Erklär&Laach - podcast cover

Erklär&Laach

Baschti, Philippe a Joeneon.page
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Ep.65: 'Clownen klonen'

Den Zirkus ass nees an denger virtueller Stad! Deng Liblings-Entertainer (Jongleur Joe, Wuertakrobat Pippo & Dompteur Baschti) bidden nees eng vun hiren typesche Shows: frëscht Hallefwëssen an eng gesond Portioun Iwwerhieflechkeet, gemëscht mat engem Schoss Humor. Bonne dégustation.

Jul 13, 202158 minSeason 3Ep. 65

Ep.64: 'Pinkwashing fir Faarweblanner'

Et ass PrideWeek! Nom absolut onkontroversen Erfolleg vun eiser Folge iwwer Verhütung ass et elo um Thema LGBTIQ-Akzeptanz. Wat soll do scho schif goen? Ausserdeem: De Philippe ass nom Joe lo schonn deen zweeten, dee mat engem anere Podcast friem gaangen ass, de Joe huet e Merci vun der Woch, an de Baschti ass och do.

Jul 06, 202145 minSeason 3Ep. 64

Intermezzo V - Who are you Andy Schtrack?

Et ass roueg an der nationaler Podcast-Landschaft, just bei eis dräi Toperte brennt nach Luucht. An dat huet e gudde Grond. No wochelaangem Sichen, féiwerhaftem Gerätsels, a mystériéisen Noriichten ass et endlech souwäit: Den Andy Schtrack weist seng hässlech Fratz.

Jun 22, 202119 min

Ep.63: 'Sex Education fir Dommer'

De Joe ass Host a steiert eist Podcastschëff (et ass just e klénge Kutter, mee ëmmerhin) riicht an en onrouegt Gewässer mat politesch inkorrekte Strudelen, engem Genderstuerm, a ville Froen, op déi mir keng Äntwert hunn. SOS! Niewebäi hu mir awer och e ganz emotionale Merci vun der Woch, villes zu der EM, an natierlech gutt Laun fir jiddereen.

Jun 14, 20211 hrSeason 3Ep. 63

Ep. 62: 'Pippo's Pub Quiz'

-Mir behandelen an eiser Antiagressiounstherapie déi verschiddensten Themen: Vu BIcher iwwer Reklammen bis hin zum Andy Schtrack sengem neiste Message. Ausserdem huet de Philippe e Pub Quiz organiséiert, an de Joe verstréckt sech an enger Rechnung, déi sou komplizéiert ass, dass hien elo an der Klinick läit Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/...

Jun 08, 20211 hr 10 minSeason 3Ep. 62

Ep.61: 'SI MIR A GEFOR?'

Mir kruten eng mysteriéis Noriicht op eisem Instagram... a mir brauchen Hiweiser, wat do geschitt ass. Ausserdeem beschwätze mir alles aus der leschter Woch, vu verschwonnenen Zaldoten an der Belsch bis zum Test-Concert an der Rockhal. Wéi ëmmer delikat gewierzt mat mëttelméissegem Humor an Experts-Wësse vun dräi Idioten (dat si mir).

May 24, 202153 minSeason 3Ep. 61

Ep. 60: 'Den Tommy wëll eis net'

Fir eise 60. Jubiläum sëtze mir mat engem Feierowendbéierchen a beschter Laun beieneen - a poteren iwwer méiglech Gäscht fir eise Podcast, dem Joe säin neiste PR-Stunt fir den Handball, den Auto vun der Pizzeria Le Special, an nach eng ganz Rëtsch aner Dommheeten.

May 12, 20211 hr 23 minSeason 3Ep. 60

Ep.59: 'Déi däischter Säit vun der Party'

Mir liewen nach! Oder nees... a mir lafen direkt mat Wuppes an eise gewinnten Dall aus schwaache Pointen, flaachem Humor an enger handverliesener Selektioun un dommen Themen. Bon appétit! (Beim Lauschtere vum Podcast gëtt d'Anhuele vu Paracetamol oder Ibuprofen staark recommandéiert) Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

May 03, 20211 hr 11 minSeason 3Ep. 59

Intermezzo IV

Et gëtt emol nees Zäit, fir eis kuerz ze mellen. Fir eng ganz Folg ass et eis zäitlech leider net erausgaangen, mee mir trälleren iech awer kuerz e Lidd vun engem Super-GAU, méigleche Partnerschaften - an natierlech der gefallener Legend Frank Engel.

Apr 13, 202120 min

Ep.58: 'Being Joe'

Wann de Joe den 'Houscht' huet, weess een ni esou genau, wat geschitt. Vu Fun Facts iwwer Naturkatastrophe bis zu der Erklärung, firwat hien ni eng Carte d'Identité dobäi huet - alles ass couvréiert. De Philippe gëtt och neien CSV-Presi. You're welcome. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Mar 24, 20211 hr 2 minSeason 3Ep. 58

Ep.57: 'Casting Lux cherche...'

Esouguer fir eis dräi bildungsresistent Intelligenzallergiker ass um Casting fir Capitani 2 eppes ganz faul. Mir ginn also fir d'éischte Kéier der Richtung 22 Recht - an dat net gär! Ausserdeem an dësem Potpourri fir Podcast-Schneekerten: Hexejuegd beim Impfen, en net-wäissen James Bond, an eng ganz grujeleg Naturkatastroph.

Mar 15, 20211 hr 14 minSeason 3Ep. 57

Ep.56: 'De Kack-Krimi'

D'Liewen huet eis dräi intellektuell Redoublant'en leider e puer Wochen vun dësem Podcast fortgehal - dofir ass eist Postfach gerammelt voll. Mir huelen eis d'Zäit fir op eng ganz Retsch Messagen anzegoen. Ënnert Anerem héiere mir eppes vum grousse Freiburger Strulleleeër, dem Tankentrio, der ALEM, a villen aneren.

Mar 08, 20211 hr 7 minSeason 3Ep. 56

Ep.55: 'Mentale Keller (ausser fir den Netflix-Joe)'

Mir probéiere mat alle Mëttelen eis (an är?) schlecht Laun wegzeimpfen: Domm Gedichter, flaach Witzer, Ablécker an eise kreative 'Prozess'. Ahjo, an de Joe an de Philippe plapperen iwwer extrem peinlech Geschichten, déi si zesummen erlieft hunn.

Feb 18, 20211 hr 4 minSeason 3Ep. 55

Ep.54: '1. TAUMEL Awards Zeremonie'

Mir huelen eis Zäit fir d'Welt ronderëm eis ze feieren - a mat Präisser ze bedenken. Vum Top Vull bis zur beschter PLZ, se sinn all dobäi, an d'Prominenz gëtt sech d'Klensch an d'Hand! Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Feb 05, 20211 hr 14 minSeason 3Ep. 54

Ep.53: 'D'Oochener Stréckel-Verschwörung'

Zäit fir eng Stonn Eskapismus mam Netflix-Joe, dem Wahrig-Philippe & dem Bukkake-Baschti. Haut brénge mir, nieft villen anere Saachen, och endlech dem Pier seng Geschicht vun der legendärer Hausparty zu Oochen op en Enn. Also maach dir et gemittlech, verschränk d'Hänn genau esou wéi d'grumpy chicc Bernie Sanders, a lass geet et.

Jan 25, 20211 hr 16 minSeason 3Ep. 53

Ep.52: 'Era of Misinformation'

Wat ass an eiser Zäit eigentlech nach wouer? A wéi engen Informatioune kann ee vertrauen? Dat diskutéieren an dësem Experte-Gespréich de Mieresbiolog Dr. Philippe Berscheid, de Prof. Joe Dennenwald vun der Uni Sorbonne, an de weltwäit renomméierte Fake-News-Expert Sebastien Gudenburg vun Oxford. Leider ass deenen dräi am Endeffekt selwer net méi bewosst, wat si elo gleewe sollen a wat net. Vill Spaass beim intellektuelle Bungeejumping.

Jan 17, 202156 minSeason 3Ep. 52

Ep.51: 'Maacht är Aen op! No New World Order'

De perfekten Audiobegleeder fir esou gemittlech an dat neit Joer ze starten, dass et einfach guernet sou schlëmm ka gi wéi 2021. Mir maachen e klenge Quiz, héieren Neies vum Pier vun Oochen, a beschwätzen natierlech d'Aktualitéit, ënnert anerem d'Season Finale vun der amerikanescher Demokratie, Demonstranten zu Lëtzebuerg, an de wäisse Wanter. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 License http://creativecommons.org/licenses/by/3.0/...

Jan 10, 20211 hr 7 minSeason 3Ep. 51

Ep.50: 'Christmas Special'

Hohoho! Déi dräi mannerbemëttelt Kleesescher sinn do, fir Iech d'Chrëschtgeschicht aus dem Joer 2020 ze verzielen! Ausserdeem an dësem Späschel: Liicht Esoterik, de Podcastkrich, an dem Pippo seng Verwandlung vum Grinch hin zum empatheschen Darling. An elo scho mol: Schéi Feierdeeg, loosst et iech gutt goen. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/...

Dec 21, 20201 hr 18 minSeason 3Ep. 50

Ep:49: 'Je suis Eric Rolgen'

Mir mussen natierlech direkt iwwert d'Bomm schwätzen, déi des Woch an der Podcastszeen geplatzt ass: Den Eric Rolgen mat senger *opgepasst: Ironie* Libeserklärung un Enseignanten an Déifferdeng. A wien ass eigentlech déi gëlle Fro? Donieft schwätze mir och emol endlech rëm iwwert eis Liiblingsleit: Iech. Bienvenue au cirque de la lune.

Dec 13, 20201 hr 17 minSeason 3Ep. 49

Ep.48: 'Monocock'

Genéisst elo: Eng liicht ugeschimmelt Portioun auditive Kaviar, deen ee beim Discounter an der Reklamm kritt. Disclaimer! Nieft eiser Propose fir d'Lëtzebuerger*in vum Joer, der deeper Diskussioun em Schéinheetsoperatiounen, an der Seuche, geet et och ganz kuerz em e Monocock.

Dec 06, 202054 minSeason 3Ep. 48

Ep.47: 'When I start to fight then I fight maximum'

Mat leschter Kraaft distilléiere mir déi wéineg Glécksgefiller, déi eis nach bleiwen, an en illegal gebranntene Podcast mat 69% Blödsinnsgehalt. Vum Meisch-Meisch bis zum Marcel Ewen: Och des Woch betruechte mir aus eisem virtuellen Elfebeentuerm d'Promiszeen zu Lëtzebuerg an an der Welt. De Joe ass ausserdem erëm opgetaucht a bréngt e puer Geschichte mat. Bonus: Witzer zum Thema Supermarché.

Nov 23, 20201 hr 8 minSeason 3Ep. 47

Intermezzo III

E kuerze Liichtbléck am groen Alldag vum Joer 2020: Et gëtt Zäit fir op eng Rei Noriichten aus Internetz ze äntweren. Ënnert anerem eng wichteg Fro vu Spogens hirem Dan. An dann freeë mir eis fir d'Lynn, a froen eis wou de Joe mat sengem Liegerad wuel hin ass...

Nov 17, 202031 min

Ep.46: 'FCK 2020'

Mir starten direkt mam Joé Bidon senger Victoire iwwert den orangen Af am wäissen Haus, haangelen eis geschéckt duerch d'Minnefelder vum Covid-19 an diskutéieren à distance de gewinnte Blödsinn. Allerdéngs gi mer Iech och wäertvoll Tipps fir den Lockdown Lite, deen sech esou lues uschläicht. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Nov 08, 20201 hr 9 minSeason 3Ep. 46

Ep.45: 'Epesche 5-Kampf am Secteur 93'

Aus eisem Special 'on the road' gouf schlussendlech e gemittlechen Ethanol-Nomëtteg doheem am Studio (thanks rona): Mir spillen eng nei Oplag vun eisem 5-Kampf, bei deem et esou wuel eng Belounung, wéi och eng Bestrofung gëtt... Des Weideren dierfen natierlech kriddeleg Wuertspiller, domm Geschichten, an de Merci vun der Woch net feelen. Dee ganze Misär gëtt et des Woch och rëm op Youtube, esou als klenge Schmankerl, well mir Iech gär hunn. Bussi Bussi, ären Trio Farfalle. Meatball Parade Kevin ...

Oct 25, 20201 hr 31 minSeason 3Ep. 45

Ep.44: 'Postcast (PLS POST GËFF EIS €€)'

Mir sinn op eng Minn gestouss: Dem mysteriéise Ben säi Youtube-Channel ass voll mat lëtzebuergeschem Content-Gold, wat mir an dëser Folg fläisseg ofdroen. Niewebäi potere mir iwwert d'US-Walen, Dreem, 5G-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, d'Sandra aus de Ressources Humaines, a villes méi. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Oct 12, 20201 hr 6 minSeason 3Ep. 44

Ep.43: 'Gastrokomiker'

En Intro vum Gastron Vogel, Wine-Tasting-Tipps, de World Veggie Day, eng Dan-Spogen-Fro zum Fiederwäissen, eis Dram-Restauranten, a villes méi zum Thema Schnabulatioun kritt dir des Woch bei enger geballter Portioun Spaghetti al Ketchup an Audioform. Dëse Podcast consomméiert een am Beschte mat engem Kanister Gedrénks.

Oct 04, 20201 hr 2 minSeason 3Ep. 43

Ep.42: 'Morningshow (mam Gönnjamin Yves Mersch)'

Mir maachen aus eisem Podcast kuerzerhand eng gutt gelaunte Morningshow, inklusiv Presserevue, schlechte Witzer, Dramberuffer, Merci vun der Woch, enger Fro vum Dan Spogen, a villem méi. Eben sou wéi RTL fir déi aarm a geeschteg Sëlwermedailen. Mir iwwerhuele wéi gewinnt KENG Responsabilitéit falls Nolauschterer duerch dëse Podcast dauerhaft gesondheetlech Problemer kréien. Falls awer eng Persoun, déi dëse Podcast lauschtert, onverhofft räich gëtt, kréie mir 15%.

Sep 27, 20201 hr 14 minSeason 3Ep. 42

Ep.41: 'Nowitschok... oder dach just schlecht gefrühstückt?'

De Monseigneur Joe Dennenwald duerft alt erëm d'Theme fir dësen Episod opstellen: Mir danzen um Vulkan vun der politescher Korrektheet a siche fläisseg no de Grenze vum gudde Goût. Et geet em d'State of the Union vum Flintenuschi, Streamingstars, Nowitschok, an d'Skandaler vum Tour de Luxembourg. Net feelen dierf natierlech de Merci vun der Woch! De Joe huet souguer een... Bonus: Mir loossen eis vun eise besseren Hallschente beschreiwen, mat gaaanz ënnerschiddleche Resultater. Meatball Parade Ke...

Sep 21, 20201 hr 43 minSeason 3Ep. 41

STAFFEL 3 Ep.40: 'Level up'

Säit eiser leschter Episode si 34.000 nei Eldo-Podcasts erauskomm, Hei Elei ass an d'Ausland gewiesselt, an de Benoit Joachim huet es endlech genuch. Mee lo si mir nees do, d'Podcast-Autokraten, vum Titel hier Fournisseurs de la Cour, vum Verstand hier liicht méi domm wéi e Stéck Toast. Mir hu vill ze beschwätzen: D'Erklär&Laach ass elo méi professionell, den Dan Spogen huet Froen fir eis, de Joe fantaséiert vun enger Sexzeen, mir beschwätzen de Podcast/Revue-Skandal, and much more. Mat dem ...

Sep 06, 20201 hr 20 minSeason 3Ep. 40

Ep.39: 'De Bam brennt'

De Joe ass Host... an et entsteet eng interessant Diskussioun? Wierklech? Jo! Dat ass zwar ongeféier esou warscheinlech wéi en Nobelpräisgewënner, deen am Éislek wunnt, mee et ass wierklech geschitt! Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Jun 27, 20201 hr 1 minSeason 2Ep. 12
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android