Kloertext fir ze lauschteren - podcast cover

Kloertext fir ze lauschteren

RTL Télé Lëtzebuergwww.rtl.lu
D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Autosfestival an Elektromobilitéit, 27/01/2022

Et ass Autosfestival, mä wat kafen? D'Veronsécherung bei de Leit ass grouss. Den Dramwon a bis ee Joer drop waarden? Eng Occasioun? Wéi ass et ewell mam Wäertverloscht? Op al oder nei Technologie setzen? Weiderhin ee Verbrenner, mam Risk vun ëmmer méi Verbueter? Oder Elektro mat staatleche Primmen, awer Doutten zu Luedméiglechkeeten a Kapazitéit? A wéi soll dat iwwerhaapt goen, de Gesamt-Fuerpark zur Hallschent z'elektrifizéiere bis 2030? Wéi séier geet d'Innovatioun um Marché a wouhin? Ass d'Tr...

Jan 27, 20221 hr

Impfflicht - Pro a Kontra, 13/01/2022

Féiert ons eng Impfflicht aus der Pandemie? Bréngt se Rou an d’Gesellschaft oder de Géigendeel? En Experterot soll d'Virlag liwwere fir d'Debatt am Parlament, mä ass et eng medezinesch oder eng politesch Decisioun? Ass et dat gëeegent Mëttel fir raus aus dem éiwegen Hin an Hier u Mesuren, fir esou vill wéi méiglech Liewen ze retten an eis nees Normalitéit ze bréngen oder verhäerten d'Fronten dann nach méi?

Jan 13, 20221 hr 32 min

Covid-Demonstratiounen, 16/12/2021

"Fräiheet" a "Mir sinn d'Vollek" ruffen d'Manifestante géint Covidmesuren an Impfen. Dir jäizt zwar haart, sidd awer eng Minoritéit. Mir, d'Majoritéit, äntwere Bierger, déi hirersäits soen, et geet duer an Doktere ruffen zu minutes de silence op, d'Spideeler fëlle sech nees, Fronte verhäerte sech bis a Familljen eran.

Dec 16, 20211 hr 16 min

Ass d'Politik nach glafwierdeg?, 08/11/2021

En Donneschdeg den Owend goung et ënner anerem ëm d'Fro, wat et haut brauch, fir glafwierdeg ze sinn als Politiker. Wie soll dat jugéieren a wéi? Skandal oder Stuerm am Waasserglas? Bei der Plagiatsaffär ronderëm d'Ofschlossaarbecht vun eisem Premier Xavier Bettel ginn d'Meenungen auserneen. Wéi glafwierdeg sinn eis Politiker a wat bedeit d'Affär fir e Premier, dee vill Wäert op säin Image leet?

Nov 08, 20211 hr 10 min

Impfen: fräiwëlleg gezwongen?, 21/10/2021

D'Caroline Mart, d'Paulette Lenert, d'Nora Back an den Dr Gérard Schockmel schwätzen iwwer de CovidCheck D'Pandemie ass net eriwwer, impfen déi eenzeg Léisung an et brauch en Impftaux vun iwwer 80 - seet d'Regierung an erhéicht den Drock via CovidCheck-Gesetz. Impfflicht duerch d'hënnescht Dier? D'politesch Reaktioune sinn hefteg, ëm déi 4.000 Leit waren op d’Strooss, d'Fronte si verhäert. Spléckt dat eis Gesellschaft a wéi kann een iwwerhaapt nach richteg kommunizéieren an objektiv informéieren...

Oct 21, 20211 hr 19 min

Spezial Etat de la Nation, 15/10/2021

Deputéiert hunn iwwer d'Ried zur Lag vun der Natioun geschwat Wat halen d'Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber vun de Léisungsusätz, déi de Xavier Bettel dës Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert huet? Huet de Premier mat senger Ried iwwerzeegt? Wat huet gefeelt?

Oct 15, 20211 hr 29 min

Méi CyberMobbing a Gewalt bei Jonken?, 03/06/2021

An der Emissioun geet et ëm d'Gewalt ënnert de Jonken, d'Roll vun de soziale Medien an d'Auswierkunge vun der Pandemie. Invitéen: Roger Roth (Direkter vum Lycée Nic Biever Diddeleng), Nancy Holtgen (Educatrice graduée , Antigewalt-Trainerin Assistante en Famille, Life Coach), Sérgio Gonçalves (Trainer Judoclub Bouneweg, Educateur gradué am LTB)

Jun 03, 202158 min

"CSV-Team Wiseler" amplaz Engel an alles paletti?, 22/04/2021

"Se wollte menger lass ginn” sot de Frank Engel a geet och, trëtt aus der Partei aus. Um CSV-Kongress trëtt elo de Claude Wiseler mat enger neier Ekipp un. csv, frank_engel, claude_wiseler, christophe_hansen, elisabeth_margue, pierre_lorang

Apr 22, 20211 hr 9 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android