Automag - podcast cover

Automag

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Automag: Mercedes-Benz CLA Avant-Première, 17/03/2025

Mercedes ännert seng Strategie; Vum Auto fir bal jiddereen zum Luxusobjet. Dat wat de Mercedes-Chef Ola Källenius 2022 ugekënnegt hat, trëtt elo an. A- a B-Klass sinn dout, d’Entrée an d’Mercedes-Welt mécht deen neien CLA. De Paul Origer war virun der offizieller Virstellung zu Roum vum leschten Donneschden schonn am Februar op der Avant-Première zu Sindelfingen an huet eis seng Andréck matbruecht.

Mar 17, 20253 min

75 Joer VW Bulli, 12/03/2025

Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.

Mar 12, 20253 min

Automag: Mercedes-AMG E 53 Hybrid 4Matic plus, 06/03/2025

Den aktuellen Topmodell vun der Mercedes-Uewerklass lauschtert op de laangen Numm Mercedes-AMG E 53 Hybrid 4Matic plus. An et ass no der C-Klass deen zweeten AMG, deen elektresch Hëllef kritt! Wéi en sech fiert an ob en déi 3 Buschtawe verdéngt, dat huet de Paul Origer op knapp 1500 km erausfonnt.

Mar 06, 20253 min

Renaissance vun der Mark Delage, 27/02/2025

D’Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag. Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France. De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert.

Feb 27, 20252 min

Automag: BMW X3 M50, 24/02/2025

Sou richteg Sechszylinder maache sech am Automag ëmmer méi rar. Ma genee esou ee stécht awer ënner dem Capot vun eisem Testauto, dee mer haut virgestallt kréien. Den Akim Schmit huet dem BMW X3 M50 op den Zant gefillt.

Feb 24, 20253 min

D'Brussels Motor Show 2025 aus der Siicht vu Stellantis, 20/02/2025

Am Januar goung de Bréisseler Auto Salon 2025, jo elo Brussels Motor Show gedeeft, mat engem remarkabele Succès op en Enn. Och deen huet gewisen dass den Interessi fir Automobil a Mobilitéit weiderhi Bestand huet. Dat huet een och bei de Nouveautéite vu Stellantis konnte feststellen. Do interesséiere mir eis haut fir d'Evolutioun bei Lancia, Fiat a Peugeot. De Christian Schmit.

Feb 20, 20253 min

Brussels Motor Show 2025 aus der Siicht vum Stellantis Grupp, 17/02/2025

Di 101. Editioun vun der Brussels Motor Show am Januar war en Erfolleg. Welt- an Europapremièren haten et bis dohi gepakt, och därer aus dem Stellantis Grupp. Zu deem jo Marke wéi Citroën, Peugeot, Opel, DS, Fiat, Alfa Romeo an och Lancia gehéieren.Wéi positionéiert sech de Grupp fir Zukunft, wéi eng Ambitiounen huet een? De Christian Schmit huet sech mat de Responsabelen aus der Chef-Etage kënnen ënnerhalen.

Feb 17, 20253 min

Automag: Cupra Terramar Alldagstest, 10/02/2025

Den Nofolger vum Ateca ass ee wichtege Modell fir Cupra – schliisslech soll den Terramar den Erfolleg viruféieren a sech am populäre Segment vun de kompakten SUV behaapten. Elo stoung den neie Cupra Terramar dem Paul Origer fir een Alldagstest zur Dispositioun!

Feb 10, 20253 min

Automag: Bilan Autofestival, 06/02/2025

Knapps huet en ugefaang a schonn ass en eriwwer – den Autofestival 2025. Mee keng Angscht, eisen Online-Special bleiwt nach weider online a fir den Auteur vun deem Dossier, de Paul Origer ass Zäit fir ee klenge Bilan.

Feb 06, 20253 min

Renaissance vun der Mark Delage, 03/02/2025

D’Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag. Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France. De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert.

Feb 03, 20252 min

Automag: Mazda MX-5, 16/01/2025

Haut komme mer am Automag op eng Icon ze schwätzen, en Auto, dee weltwäit seng Fans huet, an d’Verkafszuele sinn impressionant. Den Andy Brücker hat d’Geleeënheet e bësse Cabrio-Feeling mam Mazda MX-5 ze erliewen.

Jan 16, 20253 min

Alldagstest mam Audi Q6 e-tron, 13/01/2025

Den Audi Q6 e-tron am Alldag, dat ass eisen Testauto an deenen nächste Minutten. De Christian Schmit war am groussen SUV vun der Mark mat de véier Réng ënnerwee. Salut Christian...

Jan 13, 20258 sec

Automag: Ford Capri, 09/01/2025

Den zweete Worf aus der komplett ëmgebauter Fabrik zu Köln steet elo am Showroom a kënnt eis vum Numm hir emol bekannt vir. Capri heescht de Coupé-Pendant vum Elektro-SUV Explorer – ob hei genee esouvill Passioun drastécht wéi viru 50 Joer, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest versicht erauszefannen.

Jan 09, 20253 min

Automag: International Presentatioun vum Opel Frontera, 06/01/2025

Den Opel Frontera steet haut am Mëttelpunkt am Automag. Dee gouf am Dezember op enger Plaz presentéiert wou vill Lëtzebuerger ganz gäre Vakanz maachen. Palma de Mallorca war ausgewielt ginn, an de Christian Schmit huet dierfe mat dohinner, an ass déi zwee Modeller gefuer.

Jan 06, 202513 sec

De Premierminister Luc Frieden ass eisen Invité am Automag, 02/01/2025

An der leschter Stonn war de Premierminister den Invité fir de Neijosch Interview am Automag. Do huet hien verzielt dass hien eigentlech vill méi dacks selwer hannert de Volant wéilt, sech wënscht dass mir d'Mobilitéit am Alldag mat engem gudde Mix aus individuellen an ëffentlechen Transport och 2025 hikréien. Hien huet léiwer di neisten Technologie déi um Marché ass wéi en Oldtimer. Huet als Déngscht Limousine déi vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn geierft. An elo am zweeten Deel gi mir ...

Jan 02, 20252 min

De Premier Minister Luc Frieden ass eisen Invité am Automag, 02/01/2025

2025 hu mir gëscht ugefaangen. An am Automag ass een haut besonnesch houfreg de Staatsminister Luc Frieden ze begréissen. Wat huet deen 2024 beweegt, a wat wënscht e sech a Saache Mobilitéit fir 2025? De Christian Schmit huet dat dëser Deeg am Staatsministère nogefrot.

Jan 02, 20252 min

Automag: Renault Rafale, 30/12/2024

Op dëser Platz hu mir iech schonn s de Renault Rafale eng Kéier presentéiert. Dat war den Hybrid Modell mat 200 Päerd. Elo gëtt et awer eng nei Versioun. Déi huet méi PS an ass och ee Plug-In Hybrid. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun huet dee getest. Wéi vill Päerd huet deen neie Rafale da méi wéi deen éischte Modell?

Dec 30, 20243 min

Automag: Skoda Elroq, 26/12/2024

Als eenzeg Mark an der VW-Famill huet Skoda nach keng kompakt Interpretatioun vun der ID.3-Plattform MEB gewisen. Mam Elroq ass et awer elo esouwäit an de Paul Origer konnt fir eis deen neien Elektro-SUV zu Mallorca fueren.

Dec 26, 20242 min

Audi A6 e-tron, 23/12/2024

D'Mark mat de 4 Réng, Audi ass am Moment ganz äifreg, a presentéiert nei Modeller. Och Elektroautoen kann een elo a ville Variatioune bei hinne bestellen. Den A6 e-tron gläich an zwou Varianten. De Christian Schmit war fir den Automag op der internationaler Presentatioun dobäi.

Dec 23, 20243 min

Automag - Renault Scenic E-Tech, 19/12/2024

Am Automag vun haut komme mer op e Gefier ze schwätzen, bei deem mer bei der internationaler Presentatioun schonn dobäi waren. Elo konnt den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun de Renault Scenic E-Tech och heiheem op eise Stroosse fueren.

Dec 19, 202425 sec

De Cupra Tavascan am Automag-Test, 16/12/2024

An eisem Automag vun haut, stelle mir iech de Cupra Tavascan VZ vir. Dat ass een SUV vun der nach relativ jonker Mark. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass den Tavascan gefuer. Et huet e bësse gedauert, bis du den Auto ënnert d´Rieder krus.

Dec 16, 20243 min

Automag: Alpine A 290, 05/12/2024

Ier en iwwerhaapt op eise Stroosse fiert, erlieft de Revival vum Renault 5 schonn eng enorm Zoustëmmung beim Public. Vun dëser Well wëll d’sportlech Sous-Marque Alpine natierlech och profitéieren a lancéiert knapp nom neie Cinq hir Interpretatioun mam Numm Alpine A 290. De Paul Origer ass de franséischen Elektro Hot Hatch zu Mallorca gefuer.

Dec 05, 20243 min

Automag: VW Golf GTI, 02/12/2024

Am Automag vun haut gëtt et sportlech: den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis mam Golf 8 GTI ënnerwee. Top oder Flop? Mir ginn et elo gewuer.

Dec 02, 20242 min

Automag: Ford Explorer, 28/11/2024

Mam Explorer lancéiert Ford hiren zweeten, rengrassegen Elektroauto a verfollegt domat weider hir Strategie, d’Gamm un BEV, also Batterie-Elektreschen Autoen ze vergréisseren. Wéi sech den Explorer am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.

Nov 28, 20242 min

Automag: Subaru Forester, 25/11/2024

Den Auto, dee mer haut am Automag méi genee kenne léieren, dierf och mol méi knaschteg ginn. Rieds geet vum Subaru Forester. Den Akim Schmit huet d’Detailer.

Nov 25, 20242 min

Automag: Mazda CX-80, 21/11/2024

Am Automag vun haut steet mam Mazda CX-80 en SUV mat Plaz fir déi ganz Famill am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech de 7-Sëtzer fir eis am Detail ugekuckt.

Nov 21, 20242 min

Automag: Mini Cooper SE, 18/11/2024

2024 war e wichtegt Joer fir Mini, schliisslech gouf dee fonkelneien 3-dieregen Hatchback lancéiert. Nieft den normale Verbrennerversiounen gëtt et de Mini awer och nees elektresch, esouguer an zwou Ausféierungen. De Paul Origer hat d’Topversioun Cooper SE am Alldagstest.

Nov 18, 20243 min

Automag: Cupra Terramar Fuertest, 14/11/2024

Am September duerfte mer e just kucken, am Oktober war et dunn esouwäit a Cupra huet op de Fuertest vum neien Terramar agelueden. Wéi een Androck de spuenesche Brudder vum VW Tiguan mécht, dat huet de Paul Origer fir eis op de Stroossen an a ronderëm Barcelona erausfonnt.

Nov 14, 20242 min

Automag: Test Audi RS3 an RS Q8 Performance, 11/11/2024

An eisem Automag vun haut si vill Päerd am Spill. Nämlech am Ganzen 1.040 PS. Wann ech soen am Ganzen, da schwätze mer an den nächste Minutten iwwer zwee Autoen. Engersäits den Audi RS 3 an anersäits den Audi RS Q8 Performance, De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass elo bei mir, Rich mat wat fir engem Modell fänks du gären un?

Nov 11, 20243 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android