Hiweis
Hiweis: Vun elo un fannt Dir dës Interviewen ënnert "Moiesstudio".

Hiweis: Vun elo un fannt Dir dës Interviewen ënnert "Moiesstudio".
Ob doheem oder am Aarbechtsëmfeld: wien net mat digitale Medie kann ëmgoe riskéiert ofgehaangen ze ginn. Wéi kann een dat verhënneren? Dat freet d'Christiane Kleer de Ben Max, Responsabel fir digital Inklusioun am Digitaliséierungsministère. (Rediffusioun vum 9. Oktober 2024)
Mir froen de Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Médico-Sociale. (Rediffusioun vum 25. Oktober 2024)
Den 3. Oktober 2025 wäert de Grand-Duc Henri zugonschte vu sengem Fils Guillaume ofdanken. Dozou e Gespréich mam Monarchie-Expert a fréiere Chamber-Greffier Pierre Dillenburg
De Peter Gilles, Professer fir Linguistik am Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der uni.lu, schwätzt iwwer de Variatiounsatlas, deen een online consultéiere kann. (Rediffusioun vum 1. Oktober 2024)
Dem Tullio Forgiarini säi Polar aus dem Joer 2000 koum viru Kuerzem eng zweete Kéier eraus ...
Firwat ass dat néideg? Mir froen de Schouldirekter Michel Lanners.
Mir froen d'Natalie Keipes, d'Direktesch vum schoulpsychologeschen Déngscht fir d'Lycéeën (CePAS).
Dat froe mir de Geolog Jean-Frank Wagner, deen zanter Jore probéiert Alternative fir de klasseschen Zement ze entwéckelen.
Mir froen de Luc Schwartz, President vun der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn.
Mir froen de President vun der Lëtzebuerger Dronefederatioun, de Gilles Rock.
De Lëtzebuerger Skipper Jérôme Merker erkläert d'Faszinatioun vun där Competitioun.
Zweedrëttel vun den Ufroe bei Info-Handicap dréie ronderëm d'Aarbecht. Wat d'Leit bedréckt a wéi hinne ka gehollef ginn, erkläert den Andrea Di Ronco.
D'LUGA (Luxembourg Urban Garden) leeft vum 7. Mee bis den 18. Oktober 2025. D'Generalcoordinatrice Ann Muller erkläert, wat do gebuede gëtt.
Mir schwätze mam neien Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg David Pereira.
D'Andrée Heinricy, Doktesch am Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz, erkläert, wie Blutt spende kann, wéi dacks een dat maachen däerf, wou dat méiglech a firwat et wichteg ass.
De Robert Köller ass Comitésmember vun der UGDA, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Museksveräiner. Hien huet gehollef, déi 6 lëtzebuergesch Lidder erauszesichen.
Mam Unisprofesser Claus Vögele schwätze mir doriwwer, wéi sënnstëftend ee fräiwëllegen Engagement ka sinn.
19 Daachverbänn an Honnerte Veräiner sichen no Benevoller déi sech wëllen engagéieren- Deen associative Secteur huet sech professionaliséiert, ënnert anerem och duerch d'Agence du bénévolat.
Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam Direkter vum Kompetenzzenter fir den Alter Alain Brever. Dobäi geet et och ëm d'Fro, wéini ee sech da soll ëm eng Plaz këmmeren, wou ee ka wunnen, wann een Hëllef brauch.
De Kleeschen ass eent vun de Spezialtheeme vun der Catherine Guyon, Historikerin op der Université de Lorraine. Si kennt de Personnage schonn zanter hirer Kandheet an der Regioun a kann erklären, wéi deen historesche Personnage sech entwéckelt huet.
De Claude Brachtenbach huet eng Entreprise, déi d'Anäscherung vun Hausdéieren organiséiert. Hien erkläert wéi dat ofleeft a wat munch Besëtzer fir Wënsch hunn.
De Claude Brachtenbach huet eng Entreprise, déi d'Anäscherung vun Hausdéieren organiséiert. Hien erkläert wéi dat ofleeft a wat munch Besëtzer fir Wënsch hunn.
Wat ass d'Iddi hanner der Kannerradionuecht? A wat gëtt do gebueden? Explikatioune vu Jean-Lou Siweck an Yves Stephany (Direkter resp. Programmchef vum radio 100,7) a vun der Anja Di Bartolomeo, déi extra fir dës Nuecht eng Geschicht geschriwwen huet.
D'Fondatioun Solina mécht Jugendlechen a Krisesituatiounen eng ganz Rei Hëllefsofferen. E Gespréich mat hirem President Marco Wagener
Am Kader vun der Orange week: e Gespréich mat der Generaldirektesch vun der ASBL Femmes en détresse Andrée Birnbaum iwwer Fraen, déi Affer vu Gewalt ginn.
Et feelt un Aide-soignanten, an et gëtt ëmmer méi schwéier der nach ze fannen, seet de Castor Aguilera, Directeur des Soins beim Reseau HELP.
Zanter 40 Joer bekëmmert sech déi vum Dr. Roland Seligmann gegrënnten ALUPSE ëm Affer vu Mëssbrauch a Mësshandlung. An neierdéngs ëm mannerjäreg Auteure vu sexuellen Infraktiounen.
Mir froen de Vize-President vun der Jeeërfederatioun, de Marc Reiter.
Mir froen de Procureur d'Etat adjoint David Lentz.