RTL - Hollywood Reporter - podcast cover

RTL - Hollywood Reporter

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
D'Aktualitéit aus der Dramwelt, kommentéiert vum Lokal Korrespondent Pit Biwer aus Los Angeles

Episodes

Hollywood Reporter, 09/03/2025

Den Gene Hackman ass mat 95 Joer zësumme mat senger Fra dout an hierem Haus zu Los Angeles fonnt ginn. De Pit Biwer kuckt zereck op puer Gespréicher mam Oscar-Gewënner an liwwert eis d'Reaktiounen aus der Dramfrabrik Hollywood.

Mar 09, 20253 min

Hollywood Reporter: Wou hunn d'Stars hir Oscare stoen?, 06/03/2025

Ugeholl dir géift een Oscar oder en anere groussen Award gewannen - wou géift dir en hi stellen? Eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer huet Stars ewéi Sally Field, Tom Hanks oder Sissy Spacek gefrot, op wéi enger Plaz si hir Academy Awards stoen hunn. Ausserdeem huet hien e puer Fakten iwwert dee klenge gëllene Männchen a verréit eis wat d'"Oscar Clinic" ass!

Mar 06, 20253 min

Hollywood Reporter, 02/03/2025

An der Nuecht ginn déi mat Ofstand bekanntste Filmpräisser op der Welt iwwerreecht. D'Academy Awards, dee gudden Oscar. Zu där Iwwerreechung gehéiert traditionell eng glamouréis Show. Detailer vun eisem Mann zu L.A., dem Pit Biwer.

Mar 02, 20253 min

Hollywood Reporter: Oscar-Favorittin Demi Moore, 27/02/2025

An der Nuecht vun e Sonnden op e Méinde sinn d'Oscars am Dolby Theatre zu Los Angeles. Bei deene 97. Academy Awards gehéiert d'Demi Moore mat senger Roll an "The Substance" zu deene grousse Favorittinne fir déi "bescht Schauspillerin". Net nëmme bei de Kritiker, mee och bei Film-Fans ass d'Demi Moore extrem beléift.

Feb 27, 20253 min

Hollywood Reporter, 16/02/2025

Datt et den Hollywood-Staren dacks gutt geet ass kee Geheimnis. De Pit Biwer stellt eis haut mol puer Promis fir, déi och vun hierem Räichtum e bëssen eppes ofginn.

Feb 16, 20253 min

Hollywood Reporter, 13/02/2025

Bei Dréiaarbechten entstinn alt schonn emol gutt an déif Frëndschaften, esou och tëscht dem Dennis Hopper a Peter Fonda. Dernieft war den Hopper gefrot ginn, fir d'Regie vum Film Pretty Woman ze iwwerhuelen. Dee wollt en anert Enn vum Film hunn. Den Hollywood Reporter, Pit Biwer kennt d'Enn vum Film, wat esou ni ëmgesat gouf.

Feb 13, 20253 min

Hollywood Reporter, 09/02/2025

Eisen Hollywood-Reporter ass beschtens vernetzt. Dës Woch huet de Pit Biwer de Schauspiller Nick Nolte um RTL Mikro.

Feb 09, 20253 min

Hollywood Reporter, 06/02/2025

De Ke Huy Quan zielt elo zu der Elite vun den Hollywood Gréissten deenen hir Hännofdréck um berüümte Boulevard zu L.A. veréiwegt sinn. Den 53 Joer ale Schauspiller war méi wéi iwwerrascht iwwer déi Nouvelle. Detailer elo vun eisem Hollywood-Reporter Pit Biwer deen och genee erkläert wéi dat funktionéiert fir déi Ofdréck ze veréiwegen.

Feb 06, 20253 min

Hollywood Reporter, 30/01/2025

Billie Eilish, Johnny Mitchel oder och d'Red Hot Chili Peppers - fir elo just si ze nenen. De Fire-Aid Concert ass den 30. Januar op zwou Plazen. Eemol am The Intuit Dome an am Kia Forum zu L.A. D'Recette kommen den Affer vun de schroe Bëschbränn zegutt. Elo scho geet dëse Concert an d'Geschicht an.

Jan 30, 20253 min

Hollywood Reporter: "The Bodyguard", 26/01/2025

De Film "The Bodyguard" aus dem Joer 1992 ass ee vun den absolutte Klassiker aus der Film-Geschicht. D'Haaptrolle spillen d'Whitney Houston an de Kevin Costner. De Schauspiller huet sech am Interview mat eisem Hollywood Reporter Pit Biwer iwwert de Film ënnerhalen.

Jan 26, 20253 min

Hollywood Reporter - Fire Aid, 23/01/2025

Déi schlëmmst Bëschbränn am Süde vu Kalifornien hunn Dausende vun Awunner alles kascht. Elo organiséiert d'Annenberg Foundation mam Fire Aid e Benefizconcert: Den 30. Januar spillen d'Billie Eilish an aner grouss Nimm am Intuit Dome a Kia Forum. Wat d'Staren do op d'Been stellen a wéi eng Kënschtler fir e Grammy a fro kéimen, dat weess de Pit Biwer.

Jan 23, 20253 min

RIP David Lynch, 19/01/2025

Den Doud vum David Lynch e Mëttwoch, den 20. Januar hannerléisst e Lach an der internationaler Filmlandschaft. Wéi grouss dat ass bezéien déi waarm Wierder, déi de Nicolas Cage an de Kyle MacLachlan um RTL Mikro beim Pit Biwer fonnt hunn.

Jan 19, 20253 min

Hollywood Reporter: Feier zu LA, 16/01/2025

Op der amerikanescher Westküst huet d'lescht Woch e grousst Feier fir enorme Schued a Leed gesuergt. Dës Kéier ass Los Angeles, mam berüümte Staddeel Hollywood, net verschount bliwwen. Den Hollywood Reporter Pit Biwer huet d'Katastroph hautno materlieft.

Jan 16, 20253 min

Hollywood Reporter: Bränn zu Los Angeles, 12/01/2025

Déi schlëmm Bëschbränn zu Los Angeles si weiderhinn net ze stoppen. Ronn 12.000 Haiser goufe komplett zerstéiert an déi offiziell Zuel vun den Doudesaffer ass mëttlerweil op 16 geklommen. 180.000 Mënschen hunn hir Haiser an deene leschten Deeg misse verloossen, dorënner och etlech Hollywood-Stars an aner Prominenter. De Pit Biwer gëtt eis en Androck vun der Stëmmung op der Plaz.

Jan 12, 20253 min

Hollywood Reporter, 09/01/2025

Hollywood ass a Gefor. Déi geféierlech Bëschfeier, déi sech ëmmer méi séier ausbreeden. Feier ass elo just nach e puer Kilometer vun der weltbekannter Filmmetropol ewech. D'Situatioun ass sou kritesch, datt eng ganz Partie Veranstaltungen hu missen ofgesot ginn - eppes wat et an dësem Ausmooss nach ni zu Los Angeles gouf. De Pit Biwer mam Temoignage.

Jan 09, 20253 min

Hollywood Reporter: Golden Globes, 05/01/2025

Haut den Owend geet mat de Golden Globes d'Saison vun de Präisverdeelungen un. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer erzielt d'Geschicht vum renomméierte Präis a stellt eis d'Favoritten an deene verschiddene Kategorië vir!

Jan 05, 20253 min

Hollywood Reporter: 111 Joer Beverly Hills, 29/12/2024

Am Januar feiert Beverly Hills Gebuertsdag. D'Geschicht vu Beverly Hills fänkt awer net mat Hollywood-Stars, mee mat Petrol un. Eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer hëlt eis mat an d'Stad vun de Rich & Famous.

Dec 29, 20243 min

Hollywood Reporter, 26/12/2024

Erënnerungen un d'Debbie Reynolds an d'Carrie Fisher, déi béid Hollywood-Gréissten, Mamm a Meedchen, déi eis Enn Dezember am Joer 2016 quasi zäitgläich verlooss hunn.

Dec 26, 20243 min

Hollywood Reporter: Wéi feieren Hollywood-Stars Chrëschtdag?, 22/12/2024

Nach zwee Deeg bis Hellegowend. De Pit Biwer hat Schauspill-Stars ewéi d'Mimi Rogers, d'Sarah Jessica Parker oder de Kevin James gefrot, wéi a wou si d'Chrëschtdeeg verbréngen. De Sylvester Stallone schwärmt vu senger impressionanter Sammlung vu Bronze-Statuen an zum Schluss ginn et och nach e puer Chrëschtdagswënsch vun Hollywood-Gréissten.

Dec 22, 20243 min

Hollywood Reporter, 19/12/2024

Grouss Unerkennung fir den Tom Cruise, hien kritt e ganz renomméierte Präis. Den "distinguished public service award" vun der US Navy. Dernieft verréit den Hollywood Reporter, wien d'Schauspiller Fit hält, wann et heescht geféierlech Stunte ze maachen.

Dec 19, 20243 min

Hollywood Reporter, 12/12/2024

E massiivt Feier zu Malibu huet zu seriéisen Evakuatiounen gefouert. D'Autoritéiten schaffen intensiv, fir d'Situatioun ënner Kontroll ze kréien. Zur selwechter Zäit ginn et spannend Rumeuren iwwer en neie geheime Film vum Christopher Nolan. D'Detailer sinn nach geheim, mee d'Fans erwaarden mat Spannung weider Informatiounen an d'Beyoncé preparéiert sech intensiv op d'Grammyen.

Dec 12, 20243 min

Hollywood Reporter, 08/12/2024

No e puer Skandaler an enger Partie Ännerungen bei de Golden Globes, soll dës prestigiéis Präisiwwerreechung erëm mat den Oscaren mathale kënnen. An engems erkläert d'Halle Berry wat den Ënnerscheed tëscht den Oscaren an de Golden Globes ass.

Dec 08, 20243 min

Hollywood Reporter, 05/12/2024

Den Jeff Bridges huet kierzlech säi 75. gefeiert. De 7-fachen Oscargewënner huet e spezielle Wonsch deen e senge Fans mat op de Wee ginn huet. E weidert Gebuertsdagskand ass Marisa Tomei, déi an den 90er ganz onerwaart en Oscar gewonnen huet a sech géint déi ganz Grouss duerchsetze konnt.

Dec 05, 20243 min

Hollywood Reporter, 01/12/2024

Vill Schauspiller wëllen an hire Filmer och fir d'Regie verantwortlech sinn. Déi zwou Saachen ënnert een Hutt ze kréien ass definitiv net einfach - ausser et heescht ee Clint Eastwood! An den Hollywood Reporter Pit Biwer huet mam Morgan Freeman iwwert seng onverkennbar Stëmm geschwat.

Dec 01, 20243 min

Hollywood Reporter, 28/11/2024

3 Matrix-Filmer, Predator oder Die Hard, fir just déi ze nennen, goufe vum Joel Silver produzéiert. Een dee gäre mam Joel Silver zesummeschafft, ass de Sylvester Stallone. Ma wat mécht eng Produktioun méi einfach? Dat huet de Joel Silver dem Pit Biwer am Interview verroden an och Sandra Bullock hat et net ëmmer einfach virun der Kamera.

Nov 28, 20242 min

Hollywood Reporter: Erlieft de Western-Genre e Rebirth?, 24/11/2024

De Kevin Costner huet viru Kuerzem deen éischten Deel vu senger Western-Film-Rei "Horizon" erausbruecht. An deem Kader huet hien eisem Hollywood Reporter erzielt, wéi hie wärend Dréiaarbechte vum Western "Dances with Wolves" (1990) eng Kéier vum Päerd gefall ass. Den Tom Selleck an de "Crocodile Dundee" Paul Hogan schwätzen iwwert d'Bedeitung vum Western-Genre an der amerikanescher Film-Geschicht.

Nov 24, 20243 min

Hollywood Reporter, 21/11/2024

Las Vegas zitt net nëmmen d'Formel 1 Elite un, mee och Hollywood Staren. An der Stad vun de schnelle Decisioune louch de Rekord bei der Britney Spears mat 55 Stonnen Bestietnes, dem Nicolas Cage seng Las Vegas Léift huet véier Deeg gedauert, an den Elvis selwer huet sech hei 1967 mat der Priscilla d'Jo-Wuert ginn. Dëse Weekend gëtt nees Gas ginn - um Circuit a bestëmmt och an der berüümter Little White Wedding Chapel, Pit Biewer.

Nov 21, 20243 min

Hollywood Reporter, 17/11/2024

Den Al Pacino fuerdert d'Regisseuren op, d'Aarbechtsstonne vun de Schauspiller ze reduzéieren. Den Tom Hanks huet e Privatkach engagéiert. An d'Gediechtnes vum Martin Sheen ass net ëmmer dat bescht. Den Hollywood-Reporter Pit Biewer.

Nov 17, 20243 min

Hollywood Reporter, 14/11/2024

Stare wéi d'Cameron Diaz, d'Catherine Zeta-Jones oder d'Jennifer Lopez hu bei Null ugefaangen. De Pit Biwer weess, wéi si sech duerch Modellfotoen a kleng Rollen bis ganz no uewe geschafft hunn. Ganz exklusiv: D'Cameron Diaz schwätzt mat eis iwwert hiren ongewéinleche Start an d'Filmgeschäft.

Nov 14, 20243 min