Lauschter Mol! - podcast cover

Lauschter Mol!

Alex, Max & Phoebepodcasters.spotify.com
Den Polit Podcast vu Jonker fir Jonker an och net sou Jonker. All zweeten Freiden am Mount um Radio ARA.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

#26 [B] - Chamberwahlen

Beschreiwung kënnt no. Mais kuckt scho gäeren an d'Beschreiwung vun dem eischten Deel: https://linktr.ee/lauschtermol

Nov 12, 202358 min

#26 [A] - Chamberwalen

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter Mol!”, dem antikapitalista Podcast fir jonk an al. Haut wëlle mer mat iech iwwert d’Chamberwahlen schwätzen, well den 8ten Oktober ass et nes souwäit! Falls der iech lo frot, mee wat kann een do iwwerhaapt alles wielen, a wat wëllen die Parteien lo genau ëmsetzen, da sidd der hei genau richteg. PS: A falls der iech den 8ten Oktober net kënnt physesch an de Wahlbüro beginn, vergiesst net d’Bréifwahl mat Zäit unzefroen!!! T’ass lo de Moment.

Aug 29, 20231 hr 1 min

#23 - Klimawandel Revisited

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei enger neier Episod Lauschter Mol ! An dëser Episod kucken mir eis d’Klimakrise an d’Klimaaktivismus-beweegung un. Mir reflekteieren iwwer d’Evolutioun vun der Beweegung an d’Wichtegkeet vun Emotiounen am Bezug zu Aktivismus. Lies Mol ! - How to Blow Up a Pipeline, Andreas Malm - Cannibal Capitalism, Nancy Fraser - A Psalm for the Wild-Built, Becky Chambers - On Fire, Naomi Klein - The Climate Book, Greta Thunberg Kuck Mol ! - XR UK Doku - Don’t Look Up [Netflix] -...

Feb 10, 202349 min

#22 - Konscht a Klassekampf

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem Politikpodcast fir jonk an al. Dës Kéier bei “Lauschter mol!” maache mir e klengen Ausfluch an den Theater. Enn Dezember huet äert Podcast Team sech ob de Wee ob Audun-le-Tiche gemaach, fir sech d’Theaterstéck “Grève générale contre le Luxembourg” vum Kënschter*innenkollektiv Richtung22 unzekucken. Wat fir Andréck dat hannerlooss huet, souwéi all eis Interpretatiounen an Takes zu de behandelten Themen héiert der an eiser Episode Nr. 22. An dë...

Jan 24, 202353 min

#21 - Positivismuskritik

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem Politikpodcast fir jonk an al! An eiser 21ter Episode schwätze mer iwwert d’Thema Wëssenschaft a wëssenschaftlesch Methode.

Jan 24, 202354 min

#20 - Domestic Work in Luxembourg (English Version)

In this English episode, Emma explores the phenomenon of domestic work in Luxembourg. She provides a broad overview of the current situation and speaks with an expert from ASTI - Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.

Sep 25, 202233 min

#18 - Eng feministesch Vue op Léift

An dëser Episod kucken mer eis dréi verschidden Bicher iwwert Thema Léift un. Bicher sinn: bell hooks, all about love; Seyda Kurt, Radikale Zärtlichkeit; Kristen, Ghodsee Why Women Have Better Sex Under Socialism. Mir diskutéieren iwwert Léift aus intersektioneller aan feministescher Perspektiv an schaffen déi wichtegst Theesen aus den Wierker eraus. Dobäi retracéieren mir unhand vun den dréi Wierker déi ideengeschichtlech Entwécklung vun dem status quo vun der Léift mais blécken awer och an d'Z...

Jun 22, 202255 min

#17 - Europa (an Krisen)

An dëser Episod gett et - an aussergeweinlechen Ëmstenn - em d’Thema Europadag an d‘europäesch Unioun. Mir kucken eis d’Entstehungsgeschicht vun der EU aus der Perspektiv vun hieren Kisen un, analyseieren hier Legitimatioun an probeieren produktiv un Leisungen ze schaffen. Musik: Bilderbuch – Europa 22 Referenzen – Lies mol!: - Costas Lapavitsas, The Left Case against the EU - The Brexit Crisis, a Verso Report - Edward Said, Orientalism - Sternstunde Philosophie: Europa (Youtube, SRF) - Nicole S...

May 21, 202238 minSeason 2Ep. 8

#16 - Act!(ivism)

Mei Informatiounen zu dem russëschen Invasiounskrich an der Ukraine an Hëllef vum Radio ARA: https://www.ara.lu/ara-stands-with-ukraine/ Hallo an häerzlesch wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem antikapitalista Podcast fir jonk an al. An eiser 16ter Episode schwätze mer iwwert die verschidden Art a Weisen wéi Activismus sou kann ausgesinn, ob wat een alles sou oppasse muss, an eis perséinlech Erfahrungen an deem Beräich. Instagram: @lauschtermol E-Mail: lauschtermol@gmail.com Musek: Mercedes Marxis...

Mar 15, 20221 hr 8 minSeason 2Ep. 6

#15 - Utopie - so what?

An eiser 15ter (!!!) Episode beschäftege mer eis mam Thema Utopie. Wie géing die perfekte Welt eigentlech fir eis ausgesinn? Sinn utopesch Zieler wierklech sou onrealistesch wéi ëmmer gesot gëtt? A Liewe mir net grad iergendwéi an der Dystopie? Stay tuned! Instagram : @lauschtermol Email : lauschtermol@gmail.com Musek : Poems for the Future by Awal Digital Lies mol! On Fire | Naomi Klein http://www.utopiaanddystopia.com Kuck mol! “Trope Talk: Dystopias (with special guest Hello Future Me!!)” vun...

Jan 18, 20221 hr 3 minSeason 2Ep. 6

#14 - Schoul (2) Systemesch Kritik & Historesch Analyse

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem antikapitalista-Podcast fir jonk an al. An eiser 14ter Episode féiere mer d’Gespréich aus eiser leschter Episode virun, andems mer ob die systematesch Problemer am lëtzebuerger Schoulsystem aginn. Vum Ursprung vun dem wat mir hautzedags ënner “Schoul” verstinn, bis hin zum Zäitalter vum Internet, huele mir alles ënnert d’Loupe, wat ënnerwee schief gelaf ass. An der Hoffnung dat et nëmme ka besser ginn… Musek: Stresses Out by Twenty One Pilots...

Dec 10, 202153 minSeason 2Ep. 5

#13 - Schoul (1) an eis Erfahrungen

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem antikapitalista-Podcast fir jonk an al. An eiser 13ter Episode schwätze mer iwwert eis eegen Erfahrungen mam Thema Schoul. A well mer dës Kéier sou vill ze soen haten, hu mer direkt zwou Episoden preparéiert! Nächste Mount gëtt et also e bëssen méi theoretesch, mat enger ausgeweiteter Kritik um lëtzebuerger Schoulsystem vun eiser Säit. Stay tuned! Musek: Things That I’ve Learned by Orla Gartland Instagram: @lauschtermol Lies mol! https://taz....

Nov 12, 20211 hr 3 minSeason 2Ep. 4

#11 - Klimawandel (& Kapitalismus)

Hallo an häerzlech wëllkomm zu enger neier Episode vu "Lauschter mol!", dem Polit Podcast vu Jonker, fir Jonker, an och net sou Jonker. Duerch di rezent Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg an extrem Wieder Ereignisser an der Welt inspiréiert, schwätze mer haut iwwer Klimawandel, seng Auswierkungen, a wat dat alles mat Kapitalismus ze dinn huet. Instagram: @lauschtermol Musek: Love it if we made it - The 1975 | Man's World - Marina Lies mol! Are Prisons Obsolete? by Angela Davis (https://www.feminist...

Aug 13, 20211 hr 1 minSeason 2Ep. 1

#10 - Let's talk about pride!

Hallo an häerzlech wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem Polit Podcast vu Jonker, fir Jonker, an och net sou Jonker. An eiser 10ter Episode schwätze mer iwwert d’Zesummenhäng tëscht queer sinn, am Kapitalismus liewen an Pink Washing. Instagram: @lauschtermol Méi zum Thema: https://www.tierindir.de/2021/06/20/ausbeutung-but-make-it-queer/ Lies mol! Giovanni’s Room – James Baldwin Rubyfruit Jungle – Rita Mae Brown This Book is Gay – Juno Dawson The Stonewall Riots: Coming Out in the Streets – Gayle E...

Jul 16, 202150 minSeason 2Ep. 1

#8 - Schoul (an Corona)

Hallo an häerzlech wëllkomm bei “Lauscher mol”, dem Polit-Podcast vu Jonker, fir Jonker an och net sou Jonker. An eiser 8ter Episode schwätze mer iwwert en Thema, wat an eisem Liewen omnipräsent ass: Schoul! Besser gesot, Schoul an hier Auswierkungen zu Corona Zäiten . E bessi méi wäit ënnen am Text fannt der e puer Adressen zum Thema mental Gesondheet, an domadder wënsche mer iech vill Spaass bei eisem klenge Rant! Instagram : @lauschtermol wichteg Adressen an Telefonsnummeren: Bei Redebedarf a...

Mar 13, 202154 min

#7 - Care Aarbecht

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei „Lauschter mol!“, dem Polit Podcast vu Jonker, fir Jonker, an och net sou Jonker. An eiser 7ter Episode schwätze mer am Quader vum Fraestreik iwwer Care Aarbecht (8. Mäerz 2021, schreift et iech op!!). Instagram: @lauschtermol Musek: Pool Party - C’est Karma Referenzen a Quellen: Internetsite vun der JIF https://fraestreik.lu/jif-2/ Podcasts Revolutionary Left Radio (Episode: Motherhood & radical parenting) A.K. 47 (Episode 7: What Has the October Revolution D...

Feb 11, 202151 minSeason 1Ep. 7

#6 - How to start a revolution 2.0

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter Mol!”, dem Polit Podcast vu Jonker fir Jonker, an och net sou Jonker. An eiser 6ter Episode komme mer nach eng Kéier ob d’Theme Revolutiounen a Protester zréck a kucken ënner anerem wat a leschter Zäit an Indien, Chile, Hongkong an am Irak lass war. Mee wéi entstinn die Protester eigentlech? Vu wiem geht d’Initiativ aus? A wat vir eng Roll spillen d’Medien dobäi? Instagram: @lauschtermol Quellen a Referenzen: People Dispatch: https://peoplesdispatch.org...

Jan 17, 202149 minSeason 1Ep. 6

#5 - Abortion (is healthcare!)

An dëser 5. Episod beschäftegen mer eis mat Ofdreiwungen an stellen eis d'Fro fierwat se nach ëmmer net (richteg) légaliseiert sinn. Mir kucken eran an d'Geschicht vun der Ofdreiwung, liesen Zitater vun bekannten Aktivistinnen an stellen wichteg ethesch Froen.

Dec 19, 202059 minSeason 1Ep. 5

#4 - Pour un monde plus beau? (Dresscodes)

Hallo an häerzlech Wëllkomm bei dëser Episode vu „Lauschter mol!“, dem Polit-Podcast vu Jonken fir Jonker, an och net sou Jonker. Haut schwätze mer iwwert Dresscodes. Och wann dëst Thema ulässlesch vun der Aféierung vum Code Vestimentaire am Lycée Classique de Diekirch an de leschte Wochen well oft genuch vun de Medien ugeschwat gouf, konnte mir et net loossen eise Pefferkär och nach bäizeleeën. Mir fokusséieren eis also net nëmmen ob den LCD, mee virun allem ob déi gesamtgesellschaftlëch Proble...

Nov 28, 202058 minSeason 1Ep. 4

#3 - Präsidentschaftswahlen an den USA (Can democracy work?)

An 8 Deeg ginn all (bal all) Amerikaner*innen wielen. An dëser Episod beschäftegen mir eis mat der Fro wei eisen demokrateschen System iwwerhaapt funktionéiert an ginn dobäi spezifesch op d'Problemer an déi eis liberal Democracien kreéieren.

Oct 26, 20201 hr 17 minSeason 1Ep. 3

#2 - Trans* Rechter an -Diskriminatioun

An dëser zweeter Episod vun "Lauschter Mol!" beschäftegen mir eis mat den Rechter vun Trans* Persounen zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt an ginn dobäi insbesonneg op déi sozio-politesch Lag an.

Aug 12, 202052 minSeason 1Ep. 2

#1 - Black Lives Matter! (How to start a revolution)

An dëser Episod beschäftegen mir eis mat den Black Lives Matter Demonstratiounen an strukturellem Rassismus. Dobäi analyséieren mir och den Wee vun enger Revolutioun an diskutéieren d'Froen vum Abolitionismus an Gewalt bei Protester.

Jul 22, 202058 minSeason 1Ep. 1
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android