FJD presents: Business Bistro - podcast cover

FJD presents: Business Bistro

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

S2#6 - Anne Kaiffer

1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. Haut als Gaascht: Anne Kaiffer**: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also.

Jun 12, 20251 hr 9 min

S2#5 - Carole Muller

Mir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen.

May 22, 20251 hr 13 min

S2#4 - Jean-Paul Olinger

Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi... dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot.

Apr 30, 20251 hr 9 min

S2#3 - Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster

Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze...

Mar 11, 20251 hr 35 min

S2#2 - Aline Bourscheid & Clovis Degrave

Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze...

Feb 25, 20251 hr 7 min

S2#1 - Launch Season 2 - Extremes

Et huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De Podcast vun der FJD wou de Georges an d'Carole all Mount mat engem oder mei Gäscht iwwer "Business as usual" hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Fir de Launch vun der 2ter Saison hunn si keen anert wéi d'Präsidentin vun der FJD - d'Stéphanie Damgé - an de Studio ob Steesel invitéiert. Zesumme mam Stéphanie schwätzen si iwwert d'FJD Thema vum Joer "Extremes" an a wéi enge Beräicher d'E...

Dec 23, 20241 hr 5 min

#11 - Special: AI - Kënschtlech Intelligenz

An dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 Special Guests ob Besuch - de Paul Konsbrück vu LuxConnect an de Patrick Malget vun taxx.lu a salaray.lu. Mat hinne schwätzen si iwwert d'Thema wou momentan keen dolaanscht kennt: d'AI oder Kënschtlech Intelligenz. Et geet em d'Vir-an Nodeeler, AI an der Educatioun an awer och wat dat un Date Volume duerstellt a wei Lëtzebuerg sech kéint als Virreider ob deem Marché établéieren. Am Comptoi...

Oct 15, 202446 min

#10 - Special: Ekonomesch Instabilitéit & Neo-Ökologie

Déi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung dëst Joer ganz ënnert dem Thema “Transformatioun”. Déi nei Memberen hunn als Tâche kritt sech zu verschiddenen Themen déi am Moment Transformatioun dreiwen, méi ze informéieren an ze kucke wei des Drivers Lëtzebuerg a besonnesch eisen Ecosystem an eis Betriber an Entreprise affectéieren. An dëser éischter “Special” Episod schwätze mir zesumme mam Michel Weckering deen eis méi zum Thema Ekonomesch Instabilit...

Sep 11, 20241 hr 1 min

#9 - Georges Zahlen (Axiomatic)

Am Comptoirsgespréich geet et des Kéier beim Georges a Carole em d’Olympesch Spiller an hir Vakanzen Destinatioune. E puer Zuele a Statistiken sin natierlech och rem dobei. Am Deep Dive geet et mam CEO a Matgrënner vun Axiomatic, dem Georges Zahlen, iwwert den Tissue économique vu Lëtzebuerg, d’Périnnitéit vun de Lëtzebuerg Betriber an och iwwert déi grouss Défise an Opportunitéiten déi an den nächste Joer ob eis duerkomme wäerten. Desweidere gitt der gewuer wei lukrativ ee Business ronderëm Dre...

Sep 08, 20241 hr 14 min

#8 - Mike Koedinger (Maison Moderne)

An der Episod 8 vum FJD Business Bistro geet et em d'Mediewelt an natierlech besonnesch iwwert d'Medien zu Lëtzebuerg. Wat liesen d'Carole an de Georges oder sinn och si schonn Opfer vu Social Medie ginn a liesen iwwerhaapt keng geschriwwe Presse mei? Wei ass d'Presse Hëllef hei am Land opgebaut a ween kritt wat? All dat gitt der am Deep Dive tëschent dem Carole an dem Georges gewuer. Am Comptoirsgespreich ass de Mediemogul vu Lëtzebuerg zu Besuch - keen anere wei de Mike Koedinger selwer. Si sc...

Jul 31, 20241 hr 12 min

#7 - Laurent Schonckert (Cactus)

Am Comptoirsgespréich deelen de Georges an d’Carole hir Akafsexperienzen zu Lëtzebuerg, an de Georges huet wéi ëmmer e puer interessant Zuelen zur Hand. Am Deep Dive geet et mam administrativen Direkter vum Cactus, dem Laurent Schonckert, iwwert d’Zukunft vum Supermarché sou wéi mir e kennen, iwwert dem Cactus säin neie Slogan “Mat Häerz dobäi”, awer och iwwert déi ëmmer méi grouss international Konkurrenz. An och wéi lokal Produiten ëmmer méi Visibilitéit fannen an de Bio sécher net dout ass. N...

Jun 18, 20241 hr 13 min

#6 - Marc Thein (Socom)

Am Deep Dive schwätzen de Georges an d’Carole zesumme mam Marc iwwert seng Aventuren an der éischter Lëtzebuerger Photovoltaik-Produktiounsfirma, doriwwer wei een op d’Iddi kënnt sech mat esou eppes als Konkurrenz zu den asiatesche Produiten ze lancéieren, mä och iwwert dem Marc seng vill Hobbyen a Passiounen déi vu Sport, iwwert kachen an engem eegene Wäibuttek alles couvréieren. Virdru gëtt et e Comptoirsgespréich an d’Statistike vum Energieverbrauch beim Normalnotzer, sou wéi déi eng oder ane...

Apr 30, 20241 hr 9 min

#5 - Betty Fontaine (Brasserie Simon) & Carole Bentz (Domaine Claude Bentz)

An der 5ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert d’Zukunft vum Schisport a ginn e puer interessant Zuelen zum Alkoholkonsum an Europa. Am Deep Dive waren d’Betty Fontaine vun der Brasserie Simon an d’Carole Bentz vum Domaine Viticole Claude Bentz op Besuch. Vun der Zukunft vum Béier, respektiv Wäin a Cremant, iwwert d’Opportunitéiten am Alkoholbusiness, der Positioun vu Lëtzebuerg, bis zur Thematik vu Fraen an engem dach mei traditionelle Männerdomaine war alles...

Mar 13, 20241 hr 1 min

#4 - Misch Strotz (Neon Internet)

An der 4ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert hir Fues-Experienzen an den neien Apple Vision Pro Brëll. Am Deep Dive war de Misch Stroz vun Neon Internet op Besuch. Zesumme mat him schwätzen eis 2 Hosts iwwert d’Opportunitéiten , d’Challengen an d’Zukunft vun a mat der kënschtlecher Intelligenz. Lauschtert eran.

Feb 21, 202451 min

#3 - Patrick Hoffmann (Floreal) & Philippe Wagener (Philippe Loschetter)

An der 3ter Episode vum Business Bistro schwätzen de Georges Krombach an d’Carole Retter iwwert hiere Joreswiessel an treffen am Deep Dive ob de Philippe Wagener an de Patrick Hoffmann. 2 Business Männer déi allen 2 hire gréngen Daum entdeckt hunn an dëst elo als Haaptkarriär verfollegen. Desweideren zielt de Georges e bëssen iwwert d’FJD Theaterstéck - De Knéckjang - eng absolut Première zu Lëtzebuerg.

Jan 23, 202456 min

#2 - François Mousel (Managing Partner PwC)

An der 2. Episod vum Business Bistro mécht d’Carole e klenge Recap vu senger Aventure um Chrëschtmaart an de Georges vun engem Staminee mat der GenZ. Ausserdeem waren déi 2 op e Business Deep Dive bei de Managing Partner vun PwC, François Mousel, fir säin interessante Wee dohinner ze beliichten a mat him iwwert d’Challenges an d’Opportunitéiten am Recrutement an vun der AI ze schwätzen.

Dec 20, 202359 min

#1 - Marc Lauer (CEO Foyer Group)

An dëser éischter Episod treffen d'Carole an de Georges de Marc Lauer, CEO vum Foyer Group, op e Business Deep Dive an de Georges vu senger Aventure op der Luxembourg Art Week. A lass, mam éischte Business Bistro!

Nov 17, 202354 min

#0 - Trailer

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

Nov 15, 20232 min
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android