Erklär&Laach - podcast cover

Erklär&Laach

Baschti, Philippe a Joeneon.page
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament

Den Zirkus reest op Bréissel! De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst. Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn gesellt: d'Tilly Metz, de Charles Goerens an d'Isabel Wiseler-Lima. Merci, dass dir eise Blödsinn mat ...

Jun 30, 20251 hr 15 min

Ep.117: Summer, Sonn & Shitstorm

Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst schwieregen Aussoen, domme Witzer an inhaltslosem Gesabbels. Mir empfehlen, dëse Podcast beim Aschlofen, FLF-Bashing oder wärend Orgien ze lauschteren.

Jun 16, 20251 hr 5 min

Ep.116: Alternativen Zeenewiessel

Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech la...

Jun 02, 20251 hr 10 min

Ep.115: Vulnerabel am Baumaart

Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach? Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe , bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert. D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Wal...

May 21, 202548 min

Ep.114: Mir si Poopst

Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege Betrag. An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d'Realitéit duerstellen (hu mir je de Géigendeel behaapt??). Hire Message ass wichteg a richteg: Dat wa...

Apr 28, 20251 hr 1 min

Ep.113: Fro net sou domm!

Dir wënscht iech eng Ulafstell fir är Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwätzen, déi iech scho laang beschäftegen? Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi Themen, déi soss vun der Gesellschaft ënnert de symboleschen Teppech gekiert ginn: Den Arschlach-Effekt, déi zweet Virnimm vu Presidenten, a villes méi. Presentéiert zesumme mam Psychiater-Verband Lëtzebu...

Apr 21, 20251 hr 8 min

Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€%

Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser. D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE

Apr 07, 20251 hr 8 min

Ep.111: Bom Dia Baaschterten

Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.

Mar 24, 20251 hr 4 min

Ep.110: Gëllene Schoss

Mir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer Wohfühlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu Lëtzebuerg.

Mar 17, 20251 hr 3 min

Ep.109: KI-Chaos nom Tatort

No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt. Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger Bäilag mat eiser neister Rubrik: Genial doniewt.

Mar 03, 20251 hr 24 min

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel V)

D'Situatioun spëtzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de Waldbëlleger soulues d'Léisungen aus... hunn si et lo engülteg ze wäit gedriwwen? Oder gëtt et nach en Auswee aus dëser Eskalatiounsspiral?

Feb 10, 202525 min

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)

D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...

Jan 27, 202520 min

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel II)

No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer.

Jan 20, 202522 min

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel I)

Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detailer wéi nach ni virdrun. Häerzlech Wëllkomm bei Tatort: Lëtzebuerg.

Jan 19, 202524 min

Ep.108: Ee Leschte virum Tatort

Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre. Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Genre. Mir wëllen ab der nächster Folg déi wuel gréisste Kriminalgeschicht, déi et jeemools am Grand-Du...

Jan 13, 202543 min

Ep. 107: 5/6 Pensioun fir de Jang Linster

Häerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen. Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch a mir schwätze fir d'éischte Kéier iwwert en neie Projet um Horizont...

Dec 19, 202457 min

Ep.106: Kardinol Sënnen

Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei ärem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der Wanterzäit (fréier Adventszäit genannt) brauche mer nees méi Wäermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech. Onoofhängeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl. Themen si wéi gewinnt net kontrovers: D'politesch Shitshows an Däitschland an an den USA; de Poopst zu Lëtzebuerg; de Vullegast, a villes méi. Mir moderéieren dat ganz gechillt fort a soen zum S...

Dec 01, 20241 hr 15 min

Ep.105: Meuterei op der Bounty

Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Domadde...

Jul 25, 20241 hr 24 min

Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette

De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?

Jul 01, 202458 min

Intermezzo VI - Rumeur oder Wourecht?

Mir mellen eis just kuerz aus eisem Erklär&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nächst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?

Jun 06, 202412 min

Ep. 103: Zréck aus der Vacannes

Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle! No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT ONNÉIDEG??1? Dir musst eis d'Äntwert ginn... Bis mir gecancelt ginn, kommen hei awer wéi gewinnt schlecht Witzer, flaach Pointen an onsécher Erkläerungsversich. It's good to be back. Meatball Parade Kevin MacLeod...

May 27, 20241 hr 3 minSeason 6Ep. 103

Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen. New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach....

Jan 07, 202453 min

Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck

Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder? Merry XMAS léif Fësch. Meatball Parade Kevin MacL...

Dec 18, 20231 hr 17 min

Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer

Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen. Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss. Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen....

Oct 11, 20231 hr 12 minSeason 5Ep. 99

Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...

Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen). A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir ...

Sep 08, 20231 hr 3 minSeason 5Ep. 98

Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg

Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.

Jun 12, 20231 hr 3 minSeason 5Ep. 97

Ep.96: Belsch Bashing um Europadag

Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen. Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi. Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attrib...

May 10, 202350 minSeason 5Ep. 96

Ep.95: Haut mam GRAND DUC HENRI

Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wäit... S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wäissen Duebel-Kräiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast ze besichen. A mir sinn immens geéiert! Et ass just suboptimal, dass mir nach eng ganz Rei Saachen ën...

May 02, 202357 minSeason 5Ep. 95
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android