dozou och Knuutschen, Schmusen a vläicht souguer Sex. Deen een oder dat anert ass dobäi net méi ganz niichter. Fir dass dat net schif geet, ass et immens wichteg, informéiert ze sinn. An der neier Folleg preparéieren d´Anne an de Carlos vu Pipapo sech am Kapp op e Festival fir d´nächst Joer. Dat wat si soen, gëllt awer genee sou, wann een doheem mat enger oder méi Persoune wëll intim ...
May 29, 2020•40 min•Season 2Ep. 18
Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een sou matenee schwätzt, dass een och gehéiert a verstane gëtt. Wat gelift? Lauschte...
May 15, 2020•31 min•Season 2Ep. 17
Wann et em Sex a Behënnerung geet, dann huet een et dacks mat Barrière am Kapp an net mat physesche Barrière ze dinn. Déi muss een erkenne fir se ofbauen a Zäertlechkeet genéissen ze kënnen. Dat ass d’Thema vun der neier Folleg an där d’Anne vum Podcast an en anert Anne eescht Gespréicher féieren, mee och vill laachen. An der Rubrik schwätzt d’Kelly iwwer Gefiller, a firwat et sech lount se all ze fillen.
May 01, 2020•30 min•Season 2Ep. 16
Et kribbelt am Bauch, wann ech eng Persoun gesinn, mä heescht dat, datt ech verléift sinn? Kann sech eng néi Frëndschaft wéi verléift-sinn ufillen? Wisou well ech verschidde Leit just kucken an net upaken? D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert déi verschidde Forme vun Unzéiung an erkläre Konzepter, fir besser mam Gefillschaos ëmzegoen. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer: Pleasure Mapping. Dës ass eng Technik wou ee Kierperdeeler erfaasst vir erauszefanne wat sech gutt ufillt, a ...
Apr 17, 2020•38 min•Season 2Ep. 15
D´Entdeckungsrees iwwer den eegene Kierper soll sech net ufille wéi en iwwerfëllten Owend op der Schueberfouer, wou e gestouss a vu jidderengem op d´Féiss getrëppelt gëtt. Wéi kann een ellen Erfarunge vermeiden a sech awer selwer kenne léieren? Iwwer schéi Weeër bis zum Punkt vun der Loscht schwätzen d´Liz, d´Laurence an d´Anne an der neier Folleg vu Méi wéi Sex. An der Rubrik schwätz d’Kelly iwwer etheschen Pornokonsum, d’Mainstream-Porno-Industrie an fair porn. Ressourcen zum Thema vun der Rub...
Apr 03, 2020•39 min•Season 2Ep. 14
Den Elie an d’Kelly schwätzen iwwer Verhütung (och nach: Contraceptioun) a froen sech: Wat fir Verhütungsmëttele gëtt et? Wéie Verhütungsmëttel ass dat richteg fir mech? Wéi benotzen ech et richteg? A wat si Vir- an Nodeeler? An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een an Zäite vun der Quarantän gesond bleiwe kann. Ressourcen: - macontraception.lu - safersex.lu - liebesleben.de...
Mar 20, 2020•40 min•Season 2Ep. 13
Du bass jonk, waart mol of! Wien këmmert sech soss em dech, wann s de al bass? Dat ass dach natierlech, firwat fäls du aus der Rei? D´Reaktiounen, déi ee kritt, wann ee keng Kanner wëll, si villfälteg. Dacks sinn se grenziwwerschreidend a léisen Drock aus. D´Anne a säi Frënd Max, déi zesummen decidéiert hunn, keng eege Kanner ze kréien, plaidéiere fir en aneren Ëmgang mat sou Froen an der Gesellschaft. D’Kelly schwätz an der Rubrik “How to stay safe in Luxemburg” iwwert: wou een sech kann testen...
Mar 06, 2020•37 min•Season 2Ep. 12
Op eng Party goen, fir do sexuell Erfarungen ze hunn, vläicht och nach an der Grupp? Dat ass guer net esou onméiglech, wéi et vläicht klengt. De Joël schwätzt dës Kéier mat sengem Gaascht Anne doriwwer, wéi et ass, op Playpartyen ze goen, wéi een*t sech dorobber virbereet, wéi ee*nt mat Erwaardungen ëmgeet a wisou Konsens op sou Plazen immens wichteg ass.
Feb 21, 2020•33 min•Season 2Ep. 11