Méi wéi Sex - podcast cover

Méi wéi Sex

Méi wéi Sexsexpodcast.ara.lu
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

#172: Summer Book Club: Ocean Vuong – On Earth We’re Briefly Gorgeous

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We're Briefly Gorgeous virstellt. Et geet ëm dem Schrëftsteller seng eege Geschicht, an deelweis d’Familljegeschicht als Aart vu fiktiver Autobiografie. Et geet em Krichststrauma, Familljendrama, Identitéit, Schicksal, a Kultur. Infos zum Buch on-ea...

Aug 08, 20259 min

#171: Summer Book Club: Renske Diks – Queens of Beirut

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Robin, deen eis dem Renske Diks hir Etüd Queens of Beirut virstellt. Et geet ëm d'Liewen an d'Existenzen vun Drag Queens an der lebanesescher Stad Beirut a wéi si mat den Traumata vu Kricher, Krisen a Queerphobie ëmginn. Infos zum Buch Renske Diks – Queens of Beirut, publizéiert bei Ezo Wolf...

Jul 25, 202510 minSeason 7Ep. 171

#170: Summer Book Club: Gretchen Felker-Martin – Manhunt

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d'Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies goufen. Infos zum Buch Gretchen Felker-Martin – Manhunt, publizéiert bei Tor Nightfire...

Jul 11, 20257 minSeason 7Ep. 170

#169: Manner ass Méi – Broschtverklengerung

Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer den Hymen.

Jun 27, 202552 minSeason 7Ep. 169

#168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands

Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Koppeltherapie. Shownotes: Iwwer d'Studie mat de Sexaarbechterinnen: Segal, L. (2001) ...

Jun 13, 202543 minSeason 7Ep. 168

167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller?

Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d’Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd’Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefiller, iwwer Romantik alsgesellschaftlecht Konstrukt an doriwwer, wéi cute Gesten eng(romantesch) Bez...

May 30, 202554 minSeason 7Ep. 167

#166 Däerf ech dech kussen? Konsensmodeller an hir Limitten

Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d'Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d'Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze stellen. Et geet net nëmmen dorëms, wat fir eng Philosophie déi verschidde Modeller hunn, mä och dor...

May 16, 202545 minSeason 7Ep. 166

#165: AI & Me – den Afloss vu kënschtlecher Intelligenz op eist Sexliewen

Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d'Ella diskutéieren iwwert Vir- an Nodeeler vu KI, erzielen iwwert hir Erfarunge beim Flirte mat ChatGPT a prognostizéi...

May 02, 202553 minSeason 7Ep. 165

#164: Fuck around and find out? – konstruktiv mat Regreten ëmgoen

Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwätzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hätt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono gaangen ass a wéi si domadder ëmgaange sinn. An der Rubrik erklärt den Elie d Pornotrends vum Joer 202...

Apr 18, 202550 minSeason 7Ep. 164

#163: Swipen, Matchen, Fécken? – Online Sex fannen

Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déieren op Profilfotoen an schwätzen doriwwer, wéi een*t sech méiglechst sécher op esou Plattforme bewe...

Apr 04, 202540 minSeason 7Ep. 163

#162: Féck de System – Wéi de Kapitalismus eise Sex futti mécht

Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten. An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Mon...

Mar 21, 202547 minSeason 7Ep. 162

#161: Wéi Therapie mäi Sexliewe verännert huet – Therapie, Bezéiungen a Sexualitéit

An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den El...

Mar 07, 202544 minSeason 7Ep. 161

#160: Size matters? – Penisgréisst

D'Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. "De Penis" gëtt et dobäi amfong net wierklech - Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d'Meenungen iwwer d'Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, firwat mäer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wa...

Feb 21, 202552 minSeason 7Ep. 160

#159: Tëscht Wichsvirlag a Musée – sexy Konscht konsuméieren

Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten. An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir. Shownotes - Buch: "erotica universalis" (TASCHEN ...

Feb 07, 202545 minSeason 7Ep. 159

#158: Let’s talk? – Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen

An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Poppers....

Jan 24, 202553 minSeason 7Ep. 158

#157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen

Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen pr...

Jan 10, 202548 minSeason 7Ep. 157

#156: Make or break – Strait, Versöhnung an (keen) Sex

An dëser Episode schwätzen Elie a Kelly iwwer (gutt a manner gutt) Grënn fir no engem Konflikt Sex ze hunn. Weieng Léit hunn éischter Makeup Sex? Wat kann een ausser Sex nach machen? An wat ass mat Breakup Sex? Dat héiers du elo. Rubrik How to Complete your Stress Cycle

Dec 27, 202448 minSeason 7Ep. 156

#155: Gutt spruddeleg – Wéi Neurodivergenz Bezéiungen a Sex beaflosst

Een neurodiverst oder neurospruddelegt Gehier ze hunn, verännert déi Aart a Wéis, wéi een*t Bezéiunge feiert a wéi een*t Sex huet. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod, wéi dat fir si ass. Si erziele vun Diagnosen, vu Luuchten, déi ze haart sinn a vun de Gemeinsamkeeten tëscht Queerness an Neurospruddelegkeet. An der Rubrik erkläert eis Kelly, wat Meta-Gefiller sinn a wéi se eist Sex- a Bezéiungsliewen veränneren.

Dec 13, 202453 minSeason 7Ep. 155

#154 Ech sinn een Kierper, an elo? – Body-Mind-Split (an der Praxis)

Hues du e Kierper oder bass du e Kierper? D'Trennung vu Kierper ( body ) a Geescht ( mind ) bestëmmt, wéi mer (eis) fillen a wéi mer mat eis, mat Aneren a mat der Ëmwelt ëmginn. Ween woren déi al wäiss Männer, déi di Trennung/Hierarchie erfonnt hunn? An vill mei wichteg: Wat mer kenne maachen (Sex?), fir déi ze hannerfroen? Quellen - Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen

Nov 29, 202447 minSeason 7Ep. 154

#153: Loscht, Spaass, Intimitéit – Wat sinn Grënn fir Sex?

Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex - mee firwat? Däer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobäi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwätze si doriwwer, wéi a firwat "Sex hunn" als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt - e Phänomen, dat als "compulsory sexuality" bezeechent gëtt. An der Rubrik verzielt Kelly, wéi een*t bess...

Nov 15, 202450 minSeason 7Ep. 153

#152: Op Aenhéicht trotz Ënnerscheeder – Hierarchien a Bezéiungen

Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich, mä och iwwert Fro, ob et méiglech ass, säin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwätzt den Elie i...

Nov 01, 202442 minSeason 7Ep. 152

#151: Dsau, dsa an aner Obscénitéiten – Sprooch a Pronomen

An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen. An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmge...

Oct 18, 20241 hrSeason 7Ep. 151

#150: Vu Pornoen, Freud a Fanfictions  – wouhier kommen eis sexuell Fantasien?

Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël op eng Rees an d'Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert komesch Theorien, wéi gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andréngen an doriwwer, wéi ...

Oct 04, 202448 minSeason 7Ep. 150

#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it

Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn. An der Rubrik gëtt Kelly e...

Sep 20, 202453 minSeason 7Ep. 149

#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier

Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Aus...

Sep 06, 202435 minSeason 7Ep. 148

#147: Wat ass queer? – Community Episod

Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl! Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat "queer" amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent Mënschen inherently queer? Gëtt et amfong "d queer Community"? A wat ass eigentlech queere Sex? An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer...

Jul 12, 20241 hrSeason 6Ep. 147

#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung

Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och ...

Jun 28, 202449 minSeason 6Ep. 146

#145: Vu Gefiller a Kierperen – Schwangerschaft

Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert...

Jun 14, 202453 minSeason 145Ep. 145

#144: Oneenegkeeten aushalen – Konstruktiv Streiden

Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem G...

May 31, 202450 minSeason 6Ep. 144

#143: Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften

Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring...

May 17, 202451 minSeason 6Ep. 143
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android