Automag - podcast cover

Automag

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

De VW Tayron am Alldag Test, 14/08/2025

Ze grouss, ze kleng, vläicht eppes an der Mëtt géif passen? Déi Fro gëtt sech dacks bei der Wiel vum passenden Auto gestallt. Bei VW koum jo dofir tëscht dem Modell Tiguan an Touareg am Fréijoer den Tayron. De Christian Schmit konnt dësen elo am Alldag testen. Salut Christian...

Aug 14, 202512 sec

BMW 2er Gran Coupé, 07/08/2025

E BMW häte mir iech dann elo am Automag unzebidden. Een wou hannen M235 drop steet. D’M Modeller bei BMW dat sinn déi di besonnesch sportlech taréiert sinn. Wéi fiert e sech, wat leescht en, a kënne mir eis e leeschten? De Christian Schmit huet d’Äentwert heirober. Gudde Mëtteg Christian…

Aug 07, 202513 sec

Mazda 6e, 31/07/2025

Haut am Automag e Bestseller vu Mazda. De Mazda 6 kenne mir alleguer, mee elo dann eng nei Generatioun am Showroom. An do huet sech de japanesche Konstrukteur dofir decidéiert dass deen a senger neister Form elo nach just reng elektresch ugebuede gëtt. De Christian Schmit war op der Presentatioun an Däitschland mat dobäi.

Jul 31, 202513 sec

Automag: BMW iX, 28/07/2025

Am Automag vun haut kucke mer eis de BMW iX am Detail un. Dëse krut nämlech e Facelift spendéiert. A wat nei ass, a wou de Schong nach dréckt, weess den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp.

Jul 28, 20252 min

DS Numéro 8, 14/07/2025

Haut um franséischen National Feierdag och am Automag en Auto "Made in France". E neien DS. An zwar de „numéro huit“. Jo den DS 8 ass de Spëtzemodell an der Gamme. Kënnt reng elektresch op de Marché, an e ganz bekannte Personnage huet dësen elo als Dingscht Limousinne. Op der internationaler Presentatioun war fir eis de Christian Schmit mat dobäi. Salut Christian, da looss emol d’Kaz aus dem Saak, wien ass dann deen DS Promi? DS, de Numéro 8. Dat ass elo de Spëtze Modell an der Gamme. Kënnt reng...

Jul 14, 202518 sec

Mini Experience Day, 07/07/2025

Wann ee vun der Mark Mini schwätzt, dann ass et net iwwerdriwwen, datt ee vun enger Legend schwätzt. Viru kuerzem hat Mini op ee sougenannten Experience Day invitéiert, wärend deem ee konnt mat engem kleng "Flitzer", duerch de Grand-Duché fueren. Fir eis Automag Ekipp, war de Rich Simon bei dësem Event mat dobäi....

Jul 07, 20253 min

Collection de voitures Prince Albert zu Monaco, 03/07/2025

Monaco a Monte Carlo, eng Plaz wou et vun Dram Autoen an exclusive Gefierer nëmmen esou wimmelt. Genee do ass den Automag haut op Besuch, wëll et hat e Geleeënheet sech d'Collection de son Altesse le Prince Albert de Monaco unzekucken. Mir hunn eis di nei Location vum Valérie Clausier weisen an erkläere gelooss.

Jul 03, 20253 min

Automag: Fiat Grande Panda Hybrid, 30/06/2025

Renault huet et scho mam neie R5 erlieft an direkt duerno den R4 lancéiert - Retrodesign ass nees in! Am Fong fir Fiat näischt Neies, schliisslech hu si virun 20 Joer mat der Neioplag vum legendäre 500er grousse Succès gehat. An dat soll elo mat der nächster Ikon esou goen - an der Fiat-Heemecht Turin gouf elo de Grande Panda als Hybrid lancéiert an de Paul Origer war fir eis dobäi.

Jun 30, 2025

Automag: Cupra Terramar VZ TSI, 23/06/2025

Den neie Cupra Terramar hat schonn e puer Optrëtter hei op der Antenn. No der Hybrid-Versioun stoung elo een Alldagstest vum Bensinner um Programm. De Paul Origer ass den Terramar VZ TSI fir eis gefuer!

Jun 23, 20252 min

Alfa Romeo a seng Intensa Modeller, 19/06/2025

Haut heescht et "Bella Italia" am Automag. Jo et geet em Alfa Romeo déi elo di ganz Gamme als "Intensa" Modeller virgestallt hunn.De Christian Schmit war fir eis op deem Alfa Familjentreffen dobäi, a verréit eis wat sech do derhannert verstoppt.

Jun 19, 202512 sec

Automag - Renault Austral, 16/06/2025

No manner wéi 3 Joer krit de Renault Austral schonn e Facelift. An do hunn d'Fransousen hir Hausaufgaben erleedegt. Souwuel optesch wéi och technesch Nouveautéiten krit den Austral mat op d'Rees. Am haart ëmkämpfte Segment vun de Kompakt-SUV weess hien domat duerchaus z'iwwerzeegen.

Jun 16, 202519 sec

Mazda 3 2.5 skyactiv, 05/06/2025

Haut am Automag « Made in Japan“. Et steet e Mazda am Mëttelpunkt, an zwar de Modell 3. Do koum elo vrun allem Neits ënnert d’Hauf. De Christian Schmit hat dësen am Test.

Jun 05, 20258 sec

Automag: Skoda Elroq Alldagstest, 02/06/2025

Mam Elroq lancéiert Skoda net aleng hiren zweeten, reng elektreschen Auto, mee si starte virun allem an engem haart emkämpfte Segment, dat vum kompakten SUV. Ass den Elroq just eng MEB-Plattform mat Skoda-Logo, oder huet den tschechesche Brudder vun ID.5 a Co besonnesch Talenter? De Paul Origer huet dat fir eis an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.

Jun 02, 20253 min

Automag: Weltpremière Bovensiepen Zagato, 26/05/2025

Haut gëtt et am Automag ganz exklusiv, de Weekend gouf nämlech an Italien eng nei Autosmark gebuer, an do huet RTL net dierfe feelen. De Chris Schagen huet de Weekend um Comer-Séi verbruecht a war bei engem ganz besonnesche Moment mat dobäi.

May 26, 20252 min

De neie Renault 4, 22/05/2025

Iwwer 8 Millioune mol gouf de Renault 4 vun 1961 bis 1992 verkaf. Elo steet e Nofollger vun der R4 an de Startlächer. Di international Presentatioun war dëser Deeg a Portugal, an de Christian Schmit war fir eis dohinner. Mëtteg Christian

May 22, 202511 sec

Automag: Kia EV6 Facelift, 19/05/2025

Knapp 4 Joer sinn et hir, dat Kia hiren éischten als rengen Elektroauto konzipéierten EV6 lancéiert hunn. Deemools war et net nëmmen deen opfällegen Design mee och déi ultramodern Technik, déi den EV6 vun der Konkurrenz ofgehuewen huet. Wéivill elo beim Facelift moderniséiert gouf, dat huet de Paul Origer a sengem Alldagstest erausfonnt.

May 19, 20253 min

Automag: Mercedes-Benz G 580 EQ, 15/05/2025

Fir déi eng Kult an eng Ikon, fir déi aner een absurd Relikt aus enger anerer Zäit – mee eent steet fest: bal keen anere konnt sech esou laang am Auto-Universum behaapten wéi d’Mercedes-G-Klass. Fir hir eng weider Chance ze ginn, wollt Mercedes de G-Dinosaurier op modern Zäiten virbereeden an huet em méi wéi een Elektromotor ageplanzt. Ob verschidde Fans zu Recht geschockt sinn, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.

May 15, 20253 min

Automag: Cupra Leon Sportstourer VZ, 08/05/2025

Iergendwéi richt et hei schonn no Bensinn… am Automag vun haut steet nämlech e Modell am Mëttelpunkt, dee méi dacks bei der Tankstell bäifiert. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp ass bei mir, an du haas de Cupra Leon Sportstourer VZ am Test...

May 08, 20253 min

Automag: Dacia Bigster, 05/05/2025

Big, Bigger, Bigster – Dacia presentéiert dee bis elo gréisste Modell vun hirer Gamme a feiert an engems Première am Segment vun den C-SUV. Ob de groussen Dacia dat erfëllt, wat e versprécht, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Aix en Provence erausfonnt.

May 05, 20252 min

Automag: Tesla Y Juniper, 01/05/2025

Wann een un Elektroautoen denkt, kënnt engem automatesch och den Tesla an de Kapp. Genee esou een huet eis Automag Ekipp am Test gehat. Den Akim Schmit iwwert den neie Model Y.

May 01, 20253 min

Automag: Audi A6 Limousine, 24/04/2025

Nee, déi klassesch Limousine ass nach ëmmer am Rennen, och wann eist Stroossebild haaptsächlech vun SUV an heiansdo nach Kombien dominéiert gëtt. Op verschiddene Mäert ass d’Limousine esou guer richteg beléift – aus deem Grond lancéiert vu sengem neien A6 och nees eng 4-diereg Sedan-Versioun. De Paul Origer duerft sech zu Porto d’A6 Limousine als Avant-Première schonn emol ukucken.

Apr 24, 20252 min

BMW M5 Touring, 21/04/2025

Et ginn Autoen, déi polariséieren, nach éier se wierklech um Marché sinn, respektiv éier ee se iwwerhaapt déi éischte Kéier op eise Stroosse gesäit. A genau esou ee Modell hat den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun am Mäerz e puer Deeg fir ze testen. Ech géif et mol resuméiere mam zesummegesate Wuert «Power-Kombi».

Apr 21, 202519 sec

VW ID BUZZ GTX, 17/04/2025

Den VW ID Buzz kritt méi Muskelen, a geet an d'Verlängerung. Esou kéint een den Automag vun haut iwwerschreiwen. Wéi grouss a wéi staark ass deen dann elo? De Christian Schmit hat en am Test, salut Christian...

Apr 17, 202525 sec

Skoda Enyaq, 14/04/2025

E Bestseller gouf bei d'Visagistin geschéckt. Dat d'Iwwerschrëft haut am Automag. No 4 Joer gouf bei Skoda de Modell Enyaq iwwerschafft. Wat koum dobäi eraus? De Christian Schmit war fir eis mat op di international Presentatioun. Salut Christian...

Apr 14, 202521 sec

Automag: Audi A6 Avant, 10/04/2025

Ah jo, et ginn nach Kombi-Limousinnen an et ginn och nach Verbrennermotoren – fir de Paul Origer eng freedeg Noriicht wéi e vun Audi op Porto ageluede gouf, fir déi neist Generatioun vum Uewerklass-Audi ze entdecken.

Apr 10, 20253 min

Den Toyota Prius am Alldagstest, 07/04/2025

Haut am Automag presentéiere mir den Toyota Prius. De Prius kann een als Pionéier an der Hybrid Technik ugesinn. An der 5. Generatioun ass en elo nach vill méi modern a méi staark wéi jee virdrun. De Christian Schmit war domat ënnerwee.

Apr 07, 20253 min

Automag: smart#3 Brabus, 03/04/2025

2 Joer sinn et elo schonn, dat d’Mark smart ënnert dem Mammenhaus Geely en neie Start gemaach huet. Nom Test vum smart #1 virun engem gudde Joer ass elo den Tour un der Coupé-Versioun #3 gewiescht. Wéi deen sech am Alldag gemaach huet, dat huet de Paul Origer fir eis erfuer!

Apr 03, 20253 min

Automag - BMW M135 xDrive, 27/03/2025

Am Automag vun haut kucke mer eis en Automodell méi genee un, deen ee wierklech dacks op eise Stroosse gesäit. Rieds ass vum 1er-BMW. An do gëtt et net just e Facelift, nee et ass e komplett neie Model, deen den Andy Brücker huet dierfe probéieren.

Mar 27, 20252 min

Automag: Presentatioun Volvo ES90, 24/03/2025

Viru kuerzem huet Volvo e ganz neien Auto presentéiert. Nämlech den ES90. Dat ass ee weideren Elektro-Modell am Portfolio vun der schwedescher Mark. De Rich Simon war fir RTL bei der Presentatioun dobäi. Rich du hues den Auto gewise kritt, awer du bass den ES90 nach net gefuer.

Mar 24, 20253 min

VW Tayron, 20/03/2025

E neie VW an der Gamme ass haut Thema am Automag. Et ass e weideren SUV dee sech an de Portfolio vun der Mark areit. Gouf op de Numm Tayron gedeeft a ka mat 7 Sëtzer bestallt ginn, an eegent sech esou och fir Leit mat méi Plaz Uspréch. De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun an huet erausfont wat dee Modell da nach esou kann. Gudde mëtteg

Mar 20, 202518 sec
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android