Yona a Mäna heeschen déi zwee lescht Participante vum Screaming Fields Festival, déi mir Iech dës Woch virstellen. De Festival-slash-Concours ass muer, Samschdeg, 5.7. an der Rockhal vu 6 Auer un. A fir d’Entdecke vu jonke Lëtzebuerger Talenter nëmmen net ze verpassen, huet de Marc Clement mat hinnen iwwer hir Musek an d’Participatioun um Festival geschwat. Ëmmerhi gëtt et ee Karriärs-Accompagnement vum Rocklab ze gewannen – an d’Geleeënheet, op der grousser Rockhalbün opzetrieden, wat fir déi m...
Jul 04, 2025•12 min
Ee Familljegeheimnis kann een anert verstoppen: an der Clothilde Salleles hirem éischte Roman "Nos insomnies" geet et ëm eng Famill, déi u kollektiver Insomnie leit. Mee dohannert verstoppt sech een touchante Portrait vun engem depressive Papp, gezeechent vun der empathescher jonker Duechter, déi d'Erwuesseneliewen duerch d'Lëns vun der Depressioun kenneléiert. Ee klengt Meeschterwierk, fënnt de Jeff Schinker.
Jul 04, 2025•6 min
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a gëtt eis eng Selektioun vu Kultur-Rendez-vouse mat an de Weekend.
Jul 04, 2025•10 min
Eng Serie déi d’Genrë Science Fiction a Western matenee kombinéieren. Mir begleeden d’Crew vum Raumschëff Serenity dobäi hir Plaz am Universum ze fannen. Eng Serie, déi vun de gutt geschriwwene Charakteren an de wonnerbaren Dialoger lieft.
Jul 04, 2025•7 min
Ënner dem Motto Kinnekswiss loves... spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker dëse Samschdeg um 9 Auer owes hire leschte Concert mam Gustavo Gimeno als Chefdirigent an och de leschte Concert vun dëser Saison am Stater Park. Mat dobäi sinn déi US-amerikanesch Star Mezzo-Sopranistin Joyce DiDonato esou wéi d'Nowuesstalent, d'Schwäizer Sopranistin Chelsea Zurflüh. D'Marie Trussart erzielt eis méi iwwer de musekalesche Programm vum Owend.
Jul 03, 2025•5 min
Mat de Kandidate vum Screaming Fields Festival a Contest an der Rockhal ze schwätzen ass all Joer eng grouss Freed fir d’Ekipp vun eisem Radio. Besonnesch well d’Museker:innen déi matmaache vu Joer zu Joer esouwuel u Qualitéit wéi och u Selbstvertrauen zouzeleeë schéngen. Och dëst Joer kréien 8 jonk Kënschtler:innen d’Geleeënheet op der Bün vun der Rockhal hire Sound op d’Prouf ze stellen a vun der Rocklab-Ekipp an hirer Entwécklung weidergehollef ze kréien. 2 vun hinnen, de Rapper Skrepy an d'M...
Jul 03, 2025•8 min
Wéi et ass, mat engem bekannte Marionettist, deen net just seng Marionetten, mee och seng Matmënsche manipuléiert, zesummen ze sinn, erzielt d'Camille Laurens an hirer Autofiktioun "Ta promesse" - ee schroe Roman iwwer Gaslighting, dee sech liest wéi ee Thriller. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert.
Jul 03, 2025•6 min
Zu Vienne, an der Géigend vu Lyon spillt sech aktuell de renoméierten “Jazz à Vienne” Festival of. Ee vun de wichtegste Rendez-Vousen fir den Jazz an Europa wou och nei Talenter op professioneller aus der Branche treffen. Dëst Joer ass dann och Lëtzebuerg Fokus Land mat sechs Formatiounen déi dës Woch do spillen. Dorënner och den Daniel Migliosi mat sengem Quintett. Den Jamie Reinert live am Gespréich wärend dem Soundcheck.
Jul 03, 2025•9 min
De Centre des Arts pluriels Ettelbruck, kuerz CAPE, huet säi Programm fir d'Saison 2025-26 virgestallt. An dee steet ënner dem Zeeche vun der Participatioun an der Interaktioun. Ee frëscht Konzept, dat duerch eng nei visuell Identitéit fir d'Kulturhaus soll illustréiert ginn. Wat d'Gedanken hanner dem neie Logo waren, wéi deen am Aklang mat der neier Approche vum CAPE ass a wéi interaktiv de Programm fir déi nei Saison wäert sinn, huet d'Ana Maria Tzekov ënner anerem am Gespréich mam Marie Truss...
Jul 02, 2025•11 min
Mat de Kandidate vum Screaming Fields Festival a Contest an der Rockhal ze schwätzen ass all Joer eng grouss Freed fir d’Ekipp vun eisem Radio. Besonnesch well d’Museker:innen déi matmaache vu Joer zu Joer esouwuel u Qualitéit wéi och u Selbstvertrauen zouzeleeë schéngen. Och dëst Joer kréien 8 jonk Kënschtler:innen d’Geleeënheet op der Bün vun der Rockhal hire Sound op d’Prouf ze stellen a vun der Rocklab-Ekipp an hirer Entwécklung weidergehollef ze kréien. 2 vun hinnen, d’Emily Grogan an d’Ban...
Jul 02, 2025•10 min
Aktuell ass ee vun de renomméiertsten Jazzfestivallen zu Vienne an der Géigend vu Lyon. Den Jazz à Vienne ass ee Festival, deen et zanter 1981 gëtt an dee sech duerch déi ganz Stad zitt. Dëst Joer ass dann och Lëtzebuerg Fokus Land um Festival - an ass mat sechs Acts aus dem Grand-Duché vertrueden. Den Jamie Reinert informéiert vun der Plaz.
Jul 02, 2025•8 min
De Chouer vun der uni.lu organiséiert ee Concert de 6. Juli an der Mäerteskierch zu Diddeleng. An deem Kader kollaboréiert den uni.lu Chouer mam Chouer vun der Universität des Saarlandes. Am Ganze wäerte méi wéi 100 Stëmme zesumme sangen, zesumme mam Orchester Con Nov’arco. Um Programm steet A capella Musek an och zesumme mat Orchester. "Northern Delights" ass de Motto vum Concert, an dofir gëtt et Musek vu Komponisten déi aus dem “Norde” kommen, ënnert anerem vum Karl Jenkins, Ola Gjeilo an Edv...
Jul 01, 2025•10 min
Den Jackie Moontan ass een Ausserierdeschen, deen op eiser Äerd gelant ass an elo säi Wee ënner de Mënsche fannen muss. Dat ass de Projet vum Alain Schumann, e Lëtzebuerger Museker, deen de leschte Weekend säi Glam Rock och zu London presentéiert huet. D‘Claire Barthelemy war kucken.
Jul 01, 2025•5 min
A wéi enger Welt wëlle mir muer liewen? Déi Escher Kulturplattform Elektron presentéiert momentan am Escher Centre Mercure siwe Kënschtler:innen, déi sech mat dësem Sujet, mat Hëllef vun digitale Medien, befaassen. "Hybrid Futures" ass hir Expo iwwerschriwwen. Dat, well fir déi meescht d'Trennung tëschent Natur an Technologie net méi wierklech existéiert: béid Beräicher wieren net just matenee verbonnen, mee géife sech och géigesäiteg konstruktiv beaflossen. "Fir déi meescht"? Jo, well ee vun hi...
Jul 01, 2025•9 min
Am Grousse Kino vu leschte Samschdeg (28.6.) hunn d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker "Avignon" vum Johann Dionnet beschwat - eng franséisch Romcom, déi quasi passend zum Start vum Festival uleeft an een touchanten Hommage un den Theater an all senge Formen ass. Well d'Temperaturen dobaussen och hei zu Lëtzebuerg scho bal esou héich si wéi zu Avignon, lauschtere mir nach eemol d'Rezensioun aus dem Grousse Kino.
Jun 30, 2025•10 min
Wéi kritt ee méi wéi Dausend Kanner dozou zesummen ze sangen? Op déi Fro huet d'Martina Maenichetti méi wéi eng Äntwert. Si ass Musekerin a schafft schonn zanter Joren als Pädagogin an der Philharmonie a gëtt hir Passioun fir d'Musek dagdeeglech un déi méi Jonk weider. Bei hirem neiste Projet Lëtz Sang hu sech 1.200 Kanner am grousse Sall an der Philharmonie getraff, fir zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Sängerin Tali ze sangen. Wéi dat Ganzt verlaf ass, wat dee gréissten Challen...
Jun 30, 2025•10 min
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
Jun 30, 2025•9 min
Zesumme mat der Sängerin Emeraude huet d’Lëtzebuerger Band e Cover vum Klassiker “Voyage voyage” produzéiert.
Jun 27, 2025•7 min
Vum 28. Juni bis de 6. Juli ass zu Veianen déi 7. Editioun vum Festival Alter Musik. D’Veianer Buerg gëtt fir eng Woch an eng Bün fir al Musek ëmgewandelt. D’Marie Trussart huet mam Cembalist a Organisator Rosch Mirkes iwwer de Programm geschwat an hien huet ënner anerem verroden, firwat de Festival mëttlerweil keng Erausfuerderung méi representéiert.
Jun 27, 2025•9 min
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a gëtt eis eng Selektioun vu Kultur-Rendez-vouse mat an de Weekend.
Jun 27, 2025•10 min
Den Nicolas Calmes huet sech de Remake vun der Serie aus dem Joer 2004 ugekuckt. Eng Science-Fiction-Serie bei där d'Rechter vun der Mënschheet op engem Raumschëff duerch de Weltall ënnerwee ass. Et geet hei net nëmmen ëm de Kampf ëm d'Iwwerliewen, mee och ëm Theeme wéi Relioun, Demokratie oder Kënschtlech Intelligenz.
Jun 27, 2025•9 min
Wéi kënne Science Fiction, digital Konscht a Kënschtlech Intelligenz eist Verständnis fir d’Bewosstsinn an aner Forme vun Intelligenz erweideren? Interesséiert Iech net? Schued! Well concernéiere géif et Iech jo iergendwéi schonn, an de 26. Juni kéint Dir an entspaanter Ronn am LUGA-LAB am Pafendall méi zum Theema gewuer ginn: an zwar vum Multi-Media-Kënschtlerduo Crosslucid vu Berlin am Gespréich mat der kanadesch-lëtzebuergescher Autorin Mary Carey, déi all Hybriditéit a fléissend Identitéiten...
Jun 26, 2025•13 min
Op den Assisë gouf dëst Joer méi iwwer en neien Aktiounsplang a manner iwwer de Kulturentwécklungsplang geschwat. Wéisou dee Choix getraff gouf, wéi eng Roll de KEP weiderhin huet a wéisou et déi Kéier op den Assisen och Workshoppe gouf - dat verréit de Premier Conseiller Carl Adalsteinsson am Interview mam Jeff Schinker.
Jun 26, 2025•9 min
D’Marie Trussart erënnert dorunner, wat genee d’Iddi vum Kulturentwécklungsplang ass - a geet méi an den Detail vun der ILRES-Enquête 2024 iwwer dat kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg. D'Etude stellt d’Basis vum Aktiounsplang duer, deen op den Assisë gëschter (25.6.) virgestallt gouf.
Jun 26, 2025•6 min
Op de Kulturassisë gouf bis dato all zwee Joer gekuckt, wou de Kultursecteur an der Ëmsetzung vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 dru wier. Dat bal 200 Säite schwéiert Dokument war dem Jo Kox, Premier Conseiller ënner der Kulturministesch Sam Tanson, säi kulturpoliteschen Opus Magnum. Iwwer de sougenannte KEP ass gëschter (26.6.) op den Assises culturelles am CAPE zu Ettelbréck relativ wéineg geschwat ginn, amplaz huet de Kulturminister Eric Thill een Aktiounsplang an d’Liewe geruff fir d’Kult...
Jun 26, 2025•7 min
Sidd Dir an der Lescht emol duerch Péitruss- a Pafendall ënnerwee gewiescht? Da sinn Iech eventuell hei an do bronze metalle Placken, mat poetesche Sätz, opgefall? Si sinn den héije Wee opgeriicht ginn, an an hirem Réck wiisst Gréngs, also Kraider an och verschidde Blummen. Backen a Placke sinn dem Marco Godinho säi Bäitrag zur LUGA, der Luxembourg Urban Garden Open-Air-Exhibition. De lëtzebuergesch-portugisesche Konzeptkënschtler stellt net just aus, mee invitéiert punktuell och op poetesch Trë...
Jun 25, 2025•10 min
D'Museker:inne vum Lëtzebuerger Ensembel fir nei Musek United Instruments of Lucilin maachen aktuell eng Residenz an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen. Den 29. Juni proposéiere si e Concertsdag ganz ronderëm de Motto Musique + Equilibre. Um Programm steet Nei Musek vu ville verschiddene Komponisten. Am Mëttelpunkt steet den John Cage, ee vun de berüümtste Komponisten aus dem 20. Joerhonnert. Den Olivier Sliepen ass Saxophonist bei Lucilin an ee grousse Fan vum Cage a senger Musek. Wann hien ...
Jun 25, 2025•9 min
Aus dem Feminismus gebuer, fir all Mënschen an hir Feminitéit weidergeféiert, ass de Festival This Is A Human's World zu Téiteng en Treff fir ze philosophéieren, sech méi nozekommen, a Konscht ze feieren.
Jun 25, 2025•10 min
"An Eastern Trip" heescht den neisten Album vun der Pianistin Sabine Weyer an dem Cellist Dimitri Maslennikov. Do huelen déi zwee hir Nolauschterer an Nolauschterinne mat op eng Rees an ëstlech Länner. Ze héiere sinn net nëmme Wierker vu berüümte Komponiste wéi dem Prokofieff, mee och vu manner bekannte wéi dem Miklós Rózsa. Nieft de musikaleschen Entdeckungen, déi een hei maache kann, kann een dann och de Cover vum Album bewonneren. Et ass en definitiv méi aussergewéinleche Cover, deen den Duo ...
Jun 24, 2025•8 min
Vu leschte Mëttwoch bis e Sonndeg war zu Paräis déi 42. Editioun vum Marché de la Poésie, dee gréisste Poesie-Event a Frankräich. Mat dobäi war Kultur I lx mat engem Stand, op deem d’Kultur-Export-Agence dem Public an den Editeuren déi Lëtzebuerger Poesie méi no bruecht huet. Wat zeechent dës aus a wéi steet et ëm si? Eise Korrespondent Max Tholl war leschte Freideg um Marché.
Jun 24, 2025•6 min