Drëtt Hallschent - De Sport-Talk - podcast cover

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk

RTL Radio Lëtzebuergwww.rtl.lu
De Jeff Kettenmeyer, de Rich Simon an de Franky Hippert invitéieren all Woch Sportler, Trainer, Politiker an soss interessant Gäscht aus der internationaler an Lëtzebuerger Sportswelt.
Last refreshed:
Follow this podcast in the Metacast mobile app to refresh it and see new episodes.
Download Metacast podcast app
Podcasts are better in Metacast mobile app
Don't just listen to podcasts. Learn from them with transcripts, summaries, and chapters for every episode. Skim, search, and bookmark insights. Learn more

Episodes

Claudine Schaul: "D'Anne sot zu mir: Hal de Bak a spill", 09/06/2025

Dës Woch ass d'Claudine Schaul Invitée am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk. Dës Woch ass d‘Claudine Schaul an der „Drëtter Hallschent“. Déi fréier Nummer 4 an der Tennis-Weltranglëscht ass zanter kuerzem d‘Kapitänin vun der Billie-Jean-King-Cup-Ekipp. Fréier war dat de sougenannte Fed Cup. Beim Rich Simon erkläert d‘Claudine Schaul wat d‘Aufgab vun der Kapitänin ass, wéi et mam Nowuess am Lëtzebuerger Tennis ausgesäit a firwat ëmmer méi Leit de Padel als nei Sportaart fir sech entdecken. ...

Jun 09, 202536 min

Roby Langers: Barragematch géint Stroossbuerg war de "match de ma vie", 26/05/2025

Dës Woch ass de Roby Langers Invité am Podcast Drëtt Hallschent. De Roby Langers ass dës Woch den Invité an der Drëtter Hallschent. Viru 35 Joer huet hien et fäerdeg bruecht, mat Nice am Barragematch géint Stroossbuerg, an enger Hallschent 4 Goler ze schéissen. Nice huet de Match um Enn 6-0 gewonnen an ass an der Ligue 1 bliwwen. Iwwer dëse Match gëtt natierech geschwat an och iwwer seng Relatioun mam legendäre Jules Bocandé. De Roby Langers, huet sech awer och e puer Gedanke gemaach, a wéi eng ...

May 26, 202531 min

Kim a Joy Wirtz: "Privates a Sportleches kréie mir ëmmer gutt getrennt", 12/05/2025

Dës Woch sinn déi zwou Schwëstere vum HB Diddeleng, d’Kim an d’Joy Wirtz, Invitéeën am Podcast Drëtt Hallschent. Am nationalen Handball geet et an d’Schlussphas vum Championnat. Bei den Häre war de Weekend Paus, well déi Lëtzebuerger Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun am Asaz war. Bei den Damme gëtt de Championstitel fir déi Kéier nom Titel-Playoff an enger Halleffinall- a Finalronn decidéiert. Zanter de leschten Donneschdeg stinn déi béid Finaliste fest. Am Best-Of-Three-Modus krit et de fr...

May 12, 202538 min

André Hoffmann: Ënnert den 2 leschte sozialistesche Ministeren, war d'Liewen net ëmmer einfach, 05/05/2025

Wärend 13 Joer, war den André Hoffmann President vum COSL. An der "Drëtter Hallschent", kuckt hie mam Rich Simon zeréck op déi Joren. D‘Olympesch Spiller zu Paräis war fir hien een immensen Highlight um Enn vu senger Presidence. Den Ex-President hofft, datt d‘Olympesch Spiller zu Los Angeles am Joer 2028 wéinst dem Donald Trump, net ze politesch ginn. Vun de 4 Sport-Ministeren, mat deenen den André Hoffmann a senger Zäit un der Spëtzt vum COSL ze dinn hat, kommen 2 sozialistesch Ministeren net a...

May 05, 202543 min

Christelle Diederich: Christelle Diederich, nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Sportspress, 17/03/2025

Zanter engem gudde Mount, steet d‘Christelle Diederich un der Spëtzt vun der Sportspress. Zanter engem gudde Mount, steet d‘Christelle Diederich un der Spëtzt vun der Sportspress. D‘Journalistin vum Tageblatt, huet no 27 Joer d‘Successioun vum Petzt Lahure iwwerholl. An der 3. Hallschent erzielt d‘Christelle Diederich ënnert anerem, wat de Beruff vum Sportjournalist ausmécht, wéi sech de Sport zu Lëtzebuerger an de leschte Joerzéngten entwéckelt huet a wéi sech Zukunft vun de Printmedien ausgesä...

Mar 17, 202529 min

Fintan Lawlor: Fintan Lawlor: Eng Kläpperei um Terrain gehéiert beim Rugby dozou, 03/03/2025

Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Rugby. Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Rugby, spillt d'Nationalekipp an der sougenannter Rugby Europe Trophy. Ee feste Pilier vun der Ekipp, ass de Fintan Lawlor. Hien huet zwar réischt 20 Joer mee hie spillt op den 10. Positioun. Déi kann ee vergläichen, mam Quaterback am American Football. Am Podcast erzielt de Fintan, deen iresch Originen huet, wéi hie bei de Rugby komm ass a firwat hien elo zu Montpellier spillt. Auss...

Mar 03, 2025

Nicolas Wagner: Nicolas Wagner: "Mäi Quater Back Junior huet Energie wéi ee Formel 1", 10/02/2025

An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch den Dressurreider Nicolas Wagner Invité. De Nicolas Wagner, ass dës Woch den Invité an der „Drëtter Hallschent“. No Tokio 2021, war den Dressurreider och dat leschte Joer nees bei den Olympesche Spiller, mat dobäi. Zu Paräis koum hien op déi ganz gutt 24. Platz. Am Podcast beim Rich Simon erzielt hien ënnert anerem, wéi hie bei den Dressursport komm ass. Et geet een awer och gewuer, firwat hie sech virun 10 Joer entscheet huet, fir...

Feb 10, 2025

Tom Habscheid: "Ech hat nach eng Rechnung mam Universum opstoen", 13/01/2025

An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch den Tom Habscheid Invité. Am Podcast beim Rich Simon, erzielt den Tom Habscheid ënnert anerem, firwat hien Decisioun geholl huet fir ee Comeback ze maachen. Thema Inclusioun läit dem Bommstousser um Häerz an hie setzt sech vill dofir an, datt déi an den nächste Joren nach besser gëtt. Een zweete Comeback, huet hien an der Drëtter Hallschent kategoresch ausgeschloss. An d'Zukunft konzentréiert hie sech verstäerkt op de Kraaftsport. ...

Jan 13, 202537 min

Christine Majerus: "D'Häerz hätt nach gewollt, de Kapp wollt awer net méi", 02/12/2024

Dës Woch ass d'Christine Majerus eis Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. Mat 37 Joer, huet d'Christine Majerus de Vëlo un den Nol gehaangen. An der "Drëtter Hallschent", kuckt de Rich Simon zesumme mat der Grande-Dame aus dem Lëtzebuerger Cyclissem zeréck op eng eenzegaarteg Karriär. Wéi huet alles ugefaangen a wéi huet den Damme-Cyclissem sech an de leschte Jore verännert? Dat si Froen, déi beäntwert ginn. Am Podcast kuckt d'Christine Majerus awer och zeréck op déi manner schéi Momenter, déi e...

Dec 02, 2024
For the best experience, listen in Metacast app for iOS or Android