Kultur - podcast cover

Kultur

radio 100,7www.100komma7.lu
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Am Gespréich mat der Claire Wagener an der Elsa Rauchs

D’Biergerbühn, ee Projet-Phare vum Kollektiv Independent Little Lies, erlaabt et, net professionelle Mënschen, déi sech fir Theater begeeschteren, sech mat Professionellen aus dem Theater am Kader vu Workshoppen auszetauschen - an u gemeinsame Projeten ze schaffen. No "Doheem", engem Stéck, dat 2022 am Ferroforum opgeféiert gouf, feiert Enn der Woch hiren neie Projet “The Stranger Song” an der Kufa Premiere. D’Metteuse en scène Elsa Rauchs a Claire Wagener, déi d’Biergerbühn zanter 2022 zesumme ...

Jun 24, 202515 min

Als “Intro” fir d’Biennale vu Venedeg 2026

De leschte September war et d’Nouvelle, datt d’Aline Bouvy 2026 Lëtzebuerg op der renomméierter Konschtbiennale vu Venedeg representéiere wäert. Déi belsch-lëtzebuergesch plastesch Kënschtlerin, déi 1974 zu Bréissel op d’Welt koum, notzt d’Konscht als Outil, fir d’Grenzen, d’Hierarchien an d’Kontrollmechanisme bannent Espacen an Normen ze hannerfroen. Dat heefeg op eng spilleresch bis ironesch-satiresch Manéier. An d’Dimensioune bei hire Skulpturen a Molereie kéinte fir en “AliNe in Wonderland” ...

Jun 20, 202518 min

Fotografie vun der Agnès Varda am Paräisser Musée Carnavalet

Déi franséisch Realisatrice Agnès Varda huet haut absolutte Kultstatus. Mat Filmer an Documentairë wéi “Cléo de 5 à 7”, “Sans toit ni loi” oder och “Les Glaneurs et la Glaneuse” huet si sech als Ikon vum franséische Film etabléiert. Manner bekannt ass der 2019 verstuerwener Kënschtlerin hiert Wierk als Fotografin. Dofir huet de Musée Carnavalet zu Paräis dësen Aarbechten eng Ausstellung dediéiert, déi och d’Relatioun tëschent der Artistin an der Stad an de Mëttelpunkt stellt. De Max Tholl war fi...

Jun 20, 20255 min

Klassesch Musek Open-Air

Den 29. Juni spille Museker:inne Wierker vu Brahms, Zemlinsky a Pavel Haas. Deels si manner populär Wierker dobäi, déi een awer haut net vergiesse soll, mengt de Leo Halsdorf am opus 100,7 Interview. Ob Concerte spillen oder programméiere méi ee grousse Challenge ass, och dat verzielt hien am Gespréich mam Lex Kauffmann.

Jun 20, 20257 min

The White Lotus

Eng Serie, déi eis mat an e Vakanzen-Idyll hëlt. Et stellt sech awer no an no eraus, datt net alles esou schéin ass, wéi een den éischten Ament kéint mengen. De Simon Larosche stellt d'Serie vir.

Jun 20, 20254 min

Kënschtler:innen nom Reality Check

Wien oder wat ass ideal fir e “Reality Check”? Fir d’Ekipp vun der Escher Konschthal natierlech d’Konscht. Bis de Sonndeg inclus presentéiert si an enger Gruppenexpo eng hallef Dose Kënschtler:innen, déi konkret Realitéiten op hir Manéier mat, gréisstendeels, der Konschtfotografie iwwersetzen. Dorënner och dräi Lëtzebuerger:innen: d’Séverine Peiffer, déi mam Nass-Kollodium schafft, engem Procédé aus dem 19. Joerhonnert; de Marc Schroeder, Ex-Banquier, mat sengem perséinlechen Temoignage iwwer 40...

Jun 19, 202512 min

"Clamser à Tataouine" vum Raphaël Quenard

Mat "Clamser à Tataouine" bréngt dee jonke franséische Schauspiller Raphaël Quenard ee provokante Roman iwwer eng verzweifelt Erzielfigur, déi zum Mäerder gëtt, eraus. Ob de Quenard genee esou gutt schreift, wéi e spillt - an ëm wat et wierklech a sengem éischte Roman geet, verréit eis de Jeff Schinker.

Jun 19, 20255 min

Whisky

Eng BD, geschriwwe vum Bruno Duhamel a gezeechent vum David Ratte. Et geet ëm zwee Sans-Abrisen, där hir Situatioun weider eskaléiert. Den Nicolas Calmes huet d'BD fir eis gelies.

Jun 19, 20257 min

Dieren tëschent Museksgenren opmaachen

Et wëllt een nei Dieren tëschent de verschiddene Museksgenren opmaachen. Dat seet d'Florence Martin, artistesch Directrice zanter 2024 vun der Cité musicale-Metz. Elo huet si déi nei Saison virgestallt, déi ënner dem Motto "D'Fënster zur Welt" steet. Museker:innen aus verschiddene Länner kommen am Programm zesummen. Mee ass een immens breede Mix net ze vag fir ee Saisonsprogramm oder soll ee sech grad bei Programmatioune méi trauen? Dat huet de Lex Kauffmann vum opus 100,7 d'artistesch Directric...

Jun 18, 20257 min

"Die tödliche Doris“ an der Galerie Requisite

Wolfgang Müller aus Wolfsburg ... kléngt wéi ee Witz? Mee genee iwwer deen Här wëllt d’Kerstin Thalau hei schwätzen. Well dem Kënschtler, Auteur a Museker seng Konzeptkonscht nach bis den 22. Juni inclus an der Escher Konschthal ze gesinn ass. “Galerie Requisite” dokumentéiert dem Wolfgang Müller säi kënschtleresche Wee: vun der Grënnung vun der legendärer Berliner Post-Punk-Band “die tödliche Doris” 1980 an hirer Opléisung a Wäiswäin 1987 bis zu der Ouverture vum Doris-Archiv 2019. Iergendwou t...

Jun 18, 202513 min

Kulturellt Tentakelwiesen

Deene richtege Kënschtler:innen eng Visibilitéit ze ginn, dofir ginn déi 4 Programmatricen a Programmateuren esou zimmlech alles, och wann déi grouss Rotonde zou bleift an amplaz ee reduzéierte Black Box Espace zur Verfügung steet an aner logistesch Bausstelle-Barriären no Ëmweeër verlaangen. Net nëmmen ass d’Programmatioun mat all hiren Ëmweeër en determinéiert Héichhale vu Valeuren a Projeten, déi iwwer d’Joren zu feste Rendez-vousen, Kollaboratiounen a laangfristege Vecteuren am Lëtzebuerger ...

Jun 18, 20255 min

Musek am Atertdaul

5 Gemengen aus der Vallée de l'Attert tëschent der Belsch a Lëtzebuerg gi sech fir déi mëttlerweil 27. Editioun Rendez-vous beim Festival Musique dans la Vallée. Rezent gouf de Programm aus der Editioun 2025 presentéiert. Ee Grond fir de Lex Kauffmann mat der Directrice Sylvie Hubert iwwer d'Programmatioun ze schwätzen.

Jun 17, 20254 min

Nei am Kino

Den Nicolas Calmes verréit eis, wéi eng Filmer dës Woch ulafen.

Jun 17, 20256 min

"Versions des faits" am TNL

"Versions des faits” erzielt d’Geschicht vun enger eelerer Koppel, déi un enger Vergëftung stierft an domat eng Gemeinschaft op d’Kopp geheit, déi no engem Schëllege sicht - an an der Persoun vun engem Aussenseiter, deen ee Bistrot an ee Gaart nees opliewe gelooss huet, och ee perfekte Responsabele fënnt. D’Nathalie Ronvaux, déi dëst Joer Hausautorin am TNL ass, huet een donkelt Stéck iwwer eng postfaktuell Welt geschriwwen, déi haut nach bal méi wéi soss hire Sündenbock braucht. Een Dag virun d...

Jun 17, 202523 min

Lëtzebuerg, ee Fréijoersmärchen

Mam Gedichter-Epos “Deutschland - ein Wintermärchen“ huet den Heinrich Heine déi politesch Verhältnisser vun der Restauratiounszäit an Däitschland satiresch a sarkastesch kritiséiert. Schonn dräi Joer virdrun haten d'Joreszäite bei sengem "Atta Troll - ein Summernachtstraum" eng Aart shakespearianesch Roll iwwerholl. An de Komponist Franz Schubert huet verschidde Reesbiller als "Lieder" vertount. Och mir hunn eis un d'Kompositioun vun eisem eegene "Fréijoersmärchen" erugetraut ...

Jun 16, 20258 min

"Er hat dieses Klavier patentieren lassen"

Vum 30. Juni un, gëtt et an der BNL (Bibliothèque Nationale du Luxembourg) eng Austellung iwwer de Pierre Nimax senior. Hie war ënner anerem Dirigent vun der Militärmusek, Kappellmeeschter vum groussherzoglechen Haff, Pianist, Organist, Komponist, Sänger a Pädagog. 2021 ass hien am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Säi villfältegen Engagement huet d'Lëtzebuerger Musekszeen gepräägt. Dat ass elo och a Form vun enger schrëftlecher Biographie opgeschafft ginn. Do ginn et an engems verschidden Ablécker ...

Jun 16, 20259 min

De 15. Monodrama Festival an der Banannefabrik

Zanter 15 Editiounen ass de Monodrama d’Referenz zu Lëtzebuerg fir dat, wat een ee “Seul en scène” nennt: Wann d’Theatersaison esou lues auskléngt, pilgeren d’Theaterunhänger wärend enger zéng Deeg an d’Banannefabrik, fir do national an international Solo-Kreatiounen ze gesinn. Vun engem fënnef Stonne laange Faust bis zu kuerzen Abléck an nei Kreatioune vun nationalen an internationale Regisseurinnen, Schauspillerinnen an Dänzerinnen ass vun all Zort Theater an all Längt eppes dobäi. De Jeff Sch...

Jun 16, 202514 min

Um Radar - ënner der Woch

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Jun 16, 20257 min

Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.

Iwwert d’Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. En etlech fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d’Akaafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionnéieren, an domat d’Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbutték si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Ga...

Jun 14, 202556 min

Das Radial

Das Radial ass de Museksprojet vun engem Schauspiller, dem Max Thommes, deen an Däitschland an zu Lëtzebuerg bei Theater an Tëlee schafft. D’Experiment huet ugefaangen, wéi de Max Protagonist war vun engem Film iwwer d’Intrusioun vu Kommunikatiounstechnologien an eist Liewen an iwwer Datenobsessioun. D’Live-Performancë vun Das Radial ware vun Ufank un intensiv, rosen, energesch, freedeg, voller performativer Elementer. Mat der Zäit huet sech den Theemekrees vun de Stécker erweidert. Séier Moud, ...

Jun 13, 20258 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android