Angscht a Schrecke mat de Radaren
onmënschlech Radaren halen d'Land an Otem. Däerf een da lo mol net méi bëssen ze séier fueren?

onmënschlech Radaren halen d'Land an Otem. Däerf een da lo mol net méi bëssen ze séier fueren?
Dir wëllt een Generatiounekonflikt? Dir kritt een!
D'Fro, wou d'Éislek ufänkt, ass vläit méi politesch, wéi een mengt. Mir erklären, wou d'Éislek da lo wirklech ufänkt an wat dat mat dem Referendum vum läschte Joer ze dinn huet.
An engem klengen Land misst dat mam Transport jo net sou schwéier sinn. Denkt een. Mä souguer enger Regierung mat grénger Bedeelegung fällt soss näischt an wéi méi Stroossen an méi (Elektro)Autoen. Rett eis elo den Tram?
Lëtzebuergesch – ass dat iwwerhaapt eng Sprooch? A wa jo, ass se sou vunerabel wéi d'UNESCO mengt? Ass et net bëssi blöd, de Croissant onbedengt wëllen op Franséisch ze bestellen, mä keng dräi Wierder richteg schreiwen ze kënnen?
Et ass dat Thema, datt Noriichte säit dem Summer dominéiert: Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten. An dat zu Fouss. An Europa. E puer méi allgemeng Iwwerleeungen zu Refugees an Europa a speziell zu Lëtzebuerg an d'Reaktiounen dorobber.
Eng Schoulreförmchen huet sech ugekënnegt. Grond genuch, fir mol ze kucken, wou d'Kromm an eisem Schoulsystem da wierklech an der Heck läit …
Den Iechternacher Trifolion wëll onbedéngt den Thilo Sarrazin alueden an noutfalls mat Policegewalt dofir suergen, datt deen seng rassistesch Thesen verbreeden kann. Mir erklären, wisou den Sarrazin falsch läit an wisou een net jiddereen, deen mengt en hätt eppes ze soen, och schätze muss loossen.
Wat hunn Refugees mam Niqab an deen mam Terror vun Daesh an Europa ze dinn? Näischt. Dem rietspopulisteschen Verbalterror ass dat natierlech egal, an all nach esou aarmen Wirschtchen muss matmaachen.
kënne mir net einfach ophalen, esou e maachen, wéi wann de Maître an seng Meenung wichteg wieren?
Säit Wochen ass a villen europäeschen Länner d'Thema vun den Asylsichenden op der Daagesuerdnung. An Italien, Spuenien a Griicheland kommen bal all Dag honnerte vu Leit un, déi virun Krich an Terror flüchten an dobäi keen aneren Auswee gesinn, wéi sech op déi doudgeféierlech Rees iwwert Mëttelmier ze maachen. Zu Calais a Frankräich versichen se, duerch den Tunnel an England ze gelaangen, an Éisterräich ass d'Lager zu Traiskirchen esou iwwerfëllt, datt Amnesty International eng Enquete mécht an a...
Ween mat Konscht zum Nodenken ureege wëll, kann zu Lëtzebuerg just verléieren, well d'Press ass am Fong just een Durchlauferhitzer fir de Policebulletin.
e puer erschreckend Zitater, natirlech alles Eenzelfäll …
Ohjemine.
Nächste Sonnden, de 7. Juni 2015, ass et esou wäit: Lëtzebuerg stëmmt per Referendum iwwert dräi Froen zur Verfassung of. Eng Wahlempfehlung.
Wéi dir wahrscheinlech aus deene leschten Angscht a Schrecken-Episode wësst, halen ech den Referendum, dem sech Lëtzebuerg demnächst stelle muss, fir eng Farce. D'Froe sinn Detailer, iwwert déi een sech an der Regierung am Fong eenz ass, an et géif vill méi grondleeënd Froen ze klären: Wat fir eng Staatsform wëlle mir? Wat fir Grondrechter sollen an d'Verfassung? Wat fir Ziler soll Lëtzebuerg hunn? Wat ass mam Staatsrot?
Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn.
Et kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D'Uni Lëtzebuerg wollt, sou d'Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.
Leschten Donneschden gouf en néie Projet vun eiser Regierung virgestallt: de Nationbranding. Et geet dobäi net ëm richtege Branding, wéi dat fréier bei Kéi gemaach gouf, fir se erëmerkennen, mä ëm Brand-ing, also eng Marque aus eppes maachen.
Et ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.
Méi ee schrecklecht Thema fir aus der Wanterpaus ze kommen hätt een sech bal net virstelle kënnen. Nom islamisteschen Terror a Frankräich fehle mir zum gréissten Deel d'Wierder, an iwwert een anert Thema ze schwätze schéngt mir net méiglech. Also muss ech e puer Saache soen, och wann se vläit net an dat Weltbild, dat sech zanter dem Attentat op Charlie Hebdo duerchgesat huet, passen.
Widme mir eis haut enger Institutioun vun eiser Demokratie, vun där keen esou richteg weess, woufir se gutt ass: de Staatsrot. De Staatsrot kuckt sech d'Gesetzer, déi Chamber gestëmmt huet, nach eng Kéier un a verbessert Feeler. Do geet et awer lo net ëm Grammaire an Orthografie, mä virun allem dorëm, datt d'Gesetzer konform mat der Verfassung an internationalen Träiteté sinn.
An ech hat gemengt, ech kéint lo all Woch iwwert een anert Thema hierzéien. Natierlech ass d'Bomm dunn leschten Dënschden-Owend geplatzt. Déi zweet Well vun den #luxleaks-Dokumenter ass verëffentlecht ginn. An endlech ass dat, wat ech mir all déi Joeren ëmmer scho geduecht hunn, offiziell ginn: Mir wunnen am Disneyland.
Am Fong war déi läscht Woch eng gutt Woch. De Radio ARA krut eng nei Frequenz zou- a versprach, nämlech déi vum DNR. Dat war de Versuch, d'Frëmmegkeet vu Radio Vatikan mat schlechtem Musekgoût ze verbannen. Dat ass net opgaangen an elo kritt den eenzege fräie Radio am Land d'Frequenz 102,9. Dat ass gutt, well mat dem Move vun 103,3 op 103,4 stounge mir mat engem hallwe Fouss an der Piraterie. Besonnesch schéi war, dat dës Noriicht an der Woch vum 6. Dezember koum. De Kleeschen an den ARA hunn en...
Virun e puer Méint huet de Magazin „forum“ een Dossier iwwert Steierlandschaft zu Lëtzebuerg eraus bruecht. Wat klengt wéi eng Sammlung vun onheemlech langweilegen Aufsätz an enger Massendengerzäitschrëft, war a Wierklechkeet awer richteg interessant: Et ass nämlech ëm déi berühmt-berüchtegt tax-rulling gaangen. Dat war wuelgemierkt scho laang virun #luxleaks an huet vun allen Säiten erklärt, wéi dat funktionéiert an ween dovunner profitéiert. Besonnesch schéin war och d'Titelbild, dat d'Stad vo...
"Een Thü ... ah nee, dat heescht jo elo "Lëtzebuerger Grillwurscht", seet eng Fra, a mir grinse just a soen "Mir wësse jo, wat gemengt ass." De Lëtzebuerger u sech huet déi Geschicht mam Thüringer nach net ganz verdaut, well weder "Lëtzringer" nach "Lëtzebuerger Grillwurscht" sech immens gutt soen. An méi Kreativitéit kann ee Leit, déi "hier" Wurscht geklaut kruten, och net wierklech zoumudden. An esou Momenter kann ee bal verstoen, dat sech vill Leit iwwert d'EU-Bürokratie opreegen. Déi kéint d...
Lëtzebuerg ass am Wahlkampf. An well nach esou gutt wéi keng Partei e fäerdegen Wahlprogramm huet, muss eben iwwer Personnagen oder "faits divers" geschwat ginn. Leider ass och Summerlach, dofir ginn et net vill "faits divers". Wann ech soen et ass Summerlach, da mengen ech dat och esou: Summerlach ass een Zoustand, keng Plaatz an och keng Zäit.
Do steet een dann no längerer Zäit erëm zu Lëtzebuerg an geet op een Concert. Op eng vun deene Platzen, wou ëmmer déi selwecht Leit sinn. An dann erkennt een keen.
Et klengt e bëssen wéi een iwwerschätzten Actionfilm mat enger gudder Idee a vill deieren Effekter: an enger méi wéi komplizéierter Affaire, wou et virun allem dorëms geet, ween wat wéini zu weem gesot huet, dreemt den Direkter vun der Spuerkeess nach eng Kéier den exakten Contenu vun engem Telefonsgespréich. Wéi wann dat net schonn komesch genuch wier, stierzen sech d'Medien net drop, mä maachen éischter esou, wéi wann dat dat normaalst vun der Welt wier.
Heinasdo muss een raus. An d'Natur. Ech summen meeschtens schon um Wee dohinner „Zurück zum Beton“. Mä et hëlleft alles näischt, esou e Studium bréngt verschidden Exkursiounen mat, a je länger een domadder waard, emsou schlemmer gëtt et …