Owespanorama
Aug 19, 2025•12 min
Episode description
1. No de Reunioune gëschter Owend zu Washington ëm d’Zukunft vun der Ukrain gouf de Premier Luc Frieden haut iwwer d’Resultater dovun an d’Bild gesat. Dir héiert seng Aschätzung dozou
2. De STATEC huet sech a sengem jéngste Konjunkturflash ë. a. mat de Sujeten Inflatioun an Immobiliekreditter befaasst. Mir kucken am Panorama an der Haaptsaach op d’Erkenntnisser a Saache Logement
3. De Jeff Strasser gëtt neie Fussball-Nationaltrainer, huet d’FLF am Nomëtteg bekannt ginn. De Kontrakt vum Ex-Profi an Nofollger vum Luc Holtz geet bis Enn 2026; um Siège vun der Federatioun ass muer de Moien eng Pressekonferenz
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android
