Sozialdialog: Kou vum Äis oder nach alles op?, 10/07/2025
De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.

De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.
Den Internet, e weltwäit Netz fir jiddereen! Mee Algorithme maachen eisen Horizont méi kleng, dofir gëtt den Toun méi rau. Haass an Angscht gi verstäerkt.
Sondagë gi rof a dann nees rop, soten CSV-Politiker no onsem neiste Politmonitor. Kee Problem also?
Mécht dat Sënn? Wouhier d'Suen huelen? Geet et net awer op Käschte vu Sozialem? Wouranner ka Lëtzebuerg iwwerhaapt investéieren?
Et diskutéieren d’Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun. Et gëtt awer geschwat iwwer déi Saachen, iwwer déi de Premier wéineg oder guer näischt sot. Et geet och ëm de Stil an d’Approche vum Luc Frieden.
Kriibs ass d’Doudesursaach Nummer 1 zu Lëtzebuerg, nach virun Häerz-Kreeslafkränkten.
Nodeem Enn Mäerz d'Politik d'Pensiounsdebatt am Kloertext gefouert huet, waren dës Kéier d'Sozialpartner a Vertrieder aus der Gesellschaft invitéiert.
Mir mussen eise Pensiounssystem méi nohalteg ofsécheren: doriwwer si sech all Parteien eens, just iwwert de Wee dohinner net.
Mir mussen ons Verdeedegung selwer an d’Hand huelen. D’EU ass sech eens, de Schock, dass Trump-Amerika sech op d'Säite vum Putin stellt, sëtzt déif.
Sinn d’USA och um Wee zréck an den Imperialismus? Wei staark ass d’EU? A wéi fragil sinn eis Demokatrien, och mam Bléck op de Rietsruck an Europa?
Den Observatoire National de la Santé huet eng éischt wëssenschaftlech Analys no europäesche Standarde gemaach. An do dat Resultat dobäi eraus.
Ass d'Gastronomie zu Lëtzebuerg an der Kris? A gëtt Iesse goen ëmmer méi e Luxus?
Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn? A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d’US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d’Wäisst Haus wäert plënneren.
Vertrieder vun alle Parteien aus der Chamber diskutéieren dat Thema am Kloertext
Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?
D’Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.
E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg.
Zwar gëtt et aktuell keng Debatt iwwer d'Staatsform vum Grand-Duché, mam Trounwiessel stellt sech d'Fro awer, grad ewéi déi vun enger Moderniséierung.
Mir liewen an engem post-chrëschtleche Land. 39 Joer huet Lëtzebuerg gewaart, ier de Chef vun der kathoulescher Kierch nees am Grand-Duché war.
Am Kloertext gëtt diskutéiert, ob d’Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.
"Ech oder Chaos" dat war dem Emmanuel Macron säi Motto, de President huet sech als deen Eenzegen inzenéiert, deen d'Extremer kéint ofschafen.
Virun den Debatten um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend scho Vertrieder vun de 7 Parteie am "Kloertext" geschwat.
Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.
Et steet immens vill um Spill den 9 Juni. Dat soe jonk Kandidate fir d’EU-Walen am Kloertext.
Dorëm geet et am Face-à-face tëscht Marc Angel a Christophe Hansen am Hibléck op d’ Europawalen den 9. Juni.
Jiddwerengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen. A sécher goen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.
Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.
Wien ass géint d'Verhënnerung vu Kanneraarbecht an de Schutz vun der Ëmwelt? Am Prinzip keen, ma bis zum EU-Liwwerkettegesetz war et en zéit Verhandelen.
Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn.
Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.