De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do. An et gëtt vill Spannendes ze beschwätzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendäersten Hochzäit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi. Mir verspriechen: mat eis vergeet d'Zäit *net* wéi am Fluch. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by...
Apr 25, 2023•1 hr 6 min•Season 5Ep. 94
Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating. Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special). Siiiiiuuu. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mar 23, 2023•1 hr 5 min•Season 5Ep. 93
Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti säi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mar 10, 2023•49 min•Season 5Ep. 92
Dësen Episode vum zertifiéiert beschte Podcast aus der Kategorie 'Gëlle Fro an Erklär&Laach' ass d'Kinneksdisziplin fir all Fësch: Wien sech duerch déi éischt 20 Minutte wuertwiertleche Schäiss wullt, gëtt belount duerch dat, woufir mir mat eisem Numm stinn. Erklären a laachen. Laang ass et hier.
Feb 20, 2023•1 hr•Season 5Ep. 91
2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) ...
Jan 23, 2023•57 min•Season 5Ep. 90
2. TAUMEL Awards Zeremonie LIVE aus dem kléngen Turnsall vu Peppeng melle mir eis mat der wuel gréisster Präisgala östlech vun der Wäisser Iernz: haut decidéiert sech, wien am leider och nees miese Joer 2022 déi beléiften Taumel Awards mat heem huelen dierf. A Kategorien vu 'Vull vum Joer' bis zum 'Richtege Peoples Choice Podcast Award' ass alles dobäi fir de grousse Joresréckbleck. Avec amour, är dräi Profiditoen. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: ...
Dec 15, 2022•1 hr 22 min•Season 5Ep. 89
Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobäi, Happy Hippos net dobäi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTL Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Dec 01, 2022•1 hr 3 min•Season 5Ep. 88
An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun läit an denge Wurschthänn. Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/ Music promoted by https://ww...
Nov 15, 2022•1 hr 5 min•Season 5Ep. 87
Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp:...
Nov 06, 2022•1 hr 15 min•Season 5Ep. 86
Eng Folg sou gefëllt mat Inhalt, dass se bal platzt: Vun engem onnéideg laangen Ausfluch an d'Sportwelt begi mir eis natierlech kuerz op d'Insel fir iwwert déi eenzeg Premierministesch ze schwätzen, déi jeemools engem Kinnek AN enger Kinnigin gedéngt huet. Mir hunn en extrem praktesche Lifehack fir iech, de Merci vun der Woch an NATIERLECH: de grousse Quiz mat Euphemisme fir Masturbatioun. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 License...
Oct 25, 2022•1 hr 5 min•Season 5Ep. 85
Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschäftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen. Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/lice...
Oct 17, 2022•54 min•Season 5Ep. 84
Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.
Oct 10, 2022•59 min•Season 5Ep. 83
Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt. Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op. Kussi, är dräi Liblings-Evolutiounsbremsen...
Jul 13, 2022•52 min•Season 4Ep. 82
Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat! An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.
Jun 19, 2022•1 hr 23 min
Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel. A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier. Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen. Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt. De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.
Jun 14, 2022•54 min•Season 4Ep. 80
Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt. Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen. (Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un echhukeenhumor@feckdech.lu) Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licens...
May 20, 2022•1 hr 3 min•Season 4Ep. 79
Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/...
Apr 28, 2022•1 hr 50 min•Season 4Ep. 78
Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet. D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un. Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinn...
Apr 20, 2022•1 hr 27 min•Season 4Ep. 77
Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast. Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck....
Apr 11, 2022•56 min•Season 4Ep. 76
Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest. Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer. Pas de prob. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/...
Mar 07, 2022•1 hr 9 min•Season 4Ep. 75
Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'. *Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual
Feb 28, 2022•1 hr 13 min•Season 4Ep. 74
Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen. Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer. De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.
Dec 25, 2021•59 min•Season 4Ep. 73
Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi. Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi....
Dec 14, 2021•1 hr 3 min•Season 4Ep. 72
De Podcast fänkt des Kéier an trauter Zweesamkeet un - de Joe huet nämlech eng mysteriéis Verspéidung. Hien bréngt ofgesinn vun enger klenger Strofdot awer mat Retard och eng kleng Preparatioun als Host mat. A behandelt do alles vu Märercher bis Nazien zu Schraasseg.
Nov 24, 2021•1 hr 4 min•Season 4Ep. 71
Mir komme mam Kackcamion vun Dubai bis bei deng Oueren an tippen 7 Tonnen Blödsinn direkt an däi Kapp. Inhaltlech wéi ëmmer mannerwäerteg, mat Themen wéi Klappjuegd, Marche Blanche Leaks, Pissconcerten an engem laang iwwerfällege Comeback vum Prager Fenstersturz.
Nov 16, 2021•1 hr 9 min•Season 4Ep. 70
Beim insulinbedengten Zockerschock ënnert de lëtzebuergesche Podcasts geet et des Woch em d'REEL, héich qualifizéiert Tipps fir der Inflatioun entgéint ze wierken, Déieren an d'Marche Blanche. Net feelen dierfen natierlech eis Social Media Fësch, de Merci vun der Woch, an dem Pippo seng philosophesch Fro. Hei nach d'Kaart vun den Allergenen: Dëse Podcast enthält Cringe, Roserei an Triggergefor. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Li...
Nov 04, 2021•1 hr 6 min•Season 4Ep. 69
De Joe huet den Host. Soss nach Froen? Ok, kuerz zesumme gefasst: Autobiographien, Baldwin-Schoss, Baschti um RTL, Ganzkierperzongen, Verfassung. Ofwiesslungsräiche Contenu à la Dennenwald. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Oct 24, 2021•1 hr 15 min•Season 4Ep. 68
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.
Oct 17, 2021•1 hr 5 min•Season 4Ep. 67
Mir hunn et endlech hikritt: No gefillt 69 Uleef hu mer eisen éischten Erklär&Live gefeiert, am Café Millebières. Leider ass de Joe kuerzfristeg malade tombéiert, mee d'Jill vu 'Paus.' an '(On)bekannt' konnt kuerzfristeg asprangen an huet e fantasteschen Ersatz gebueden. Hei sinn e puer Ausschnëtter, éier et dann e Méindeg nees lassgeet, mat Staffel 4 vun der Erklär&Laach.
Oct 14, 2021•26 min
Mir 3 al Schaffpäerd jetsetten endlech an de Summer - awer net ouni et nach eng Kéier knuppen ze loossen! Mam Baschti senger fantastescher (illegaler?) Prankshow, de makaberste Sportaktivitéite fir de Summer, dem sangende Joe, an och e puer sérieuxe Gedanken.
Jul 26, 2021•1 hr 15 min•Season 3Ep. 66