Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more
Owes virum Fernsee leien oder mam Computer op de soziale Medien oder mat Videospiller seng Zäit friesse loossen; alles dat gouf et fréiers net. An awer huet ee säin Owend och missten rëmkréien an dat war dann an den Uuchten. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat enger Uucht op sech hat a lauschtert virun allem sengem gutt gemengte Rot um Schluss gutt no.
Den 11. November ass den Dag vum Hellege Martin, oder wéi mir och soen Mäertesdag. Grond genuch fir eise Sproochmates Alain Atten e bëssi an der Geschicht ze wulle wat et mat deem Termäin op sech hat.
Wat huet Allerhellege mat Halloween ze dinn? Näischt seet eise Sproochmates Alain Atten. Dat gouf et net an eise Géigenden. Halloween kënnt aus den USA an déi Well ass viru Jore bei eis komm.
12 Méint huet e ganzt Joer a mir hu 4 Saisonen, déi festgeluecht sinn, wéini se uginn a wéini se ophalen. Do gëtt et déi kalendaresch an déi astronomesch Daten, un deenen ee sech orientéiert. Fréier huet een dat e bëssi anescht gekuckt, erënnert eise Sproochmates Alain Atten.
Ob ee richteg erholl war no enger Gromperevalkanz, wuel kaum! Wat et domadder op sech huet mat dem Numm, deen haut bal kee méi kennt, eise Sproochmates weess ze erklären.
Mir sinn am September ukomm, dem 9. Mount vum Joer an dee gëtt alt och Hierschtmount genannt. Eise Sproochmates Alain Atten fënnt den Numm alt esou, well en ass elo net immens präzis, hien huet do e besseren Numm.
Dëser Deeg ass et relativ schwéier e Bou ronderëm d'Thema Fouer ze maachen. Och haut dréien d'Karusseller an d'Gromperekichelcher gi gebroden. Da kommt mir dann och en Tour mam Sproochmates iwwert de Glacis.
Den 10. August ass de Luerenzdag, dee geet et op den Hellegen Laurentius zréck. Dat war esou e Wiederlousdag, no deem ee sech viru laanger Zäit alt orientéiert huet, wéi et mat den Aarbechten um Feld zum Beispill sollt viru goen. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert.
August oder et kann een den 8. Mount och nach Karschnatz nennen. Den Numm ass Programm, well eben am Héichsummer d'Zäit fir d'Recolte fir d'Broutfruucht ass. Eise Sproochmates Alain Atten kuckt op d'Aarbechten um Feld zréck, dat aus linguistescher Siicht.
Jacques, James, Jeeki, Jim oder och Jakob, all dës Nimm ginn op en Hellegen zréck. Awer op wat fir een Hellege Jakobus? Detailer huet eise Sproochmates Alain Atten.
Den 22. Juli ass den Dag vun der Helleger Madeleine, der helleger Muedeléin, wéi ee fréiers gesot huet. Eis Sproochmates bréngt eis d'Mady oder Léini, wéi een och ka soen, e bëssi méi no.
Sech de wëlle Mann stellen! Wat et mat deem ''Wëlle Mann'' op sech huet a wou deen Numm hierkënnt a wat e saisonstechnesch bedeit, weess eise Sproochmates Alain Atten.
Eise Kalenner kennt e puer Gehaansdeeg, de 24. Juni ass esou e Gehaansdag, e chrëschtleche Feierdag zu Éiere vum Hellege Jang den Deefer. Eise Sproochmates Alain Atten mat Erklärungen.
An dëser Episod vum "Sproochmates" gëtt de Gehaansdag, de 24. Juni, am Detail behandelt. Den Alain Atten erkläert d'chrëschtlech Bedeitung als Feierdag vum Hellege Jang den Deefer a seng Relatioun zum Chrëscht Mëttelpunkt. D'Diskussioun geet och op d'astronomesch Verbindung mat der Summersonnewend an d'Virchristlech Bräich wéi d'Gehaansfeier an d'lokal Traditiounen an de Lëtzebuerger Regioune.
Et ginn dëser Feierdeeg der vill, ma e puer kenne mir net méi esou richteg. Dozou kann een Zerläichendag nennen. Eis Däitsch Nopere soen dofir Fronleichnam an deen Dag fält 60 Deeg no Ouschteren, op den zweeten Donneschden no Päischten. Eise Sproochmates Alain Atten huet d'Detailer.
Et ginn dëser Feierdeeg der vill, ma e puer kenne mir net méi esou richteg. Dozou kann een Zerläichendag nennen. Eis Däitsch Nopere soen dofir Fronleichnam an deen Dag fält 60 Deeg no Ouschteren, op den zweeten Donneschden no Päischten. Eise Sproochmates Alain Atten huet d'Detailer.
Den Dënschden ass nees esou wäit: da geet et op Iechternach op d'Sprangpressessioun zu Éiere vum Hellege Willibrord. Deen ass do begruewen a bei dee gouf a gëtt gepilgert. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert firwat dat esou war an nach ëmmer ass.
Den Dënschden ass nees esou wäit: da geet et op Iechternach op d'Sprangpressessioun zu Éiere vum Hellege Willibrord. Deen ass do begruewen a bei dee gouf a gëtt gepilgert. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert firwat dat esou war an nach ëmmer ass.
Eise Sproochmates Alain Atten huet sech haut mat engem Numm, deen elo awer et méi esou geleefeg ass. Abee dee Feierdag, vun deem elo gläich rieds ass, kënnt elo déi nächst Woch. Da lauschtert.