Aussprooch: De Buschtaf ,,r’’ (A1) - podcast episode cover

Aussprooch: De Buschtaf ,,r’’ (A1)

Apr 25, 20245 min
--:--
--:--
Download Metacast podcast app
Listen to this episode in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episode description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’.

- - -

Transkript:

Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond.
Sot eng Kéier „Buch“.

An elo [x].

Do wou dir de  [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ].

[x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ]

An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ]
Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:
-rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.
-Arabesch, brong, Brout, Crème, dräi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad. -Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.
-Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck.


-De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

Schwätzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.
-Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

Ech widderhuelen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

Schwätzt mat mir zesummen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.


-Dann nach eng Zuel: dräidausendräihonnertdräiandrësseg. Dräidausenddräihonnertdräiandrësseg. Schwätzt mat mir zesummen: dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.

For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android