Automag - podcast cover

Automag

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Hyundai Ioniq 5N versus Corvette C8, 07/11/2024

Zwee ganz ënnerschdilech Sportsween sti sech haut am Automag géintiwwer.De 100 % elektreschen Hyundai Ioniq 5N aus Korea, an de klassesche Verbrenner aus Amerika, d' Corvette C8 Komplett verschidden, an awer e puer Saachen "en commun"? De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deen zwee an huet et erausfonnt.

Nov 07, 20243 min

Automag: Am Test Renault 5, 04/11/2024

Am Automag geet et haut "Back to the Future". Mir schwätzen nämlech iwwer eng Legend. D'R5 ass nämlech nees zeréck. Déi kleng Franséisin, koum 1972 op de Marché a gouf bis 1996 gebaut. Duerno war Schluss. Elo ass den Auto awer nees do. De Rich Simon hat d'Chance d'R5 ze fueren. Ech denken, du waars gespaant, wat op dech duerkomme géif....

Nov 04, 20243 min

Automag: Porsche Macan a Macan 4S, 31/10/2024

Am Automag vun haut gëtt et sportlech. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech den neie Porsche Macan fir eis méi genee ugekuckt. Woubäi, dee kenne mer dach schonn?

Oct 31, 20243 min

Automag: Audi A5 / S5, 28/10/2024

Am Automag presentéiere mir iech a leschter Zäit ëmmer méi dacks Elektro-Autoen. Dat ass haut awer net de Fall. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass esouwuel mat engem Bensinner wéi och mat engem Diesel ënnerwee.

Oct 28, 20243 min

Réckbléck op de Mondial de l'Auto zu Paräis, 24/10/2024

Leschte Sonndeg goung den Mondial de l'Auto an der Seine Metropole op en Enn. Den Automag war do op Besuch.Wat gouf gewisen, wat gouf gebueden? Abbé vum ganz abordabelen E-Auto bis zum Hyper Sports Woon fir ganz wéineg vun eis, waren zu Paräis um Rendezvous. De Christian Schmit mat den Detailer.

Oct 24, 20242 min

Automag: Kia Picanto, 21/10/2024

Dass et net ëmmer op t‘Gréisst ukënnt, dat mengt op t’mannst den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp. Hien war fir eis eng Woch lang mat engem vun de klengsten Autoen ënnerwee, déi et aktuell am Land ze kafe gëtt, dem neie Kia Picanto.

Oct 21, 20243 min

Test Polestar 4, 17/10/2024

Dat een net vill Modelle a senger Gamme muss hunn, fir vill Autoen ze verkafen, dat huet an de leschte Joren, Polestar bewisen. Elo gëtt d'Offer awer bësse méi grouss. De Polestar 4 steet nämlech an de Showrooms. De Rich Simon, aus eiser Automag Redaktioun, hat den neien SUV schonns ënnert de Rieder. Wat has du dann genee ënnert de Rieder?

Oct 17, 20243 min

Dacia Duster Hybrid, 14/10/2024

Den Dacia Duster steet haut um Programm am Automag. E Modell, dee ganz vill zum Erfolleg vun der rumänescher Mark bäidréit, och elo sécherlech an der 3. Generatioun. An do weess een elo besonnesch gutt ze imponéieren, wéi de Christian Schmit bei sengem Test am Alldag erausfonnt huet.

Oct 14, 202413 sec

Automag: Mercedes C-Klass All-Terrain, 03/10/2024

Wat geschitt wann een en SUV an ee Kombi kräizt? Bei Mercedes kéint een d’Resultat All-Terrain nennen, den héichgeluechte Kombi am Offroad-Look. De Paul Origer hat fir eis de Mercedes C-Klass Allterrain am Alldagstest.

Oct 03, 20242 min

KIA Sorento HEV, 30/09/2024

De grousse Won, dat ass e gewinnte Stärebild. An ëm e grousse Won geet et och elo am Automag. Made in Korea, de KIA Sorento HEV. Eng Hybrid Versioun ouni Kabel, deen iwwer dem Fueren oplued.Wéi attraktiv deen dann elo fir Famillje ka sinn, dat huet de Christian Schmit am Alldag um Volant erausfont.

Sep 30, 202417 sec

Mercedes AMG CLE 53, 26/09/2024

Autoe mat enger Coupé Linn hu sech an tescht rar gemaach, mee et gëtt si nach. Bei Mercedes beispillsweis mam CLE. AMG – dräi Bustawen déi weltwäit fir automobil Héichleeschtung, Exclusivitéit an dynamesche Fuerspaass stinn. Zu Affalterbach bei AMG, do ginn déi Mercedes Modeller nach eng Kéier nogeschärft. A genee esou en AMG, den CLE 53 dee war elo an der Automag Redaktioun ukomm. A wien huet dierfen testen? Déi Kéier de Christian Schmit.

Sep 26, 20243 min

Automag: Renault Rafale, 23/09/2024

E kéint dat neit Flaggschëff bei Renault ginn. Rieds ass vum Rafale. Ma ob den SUV-Coupé och am Alldag iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.

Sep 23, 20243 min

Automag: E-Auto X Peng P7 aus China, 16/09/2024

Stellt iech vir dir kommt mam engem Auto heem, wou de Noper mol net weess, datt et esou eng Mark iwwerhaapt gëtt. Esou kann et iech ergoen, wann der wéi de Christian Schmit mat engem X Peng heem kommt. Déi Mark kënnt aus China, an hie war mam Modell P7 hei zu Lëtzebuerg ënnerwee.

Sep 16, 202412 sec

Automag: Steeda Q767, 12/09/2024

Hutt dir Bensinn am Blutt awer nach ni eppes vun der Mark Steeda héieren? Da bleift elo drun, vum Paul Origer gi mer gewuer wat hannendru stécht – hien duerft deen neie Q767 op Häerz an Nieren testen.

Sep 12, 20244 min

Automag: Cupra Terramar, 09/09/2024

6 Joer ass et elo schonn hier, datt Cupra als eege Mark lancéiert gouf – zënterdeem geet et mam Succès nach just an eng Richtung: no uewen. Den neien Terramar, souzesoen den Tiguan vu Cupra, wäert do sécher nach emol fir e Schub suergen. De Paul Origer war fir eis bei der Weltpremière zu Barcelona derbäi.

Sep 09, 20243 min

Evolutioun vun eise Pneuen a wat déi sou leeschte mussen, 05/09/2024

Wat d’Pneuen op eisen Autoen alles esou leeschten an aushale mussen, nei Defien déi d' Elektro Mobilitéit mat séch bréngt, an Thema Nohaltegkeet, alles dat interesséiert eis haut am Automag. De Christian Schmit huet ech um Bord vun enger Auto Presentatioun mat engem Responsabelen fir dynamesch Tester aus der Pneue Branche konnten ënnerhalen.

Sep 05, 20243 min

Automag: VW California, 02/09/2024

Net nëmmen zenter Corona genéisse Campervans e grousse Succès, bei VW ass de California, d’Campingversioun vum Multivan schonn zënter Generatiounen héich am Cours. Elo start den neie Modell op der Basis vum T 7.1 an de Paul Origer duerft deen neie California ënner héchst realistesche Konditiounen a Slowenien a Kroatien testen.

Sep 02, 20244 min

Automag: Mini Cooper S, 26/08/2024

Am Automag kucke mer eis haut den neie Mini un. An zwar net iergendeen, mee de Cooper S. Et gëtt deemno méi sportlech. A fir eis war den Akim Schmit aus der Automag Ekipp domat ënnerwee.

Aug 26, 20243 min

Automag - Porsche 718 Spyder RS, 19/08/2024

Dacks gëtt jo behaapt, d’Autosmarke produzéiere just nach Eenheetsbräi, an et kann ee se scho bal net méi vun eneen ënnerscheeden. Dass, dat awer net fir all Mark gëllt, weess den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ze berichten, well hie war mat engem ganz besonnesche Gefier ënnerwee.

Aug 19, 20244 min

Automag: VW Tiguan Alldagstest, 15/08/2024

Ee vun de wichtegste Modeller fir VW ass laang net méi de Golf mee schonn eng gutt Zäit den Tiguan. Den zweetgréissten SUV nom Touareg start elo an déi drëtt Generatioun an déi ass mat allem vollgepak, wat et vun neisten Technologie gëtt. Wéi sech den neien Tiguan am Alldag verhalen huet, dat seet eis elo de Paul Origer.

Aug 15, 20244 min

Mam ALPINA D3 S op engem Road Trip., 12/08/2024

Kann en Diesel Motor ënnert der Hauf hautdesdaags nach begeeschteren? Eng Fro déi de Christian Schmit sech gestallt huet op engem Road Trip vun hei op de Sachsenring an Ost-Däitschland.Déngscht Limousine fir eng Woch war en ALPINA D3 S. Hei seng Impressiounen...

Aug 12, 20242 min

Automag: Toyota GR Yaris Facelift, 05/08/2024

Iergendwéi trëfft Toyota den Nerv vun de Petrolheads – alles, wat déi zwee Buschtawe GR dréit, war a kuerzer Zäit ausverkaf. Esou och den éischte Worf vu Gazoo Racing, de GR Yaris. Elo gouf déi kleng Rennsemmel iwwerschafft an opgepeppt – mee freet iech net ze fréi; de Paul Origer, deen op der Presentatioun zu Lyon mat derbäi war, huet zum Schluss leider eng schlecht Noriicht.

Aug 05, 20244 min

Automag: Porsche 911 Carrera GTS, 01/08/2024

Porsche geet beim Facelift vum 911er beim Undriffskonzept nei Weeër. Wéi den neie GTS mat Hybrid-Technik sech fiert, huet den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun erausfonnt.

Aug 01, 20244 min

ALPINA B3 a B4 GT, 25/07/2024

Et gëtt nach Marken déi ganz kleng Stéck Zuele pro Joer produzéieren.Eng vun deenen ass ALPINA zu Buchloe am Allgäu. All Joer invitéiere si op en anere Circuit fir do di neiste Kreatiounen ze presentéieren, an déi Kéier war dat de Sachsenring bei Chemnitz.De Christian Schmit war fir den Automag dohin.

Jul 25, 20243 min

Automag: Lotus Emira, 18/07/2024

Am Automag vunhaut gëtt et net just „very british“ mee och zimlech sportlech. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis bei Lotus, an du hues der Emira de Bols gefillt.

Jul 18, 20243 min

Audi Q6 e-tron, 11/07/2024

D'Evolutioun bei den Elektro Autoen gëtt op Héichtoure viru gedriwwen. Och bei der Mark mat de 4 Reng, Audi.Déi wëlle jo bis 2027 an all Kategorie och en E-Modell an der Gamme hunn.Elo gouf dann den Audi Q6 e-tron offiziell presentéiert, a fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.

Jul 11, 2024

Test Citroën C3, 08/07/2024

Am Automag vun haut, si mir esouwuel elektresch wéi och mat Bensinn ënnerwee. De Rich Simon huet nämlech den neien Citroën C3, deen et mat Elektroundriff wéi och mat engem normalen Bensinnsmotor gëtt, getest. Mat wiem fänks de un, Rich?

Jul 08, 2024

Automag: Renault Rafale, 04/07/2024

Renault wëll zeréck an d’Premium-Segment, an dat mam neie Rafale. Wéi vill Premium am neien SUV-Coupé stécht, a wéi e sech op der Strooss schléit, huet den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp op der Presentatioun zu Sevilla probéiert erauszefannen.

Jul 04, 2024

BMW X2 M35i vs BMW iX2, 01/07/2024

Haut fuere mir BMW am Automag. Dat mat deem neien X2. Dee kann a senger neister Generatioun als Bensinner oder E-Auto bestallt ginn.An di zwee hat de Christian Schmit dann och am Alldag Test. A wéi hunn di zwee dann esou ofgeschnidden? Salut Christian.

Jul 01, 202410 sec
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android