Invité:e vum Dag - podcast cover

Invité:e vum Dag

radio 100,7www.100komma7.lu
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Steve Thull

De Chef vum État-Major schwätzt iwwer déi aktuell Erausfuerderunge vun der Lëtzebuerger Arméi an iwwer déi grouss Investissementer an d'Defense an allen NATO-Länner.

Jul 25, 202511 min

Diane Adehm

Den 11. Juli huet d'CSV-Politikerin d'Nofolleg vum Marc Lies un der Spëtzt vun der Gemeng Hesper iwwerholl.

Jul 24, 202514 min

Christian Hahn

De President vun der Landwirtschaftskammer iwwer déi aktuell Wiederkonditiounen, d'Zefriddenheet vum Secteur mat der neier Regierung an den nächsten EU-Budget

Jul 23, 202511 min

Metty Steinmetz

Wéi zefridden ass d'CSJ mat hirer Mammepartei? Froen un de President vun der chrëschtlech-sozialer Jugend

Jul 22, 202512 min

Romain Bausch

De President vum Conseil national des finances publiques iwwer d'Tendenz vun de successive Regierunge fir Recetten an d'Depensen an de Budgetsprojete falsch anzeschätzen.

Jul 21, 202512 min

Claudia Monti

Déi fréier Ombudsman ass zanter Enn Abrëll Presidentin vun HUT - Hëllef um Terrain. Wéi steet d'Organisatioun aktuell do? Wéi vill Vertraue muss erëm opgebaut ginn?

Jul 18, 202515 min

Steve Martellini

Rechent den Horesca-Generalsekretär mat enger gudder Saison 2025? A wéi een Impakt hunn déi aktuell Konflikter uechter d'Welt, virop de wirtschaftleche mat den USA, op den Hotels- a Restauratiounssecteur? Froen un den Horesca-Generalsekretär

Jul 17, 20258 min

Claude Meisch

Den Handyverbuet an d'Belaaschtung vun den Enseignanten hunn dëst Schouljoer fir vill Diskussioun gesuergt. Mir froen den Educatiounsminister, wat hien dovunner zeréckbehält.

Jul 16, 202513 min

Patrick Remakel

Ee Réckbléck op d'Schouljoer an een Ausbléck op déi generaliséiert Alphabetiséierung op Franséisch vun 2027/28 u mam President vum SNE, dem Syndicat National des Enseignants

Jul 15, 202512 min

Nicolas Schmit

Wat leeft bei Verhandlungen tëscht Regierung a Sozialpartner hanner de Kulissen? Wéi fënnt een en Accord, wann d'Fronte verhäert sinn? Froen un de fréieren EU-Kommissär a Minister vun der LSAP

Jul 14, 202513 min

Nada Negraoui

LGBTQIA+-Persounen hei am Land sinn Aggressioun an Diskriminatioun ausgesat. Ass Lëtzebuerg manner tolerant wéi et sech gëtt? Interview mat der Coordinatrice vum LILI (Luxembourg Institute for LGBTIQ+ Inclusion)

Jul 11, 202514 min

Patrick Dury

No där 11-Stonne-laanger Reunioun tëschent de Sozialpartner: Froen un de President vum LCGB.

Jul 10, 202510 min

Gilles Baum

De President vun der DP-Fraktioun an der Chamber iwwer seng Erwaardungen un d'Reunioun vun de Sozialpartner haut am Staatsministère

Jul 09, 202512 min

Sylvain Hoffmann

D'Reaktioun vum Direkter vun der Chambre des Salariés (CSL) op d'Steierindividualiséierungspläng vum Finanzminister Gilles Roth.

Jul 08, 202512 min

Georges Rassel

Den Industrielleverband FEDIL mécht sech Suergen iwwer déi aktuell wirtschaftlech Situatioun hei am Land, iwwer de Sozialdialog, deen net méi funktionéiert, an iwwer US-Taxen, déi eventuell vun e Mëttwoch un op Europa duerkommen, wann d’EU bis dohi keen Accord mat Amerika fonnt huet, deen dem Donald Trump Satisfaktioun gëtt. Iwwer all déi Theeme geet rieds mam President vun der FEDIL.

Jul 07, 202513 min

Charles Weiler

D'Caritas-Spezialkommissioun huet hir Aarbecht ofgeschloss. Wat huet se bruecht? Dat froe mir hire President.

Jul 04, 202510 min

Laurent Zeimet

Kënnt d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung stoen? Froen un den CSV-Deputéierten a President vun der Institutiounekommissioun an der Chamber

Jul 03, 202511 min

Franz Fayot

De Steiersystem soll individualiséiert ginn. Wéi beurteelt den LSAP-Deputéierten d'Reformpisten, déi de Finanzminister Gilles Roth virgeluecht huet?

Jul 02, 202512 min

Nora Back

D'Gewerkschafte ginn den 9. Juli op d'Reunioun mat Patronat a Regierung - wa gewëss Conditiounen erfëllt sinn. D'OGBL-Presidentin erkläert.

Jul 01, 202511 min

Carole Hartmann

D'DP-Presidentin erkläert, wéi eng Conclusiounen d'Regierung aus hirer Siicht - an aus der Siicht vun hirer Partei - aus der Gewerkschaftsmanif vun e Samschdeg zéie muss.

Jun 30, 202510 min

Caroline Mart a Sidney Wiltgen

Wéi beurteelen d'RTL-Journalistin an den Tageblatt-Redakter d'Fro, ob d'Manif vun OGBL an LCGB e Succès gëtt? A wéi menge si, datt et duerno virugeet?

Jun 27, 202515 min

Yuriko Backes

Nom NATO-Sommet: Froen un d'Lëtzebuerger Verteidegungsministerin

Jun 26, 202514 min

Adrien Thomas

Firwat hëlt d'CGFP net un der Protest-Manif vun LCGB an OGBL deel a wéi ass de Rapprochement tëschent den zwou gréisste Gewerkschaften am Privatsecteur ze interpretéieren? Den Adrien Thomas beschäftegt sech beim LISER, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, intensiv mat der Soziologie vu Gewerkschaften a weess déi aktuell Entwécklungen anzeschätzen.

Jun 25, 202515 min

Gusty Graas

Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun mat enger Analys vum Iran-Israel-Konflikt an engem Ausbléck op den NATO-Sommet

Jun 24, 202512 min

Nancy Racké

No grousse Problemer mat der Gouvernance wëllt de Science Center vun Déifferdeng elo no vir kucken. Wéi verhënnert ee weider Dysfonctionnementer, dat froe mir d'Direktesch.

Jun 20, 202513 min

Philipps Hiligsmann

KI vereinfacht esou munch lästeg Aufgab am Alldag, mee sollt se och de Wee bei den Unisdiplom méi einfach maachen? Dat froe mir de Vizerektor vun der Uni.lu.

Jun 19, 202513 min

Claude Wiseler

Mam Chamberspresident kucke mir zeréck op d'Visitt vu sengem ukraineschen Homolog um Dënschdeg a maachen de Point iwwer d'Aktualitéit vum Parlament.

Jun 18, 202513 min

Mario Grotz

Luxinnovation ass souwuel um Salon vum Bourget present an op der KI-Konferenz hei am Land. Wéi mécht een do op Lëtzebuerg opmierksam? Froen un den Direkter vun der Agence.

Jun 17, 202512 min

Paul Gries

Konsument sinn heescht och virsiichteg sinn: Dat weisen déi vill Arnaquen a Litigen. Wéi kënnen eis Rechter an deem Sënn besser geschützt ginn? Froen un deen neien ULC-President.

Jun 16, 202512 min

Thomas Lentz

Caritas-Affär: Wéi eng Follgen huet se fir de Sozialsekteur? Froen un de Generalsekretär vun der FEDAS, der Federatioun vun den Acteure vum soziale Secteur zu Luxembourg

Jun 13, 202512 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android